Eng Opwäertung vun der Beruffsausbildung, fir d‘Wuel vun de Schüler, vum Handwierk a vum Land

D’Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL (SEW/OGBL) an d’Association des maîtres d’enseignement du Luxembourg (AMELUX)) hu festgestallt, datt de Stellewäert an den Interessi vun der Beruffsausbildung bei de Schüler, den Elteren an der Gesellschaft am allgemengen an de leschte Joren am fräie Fall ass.

D’Orientéierung an d‘Beruffsausbildung gëtt säit laangem als eng „Orientation par l’échec“ ugesinn an den Handwierksberuff als e „Choix par défaut“.

Fir d’Beruffsausbildung opzewäerten a fir de Jugendlechen dës méi attraktiv ze maachen, muss laut der AMELUX an dem SEW/OGBL d’Beruffsausbildung onbedéngt reforméiert ginn, woubäi dës Reform 3 Schwéierpunkten huet.

Eng DAP Grondausbildung iwwer véier amplaz dräi Joer

Déi zwou Gewerkschafte schloe fir, datt d’DAP Ausbildung em 1 Joer verlängert gëtt. Dat éischt Joer vun der Grondausbildung soll ganz an der Schoul sinn (plein-temps) an déi dräi folgend Jore sollen deels an der Schoul an deels am Betrib statt fannen (concomitant).

Am 1. Semester vun der 4e wieren d‘Schüler am Tronc Commun, wou si zesummen allgemeng Kueren absolvéieren giffen. Wärend desem Semester kréien d’Schüler d’Méiglechkeet, verschidde Stagen ze absolvéieren, sou datt si fir d’zweet Semester en definitiven a motivéierte Choix fir hir jeeweileg Ausbildung kënnen huelen.

Den Zougang op déi verschidden DAP-Ausbildunge misst zudeem ugepasst ginn, besonnesch den Zougang op déi méi technesch usprochsvoll DAP-Ausbildungen. Héi muss een eng 5e aus dem ESG gepackt hunn.

Den Tëschenexamen („Projet intégré intermédiaire“ – PII) giff um Enn vum zweeten Ausbildungsjoer stattfannen. Dësen ass obligatoresch a muss gepackt si fir kënnen an dat drëtt Ausbildungsjoer ze kommen. D‘DAP-Ausbildung gëtt mam PIF-Examen ofgeschloss.

D’Meeschterprüfung gëtt an de Niveau 6 vum lëtzebuergeschen Qualifikationsrahme gehuewen

Fir d’Attraktivitéit an den Handwierksberuffer ze hiewen an d’Kompetenze vun de jeeweilege Meeschtere gerecht ze ginn, fuerderen déi zwou Gewerkschaften datt d‘Meeschterprüfung an de Niveau 6 vum lëtzebuergeschen Qualifikationsrahme gehuewe gëtt, an esou nieft dem Bachelor-Diplom agestuuft ka ginn. D’Meeschterprüfung ass dann e Bachelorofschloss am Handwierk.

Den Ausbildungsprogramm fir Meeschterprüfung soll un d‘Ufuerderunge vun de verschiddene Beruffer ugepasst ginn.

D’Ausbildung vum Techniker soll nees an den ESG integréiert ginn

D’Ausbildung vum Techniker ass méi theoretesch an manner praktesch opgebaut. Dofir fuerderen déi zwou Gewerkschaften, datt dës Ausbildung nees an den ESG integréiert gëtt. Doduerch kann sech déi néideg Reform vun der Beruffsausbildung op CCP- an DAP-Ausbildunge konzentréieren an gëtt net gebremst duerch pedagogesch Modeller déi souwuel op CCP- an DAP-Ausbildungen, wéi och op Technikerausbildungen uwennbar si mussen.

Kommunizéiert vun der AMELUX an dem SEW/OGBL,
den 14.11.2022