1. Mai-Rede der OGBL-Präsidentin

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Léif Frëndinnen a Frënn,

Ech soen iech Villmools Merci fir är grouss Präsenz haut de Moien, dat beweist, dass der äerch der Wichtegkeet vun dësem Moment bewosst sidd.

Häerzlech Wëllkomm och un all d’Vertriederinnen an d‘Vertrieder vun de politesche Parteien an der Presse.

Den 1. Mee ass ëmmer eisen Dag, en ass ëmmer wichteg, an dëst Joer ëm sou méi.

An dëst Joer geet en och nach anescht un.

 

>>> Video-Message vum Patrick Dury <<<

 

Villmools Merci Dir Patrick a mir schécken natierlech och eise Kolleege vum LCGB solidaresch a kämpferesch Gréiss zréck op Réimech op dësem wichtegen Dag fir eis 2 Gewerkschaften.

 

Mee léif Kolleeginnen a Kolleegen,

leider ass et eis dëst Joer net wierklech no „feieren“, an dat huet seng Grënn!

Säit 2,5 Joer si mir mat der salariatsfeindlechster Regierung aus de leschte Joerzéngte konfrontéiert, déi kaum en Dag ausléist fir mat neie Grausamkeeten d’Rechter vun de schaffende Leit z’attackéieren.

Si hu versicht eis Kollektivverträg futti ze schloen anstatt se opzewäerten.

Si hunn eis Representativitéit als Gewerkschaften ëmmer erëm a Fro gestallt.

Si hunn eesäiteg eis Pensioune verschlechtert, eis Sonndesaarbecht liberaliséiert.

Si bréngen eist Gesondheetswiesen a Gefor.

An si trëppelen déi 70.000 Mindestlounempfänger an hier Famille mat Féiss.

Si wëllen un eis Léin, si wëllen un eis sécurité sociale, si wëllen un eis Pensiounen, si wëllen un eis Liewenszäit.

Si hunn hire Camp gewielt.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Si sinn am Camp vum Grousskapital, vum Patronat a vun den Immobilienhaien.

Mir hunn och eise Camp gewielt. Eise Camp ass dee vun de 25000 Leit déi d‘lescht Joer op der Strooss waren.

Eise Camp ass dee vun deenen déi all Moien opstinn a fir hiert Brout schaffe ginn. Eise Camp ass deen, deen Dag fir Dag de Räichtum vun dësem Land erwirtschaft.Eise Camp, dat si Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, Résidenten, Frontalieren, Männer a Fraen, Jonker an Aler.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Wann de Luc Frieden a seng Band nämlech gemengt haten, si kéinten eis futti maachen, esou hu se grad de Contraire erreecht.

Méi staark wéi jee sti mir haut hei. Net méi just am Numm vun de 78.000 Memberen déiden OGBL huet, mee am Numm vun 125.000 Memberen. D’Unioun vun OGBL an LCGB ass déi eenzeg Äntwert op déi massiv Attacken.

Just eng staark, kloer a gemeinsam Front kann dës Regierung stoppen.

Well wann de Luc Frieden eppes fäerdeg bruecht huet, dann ass et, datt eise Camp, de Camp vun de schaffende Leit sech net méi wäert splécke loossen.

Eis kritt kee Minister a kee Patron méi ausernee gedriwwen!

All zesummen hu mir dat den 28. Juni 2025 ënner Beweis gestallt, bei der gréisster Demonstratioun säit 1982, gemeinsam e staarkt Zeechen um staater Knuedler géint Schwaarz-Blo gesat.

Et war e Moment wou eise Camp, dee vun de schaffende Leit, de Rentner an hire Familllen, sech Gehéier verschaf huet an d’Regierung zeréck gedréckt krut.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir hu gesot Patten ewech vun eise Pensiounen, Patten ewech vun eise Kollektivverträg a Patten ewech vun eisem Manifestatiounsrecht. Dat ass eis gelongen a mir hunn déi schlëmmsten Attacke konnten zréckdrängen.

