D’Reform ALPHA gouf generaliséiert, obschonn eng ganz Rei Froen nach oppe stinn. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass mir ee breeden ëffentlechen an op Fakte baséierten Debat féieren. Déi wëssenschaftlech Begleedung duerch de “Luxembourg Centre for Educational Testing” (LUCET) soll belaaschtbar Donnéeë garantéieren.
Eng rezent parlamentaresch Ufro vun den Deputéierte Marc Lies a Ricardo Marques an e Bericht vu Reporter.lu werfen d’Fro op, firwat d’Verëffentlechung vun de Resultater vun der rezenter wëssenschaftlecher Etüd vum LUCET zum Projet ALPHA no hanne geréckelt gouf.
De Rapport vum LUCET zum Projet ALPHA ass schonn zanter Februar fäerdeg. Trotzdeem ginn d‘Resultater bis Mëtt Juli 2026 zréckgehalen — also bis zum Schouljoresenn, wou mat manner medialer a politescher Opmierksamkeet ze rechnen ass.
Offiziell gëtt dëst domat begrënnt, dass eng zousätzlech wëssenschaftlech Iwwerpréiwung virun der Publikatioun decidéiert gouf [1]. Wat bei dëser Erklärung iwwerrascht: Als Grond fir eng zousätzlech Iwwerpréiwung gëtt eng ze kleng Unzuel vu Schüler uginn. Dobäi war genee dëse Punkt schonn am Rapport vum leschte Joer bekannt, ouni dass dat zu enger zousätzlecher Kontroll gefouert hätt.
Am Géigendeel: d‘Resultater vun der vireschter Studie goufen ëmmer erëm vum MENJE ugefouert fir d’Noutwendegkeet vun der Reform ALPHA ze ënnermaueren. Wéi d’Gewerkschaften op d’Limitte vun der Studie higewisen hunn, gouf dëst erof gespillt.
Et ass och bemierkenswäert, wéi de MENJE d’Wichtegkeet vun der Studie relativéiert. Géintiwwer Reporter.lu huet de MENJE uginn, dass et sech net ëm eng grouss wëssenschaftlech Studie handelt, mee ëm d’Ausprobéiere vun enger pedagogescher Innovatioun. Ëmmerhi goufen d‘Resultater vun der vireschter Studie als wëssenschaftlech Basis erugezunn, fir d’Verallgemengerung vun der Reform ALPHA ze legitiméieren. Et ass wéineg credibel wann een dat, wat virdrun als wëssenschaftlech Evidenz gegollt huet, op eemol relativéiert.
De LUCET-Rapport wäert mat enger Rei aneren Dokumenter publizéiert ginn. De MENJE begrënnt dëst domat, dass dëst eng méi global an kontextualiséiert Lecture [2] erlaabt. Den SEW/OGBL huet awer d’Suerg, dass duerch dës Approche déi wëssenschaftlech fundéiert Resultater vum LUCET an engem méi groussen, eventuell méi favorable Sammelband an den Hannergrond geroden, respektiv verwässert ginn.
Laut Reporter.lu, an och laut dem, wat ënnert den Acteuren am Bildungsberäich erzielt gëtt, hunn d’Resultater vun der rezenter Etüd net dat gewisen, wat ee sech erhofft hat. “Honni soit qui mal y pense!”
Den SEW/OGBL erkennt beim Ëmgang mam Rapport zum Projet ALPHA e Muster erëm. Well et ass leider net déi éischte Kéier, dass d’Verëffentlechung vun engem Rapport verzögert gëtt. Bei der sougenannter CAEF-Etüd, enger grousser Consultatioun vu ronn 2.000 Léierpersounen an der Grondschoul zu den Aarbechtsbedingungen, huet de MENJE d’Resultater méintelaang zréckgehalen. Och deemools gouf, nodeems d’Studien ofgeschloss war, argumentéiert, et missten nach zousätzlech Aspekter analyséiert ginn. Schliisslech goufe bei der Verëffentlechung d’Resultater als “net representativ” ofgedoen. Dëst war besonnesch brisant, well d’Resultater zum Deel ganz alarmant waren, an ënnert anerem ronn en Drëttel vun de Léierpersounen uginn hunn, kuerz virun engem Burnout ze stoen.
