Oppene Bréif un de Premier Minister Xavier Bettel an un d’Regierung

Betrëfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee

Den SEW/OGBL an de Landesverband maachen en Appell un de Premier Minister an un d’Regierung d’Responsabilitéit ze iwwerhuelen, datt d’Reprise vun de Schoulen am Fondamental net am organisatoreschem Chaos ënnergeet an d’Coursen de pedagogeschen an affektive Besoine vun de Kanner no der laanger Phase vun Isolatioun gerecht kënne ginn.

Déi betraffe Syndikater vum OGBL, aner Enseignantsgewerkschaften an d’Elterevertrieder hate beim proposéierte Modell vum Educatiounsminister fréi op d’Schwieregkeeten um Niveau vum noutwendege Personal a vun den Infrastrukturen an de Schoulen a besonnesch an de Maison Relais higewisen. Den Educatiounsminister ass sech trei bliwwen an huet den Dialog mat de Schoulpartner refuséiert, sou dass d’Alternativmodeller net mol diskutéiert goufen. D’Enseignanten a souguer d’Regionaldirektiounen ginn zäitgläich mat den Eltere just via Pressekonferenz informéiert, aner Kommunikatioune gëtt et kaum oder guer net.

Well de Modell vum Splitting vun de Klasse weder um Niveau vum Transport, nach um Niveau vum Personal, an de Raimlechkeete fir d’Betreiung an de Schoulen an an der Maison Relais konnt realiséiert ginn, an dobäi och net de Betreiungsbesoine vun den Eltere gerecht gouf, ass en no an no, erëm ouni Dialog mat Gemengen, Enseignanten an Elteren, verännert a verwässert ginn.

Dat huet schliisslech dozou gefouert, dass nei Mesuren de Splitting vun de Klassen ad absurdum féieren an et den Enseignanten onméiglech maachen, d’Course sënnvoll ze organiséieren. D’Enseignanten hu sech an de leschte Wochen enorm an d’ «#schouldoheem» engagéiert a mat groussem Opwand de Splitting organiséiert, si si bereet fir Iwwerstonnen ze maachen. Dat am Sënn vun de Kanner. Si stinn awer net méi hannert den deelweis absurde Mesuren a riskéieren sech elo zesumme mat de Gemengen, déi schonn e groussen Opwand bedriwwen hunn, just nach lächerlech ze maachen :

  • Deen eenzege Krittär fir d’Zesummesetze vun de Gruppe war d’Betreiung an der Maison Relais fir d’Besoine vun zousätzlechem Personal an der Maison Relais op e Minimum ze reduzéieren. Léiergruppe konnten net no pedagogesche Krittäre gestalt ginn, Frëndschaften net berécksiichtegt ginn a verschiddene Fäll mol net Geschwëster an déi selwecht Woch gesat ginn.
  • Klassen hu missten zueleméisseg onreegelméisseg opgedeelt ginn (Et gëtt vill Beispiller wou eng Klass a Gruppe vun 5 a vun 10 gedeelt gouf).
  • Aus de Cycle 3 a 4 si kleng Gruppe vu verschiddene Klassen an der Maison Relais erëm zesumme geluecht ginn.
  • Vill Kanner ginn net méi vun hiren Enseignante betreit, déi an anere Klassen aushëllefe mussen. Wann den neien Enseignant bis en Iwwerbléck huet, dann ass d’Schouljoer eriwwer.
  • A ville Gemengen ass de Personalproblem an de Manktem u Säll nach net geléist. Verschidde Gemenge wëllen op de Splitting vu Klasse verzichten.
  • D’Mesurë fir verhalensopfälleg Kanner sinn aus Personalmangel ofgeschaaft ginn, grad esou wéi op ville Plazen d’Cours d’Accueil.
  • An dëser schwiereger Situatioun ginn d’Kanner an den Übungsgruppe vu Leit betreit, déi ganz kuerzfristeg agestallt goufen, déi keng Erfarung hunn an de Kanner onbekannt sinn, dat an engem Kader, den alles anescht wéi Sécherheet vermëttelt. Vermummt, op Distanz, mat enger ganzer Rëtsch vu Sécherheetsmesuren, déi fir vill Kanner befriemend wierke wäerten. Si si warscheinlech scho souwisou zum Deel traumatiséiert, a verléieren och elo an der Schoul all hir Repèren.
  • Am Schoultransport kann an de Busse keng Distanz gehale ginn, D’Kanner vu verschiddene Klasse sëtzen direkt niewenteneen.
  • Am Cycle 1 sinn d’Mesurë vun der Distanz an der Mask einfach opgehuewe ginn. No bausse sinn déi Gruppen net méi oder manner isoléiert wéi déi aner Kanner aus dem Fondamental.
  • An elo sollen d’Kanner ab 7.00 Auer moies all zesummen am Schoulhaff mat enger Surveillance op den Ufank vun der Schoul waarden : de Splitting vun de Klassen, den Amenagement vum Schoulhaff a verschidden Zonen, d’Organisatioun vun de Pausen zu verschidden Zäite fir d’Klassen net ze vermëschen ass domadder just nach lächerlech an déi ganz Organisatiounsaarbecht vun de Gemenge fir ze garantéieren, dass d’Kanner, wa se an d’Schoul kommen, d’Distanze kënnen anhalen a sech net vermëschen, ginn zu enger Farce.

De Modell, wéi en am Moment do steet, gëtt net méi vu den Enseignanten ënnerstëtzt. Widderwëlleg a mat groussen Opwand organiséiere si d’Reprise no engem Modell, dee si als absurd qualifizéiere mussen. Stänneg Ännerunge vun net duerchduechte Mesurë maachen et ëmmer méi konfus, ginn absolut keng Planungssécherheet a weise mëttlerweil d’Inkohärenz vun deem ganze Virhaben op.

Allgemeng Richtlinnen, wéi an de Klassen déi Phase vu #schouldoheem evaluéiert an opgeschafft ginn, wéi d’Schoulzäit ënnert ganz schwieregen an ongewinnte Konditioune bis de Summer ka gestallt ginn, feele komplett.

Den Educatiounsminister huet en Appell un d’Patrone gemaach den Elteren an hirem Betrib entgéint ze kommen. A senger Roll als Patron huet de Minister awer d’Elteren ënnert sengen Enseignantë komplett vergiess a kann hinne keng Léisung ubidden.

Et bleift just eng Woch fir aus der Sakgaass do erauszekommen an d’Reprise sënnvoll ze organiséieren. Dobäi leien Alternativen um Dësch.

Den SEW/OGBL an de Landesverband verlaangen duerfir, dass, ouni weider Zäit ze verléieren, eng Task Force aus Representante vun de Gewerkschaften, den Elterevertrieder, dem Syvivol an de Responsabelen aus dem Educatiounsministère opgestallt gëtt, déi e Modell op d’Bee stellen, den de sanitären Exigenzen, de Besoine vun de Kanner an den Eltere gerecht gëtt an deen organisatoresch machbar ass.

Här Premier Minister, Dir Dammen an Hären aus der Regierung, et ass nach net ze spéit. Huelt Är Responsabilitéit, et geet ëm eis Kanner !