Dat ass keng Mindestlounerhéijung

Wéi d’Regierung decidéiert huet, näischt ze decidéieren

Mat der Ausnam vun e puer realitéitsfrieme Patronatsvertrieder huet entretemps jidderee verstanen, dass de Mindestloun zu Lëtzebuerg net duer geet fir an Dignitéit ze liewen.

Vill jonk Leit fänken hiert Beruffsliewe mam Mindestloun un an hunn oft keng Progressioun vun hirer Karriär an Aussiicht, soulaang se net vun engem gudde Kollektivvertrag profitéieren. Virun allem déi héich Logementskäschte maachen et de Leit schwéier mam Mindestloun iwwert d’Ronnen ze kommen an déi aktuell Energiekris verschlëmmert d’Situatioun just nach weider.

Eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun ass längst iwwerfälleg. D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB fuerdert eng Eréijung vu ronn 11% fir op déi 60% vum Medianloun ze kommen, déi och an der europäescher Mindestloundirektiv virgesi sinn. Onofhängeg vun alle méigleche Rechentricker, déi vu Säite vun Regierung a Patronat ëmmer rem ausgepak ginn fir dëse Fait z’ëmgoen, ass d’Gewerkschaftsjugend OGJ iwwerzeegt, dass et beim Mindestloun och em Gerechtegkeet geet: Et si grad déi Leit, déi fir de Mindestloun schaffen, déi de gréissten Deel zur Wiertschaft bäidroe wärend se am mannsten dovun ofkréien, wat se erwirtschaften: a kenger anerer Akommesklass ass d’Diskrepanz tëscht Profit fir de Patron a Loun fir d’Aarbechter sou grouss.

Amplaz dës Prinzippie vun Dignitéit a vu Gerechtegkeet an de Vierdergrond ze stellen an d’Fuerderung vun de Gewerkschaften am Sënn vun de schaffende Leit ëmzesetzen, huet d’Regierung den 27. Mäerz an enger Pressekonferenz annoncéiert näischt wëllen z’ënnerhuelen.

Déi vun hinne genannten Erhéijung vu ronn 170€ ab Januar 2027 baséiert nämlech net op enger politescher Decisioun, mee setzt sech follgendermoossen zesummen:

  • D’Erhéijung vun 3,8% ass eng gesetzlech virgeschriwwen Upassung, déi souwisou virgesinn ass.
  • Weider 2,5% kommen duerch den Index, deen awer keng Erhéijung vun der Kafkraaft ass, mee e Mechanismus, deen sech un der reeller Präishausse orientéiert als Ausgläich fir scho verluere Kafkraaft. Doriwwer eraus wierkt dee Mechanismus sech op all Paie gläich aus, soudass den Ecart par Rapport zu de gefuerderten 60% vum Medianloun net méi kleng gëtt.

De Fait, dass d’Ministere Spautz an Delles ugekënnegt hunn, dës farcenhaft wierkend Net-Erhéijung mat Hëllefe fir d’Betriber ze kompenséieren, schléit dem Faass de Buedem aus: Déi schaffend Leit solle mat bis zu 50 Milliounen Euro vun den eegene Steiergelder de Patronen dobäi hëllefen hir souwisou schonn ze kleng Paien auszebezuelen. Wat d’Ministeren hei de Mëtten ugekënnegt hunn ass also d’Decisioun an der Mindestlounfro näischt fir déi schaffend Leit wëllen ze maachen, mee dofir eng weider Ëmverdeelung vun hire Steiergelder a Richtung Betriber virzehuelen.

D’Gewerkschaftsjugend OGJ fuerdert weiderhin eng strukturell Erhéijung vum soziale Mindestloun no de Prinzippie vun der Dignitéit a vun der Gerechtegkeet, ausgeschafft zesumme mat de Gewerkschaften als Vertrieder vun all de lounofhängege Leit.

Matgedeelt vun der OGBL-Gewerkschaftsjugend (OGJ), den 28. Mäerz 2026