De Kampf vun der Union des Syndicats hält hei net op, en huet grad eréischt ugefaangen.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Si wollten d‘Thema Mindestloun an der Ouschtervakanz begruewen, well si menge jo Gewerkschaftler géife keng Iwwerstonne maachen.

Si hu gehofft d‘Thema wier giess.

Da kennen se eise Camp awer schlecht. Hei ass nach iwwerhaapt näischt giess.

Iwwer 70.000 Fraen a Männer stinn all Dag op, stinn um Fliissband, um Chantier, an der Keess, botzen eis Schoulen an eis Büroen, versuergen eis Kanner, baken eis Bréidercher, suerge fir eis Sécherheet, zerwéieren eise Bifteck, an halen d’Land um lafen.

Ween hei mengt mat Zuelespiller deene Leit kënnen ze erklären datt se et net wäert sinn e korrekte Loun fir hier haart Aarbecht ze kréien, deen huet säi Camp gewielt, ob en eemol an enger Gewerkschaft war oder net.

An dat ass net eise Camp.

Säit Méint jéimert d’Patronat, dass d’Betriber all an de Ruin gedriwwe gi wann de Mindestloun an d’Lut geet. Dat selwecht Patronat wat ëmmer jéimert wann iergend e soziale Fortschrëtt  soll kommen, dat och scho gejéimert huet, wéi iwwerhaapt e Mindestloun agefouert gouf.

Et ass nach ni e Betrib futti gaang well e senge Leit misst en uerdentleche Loun bezuelen.

An Här Frieden, Här Spautz an Här Delles: där setzt deem ganzen nach eng peinlech Kroun drop: Dir wëllt dem Patronat déi normal Lounupassung nach zu engem gudden Deel subventionéieren: 1/3 dovu soll vun eise Steiergelder bezuelt ginn!

Statt eng strukturell Verbesserung vum Mindestloun ze maachen, wëll dës Regierung dass eise Staat dem Patronat Extraprofitter bezilllt!

Elo soll nach een sech froen op wéi enger Säit des Regierung steet. Si hunn hire Camp gewielt.

De Loun, Här Reckinger, ass kee Käschtefacteur, et ass de Präis vun der Aarbecht déi Iech et iwwerhaapt erlaabt Gewënner ze erwirtschaften.

A wann ee 40 Stonne schafft, wann ee 40 Stonnen d’Woch vu sengem Liewen engem Patron  gëtt, dann ass e Mindestloun vun dem ee ka liewe jo wuel den absolutte Minimum.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir hunn et fäerdeg bruet dass hei am Land jiderengem bewosst ginn ass, dass ee mamMindestloun net kann iwwerliewen.

Et gëtt och e Konsens, an et ass bal net ze gleewen datt mir iwwerhaapt mussen doriwwer schwätzen, dass ee muss vu sengem Loun kënne liewen.

 

Mee Här Spautz, fällt Iech eppes op? Dat liicht jo jidderengem an, et gëtt jo just eng logesch Konsequenz aus deenen zwou Feststellungen.

De Mindestloun muss erop goen!!

An zwar direkt, an zwar em 300 Euro an net manner!

1+1=2 Här Spautz, do kann d’IGSS nach souvill Prozenter rechnen.

Déi schaffend Leit wëlle keng Almosen, keng sozial Transferte fir kënnen ze iwwerliewen, si brauchen och keen Aarbechtsminister den hinnen den Index als eng Lounerhéijung  verkeeft.

Eise Camp weess wat 1+1 gëtt. Halt eis net fir domm. Hätt der Iech dat och getraut wann  d’Majoritéit vun de Mindestlounempfänger walberechtegt wären?

 

Kolleeginnen a Kolleegen ,

An dobäi hat de Luc Frieden de Kampf géint Aarmut, a virun allem de Kampf géint Kanneraarmut,  zu senger grousser Prioritéit erkläert.

Ween eesäiteg decidéiert, Zéngdausende Familljen, déi drop ugewise wären, de Mindestloun  net ze héijen, dee soll eis och net virgaukelen, Kanneraarmut géif em eppes  ausmaachen!

