Am Kontext vu steigende Liewenskäschten ass d’Tatsaach, dass d’Regierung keng strukturell Erhéijung vum Mindestloun duerchféiere wëll, sozial onverantwortlech. Dës politesch Decisioun trëfft virun allem déi Familljen, déi schonn elo mat niddrege Revenuen ze kämpfen hunn, an dréit dozou bäi, d’Kanneraarmut zu Lëtzebuerg weider ze verschäerfen.
An eise Schoulen ass dës Entwécklung scho laang Realitéit. D’Personal aus dem Educatiounsberäich stellt eng zouhuelend Prekaritéit fest: de Gini-Koeffizient geet zënter enger Rei Joren ëmmer méi an d’Luucht, a mëttlerweil ass all 4. Kand zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff. Dës Ongläichheeten hunn en direkten Impakt op d’Léiere, d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun de Schüler, an domat och d’Bildungschancë vun eise Schüler.
Den Observatoire de l’Enfance, de la Jeunesse et de la Qualité Scolaire (OEJQS) ënnersträicht an senge Analysen, dass sozial Ongläichheeten eng zentral Ursaach vu Bildungsongläichheeten sinn. Wann de Mindestloun net méi duergeet fir dezent hei zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen, a gläichzäiteg d’Lounschéier ëmmer weider ausenee geet, gëtt dës Problematik nach verstäerkt, an d’Schoul gëtt ëmmer méi zum Spigelbild vun enger sozial gespléckter Gesellschaft.
D’Schoul kann awer net all Mëssstänn ausgläichen, déi an der Gesellschaft entstinn. Kanneraarmut ass keng Fatalitéit, mee d’Resultat vu politesche Choixen. D’Net-Erhéijung vum Mindestloun ass eng bewosst Entscheedung mat schwéieren Auswierkungen op déi jéngst Membere vun eiser Gesellschaft.
Als SEW/OGBL ënnerstëtze mir dowéinst d’Fuerderung fir eng direkt an substantiell strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Parallel dozou mussen och de REVIS an d’Mindestrent ugepasst ginn. D’Allocation de vie chère muss endlech indexéiert ginn an et musse konkret Mesuren géint dee permanenten Noutstand beim Wunnen geholl hinn. Dës Mesurë sinn onëmgänglech fir konkret géint Kanneraarmut virzegoen an domat d’Bildungschancë vun alle Kanner ze stäerken.
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL), de 29. Abrëll 2026
Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Cette option doit être activée à tout moment afin que nous puissions enregistrer vos préférences pour les réglages de cookie.
Si vous désactivez ce cookie, nous ne pourrons pas enregistrer vos préférences. Cela signifie que chaque fois que vous visitez ce site, vous devrez activer ou désactiver à nouveau les cookies.
Nous utilisons des outils de suivi tels que Google Analytics 4 (GA4) et Google Tag Manager (GTM) sur ce site. Ces outils nous aident à collecter des informations anonymes sur la manière dont vous utilisez notre site, afin de nous permettre d'améliorer constamment votre expérience.
Veuillez activer d’abord les cookies strictement nécessaires pour que nous puissions enregistrer vos préférences !