Gewalt an de Schoulen

Wann d’Schoul keng sécher Plaz méi ass

De Minister Meisch huet bei der Virstellung vun der neier Ulafstell fir Affer vu Gewalt, dem Centre National pour Victimes de Violences, seng Suerg iwwert d’Banaliséierung vu Gewalt geäussert a ubemierkt, dass dee rezente Video, den an de soziale Medie kurséiert ass, just d’Spëtz vum Äisbierg ass.

Als SEW/OGBL begréisse mir, dass dëst d’Thema opgegraff gëtt an erkannt gëtt, dass et vill méi déif gräift, well mir maachen zanter Laangem drop opmierksam, dass d’Gewalt an de Schoulen zouhëlt – souwuel ënnert Schüler ewéi och vis-à-vis vun den Enseignanten an dem edukative Personal.

Den aktuelle Virfall, op den de Minister sech bezitt, betrëfft ee Lycée. Mee eis Erfarung weist: Gewalt geet dacks schonn an der Grondschoul un. Dag fir Dag geroden Enseignanten an dat edukatiivt Personal a Situatiounen, déi si un hir Grenze bréngen.

Ginn d’Enseignanten an dat edukatiivt Personal selwer Affer vu Gewalt, sou feelt et ëmmer erëm u klore Prozeduren an awer och un Ënnerstëtzung. Dëst hu mir schonn an eiser Campagne “pas de vagues“ am Fréijoer 2024 denoncéiert : Virfäll ginn als Beruffsrisiko ofgedoen – “blo Flecke kommen ebe mol vir“ ass fir eng Rei KollegInnen eng batter Realitéit.

Dobäi ass Gewalt net nëmme physesch: och Menacen, Aschüchterungen oder massiven Drock säitens den Eltere gehéieren dozou an duerfen net bagatelliséiert ginn.

Dacks ginn d’Enseignanten decouragéiert weider Schrëtt anzeleeden, aus Suerg virun de Suite fir de Schoulalldag oder d’Schoulklima. Dobäi stellt sech d’Fro ob net grad d’Ewechkucken ee Grond fir d’Degradatioun vum Schoulklima ass.

Dramatesch ass : et feelt un engem nationale Regëster fir d’Ausmooss vu Gewalt systematesch ze erfaassen. Sou laang dës Zuele feelen, ass et schwiereg geziilt entgéint ze steieren.

Och bei Gewalt tëscht SchülerInne ass d’Institutioun Schoul dacks machtlos. Et feelt un de noutwendege Ressourcë fir adäquat ze reagéieren. Wuel kënnen d’Membere vun der Eseb-Ekipp agräifen an déi verhalensopfälleg SchülerInnen kënne stonneweis betreit an/oder isoléiert ginn, mee dëst geet dacks bei wäitem net duer an ass och a sou munche Fäll net zilféierend. Grad esou wéineg ewéi “Noutfall-Pläng“, déi et mëttlerweil quasi an all Schoul ginn, an déi festhalen, wéi een Enseignant oder Educateur wéini séier komme kann, wann ee Kand ausrast.

Et sinn och ëmmer méi Elteren déi vun der Schoul Léisunge fuerderen, well si net méi hinhuele wëllen, dass hir Kanner Affer vu Gewalt an der Schoul sinn.

Et ass evident, dass ee Kand, dat Gewalt ausüübt, selwer a grousser Nout ass a no Hëllef jäizt. Wa mir dëse Ruff no Hëllef ignoréieren, verwiere mir dëse Kanner déi Ënnerstëtzung, déi si sou dringend brauchen.

Als SEW/OGBL fuerdere mir dofir:

  • Kloer Prozedure fir d’Enseignanten, fir bei Virfäll mat Gewalt ugemiessen ze reagéieren — souwuel zum Schutz vun de Kanner ewéi och zum eegene Schutz.
  • Multiprofessionell Teams fir séier an efficace anzegräifen, wann ee Kand Hëllef brauch.
  • Ee nationaalt Regëster mat standardiséierte Meldeverfahren, dat d’Gewaltvirfäll an der Schoul erfaasst fir de Problem visibel ze maachen.
  • Eng offen an éierlech Diskussioun iwwert d’Gewalt an eise Schoulen, ouni Verharmlosung — well nëmmen esou kënne mir gemeinsam no Léisunge sichen.

De Problem ass laang bekannt. Et ass un der Zäit, eng sécher Schoul fir all Enseignanten a Kanner ze garantéieren.

 

Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL),
den 8. Mee 2025