Kanneraarmut ass keng Fatalitéit, mee d’Resultat vu politesche Choixen.

 

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Wa Regierung a Patronat elo unisono behaapten, dass de wierkleche Problem am Land jo guer net de Mindestloun ass, mee den deiere Logement, da soe mär hinnen haut:

MA DA MAACHT DO ENDLECH EPPES. Well am Moment maacht der weder eppes um Mindestloun, nach um Logement.

Säit iwwer 20 Joer, ass d’Logementskrise näischt anescht wéi Staatsversoen.

A reegelméissegen Ofstänn ginn eis sougenannt Mesurëpäck presentéiert, déi am Endeffekt  just Steierkaddoe fir Spekulanten op Bauland a Wunnenge sinn.

Steierkaddoen déi d’Allgemengheet deier ze kaschte kommen, d’Staatsfinanzen hypothekéieren  an de Problem oft just nach verschäerfen.

Och hei huet des Regierung hire Camp gewielt: Dee vun de Spekulanten, vun den Immobilienhaien,  vun deenen déi den Hals ni voll genuch kenne kréien.

Kolleeginnen a Kolleegen,

Fir de Logementsproblem ze bekämpfen, muss een d’Kand fir d’alleréischt beim Nummnennen:

Deen Desaster, mat dem mir et hei ze dinn hunn, ass dorop zréckzeféieren, dass Wunnen  hei net als e Grondrecht, mee als en Invest, e Mëttel fir zu Geld ze komme gesi gëtt.

Ween dogéint well ukommen, muss dem private Marché, muss de Spekulanten am wouerste  Sënn vum Wuert de Buedem entzéien.

Mir brauchen e richtege Loyersdeckel, mir brauche massiven ëffentleche Wunnengsbau fir ëffentlech Mietwunnengen, mir brauche staark Mesure géint Spekulatioun. Zënter méi wéi 10 Joer fuerdere mir eng efficace an eng progressiv Steier géint Zeréckhalen vu Bauland a géint de Leerstand vu Wunnraum, -zënter méi wéi 10 Joer fuerdere mir eng progressiv Steier géint dat iwwerzunnen Hortenvun Immobiliebesëtz. Näischt vun all deem ass passéiert! A mir brauchen och d‘ëffentlech  Ënnerstëtzung fir aner Forme vu Wunnen, wéi déi sougenannte Wunnkooperativen.

A wann de Premierminister méintelaang behaapt huet et bräicht keng Tripartite well mir keng Kris hunn, wann e souguer souwäit gaangen ass ze behaapten d‘Logementskrise  wär riwwer, da muss een sech wierklech froen, a wéi enger Welt hee lieft!

Mir hunn och hei eise Camp gewielt: Et ass dee vun deenen Zengdausende Leit, Résidenten,  Frontalieren, déi keng Wunnenge fannen, déi kee Prêt kréien deen héich genuch  ass, déi den Immobilienhaien e Groussdeel vun hirem haart erschaffte Geld e Liewe  laang mussen an den Hals stiechen.

Et ass dee vun all deen Jonken, déi sech hei zu Lëtzebuerg kee Wunnraum méi kenne leeschten  an dofir iwwer d’Grenze verdrängt ginn.

Et ass de Camp vun all deenen, fir déi de „Modell Lëtzebuerg“ net méi opgeet!

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir stiechen an enger Kris, an dat net réischt säit gëschter, an och net réischt zanter den  USA hirem vëlkerrechtswiddregen Ugrëff op den Iran.

Déi international Situatioun setzt eis all zou; all Dag gëtt Vëlkerrecht mat Féiss getrëppelt,  Wäerter wéi Demokratie a Rechtsstaatlechkeet schéngen um Réckmarsch ze sinn, den Autoritarismus an d’Extrême Droite gräifen em sech.

An ëmmer erëm sinn et déi schaffend Leit deenen hir Rechter an Existenzen als alleréischt  bedrot sinn.

