Neen zur neier Quereinsteigerformatioun «Bachelor en Formation pédagogique BFP»

D’Enseignantsgewerkschaften SNE/CGFP, SEW/OGBL an d’Studentevertrieder vum BScE-Studiegang op der Universitéit Lëtzebuerg schaffen am Dossier Enseignantsausbildung enk zesummen.

Am September 2023 leeft déi zweet Oplag vun der Quereinsteigerformatioun fir Schoulmeeschter ze ginn un. Dës Formatioun schléisst mat engem «Bachelor en Formation pédagogique» of a gesäit folgendermoossen aus: D’Detenteure vun engem Bachelordiplom, deen am Zesummenhang mat der Schoul steet, kënnen, no engem eejärege Studium an der Pedagogik an an der Didaktik, Zougang zum Schoulmeeschteschconcours fir d’Cyclen 2 bis 4 kréien. Domat si si de Studente vum «Bachelor en Sciences de l’Éducation» quasi gläichgestallt.

Dëst stéisst net nëmmen deenen zwou Gewerkschaften SEW/OGBL an SNE/CGFP sauer op, mee och d‘BScE-Studentevertrieder schwätze sech géint dës nei Mesuren aus. Ëmmerhin huet de Quereinsteiger, deen an engem Joer Crash-Cours d’Kärwësse vum Enseignant vermëttelt kréie soll, dem BScE-Student géintiwwer de Virdeel, no 4 Joer direkt 2 Bachelor-Diplomer an der Täsch ze hunn. Domadder bidd sech him och d’Perspektive, an een anere Beräich wéi dee vun der Educatioun wiesselen ze kënnen, wann hien dat am Laf vu sengem Beruffsliewen dann emol géif envisagéieren. Dass an engem Studium vun engem Joer mat nëmme 6 Woche Temps de terrain» net esouvill Wëssen an Erfarung ka vermëttelt gi wéi a 4 Joer Studium mat 30 Wochen «Temps de terrain» misst jidderengem kloer sinn, an dat fir ee Beruff wou d’Praxiserfarung eng grouss Roll spillt. Et ass dofir ëmsou méi onverständlech, dass den Educatiounsministère dëse Wee ageschloen huet, et geet hei schliisslech ëm eis Kanner, déi déi beschtméiglech Ausbildung kréie sollen.

Dat Novirpreschen an hektescht Reagéiere mat enger Noutléisung op den akuten Enseignantsmangel léisst eng laangfristeg a gutt iwwerluechten, mat allen Acteuren am Konsens festgeluechte Strategie vermëssen. Sou hunn déi zwou Gewerkschaften SNE/CGFP an SEW/OGBL 2018 beim Aféiere vum éischte Quereinsteigermodell drop higewisen, dass et strukturell Léisunge brauch fir nohalteg géint d’Enseignantspenurie virzegoen. Den SEW/OGBL an den SNE/CGFP hu scho viru 5 Joer gefuerdert, dass den Enseignantsberuff nees méi attraktiv gemaach gi muss, duerch zum Beispill eng «Simplification administrative» oder méi Ënnerstëtzung a Wäertschätzung fir d’Enseignanten an hirem Alldag. Geschitt ass net vill.

Sou ass et net verwonnerlech, dass mir 5 Joer méi spéit virum selwechte Constat stinn. Den SNE/CGFP an den SEW/OGBL fannen et ëmsou méi inakzeptabel, dass elo, kuerz virum Schluss vun dem éischte Quereinsteigermodell, séier nach de Quereinsteiger 2 agefouert gëtt, amplaz de Revendicatiounen vun de Gewerkschaften Rechnung ze droen.

Den SEW/OGBL, den SNE/CGFP an d’Studentevertrieder vum BScE si sech eens, dass si dëse neie Studiegang BFP net wëllen. D’Qualitéit vun der Enseignantsausbildung duerf net liichtfankeg op d’Spill gesat ginn.

Matgedeelt  vum SNE/CGFP, dem SEW/OGBL an der Studentevertriedung vum BScE-Studiegang op der Uni.lu
den 12. Juli 2023