De Lëtzebuerger Sozialmodell reaniméieren
Den 12. September 2025 huet sech d’LSAP mat der Union des syndicats OGBL – LCGB getraff, fir den Echec vun der leschter Sozialronn ze analyséieren, wou keen Accord fonnt gouf.
Déi vun der Regierung organiséiert Sozialronne waren eng Farce, well d’Resultat vun de sougenannte Verhandlunge vu virera vun der Regierung definéiert ginn ass. An dobäi kënnt, datt d’Regierung sech kloer op d’Säit vum Patronat stellt.
Dofir huet d’Union des syndicats sech och aus dem „Comité permanant du travail et de l’emploi“ (CPTE) zeréckgezunn. Eng Decisioun, déi d’LSAP wuel bedauert, awer fir déi se vollste Versteesdemech huet.
Elo hoffe mir, datt d’Regierung an d’Quadripartites-Verhandlungen, déi sech elo ukënnegen, mat méi Dialog- a Kompromëssbereetschaft erageet, wéi an d’Sozialronnen. A Punkto Gesondheet däerf kee Sozialofbau a keng Verschlechterunge bei de Prestatiounen zougelooss ginn.
Wéi schonn an der Vergaangenheet wäerten d’Union des syndicats an d’LSAP weiderhin am reegelméissegen Austausch stoen an enk zesumme schaffen. Fir d’Leit, fir d’sozial Kohäsioun a fir de soziale Fortschrëtt.
Zesummen engagéiere mir eis fir e staarkt Aarbechtsrecht, modern Aarbechtszäiten an eng gutt Work-Life-Balance, am Interessi vu Salariéen a Patronat. A mir wieren eis géint all Form vu Verschlechterung vun der Aarbechtszäitorganisatioun a Verwässerung vun de Kollektivverträg.
Eist Land brauch eng Regierung, déi um Sozialdialog op Aenhéicht festhält amplaz Scheindebatten ze organiséieren.
De Sozialdialog an de soziale Fridden am Land mussen nei belieft ginn.
Lëtzebuerg, den 12 September 2025.
Kommunikéiert vun der Union des syndicats OGBL – LCGB an der LSAP.
Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.
Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.
Wenn du diesen Cookie deaktivierst, können wir die Einstellungen nicht speichern. Dies bedeutet, dass du jedes Mal, wenn du diese Website besuchst, die Cookies erneut aktivieren oder deaktivieren musst.
Diese Website verwendet Google Analytics, um anonyme Informationen wie die Anzahl der Besucher der Website und die beliebtesten Seiten zu sammeln.
Diesen Cookie aktiviert zu lassen, hilft uns, unsere Website zu verbessern.
Bitte aktiviere zuerst die unbedingt notwendigen Cookies, damit wir deine Einstellungen speichern können!