Iwwerall an der Welt kämpfen aktuell eis Gewerkschaftskolleeginnen a Kolleege géint autoritär  voire rietsextrem Regimer, Austeritéit a Sozialofbau.

Mir wëssen all wou d’Oprëschtungsspiral wäert hiféieren. Méi Krich, méi Austeritéit a méi  Sozialofbau.

An duerch de rezente Krich am Noen Osten, riskéiere mir elo och nach an eng Liewensmëttel- an Energiekrise eranzerutschen.

Och am internationale Kontext huet eis Regierung hire Camp gewielt: Dee vun de Matleefer  an de Jo-Soer,  deenen all politesche Courage feelt, fir sech kloer ze positionéieren!

An si verstoppen sech och hannert der EU wann et em Entreprisen an hier Responsabilitéit am Beräich Mënscherechter, Klima an Ëmwelt geet.

An de leschte Méint sinn Nohaltegkeet, Mënscherechter, Klima- an Ëmweltschutz dacks  géint Kompetitivitéit ausgespillt ginn, an dat besonnesch vu Konzerner déi Millioune  vun Dividenden an de leschte Joren ausbezuelt hunn.

An dat och hei zu Lëtzebuerg.

 

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Déi Insel vum Gléck, déi Lëtzebuerg mol eng Kéier war, ass et scho laang net méi.

D’Verspriechen, dass et all Generatioun sollt besser goe wéi där virdrun, gëllt net méi.

An dat Versprieche vum méi netto vum brutto, dat Verspriechen dass dës Regierung soll  wierken, dat Versprieche vun Aarmut bekämpfe sinn och alles eidel Versprieche bliwwen.

D‘Chômage Zuele sinn op engem historeschen Héich.

D‘Staatsfinanzen si sou schlecht wéi scho laang net méi.

D‘Croissance bleift aus.

An da kënnt d’Versprieche vun der Regierung 2026 wier d’Joer vun der Kompetitivitéit.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Et ass an esou haarden Zäiten, wou een eng Regierung an e Staatsminister kann dru moosse wéi se e Land féieren.

Grad a Krisenzäiten huet de Lëtzebuerger Modell sech ëmmer erëm bewäert. Et ass ochgrad an enger Krise wou de Modell entstan ass.

Eng Stolkrise, ausgeléist duerch eng Pëtrolskrise. Eng Pëtrolskrise déi ausgeléist gouf duerch  Tensiounen am Mëttleren Osten. Et si Krise wéi déi doten an deenen sech decidéiert wéi d’Land an Zukunft ausgesäit.

Keng technokratesch Verwaltung mee politesch Wäitsicht si lo gefuerdert.

Natierlech brauche mir elo séier Mesurë fir d’Stéit an natierlech musse mir déi Energiekrise offiederen.

Mee hei muss et vill méi wäit goe wéi dat.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir hunn dës Tripartite als éischt gefuerdert. An natierlech gi mir dohin.

De Premierminister wollt se op kee Fall. Fir hie resuméiert sech Tripartite drop wann 2    Indextranchen an engem Joer erfalen. Dat ass seng perséinlech Krise.

Mee eng Krise hu mir. Trotz steigende Beneficer, trotz Steiercadeaue fir d’Betriber drop an derwidder, trotz ongehemmter Profitgier si mir voll an enger Krise.

Mir sinn an enger sozialer Krise. Mir sinn an enger Lounkrise, an enger Kafkraaftkrise, anenger Logementskrise. Mir sinn an enger Aarbechtsplazenonsécherheetskrise.

Mir hu virum kuerzem ënnert dëser Regierung dee gréisste Sozialplang ever gesinn an dat obwuel Amazon Milliarde Profitter mécht a keng Steiere bezillt.

A wann de Chômage explodéiert ass et net well de Mindestloun  an d’Luucht geet oder well den Index erfält.

Dann ass et well Grousskapital den Hals net voll genuch ka kréien an elo mat Hëllef vu KI Dausenden an Dausenden Aarbechtsplazen wëll ewech rationaliséieren.

