Zur Chamberdebatt iwwert d‘Policereform

Keng Léisung vum Personalproblem bei der Police ouni eng korrekt Unerkennung vun den Diplomer a Kompetenzen

Als ADESP deele mer heimadder eis Positioun zu verschiddenen Diskussiounspunkten aus der ëffentlecher Chamberssitzung vum 19. Mee 2020 iwwer d’Reform vun der Police mat.

adespAllgemeng ass d’ADESP der Meenung, dass d’ Schaffung vun enger “Filière sécuritaire” de Personalproblem bei der Police léise kann. D’ADESP ass der Meenung, dass d’Aféierung vun enger “Filière sécuritaire” prioritär ass an esou séier ewéi méiglech muss agefouert ginn.

Des Weidere mussen d’Ongerechtegkeete betreffend d’Lafbunne schnellstméiglech geléist gin an d’Formatiounen mussen unerkannt a gefördert ginn. Dëss Mesuren stellen d’Police an der Ëffentlechkeet als modern Verwaltung duer. De Beruff als Polizist géif massiv un Attraktivitéit gewannen.

1. D’Filière sécuritaire

D’ADESP begréisst déi geplangten Etüde iwwert d’Ëmsetzung vun der “Filière sécuritaire”. D’ADESP ass der Meenung, dass dëss “Filière sécuritaire” ee groussen Deel vun de Personalproblemer léisen kann. Sie ass gläichbedeitend mat enger “endlech” moderner Police Grand-Ducale zum Profit fir de Staat an dem Bierger.

Fir d’ADESP ass d’Viraussetzung fir eng modern Police virun allem hiren Knowhow. Do hëlleft keen nach sou performant Equipement, wann fir d’Formatioun vum Personal net déi seléwescht héich Qualitéitsstandard gellen. Dovir fuerdert d’ADESP eng héich qualitativ Formatioun, déi et dem Personal erméiglecht, den Herausfuerderungen vun enger moderner an effektiver Police Grand-Ducale gerecht ze ginn!

D’ADESP bedauert, dass d’Policereform eng ganz Rei Formatiounen, déi imminent wichteg fir ee gudde Fonctionnement vun der Police Grand-Ducale sinn, ofgeschaaft huet oder nach ofschaafe wärt. Ze ernimmen sinn an deem Kontext zum Bespill d’Ofschaffung vun der ITB (Instruction tactique de base um Härebierg) oder de Sproochecouren (Fachsproochen), déi ausserdem wichteg fir den Image vun der Police Grand-Ducale no baussen sinn.

D’ADESP ass géint eng komplett Ofschaffung vun der ITB. D’ITB garantéiert de Kandidaten Basis-Eegeschafften ze vermëttelen, déi essentiell fir d’Ausübung vun hirem Beruf sinn, ewéi zum Beispill den Zesummenhalt an den Teamgeescht. Dëss Qualitéten hu sech am Beruff ëmmer erëm als liewesnoutwenneg a liewesrettend fir all Akteuren erwisen.

2. Rekrutement vun Experte “à tout prix”

D’Chamber huet e puer mol d’ Wichtegkeet vum Rekrutement vun zivillen “Experten” fir d’Police Grand-Ducale ugeschwat. Als Beispill dovir gouf d’Bekämpfung vun der Finanzkriminalitéit ernimmt.

D’ADESP warnt an deem Kontext virun zousätzlechen Ongerechtegkeeten, déi heiduerch (alt rëm) entstoe kënnen. D’ADESP stellt fest, dat eng ganz Rei vu Polizisten, no hirer Ustellung, zousätzlech Formatioune gemaach hunn, déi et hinnen sécherlech erlaaben, Expert an hirer Matière ze sinn.

Zum Beispill hu Police-Beamten aus der Lafbunn C1 nodréichlech ee Master am Droit oder an de Finanze gemaach. Dëss Beamten wären “éligible” op déi uewegenannten Expertsposten. Theoretesch kéinten dëss Beamten sech als Expert bewerben. Mee sie missten aus der Police austrieden, fir dann mat finanzielle Aboussen als Expert nei agestallt ze ginn.

An dësem Kontext erënnert d’ADESP nach eng Kéier drun, dat de Problem vun de Beamten mat Sekundairesdiplom ouni adäquat Lounastuffung och nach net geléist ass (B1-Problematik).

Des Weideren bedauert d’ADESP, dat d’Police eege Kompetenzen a Ressourcen net ze schätze wees an a kéngster Weis valoriséiert. D’ADESP weist drop hinn, dat Policebeamten, déi joerelaang beruffsspezifesch Weiderbildungen gemaach hun, trotz hiren sëllegen Diplomer, ewéi zum Beispill “Expert en matière fiscale” oder “Comptable gestionnaire”, fir am Beräich vun der Finanzkriminalitéit ze bleiwen, weder ee Poste à responsabilité kréien nach hiren zousätzlechen Know-how valoriséiert kréien.

