Projection du film en continu

13:00-18:00 Streik! d’Andy Bausch

Chapelle   fortlafend vun 13.00 un

Streik! en documentaire vum Andy Bausch

STREIK_poster104 Minuten
Am Kader vun Honnert Joer Fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016), huet den OGBL de Cineaste Andy Bausch gefrot en Documentaire ze realiséieren, deen déi formidabel Geschicht vun der fräier gewerkschaftlecher Beweegung zu Lëtzebuerg an de lëschten honnert Joer verzielt. De Film Streik! produzéiert vu Paul Thiltges Distributions ass zënter Mee 2016 an de Kinoen.

Den Dokumentarfilm Streik! weist, unhand vu beweegte Biller, Fotoen, Aarbechterlidder, Zäitdokumenter an Interviewen, op eng mënschlech beréierend, lieweg a spannend Aart a Weis d’sozial Konflikter an d’Entwécklung vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung zu Lëtzebuerg vun hiren Ufäng bis haut. All déi sozial Errongenschaften, déi eis haut selbstverständlech schéngen, hu mer net vun uewen erof geschenkt kritt – si hu missten erkämpft ginn: Streik! ass en Dokumentarfilm, deen d’Geschicht vun de Sozialkonflikter an d’Ëntwécklung vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung zu Lëtzebuerg), erzielt, an zwar vu sengen Ufäng bis haut. Streik! illustréiert iwwert 100 Joer fräi Gewerkschaften an domat och iwwert ee Joerhonnert Lëtzebuerger Sozialgeschicht vun ënnen.