 

Si loossen de Statec eis nach monter virrechnen datt 90% vun eisen Aarbechtsplazen impaktéiert  wäerte sinn an datt der carrément 14% ganz ewech falen, a wat mécht des Regierung dann : näischt.

E KI Dësch op eis Fuerderung hin aberuff fir d’Galerie, nach eng Etude an Optrag ginn, d‘UEL seet si hätt mat KI näischt ze dinn an dat war et dann.

Sollt et da wierklech zu enger grousser Wirtschaftskrise kommen, kënne mir dann dat néidegt  Vertrauen an dës Regierung hunn d’Schëff ganz duerch dat stiermescht Gewässer  ze bréngen?

Jo mir ginn an Tripartite. Mee mir gi weder an Tripartite fir den Index ze manipuléieren –  dat sollen se sech all gesot si loossen, nach gi mir dohin fir Gepléischters.

Dat hei muss eng Tripartite mat Wäitbléck ginn. Déi hei muss richtungsweisend sinn. Mir  mussen eis fir Zukunft opstellen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Et ass eis ni eppes geschenkt ginn an näischt ass vum Himmel gefall.

Duerfir gëschter, wéi haut, wéi muer, et ass un eis Zukunft ze gestalten. Lëtzebuerg prett  ze maachen fir muer.

Wat fir e Land wëlle mir? Wat fir e Land wëlle mir eise Kanner hannerloossen?

Eent an dem sech lount ze liewen an ze schaffen.  Eent mat

  • Guddena sécheren Aarbechtsplazen
  • KorrektLéin vun deenen ee ka liewen
  • StaarkBetriber déi gutt Aarbechtsbedingungen bidden, déi Aarbechtsplazen erhaalen,  déi d’Leit an hier Vertriedung, d’Gewerkschaften eescht huelen
  • MatArbechtszäiten déi d’Leit net krank machen
  • ELand wou jiddereen sech en Daach iwwert dem Kapp ka leeschten
  • Matstaarken ëffentlechen Déngschter
  • Matenger gudder ëffentlecher Gesondheetsversuergung fir jiddereen
  • Matgudde Pensiounen
  • Engemgerechte Steiersystem wou déi mat de breede Schëllere musse bäidroen
  • Endemokratescht Land wou mir all eist Wuert matzeschwätzen hunn, ob op der Aarbechtsplaz,  do wou mir wunnen, oder an der Politik
  • ELand wat Virreider ass an der sozial gerechter ekologescher Transitioun

Kolleegen a Kolleegen,

Lëtzebuerg brauch grad elo déi do Visioun. Mir brauchen elo en New Deal fir Lëtzebuerg.

An jo ,dat wäert eppes kaschten. A mir brauchen Investitiounen an Zukunft. D‘Scholdegrenz  vun 30% war fir eis ni eng helleg Kou.

Mee mir loossen eis net als Alibi gebrauche fir riicht virun de Multinationale Cadeauen mat  der Géisskan ze maachen a fir Milliarden an Oprëschtung ze stiechen.

All Euro den elo investéiert gëtt, muss an Zukunft vun eisem Land fléissen. An deen New Deal fir Lëtzebuerg.

Mir brauchen e Mesurëpaack,

  • deeLëtzebuerg fit fir muer mécht,
  • deneis Aarbechtsplazen ofséchert an neier schaaft,
  • deefir gutt a korrekt bezuelten Aarbecht suergt,
  • deend’Défien déi virun eis stinn haut scho preparéiert.

An zwar am Sënn vun dem Land an dem et sech lount ze liewen an ze schaffen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Fir gutt a sécher Aarbechtsplazen brauche mir e modernt Aarbechtsrecht. Eent, wat deSalarié schützt, och an onsécheren Zäiten.

Duerfir brauche mir elo direkt en Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg.

Mir brauche méi sektoriell Kollektivverträg an  duerfir brauche mir eng Obligatioun am Gesetz fir sektoriell ze verhandelen.

