Mesurepak Inklusioun

Richteg Richtung — mee e puer Doleance bleiwen

Den SEW/OGBL hat de 15. Abrëll eng Entrevue mam Minister Claude Meisch a sengen héije Beamten, fir sech iwwert den neie Mesurepak zur Inklusioun am Detail auszetauschen.

Den SEW/OGBL begréisst ausdrécklech, dass de MENJE bei der Ausaarbechtung vum neie Mesurepak zur Inklusioun d’Gewerkschafte mat agebonnen huet an op eng Rei vun de Fuerderunge vum SEW/OGBL reagéiert huet. Dass et eng national Kriseprozedur, e regionaalt Krisenteam, ee Remplaçantspool fir d’ESEB-Personal souwéi ee zousätzlechen Intervenant am Cycle gi soll — dat si Schrëtt an déi richteg Richtung.

Mee mir bleiwen och kloer: D’Personal duerf net weider mat Recheschaftspflichten a bürokrateschem Opwand belaascht ginn. Et brauch Vertrauen an d’Fachkompetenz vun deenen, déi all Dag um Terrain schaffen. Mir mussen dem Personal erëm den néidegen Handlungsspillraum ginn, fir eegeverantwortlech, innerhalb vun engem klore Kader, sengem Optrag gerecht ze ginn. Méi Bürokratie a weider administrativ Wasserkäpp kënne keng Léisung sinn.

Op dëse Punkten erwaarden mir Nobesserung:

  1. Regionaalt Krisenteam: richtege Schratt — mee opgepasst bei der Ëmsetzung

Mir begréissen, dass Personal fir e regionaalt Krisenteam mat engem klore Profil rekrutéiert gëtt. D’Schoulen brauchen an schwéiere Fäll een zouverléissegen Uspriechpartner — dat war eng vun eise kloere Fuerderungen.

Mee de Recrutement eleng geet net duer. Et wäert entscheedend sinn, dass d’Aarbechtskonditiounen esou sinn, dass dës Leit laangfristeg op hirem Poste bleiwen. Eng sou erausfuerdernd Tâche brauch ee kloren a stabilen Kader..

Och beim lokalen Krisenteam, wou AEBS an I-EBS als first responder agesat ginn, bleift d’Fro vum Kader: Déi betraffe Leit brauchen eng kloer Kompetenzofgrenzung, déi néideg Ënnerstëtzung an déi richteg Outilen. Den I-EBS kann och nëmmen dann als Krisenintervenant funktionéieren, wann dat net op Käschte vu sengem eigentlechen Optrag geet, der Begleedung vu Kanner mat Fërderbedarf.

  1. Meldeprozedur: geet eis net wäit genuch

Déi geplangten national Datebasis erfaasst nëmmen déi Virfäll, bei deenen dat regionaalt Krisenteam kontaktéiert gëtt. Dat geet eis net wäit genuch.

Fir eng realistesch Analyse vun der Gewalt an eise Schoulen ze kréien, brauch et een eenheetleche Meldeformular an eng zentral, anonymiséiert Erfaassung vu ALLE Gewaltvirfäll — och zum Beispill Virfäll mat aggressiven oder iwwergrëffegen Elteren, oder Virfäll, déi um lokalen Niveau geléist goufen.

Nëmmen esou kréie mir ee realistescht Gesamtbild vun der Situatioun um Terrain, a kënnen d’Ausmooss korrekt evaluéieren a geziilt Ressourcen asetzen.

  1. Zweet Persoun am Cycle 1: Tempo erhéijen!

D’Mesure, eng zweet Persoun an d’C1-Klassen ze schécken, ass richteg an entsprécht eiser Fuerderung. Mee d’Ëmsetzung eréischt 2027/28 a mat enger Evaluatioun no dräi Joer, ier et zur Generaliséierung kënnt — dat ass vill ze lues.

Zousätzlech bleift nach op, ob tatsächlech pro Klass ee ganze Posten dobäikënnt oder ob d’Ressourcen tëscht verschidde Klassen opgedeelt ginn.Hei brauche et méi Kloerheet, an och méi Ambitioun.

  1. Standardiséiert Schutzmoossnamen feelen

Am Mesurepak feelt nach ëmmer e klore standardiséierten Handlungskader. D’Personal an d’Regionaldirektioune brauche konkret, eenheetlech Schutz- an Interventiounsmoossnamen — eng „Geschierkëscht“ — op déi se sech a Krisesituatioune zeréckgräife kënnen. Ouni dëse Kader bleift d’Reaktioun a Krisesituatiounen weiderhin intransparent an inkohärent.

  1. Comité local: Kee weidere Bürokratie-Apparat

D’Grondiddi vum comité local — eng besser Koordinatioun tëscht I-EBS, AEBS an ESEB-Ressourcen – kënne mir novollzéien. Mee zwou Versammlungen de Mount sinn net realistesch a schafen e weidere schwéierfällegen Verwaltungsapparat.

Mir begréissen, dass de Minister eng Ouverture gewisen huet, fir d’Frequenz vun dëse Reuniounen erofzesetzen, wéi zum Beispill op eng Reunioun pro Trimester plus „selon les besoins“. Dëse Kompromiss muss elo och ëmgesat ginn.

Eis Positioun ass kloer: dëse comité local wäert just dann eng Plus-value hunn, wann e keng zousätzlech Bürokratie schaaft: keng weider Rapporten, keng Rechtferdegungsnoweiser, keng Reunioun der Reunioun wéinst. Ausserdeem muss de comité local och kënnen Decisiounen treffen.

  1. Bürokratieofbau: d’Kand muss am Mëttelpunkt stoen

Mir fuerdere ee konsequente Bürokratieofbau – op nationalem wéi op regionalem Niveau. Vill Problemer entstinn net duerch national Virgaben, mee duerch regionale Prozedurendickicht: Dokumenter, déi kee Gesetz virschreift, onnéideg Observatiounen, permanente Rechtferdegungsdrock.

D’Aarbechtsgrupp zur Simplification administrative muss reaktivéiert ginn, an et muss zu enger landeswäiter Standardiséierung kommen. Well all Stonn, déi a Verwaltung fléisst, feelt beim Kand.

  1. Fest Raim fir ESEB — nach keng Garantien

D’ESEB-Personal brauch fest Räim fir Gespréicher, Koordinatioun a geziilt Interventiounen. Och Deseskalatiounsräim sinn an de Schoulen en absolute Muss. Hei erwaarden mir konkret Garantien — besonnesch beim Plange vun neie Schoulgebaier muss dëst vun Ufank u mat ugeduecht ginn.

  1. Kompetenzzentren — eng Rei Froe bleiwen op

Den Ausbau vun de regionalen Antennen begréisse mir. Mee eis Skepsis géintiwwer private Träger bleift bestoen.

Zentral Froe sinn nach ongekläert: Wéi gëtt verhënnert, dass Kanner tëscht Kompetenzzentren hin an hier geschéckt ginn? Wéi gëtt garantéiert, dass kee Kand méi duerch de Raster fält? De MENJE versprécht sech hei Verbesserungen duerch d’Reform vun der CNI – mir bleiwen um Ball

  • Fazit:

Den SEW/OGBL wäert elo genau am A behalen, ob déi ugekënnegt Mesuren am Schoulalldag richteg an ouni weidere bürokrateschen Opwand ëmgesat ginn. Wann dat net de Fall ass, wäerte mir intervenéieren. D’Personal um Terrain brauch kloer Strukturen, genuch Ressourcen a manner Verwaltungsopwand.

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL),
de 24. Abrëll 2026