Den SEW/OGBL an de Landesverband, zënter Joerzéngten, am Asaz fir d’Chargés de cours

Säit 1990 setzt sech de Landesverband onermiddlech fir d’Interessi vun de Chargés de cours an. An dëser Zäit konnten d’Aarbechtsconditioune vun de Chargés de cours substantiell verbessert ginn. Säit 2015 schafft d’Sektioun “Chargés de cours“ vum Landesverband enk mam SEW/OGBL zesummen, an zanter dem Januar 2024 hunn de Landesverband an den OGBL fusionéiert.

Aktuell schaffen eleng am Enseignement Fondamental 869 Chargés de cours. Den SEW/OGBL vertrëtt, mam Landesverband an der Amelux, all d’Chargé(e)s de cours an Employé(e)s vun all den Ordres d’enseignement, vun dem Enseignement Secondaire iwwert d’Privatschoule bis zu den ëffentlechen Internationale Schoulen.

Eng Success Story

Säit méi wéi dräi Joerzéngte kämpft eis Gewerkschaft fir d’Rechter an d’Aarbechtsbedingunge vun de Chargés de cours.

Fréier hunn d’Chargés de cours net zum Personnel de l‘état gehéiert, mee ware Privatbeamten am CDD. Een onzoumuttbaren Zoustand!

Dank dem Landesverband an der Bereetschaft vu senge Memberen, hir Rechter viru Geriicht duerchzesetzen, konnt dëser illegaler Praxis een Enn gesat ginn. Dat huet dozou gefouert dass haut déi meeschte Chargés de cours een CDI hunn. Ee weidere Meilesteen an onser Gewerkschaftsaarbecht war et, wéi d’Chargés de cours 2009 vum Staat iwwerholl gi sinn, wat zousätzlech Stabilitéit a Sécherheet bruecht huet.

Kontinuéierlechen Asaz fir besser Bedingungen

Mir rouen eis net op eise Lorberen aus. Nach haut setzt de Landesverband-SEW/OGBL sech dofir an, dass all Joer Dosende vu Chargés de cours een CDI kréien. Eist deeglecht Engagement fir besser Aarbechtsconditioune weist sech an de kontinuéierleche Verhandlunge mam MENJE an eisen Erfolleger. Jéngste Beispill ass, dass Chargés de cours am Enseignement Fondamental mat CDD un Formatiounen deelhuele kënnen, déi hinnen am Stage am CDI zegutt geschriwwe ginn.

Eng falsch Duerstellung

Et ass falsch ze behaapten, eng aner Gewerkschaft wier déi éischt, déi sech ëm d’Interessi vun de Chargés de cours këmmert. Déi joerzéngtelaang weeweisend a wichteg Aarbecht vum Landesverband-SEW/OGBL huet wesentlech zur Verbesserung vun den Aarbechtsconditiounen vun de Chargés de cours bäigedroen.

Eis Gewerkschaft huet an de leschte Joerzéngte bewisen, dass si d’Interessi vun de Chargés de cours erfollegräich vertrëtt. Mir wäerten eis och an Zukunft weider mat vill Engagement fir eis Memberen asetzen.

Eis aktuell Fuerderungen:

All Chargé(e) de cours soll nom zweeten CDD automatesch an een CDI kommen, falls him ee weidere Kontrakt ugebuede gëtt.

All Chargé(e) de cours soll eng Altersdécharge kréien, sou wéi eis brevetéiert KollegInnen se hunn: eng Stonn pro Woch ab 45 Joer, zwou Stonne pro Woch ab 50 Joer sou wéi 4 Stonne pro Woch ab 55 Joer.

All Chargé(e) de cours am Enseignement Fondamental soll um zweete Bildungswee beruffsbegleedend den Enseignantsdiplom nomaache kënnen an esou den Accès op de Concours kréien.

D’Chargé(e)s de cours sollen ee bessere Kënnegungsschutz kréien. Et ass inakzeptabel, dass si réischt mat 10 Joer am CDI oder 55 Joer een uerdentleche Kënnegungsschutz hunn.

 

Matgedeelt vum OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW/OGBL),
de 17. Mee 2024