All marché public an all ëffentlech Subventioun muss un d’Existenz vun engem Kollektivvertrag  gebonne ginn.

Staat a Gemenge mussen endlech ophalen als Sponsor vum Sozialdumping ze agéieren!

Betriber déi hire Leit gutt Loun- an Aarbechtsbedingungen bidden, sollen och kënnen ande Genoss vun ëffentlechen Hëllefe kommen.

Mir brauchen eng Opwäertsspiral. Et muss zum gudden Toun gehéieren e Kollektivvertrag  ze hunn.

Gutt a sécher Aarbechtsplazen heescht och net ëmmer an der Angscht mussen ze liewen seng muer ze verléieren. Och hei brauche mir Reformen am Aarbechtsrecht déi d’Leit schützen. Ier Aarbechtsplazen massiv ofgebaut ginn, muss mol fir d’éischt duerfirgesuergt ginn se ze erhalen.

A mir wëllen déi Aarbechtsplazen erhalen am Betrib, am Secteur, am Land.

Mir brauchen eng Reform vum Plan de Maintien dans l‘Emploi Gesetz, vum Plan social Gesetz, vum Faillite Gesetz.

An dësen Zäiten, grad am Hibléck op déi grouss Transformatioune musse mir eis déi néideg  Instrumenter ginn. An jo, dat bedeit och en neie Modell DAC, division anti-crise.

Gutt a sécher Aarbechtsplazen sinn  och korrekt bezuelt. Dat bedeit natierlech gutt a staark  Kollektivverträg. Dat bedeit och e gudde Mindestloun.

An engem Land wou et sech lount ze liewen an ze schaffen, muss et och normal sinn datt  d‘Betriber e korrekte Mindestloun kënne bezuelen an datt dat e Loun ass deen duer geet fir ze liewen.

Gutt a sécher Aarbechtsplazen kritt een natierlech nëmme mat gudden a séchere Betriber.

Well Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir sinn net de Feind vun de Betriber. Well ouni eis ginn et keng Betriber. Mee mir wëlle Betriber déi:

  • Heizu Lëtzebuerg investéieren an net Dividenden un d’Aktionnairen iergendwou an der Welt ausschëdden.
  • Déihei zu Lëtzebuerg hier Steiere bezuelen
  • An sech un eisen Lëtzebuerger Modell halen an eis Gesetzer a Geflogenheeten respektéieren
  • Anan deenen  déi schaffend Leit och hiert Wuert mat ze schwätzen hunn

Mir wëllen Ënnerstëtzung fir genee déi doten Betriber.

A well et ouni eis keng Betriber ginn, a well déi schaffend Leit hire Betrib oft besser kenne  wéi iergendeen Aktionär, wëlle mir déi Betriber och kënne matgestalten.

Mir fuerderen

  • méiRechter a méi Stonne fir Personaldelegéierten,
  • mirfuerdere méi Matbestëmmung am Betrib,
  • Codécisiounan allen Entreprisen
  • aneng Stäerkung vun de national representative Gewerkschaften.

Mir fuerderen och eng wierklech Codécisioun op sektoriellem an nationalem Plang, ënnert  anerem um Niveau vum CPTE!

Oft genuch hu mir lo dat Spillche vum consulter, puis décider matgemaach, allze oft huet  d’Patronat eis erkläert et géif keng Codecisioun ginn.

Weem de Lëtzebuerger Modell eppes wäert ass, dee muss en och eescht huelen: Bei alle  wichtegen Entscheedungen, déi d’Aarbechtsbedingungen vun de schaffende Leit betreffen,  muss et eng reell Verhandlung ginn.

Gutt a sécher Aarbechtsplazen bedeit och Aarbechtszäiten déi net krank maachen. Mir wëlle manner Stonne schaffen aplaz méi.

Den 1.Mee ass entstan aus dem Kampf fir den 8 Stonnen Dag. Eng Grondfuerderung vun  der Aarbechterbeweegung war et 8 Stonne schaffen, 8 Stonne Fräizäit, 8 Stonne Rou.

