Den SEW/OGBL begréisst déi rezent Annoncë vum Educatiounsminister zur Inklusioun am Fondamental. Vill vun de Mesuren, déi de Minister ugekënnegt huet, gräife Proposen op, déi den SEW/OGBL am Januar 2026 a sengem Fuerderungskatalog zur Inklusioun formuléiert hat. Domat gëtt unerkannt, dass an dësem Dossier op verschiddene Punkten akuten Handlungsbedarf besteet.
Am Fuerderungskatalog hat den SEW/OGBL am Beräich vun der Bewältegung vu Krisesituatiounen eng national gülteg a kloer Krise-Prozedur mat enger eenheetlecher Meldeprozedur gefuerdert. Donieft sollt eng zentral anonymiséiert Datesammlung et erlaben, Handlungsbedarf do ze identifizéieren, wou en am gréissten ass. Gläichzäiteg war et dem SEW/OGBL wichteg, datt standardiséiert Moossname fir d’Personal an d’Regionaldirektioune festgehale ginn, esou datt an de verschiddene Situatioune kloer ass, wéi eng Schrëtt kënnen a solle geholl ginn.
Wat d’Ressourcen ugeet, hat den SEW/OGBL en zweeten Intervenant am Cycle 1 gefuerdert. Donieft war et eng zentral Fuerderung, nees geziilt Ressourcë fräizesetzen, fir Kanner mat Léierschwieregkeeten oder Entwécklungsretarden adequat kënnen ze begleeden. Wann d’Ressource bei den A-EBS an I-EBS tatsächlech opgestockt ginn, da misst dat och erlaben, an dësem Beräich nees méi geziilt Ënnerstëtzung ze garantéieren.
Den SEW/OGBL hat zousätzlech e Remplaçantspool fir d’ESEB-Personal gefuerdert souwéi méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vum Asaz vum psycho-edukative Personal. Ob d’Schafung vun engem lokale Comité dëser Fuerderung wierklech gerecht gëtt, wäert sech awer eréischt an der Praxis weisen. Och de weideren Ausbau vun de regionalen Antenne vun de Kompetenzzentren entsprécht enger Revendicatioun, déi den SEW/OGBL am Fuerderungskatalog formuléiert hat.
Wat aktuell nach feelt, ass eng kloer Äntwert op d’Fro vun der volonté parentale an akute respektiv grave Situatiounen. Den SEW/OGBL hat sech dofir ausgeschwat, fir an esou Fäll e kloere Kader virzegesinn, deen et erlaabt, am Interessi vum Kand, provisoresch psycho-edukativ mat him ze schaffen, wärenddem d’Elteren informéiert ginn. Déi aktuell Dispositioune schränken nämlech d’Handlungsfäegkeet um Terrain an.
D’Ukënnegunge vum Minister Meisch sinn e kloert Signal, dass de Leidensdrock an de Schoulen net méi ignoréiert ka ginn. Si weisen, dass d’Suerge vum Terrain an awer och d’Propose vum SEW/OGBL gehéiert gi sinn. Dat ass een éischte Schratt, geet awer nach net duer.
Zum aktuellen Zäitpunkt feelen nach Informatiounen zur konkreter Ëmsetzung. An esou Dossiere sëtzt den Däiwel bekanntlech am Detail: et wäert zum Beispill drop ukommen, wéi d’Modalitéiten ausgesinn, wéi d’Mesuren um Terrain ëmgesat ginn, wéi vill zousätzlech Moyene wierklech zur Verfügung gestallt ginn, a wéi eng Kompetenzen d’lokal Comitéë kréien.
Et ass dofir immens wichteg, dass d’Ëmsetzung vun den ugekënnegte Mesuren elo am Dialog mat de betraffenen Acteuren ausdiskutéiert gëtt.
Den SEW/OGBL huet am Abrëll eng Entrevue mam Minister, an där déi verschidden Ukënnegungen am Detail solle beschwat ginn. Den SEW/OGBL erwaart sech do méi prezis Informatiounen an ass prett, sech konstruktiv a mat konkrete Proposen an d’Ausaarbechtung mat anzebréngen. Et kënnt lo nämlech op konkret Verbesserungen um Terrain un!
Matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL (SEW/OGBL), den 30. Mäerz 2026
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
This website uses Google Analytics to collect anonymous information such as the number of visitors to the site, and the most popular pages.
Keeping this cookie enabled helps us to improve our website.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!