Beim Vott zum Gesetz fir d’Verallgemengerung vun der Reform ALPHA huet d’Chamber iwwerdeems duerch eng Motioun vum Ricardo Marques eng transparent a kontinuéierlech wëssenschaftlech Begleedung [3] vum Projet ALPHA bis 2032 verlaangt. Wann dëser Motioun net Rechnung gedroe gëtt, ass et un den Deputéierten, hirer Kontrollfunktioun nozekommen an ze hannerfroen, firwat dat esou ass.
De MENJE muss elo all Daten a Quellen oppe leeën, fir ze weisen, dass alles seng Richtegkeet huet. Dëst ass onëmgänglech fir d‘Vertrauen an d’Wëssenschaft an an d’Bildungspolitik erëm hierzestellen.
Vertrauen entsteet duerch Transparenz. Och Fakten, déi manner bequem sinn, mussen op den Dësch geluecht a kontrovers an ëffentlech diskutéiert ginn. Genau dat mécht gelieften Demokratie aus.
Den SEW/OGBL erwaart sech, dass de MENJE dëse Prinzip vun Transparenz an Zukunft konsequent ëmsetzt. In fine kann och nëmmen esou d’Vertrauen an d’wëssenschaftlech Begleedung vun der Reform ALPHA nohalteg garantéiert ginn.
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL), den 14. Juli 2026
[1] « Lors de sa réunion du 7 mai 2026, le Steering Committee du LUCET a décidé à l’unanimité qu’une étape supplémentaire de peer review scientifique serait engagée avant la publication du rapport. Cette décision s’explique notamment par certaines limites méthodologiques explicitement décrites dans le document lui-même, notamment en ce qui concerne la taille des échantillons suivis et les contraintes inhérentes aux analyses longitudinales réalisées dans le cadre d’un projet pilote, ainsi que par la volonté du Steering Committee de permettre un examen scientifique complémentaire avant publication. » Réponse de Monsieur le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, à la question parlementaire n° 4237 de Messieurs les Députés Marc Lies et Ricardo Marques. [2] « Le MENJE coordonne pour sa part la publication des différents volets d’évaluation dprojet ALPHA – zesumme wuessen afin de permettre une publication cohérente de l’ensemble des travaux et une lecture globale et contextualisée des résultats. » Réponse de Monsieur le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, à la question parlementaire n° 4237 de Messieurs les Députés Marc Lies et Ricardo Marques. [3] « à présenter chaque année, jusqu’en 2032 inclus, une analyse d’impact de «ALPHA zesummewuessen », portant notamment sur l’évolution de la réussite scolaire ; (…)à créer, jusqu’en 2032 inclus, sous la coprésidence du Script et de la Direction générale de l’enseignement fondamental, un comite d’accompagnement et de suivi du projet « ALPHA – zesumme wuessen », composé de représentants des enseignants, des parents, des directions régionales, se réunissant au moins deux fois par an, assurant le suivi de la mise en œuvre de la reforme au niveau national, évaluant régulièrement ses effets et pouvant formuler, le cas échéant, des recommandations d’adaptation“ motion déposée par Ricardo Marques le 3 décembre 2025 PL 8587.
Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.
Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.
Wenn du diesen Cookie deaktivierst, können wir die Einstellungen nicht speichern. Dies bedeutet, dass du jedes Mal, wenn du diese Website besuchst, die Cookies erneut aktivieren oder deaktivieren musst.
Diese Website verwendet Google Analytics, um anonyme Informationen wie die Anzahl der Besucher der Website und die beliebtesten Seiten zu sammeln.
Diesen Cookie aktiviert zu lassen, hilft uns, unsere Website zu verbessern.
Bitte aktiviere zuerst die unbedingt notwendigen Cookies, damit wir deine Einstellungen speichern können!