Dem Bierger säi Recht op Sécherheet setzt eng gerecht funktionéierend Police viraus

An der aktueller Diskussioun iwwer d’Sécherheet am Land, gëtt ëmmer erëm d’Fro vun der Präsenz vun der Police um Terrain gestallt. D’ADESP (“Association du personnel policier détenteur d’un diplôme de fin d’études secondaire de la police grand-ducale“) wëll déi Mëssstänn opzielen, déi maassgeeblech dofir gesuergt hunn, dat d’Polizisten hei am Land an deenen leschten Joeren e groussen Deel vun hirem initialen Idealismus verluer hunn an ëmmer méi op d’Schinn vum “Déngscht no Virschrëft” kommen.

  1. Wann et zu engem Incident kënnt, wou ee Polizist sech gezwongen gesäit, Gebrauch vun der Déngschtwaff ze maachen, oder wou ee Polizist am Déngscht blesséiert gëtt, gëtt hien vun der Verwaltung eleng gelooss. Hien kritt weder vun der Policedirektioun de Réck gestäipt, nach gëtt et iergendwellech intern Prozeduren oder Servicer, déi dem Polizist bei der Ofwécklung kéinten behëlleflech sinn. Ee Polizist mat enger gewësser Beruffserfarung wäert et also vermeiden, fir iwwerhaapt a sou eng Situatioun ze kommen.
  2. Wéi mat der Police-Reform vun 2018 d’B1-Carrière (fréier Redacteur-Carrière, also Schoul-Niveau 1ière/13e) bei der Police agefouert gouf, sinn déi Polizisten, déi den erfuerderlechen Schoulniveau fir des Carrière haten, net analog zur “Administration Générale“ an d’ B1-Carrière reklasséiert ginn. Si sinn, entgéint de Verspriechungen vum den deemolege politesche Verantwortlechen, Etienne SCHNEIDER a Francine CLOSENER, déi dësen Reklassement 2015 fir d’Polizisten mat Première-Niveau ugekënnegt haten, an der C1-Carrière sëtzen bliwwen. Betraff sinn virun allem Beamten, déi tëschent 1999 an 2018 bei d’Police komm sinn. Dat ass de groussen Deel vun den Polizisten.
  3. Säit der Police-Reform vun 2018 gi gréisstendeels Polizisten mat Première-Niveau rekrutéiert. Dës Polizisten kommen an d’ B1-Carrière. Also genau an déi Carrière, an déi d’ Polizisten, déi virun 2018 mat genau demselwechten Schoul-Niveau bei d’ Police koum sinn, NET reklasséiert goufen.
  4. Säit 2018 gëtt et an der Police eng “Mixité des carrières”. Dëst bedeit, dass Polizisten aus den Carrièren C1 a B1 déi selwecht Aarbecht maachen, mee anescht dofir bezuelt ginn. Ergo maachen ënner anerem déi Polizisten, déi virun 2018 mat Premières-Niveau bei d’ Police koum sinn (an net reklasséiert goufen), déi selwecht Aarbecht, wéi déi nei rekrutéiert Polizisten, déi ab 2018 an der Carrière B1 rekrutéiert goufen, mee just fir manner Pai.
  5. De Police-Minister erwaart elo vun deenen Polizisten, déi virun 2018 mat Premières-Niveau bei d’Police koum sinn an nach ëmmer an der C1-Carrière sinn, hir Kolleegen, déi säit 2018 am B1 rekrutéiert goufen (an doduerch méi Pai kréien), unzeléieren. Et kann een sech denken, dass d’Begeeschterung an den Reien vun deenen Beamten, déi hei iwwer den Dësch gezunn goufen, sech a Grenzen hält. An aneren Wieder: Mat deem ëmmer erëm vum Minister Henri KOX zitéierten massiven Rekrutement gëtt op Sand gebaut.
  6. Berechnungen hunn erginn, dass et drastesch Ënnerscheeder bei de Renten vun den Polizisten gëtt. Dëst obwuel si genau déi selwecht Aarbecht maachen. Polizisten, déi tëschent 1999 an 2018 bei d’Police koum sinn, riskéieren 1/5 bis 1/3 manner Rent ze kréien, wéi hir Kolleegen, déi virun 1999 (ale Régime) an no 2018 (héicht Ufanksgehalt duerch de Stagiaires-Statut) agestallt goufen. Mir widderhuelen, dass déi Polizisten, déi tëschent 1999 an 2018 bei d’Police koum sinn, ee ganz groussen Deel vum Police-Corps ausmaachen.
  7. D’Carrière ouverte, déi 2015 an der “Fonction Publique“ agefouert gouf, gëtt bei der Police net applizéiert. Deemno sinn d’ Opstiegschancen an der Police, am Verglach zur “Administration Générale“, begrenzt.
  8. Et gëtt mat allen Mëttelen verhënnert, dass Polizisten Accès an déi nei geschaaften A2-Carrière kréien. Och hei mussen d’Opstiegschancen an der Police de Verglach mat der “Administration Générale“ scheien.
  9. Um Verwaltungsgeriicht lafen an Tëschenzäit honnerten Recoursen, déi opgrond vun deenen hausgemaachenen Ongerechtegkeeten ageleet goufen. An et wäerten der nach eng ganz Partie nokommen. Aplaz d’Ongerechtegkeeten proaktiv aus der Welt ze schaffen, an domat dofir ze suergen, dass d’Police rëm normal fonctionéiert, hunn d’Hären Police-Ministeren Henri KOX a François BAUSCH, respektiv de Minister vun der Fonction Publique Marc HANSEN, et virgezunn, den Ausgang vun deenen honnerten Geriichtsprozesser ofzewaarden, déi säit dem Akraafttrieden vum neien Policegesetz 2018 ageleet goufen. Mat éischten Urteeler ass allerdéngs fréistens 2022 ze rechnen. Des Weideren ginn d’Beamten domadder vertréischt, dass d’Reform eréischt 3 Joer al wier, an een eben elo misst mat den Problemer a Repercussiounen liewen bis déi nächst Reform, an 20 Joer…

Duerch d’Passivitéit vun den Ministeren Henri KOX a Marc HANSEN, ass net domat ze rechnen, dass déi momentan Situatioun bei der Police sech an nächster Zäit verbesseren wäert. Mir maachen duerfir op deem heiten Wee nach eng Kéier den Opruff un d’Regierung, sech hirer Verantwortung ze stellen an dofir ze suergen, dass bei der Police rëm Normalitéit akéiert. Dëst andeems dofir gesuergt gëtt, dass ënner anerem déi uewen genannten Mëssstänn behuewen ginn.

Matgedeelt vun der ADESP (“Association du personnel policier détenteur d’un diplôme de fin d’études secondaire de la police grand-ducale“) a vum Syndikat Ëffentlechen Déngscht OGBL/Landesverband, den 10. September 2021