Mee do si mir haut net. Am Géigendeel.

Déi lescht Aarbechtszäitverkierzung hate mir 1975.

An der Tëschenzäit verbrénge mir all méi Zäit um Wee op d’Aarbecht am Stau, op der Aarbecht  ass den Drock ëmmer méi grouss, an och no der Aarbecht si mir nach permanent  disponibel a mat der Aarbecht verbonnen.

D’Versprieche vum technologesche Fortschrëtt war et dass mir all wäerte manner musse  schaffen. Wat ass geschitt?

Profitter ginn erop an den Drock méi staark an de Luc Frieden mat sengem Kolleeg Michel  Reckinger wëllen dass mir all méi an nach méi laang schaffen.

Sie dreeme vum 24/7 disponibelen an total flexibele Salarié deen nach dankbar soll si fir  iwwerhaapt dierfe bei hinnen ze schaffen. An dat nennen se da modern.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Lescht Joër hu mir eis gewiert dass se eis Liewensaarbechtzäit net verlängeren, haut stimir op fir eng Aarbechtszäitverkierzung.

Mir brauchen elo direkt:

  • Déi6. Congéswoch fir jiddereen.
  • EngVerkierzung vun der Aarbechtszäit bei vollem Lounausgläich
  • MéiPausen aplaz manner
  • MéiZäit fir eis Famillen- a Privatliewen
  • MannerZäit op der Aarbecht an am Stau

Sou gesäit eng Gesellschaft aus an där mir liewen a schaffe wëllen. A mir si bereet duerfir ze kämpfen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Des Regierung huet gewisen datt se nëmmen op eis lauschtert wa mir op der Strooss sinn.  An deenen leschten 2,5 Joer hu mir scho vill misse mobiliséieren a mir haten eng historesch national Manif.

Déi nächst Aktioune sti virun der Dier.

Mee wann et em eis Gesondheetsversuergung an eis sécurité sociale geet, em eist Allerwichtegst  do kenne mir keng Grenz. Do si mir bereet bis zum Äussersten ze goen.

Et kristalliséiert sech ëmmer méi eraus datt net nëmmen d’Immobilienhaien a Patronat Versprieche gemaach krute vun der Regierung, mee och déi liberal Dokteren.

Och hei huet d’Regierung hire Camp gewielt.

Gemeinsam mam radikaalste Fligel vun der Dokterschaft hunn se vun der Privatiséierung  vun eisem Gesondheetswiese gedreemt.

Si hunn dovunner gedreemt sech mat eiser Gesondheetsversuergung d‘Täsche voll ze stichen.  Eise staarken ëffentleche Santéssystem ze zerschloen.

Si wollten a wëllen eng Zwouklassemedezin an där, déi déi sech et leeschte kënne gutt versuergt ginn, a fir all déi aner nëmme Grimmelen iwwreg bleiwen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Och mir hunn eise Camp gewielt: Et ass dee vun der breeder Mass vu Leit, déi gemeinsam  a solidaresch an d’Keessen abezuelen, fir kenne fir déi do ze sinn, deenen et manner gutt geet. Et ass dee vun de Patienten, déi op eng gutt ëffentlech Gesondheetsversuergung  ugewise sinn. Et ass dee vum Personal, fir dat eng Privatiséierung  Synonym vun enger massiver Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen  wier.

Ech wëll, ech muss hei kloer sinn.

Sollt dat doten effektiv Regierungspolitik sinn, da wäerten all d’Dämm hei am Land briechen.

Da wäert d‘Unioun OGBL an LCGB eng Informatiouns- a Mobiliséierungscampagne hei am Land, an och an der Groussregioun, op de Wee bréngen, wéi mir se bis elo sou nach  net kannt hunn.

An um Enn vun dëser Campagne ass dann de Generalstreik net méi ze verhënneren!

Eis sécurité sociale, eis Gesondheetsversécherung ass eis dat wäert!

