D‘Police net prioritär fir d’Ministeren Hansen a Kox

A Rekordzäit goufen d’Punkten 1 an 2 vum Gehälteraccord vum ëffentlechen Déngscht vum 9. Dezember 2022 ëmgesat an dat entspriechend Gesetz ass den 7. Abrëll 2023 am Memorial publizéiert ginn. Den 20. Abrëll 2023 huet den zoustännegen Minister Hansen an enger Mail un sämtlech Agenten vum Staat op déi genau finanziell Opbesserungen, vun deenen d’Agenten elo kuerz virun de Walen wäerten profitéieren, higewisen. Et well een den Agenten jo weisen, wat een fir si mëscht a wat si engem wäert sinn. Esou wäit, esou gutt.

Mir fuerdere vum Minister Hansen mat der selwechter Vitesse och aner berechtegt an dringend néideg Mesuren, déi schonn 2019 festgehale goufen, endlech ëmzesetzen. Hei handelt et sech ëm 2 Punkten aus dem Accord vum 17. Juni 2019 tëscht de Ministèren Sécurité intérieure an Fonction publique engersäits an CGFP/SNPGL/ACSP/SPCPG anerersäits.

Konkret geet et hei ëm Mesuren, déi all den Staatsagenten, déi Schichtaarbecht (travail posté) leeschten ze gutt kommen an zwar d‘Aféierung vun engem Repos compensatoire vun 5 Deeg pro Joer Schichtaarbecht. Dëse Repos compensatoire soll ab dem Joer virum Akraafttrieden vun dëser Reegelung gëllen. Donieft huet dësen Accord och d‘Eropsetzen em 10% vun der Valeur horaire vun der Prime d’astreinte, also d’Vergütung vun der Schichtaarbecht virgesinn.

Wat ass bis elo geschitt? Näischt! Dës Punkten sinn an engem groussen globalen Gesetzesprojet, deen säit Éiwegkeeten um Instanzewee hänkt, ënnergaangen.

Dës Opbesserungen goufen den 17. Juni 2019 decidéiert, den Gesetzesprojet ass den 31. Juli 2020 (no 13 Méint) deposéiert ginn an säit dem Avis vum Staatsrot vum 26. Oktober 2021 (erëm 15 Méint méi spéit) ass näischt méi geschitt. Ervirzehiewen ass, dass den Staatsrot keng Kriticken un den erwäänten Mesuren erhuewen huet.

Wieren dës Reegelungen an der selwechter Vitesse, wéi di finanziell Opbesserungen vum leschten Gehälteraccord, dat heescht an 4 Méint, ëmgesat ginn, dann hätten déi betraffen Agenten schonn fir d’Joren 2018 bis 2022 hiren Repos compensatoire krut. Dat heescht dës Agenten hunn duerch d’Verschleefen vum Minister Hansen schonn op 25 Deeg Repos compensatoire misse verzichten. Dozou kennt, dass dës Leit och fir d’Joren 2018 bis 2022 op déi hinnen zoustehend Augmentatioun em 10% vun der Vergütung vun der Schichtaarbecht hunn missen verzichten.

Hei soll drun erënnert ginn, dass dës Agenten massiv Aschränkungen an hiren Privat- an Familljeliewen a Kaf huelen, an vun den ganzen aneren Nodeeler déi Schichtaarbecht mat sech bréngt net ze schwätzen, fir kennen zu all Auerzäit am Déngscht vum Land a vum Bierger ze stoen.

Firwat konnten dësen Agenten hier punktuell Opbesserungen net och an engem separaten Projet de loi ëmgesat ginn?

D’Retarden bei der Ëmsetzung vun dësen Mesuren goufen schonn an enger Question parlementaire (Nr. 5149) vum 26. Oktober 2021 thematiséiert. Den Minister Kox huet deemools, an senger Äntwert, just vum “zukünftege Gesetz“ geschriwwen an ass domat net drop agaangen, dass déi betraffen Agenten fir all Joer dat vergeet, hir versprachen Opbesserungen definitiv verléieren.

Fir d’ADESP an den OGBL geet et lo duer! D’Staatsagenten, déi Schichtaarbecht maachen, hu schonns laang genuch gewaart. Et gëtt elo Zäit fir Neel mat Käpp ze maachen, an eben dëse Volet ggf. aus dem allgemenge Projet de loi zur Aarbechtszäit an der Fonction publique erauszehuelen an – mat retroaktivem Effekt, wéi wann d’Gesetz korrekterweis 2019 gestëmmt ginn wier – nach virun der Summervakanz an de Parlamentswalen ze stëmmen.

Matgedeelt vun der ADESP a vum Département de la Fonction publique vum OGBL, de 24. Mee 2023