D’ADESP fuerdert dowéinst, dat prioritär op intern Beamten betreffend déi sougenannten Expertsposten zeréckgegraff muss ginn. D’ADESP warnt virun enger zousätzlecher Lounongerechtegkeet an der Police Grand-Ducale, wann d’Police hiren eegenen Beamten Diren op eng Valorisatioun vun hiren Kompetenzen zou mëscht. Eng zousätzlech “B1-Problematik” hätt katastrophal Auswirkungen op den Aarbechtsklima an der Police Grand-Ducale.

D’ADESP mecht drop opmierksam, dass d’Police Grand-Ducale schonn an der Vergaangenheet iwwert ee Recrutement extraordinaire “Experten” agestallt huet. Déi sinn allerdéngs duerno an der Direktioun op Plazen ënnerkomm, déi mat der Ursaach vun hirem Rekrutement näischt méi ze dinn haten.

Fir d’ADESP besteet ganz kloër de Risiko, dass wann d’Police “à tout prix” qualifizéiert Experten aus dem Zivilsecteur rekrutéiert, déi betraffen Experte sech à moyen terme anerwäerts an der Verwaltung orientéieren (z.B. nodeems si fonctionnariséiert goufen). D’Police Grand-Ducale setzt dann herno mat iwwerbezuelten Direkteren ouni Policeausbildung do!

3. Stellewäert vun engem Schoulofschloss an der Police Grand-Ducale

Och wann et net an der Chamberssitzung ugeschwat ginn ass, oder grad dofir, weist d’ADESP op d’ Problematik vun der “Mixité des carrières” an dem “Out-In”-Mechanismus hin, déi mat der Police-Reform agefouert goufen.

D’ADESP réid de Schüler am Moment dovunner of, een Ofschloss vum Secondaire ze maachen, wann si wëlle Polizist an der Lafbunn B1 ginn.

Sou wéi déi aktuell Situatioun ass, huet een nämlech besser, et brécht een seng Schoul op enger 3e/11e of, an et mëscht een den Exame fir an d’Lafbunn C1. Soumadder kënnt een an de Genoss vun 2 Joër méi Anciennetéit a Pei ewéi eng Persoun, déi mat engem vollen Secondärsofschloss regulär an der Lafbunn B1 ufänkt.

No 2 Joer Schaffen an der Lafbunn C1, mëscht een dann an Owescours‘en säi Schoulofschloss no (z.B. den „Diplôme d’accès aux études universitaires“) fir dann de “Out-In”-Examen fir an d’ B1-Carrière ze machen. Dëse Wee iwert den “Out-In” bedeit eng verbessert Lafbunn ewéi de regulären B1-Wee.

4. Rekrutement vun EU-Matbierger als Polizisten

D’ADESP ass iwwerrascht, aus der Presse gewuer ze ginn, dat de Minister an der Chamberssitzung annoncéiert huet, dass den Zougang zur Police fir Net-Lëtzebuerger opgemaach soll ginn.

D’ADESP bedauert, dat am Virfeld NET mat den Associatiounen aus der Police an de Gewerkschafte beschwat gouf. Ee korrekte Sozialdialog gesäit anescht aus.

D’ADESP entlarvt dëss Annonce vum zoustännege Minister als einfach Léisung fir déi uewen genannte Problemer an der Police Grand-Ducale. D’ADESP widerhëllt se:

  • Feelen vun engem qualitativen Recrutement,
  • nët un d’Herausfuerderungen ugepassten Formatiounen,
  • ongerecht Lafbunnen,
  • ee Refus op bestehend intern Kompetenzen zeréckzegräifen,
  • eng verpasste Moderniséierung vum Fonctionnement vun der Police Grand-Ducale.

D’ADESP ass der Meenung, dat déi vill Problemer bei der Police, déi se opgezielt huelt, prioritär misste geléisst ginn, ier nei Chanteger opgemaach ginn.

Fir d’ADESP bleiwt de Schwéierpunkt d’prioritär Ëmsetzung vun der Unerkennung vun den Diplomer an d’ Valorisatioun vun de Kompetenze vun deene Poliziste, déi am aktuellen Déngscht sinn.

Dësst garantéiert ee Vermeiden vun Ongerechtegekeeten teschend dem bestehenden Personal an de neien Recrutéierten an doduerch eng gudd Police Grand-Ducale duech eng héich Motivatioun vum ganze Personal.

Matgedeelt vun der ADESP an dem Syndikat Ëffentlech Déngschter vum OGBL
de 4. Juni 2020