Mir hunn ee vun deene beschten a stäerksten ëffentleche Gesondheetssystemer op derWelt. Dee verteidege mir mat allem wat mir hunn. Do geet keen drun!

Kolleeginnen a Kolleegen,

Dat selwecht gëllt och fir eis Renten. Mir hu genuch driwwer geschwat. Alles ass gesot. 25.000 Leit hunn et gesot : Patten ewech vun eise Pensiounen!

Dat soll net nëmmen dëser Regierung mee och allen Zukünftegen eng Warnung sinn.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir wëllen e Land an dem et sech lount ze liewen an ze schaffen.

Mat staarke Betriber a sécheren Aarbechtsplazen mat gudde Loun- an Aarbechtsbedingungen.

Mat staarke Sozialversécherungen.

A gudden ëffentlechen Déngschtleeschtungen. Gudde Schoulen a Spidäler, engem staarke Sozialstaat.

E Land wat an déi ekologesch Transitioun an an de Logement grouss schreift.

E Land wat an d‘Zukunft investéiert.

Duerfir brauche mir staark Staatsfinanzen.

A mir brauchen e Steiersystem den d’Geld dohinner siche geet wou et ass.

Do geet et net duer bësse vu lénks no riets a vun engem Barème an den aneren ze réckelen,  do mussen déi grondsätzlech Froe gestallt ginn.

An déi grondsätzlechst Fro ass jo wuel déi, wéi et ka sinn datt hei Revenuen vum Kapitalsouvill mol manner besteiert gi wéi déi vun der Aarbecht.

Wéi kann et sinn datt Leit déi all Dag opsti fir schaffen ze goen, proportional souvill méi Steiere bezuele wéi deen, dee säi Geld placéiert a just vun Dividenden a Loyeren lieft.

Wéi kann et sinn datt Betribsbesteierung säit den 90er sech bal hallbéiert huet, wärend d‘Steierlaascht vun de Menage riicht viru rop gaang ass

Wéi kann et sinn datt déi kleng lokal Entreprisen méi Steiere musse bezuele wéi Amazon,  Google a co.

Wéi kann et sinn datt déi Normalstierflech proportional  méi Steiere bezuele wéi déi mat de ganz décke Payen.

Et soll keen eis zielen dass mir mussen de Rimm méi enk schnallen. D’Geld ass do, et muss een et just siche goen.

An da kann een et och Steierreform nennen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Des Regierung hat vun Ufank un hire Camp gewielt.

De Luc Frieden hat gemengt, mir géife midd ginn. Heen huet sech gewalteg getäuscht.

Mir sou wakereg wéi nach ni.

A mir si prett.

Gewerkschaftlech Aktioune stinn elo op eiser Dagesuerdnung.

Dir hutt dat sou gewielt. Et si schonn eng ganz Rei Aktioune geplangt. Méi klenger, Grousser,  vun alle Formen op alle Plazen, op den Autobunnen, an de Betriber an op derStrooss. All Dag, all Woch, all Mount si mir am Asaz.

Eng ganz Aktiounscampagne ass geplangt. Den 12. Mee weise mir der Regierung dass d’Thema Mindestloun nach laang net giess ass bei eisem Meeting fir eng strukturell Erhéijung  vum Mindestloun. Schreift iech den Datum op!

Mir wäerten sou laang a sou oft op der Strooss si wéi néideg. Bis Oktober 2028.

Dorop kënnt der zielen, a mir zielen op jiddereen eenzelne vun iech.

Als Unioun OGBL LCGB si mir sou grouss wéi nach ni, sou staark wéi nach ni, sou prett wéi nach ni.

Zesumme mat iwwer 125.000 Leit an alle Schaffenden an hire Famille schreiwe mir elo Geschicht. Mir maachen dat Land erëm zu engem wou et sech lount dran ze schaffen an ze liewen. Mir kämpfe fir eng besser Zukunft!

Vive d’UNIOUN OGBL AN LCGB!

Vive den 1. Mee!

 

Veröffentlicht vom OGBL am 1. Mai 2026