Haut, Dënschdeg, den 24. Juni, huet d’Chamber endlech de Gesetzesprojet 8452 gestëmmt, duerch deen eng 400 Polizistinnen a Polizisten mat Premièresdiplom lo endlech an déi Carrière kommen, déi hinnen zousteet – d’Carrière B1. Dëse Vott setzt dem Inneminister Léon Gloden säin Walverspriechen ëm, daat och am Koalitiounsaccord iwwergeholl gi wuar, eng Léisung fir déi betraffend Beamten op Basis vun de Propose vun der ADESP an d’Weer ze leeden.
Eng laangjärech Ongerechtegkeet
Zanter 2018 huet eng ongerecht Situatioun fir ronn 400 Polizisten bestanen, déi trotz hirem Secondairesdiplom net an déi mëttel Karriär (B1) opgestige sinn. Obwuel d’Policegesetz vum 1. August 2018 endlech dës Carrière agefouert huet, goufen déi betraffe Fonctionnairen net automatesch reklasséiert. Amplaz huet d’Politik decidéiert, eelere Polizisten iwwer déi sougenannt “voie expresse“ d’Carrière B1 zouzegestoen, woubäi et egal war, ob si en Diplom haten oder net.
Juristesch Schrëtt a politesch Démarchen
Déi betraffe Polizisten hu sech zesummegedoen an d’ADESP (Association du personnel policier détenteur d’un Diplôme de fin d’études secondaires de la Police grand-ducale a.s.b.l.) gegrënnt, déi zesumme mam OGBL géint dës Ongerechtegkeet virgaangen ass. Si hunn am Joer 2018 eng Plainte viru Verwaltungsgeriicht agereecht.
Den OGBL huet d’ADESP dobäi um juristesche wéi och um politesche Plang ënnerstëtzt. 2022 huet d’Verwaltungsgeriicht d’ “voie expresse“ als net gerechtfäerdegt fir Diploméierter erkläert, an d’Cour constitutionnelle huet dës Meenung an hirem Arrêt vum Dezember 2022 confirméiert.
Nodeems am Juni 2023 en Accord ofgeschloss gouf – ouni d’ADESP – deen awer keng reell Léisung am Sënn vun den diploméierte Beamten bruecht huet, huet den neien Inneminister Léon Gloden duerno en neie Projet de loi deposéiert, deen op de Fuerderunge vun der ADESP baséiert huet. Mir si frou, dass dëse Projet lo endlech d’parlamentaresch Hürd geholl huet an eng 400 Polizistinnen a Polizisten demnächst wäerte reklasséiert ginn.
Ee “B-Mol” am neie Gesetz
D’ADESP bedauert allerdéngs, dass déi zoustänneg Chamberskommissioun d’Remarquen aus hirem Avis zum Projet de loi net berücksichtegt huet. Besonnesch huet d’ADESP kritiséiert, dass duerch den Ënnerscheed, deen elo am Gesetz gemaach gëtt – ob een säin Diplom schon bei der Vereedegung als Polizist hat oder dono gemach huet – nei Ongläichbehandlungen entstinn, amplaz wéi bei de Reclassementer 2015 an 2018 bei den Expéditionnairen an der Administration générale, wou d’Method vum Reclassement fir jiddereen déi nämmlecht war.
Och ass et ze bedaueren, dass déi diploméiert Volontaires de police, déi den 1. August 2018 an der Formation an der Policeschoul waren, am Géigesaz zu den Stagiairen an der Administration générale net vun dëser Mesure profitéiere kënnen.
D’ADESP an den OGBL wäerten sech weider dofir asetzen, dass och dës Beamten hire Diplom voll a ganz unerkannt kréien.
Matgedeelt vun der ADESP an dem Département de la Fonction publique vum OGBL, de 24. Juni 2025
Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.
Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.
Wenn du diesen Cookie deaktivierst, können wir die Einstellungen nicht speichern. Dies bedeutet, dass du jedes Mal, wenn du diese Website besuchst, die Cookies erneut aktivieren oder deaktivieren musst.
Diese Website verwendet Google Analytics, um anonyme Informationen wie die Anzahl der Besucher der Website und die beliebtesten Seiten zu sammeln.
Diesen Cookie aktiviert zu lassen, hilft uns, unsere Website zu verbessern.
Bitte aktiviere zuerst die unbedingt notwendigen Cookies, damit wir deine Einstellungen speichern können!