1.-Mee-Ried vun der OGBL-Präsidentin (2024)

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Léif Frënn,

 

Merci!

Ech kucken op dës Plaz an ech si begeeschtert. Ech gesi vill Leit, dobäi vill nei Gesiichter, an dofir soen ech äech am Numm vum OGBL all villmools Merci fir är Präsenz.

E Merci och un all d‘Vertrieder vun de politesche Parteien, datt si eis de Moien nolauschtere kommen. Et ass gutt wann se hei sinn. Egal ob si aus voller Iwwerzeegung a gär hei sinn, oder aus liichter Sympathie oder just fir ze wëssen, wou si mat eis dru sinn.

Well den 1. Mee ass a bleift eisen Dag. Eise Feierdag. Den Dag vun de schaffende Leit!

Den Dag, wou mär déi éieren, déi an der Vergaangenheet dofir gesuergt hunn, dass mär haut dat hu wat mer hunn.

An den Dag wou mär kloer Akzenter setzen, dass dat wat erreecht gouf, nach kann a muss verbessert ginn.

Am Géigendeel zu deem wat behaapt gëtt, ass eis näischt geschenkt ginn, näischt ass eis an de Schouss gefall, mee alles huet misse géint, zum Deel haart Widderstänn, erkämpft an duerchgesat ginn. Mär vergiessen dat net.

Dësen 1. Mee 2024 ass keen normalen 1.Mee. Et ass en éischten 1. Mee no staark gewonnene Sozialwalen. Den OGBL ass a bleift déi éischt Gewerkschaft am Land.

Fir dass och jiddereen dat versteet:

Den OGBL, ass elo déi Lëtzebuerger Gewerkschaft, un där kee laanscht kënnt. An dat ass gutt esou, an dat verdanke mär äech all!

Dat gefält net jidderengem.

  • Verschiddener hate gehofft, den OGBL géif geschwächt ginn.
  • Anerer hunn drop gewett, dass den OGBL géif u politeschem Afloss verléieren.
  • An eenzelner hunn esou guer dovu gedreemt, den OGBL kënne ganz ze ecartéieren.

De Géigendeel ass agetrueden.

Den OGBL steet elo esou staark do wéi ni virdrun.

Dës Sozialwale waren awer och fir vill Leit den éischte Kontakt mat der Gewerkschaft. Vill vun hinnen erliewen haut hei hiren éischten 1. Mee an enger neier Qualitéit: déi vum neie Member, dem neie Personaldelegéierten oder dem neie Militant.

Och hinne soe mär als OGBL-Famill Merci fir hiren Engagement.

All zesumme sti mer haut hei, net nëmme well et flott ass zesummen ze feieren.

Mee mär hunn ee gemeinsamen Optrag, deen eis verbënnt, an deen heescht, déi Leit ze verdeedegen, déi musse schaffe fir hiert Liewen ze gestalten.

An zu deene gehéieren och déi, déi dat och an der Vergaangenheet hu misse maachen – déi Pensionéiert.

Mär sinn d’Vertrieder, jo soe mär et offen, mär sinn d’Stëmm vun deene Leit a Famillen, déi Lëtzebuerg ausmaachen, déi de Räichtum vum Land schafen a geschafen hunn, déi selwer awer vill manner räich sinn.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mär hunn haart Zäiten hanner eis. Mär hunn déi lescht 5 Joer haart misse kämpfen. Mär hu misse fir eisen Index op d’Strooss goen. Eleng, ouni déi aner Gewerkschaften.

Mär hu missen an der Tripartite streiden, dass d’Kafkraaft vun de Leit erhale gëtt an d’Energiepräisser gedeckelt ginn. Mär hunn eis Kollektivverträg misse verdeedegen an neier verhandelen, an dat bis an de Streik eran.

Bei der Cargolux, engem lëtzebuergesche Betrib, dee Krisegewënner ass, an en plus de Staat Haaptaktionär ass, hu mer missen an de Streik trieden, fir datt de Leit hir Aarbecht unerkannt gëtt.

An net zu läscht si mer bei Ampacet duerch ee vun den häertsten Aarbechtskämpf gaang, dee mär jee kannt hunn.

Bref, den OGBL huet säi Job gemaach. En huet d’Interesse vun de Leit verdeedegt. Mat alle Mëttelen. Sou wéi en et ëmmer gemaach huet a wéi en et ëmmer wäert maachen.

Mee dofir si mer vu ville Säiten attackéiert ginn.

Et ass versicht ginn eis ze isoléieren, eis aus dem Spill ze huelen.

Mee mär waren net isoléiert. Mär sinn dat net a mär wäerten dat ni si Kolleeginnen a Kolleegen. Mär hunn et dofir och net néideg eis unzebideren.

Anerer hu Charmeoffensive vis-a-vis vun der Politprominenz gestart.

Den OGBL huet seng Offensiven an de Betriber lancéiert, mat de Leit, fir d’Leit.

Anerer hunn ënnert groussem Drock noginn an de Schwanz bäigezunn.

Den OGBL huet sech net ënnerkréie gelooss.

Anerer hunn d’Sozialwale verluer,

den OGBL huet se gewonnen.

61% vun de Stëmme fir den OGBL.

Den LCGB, d’ALEBA, den NGL-SNEP, d’Syprolux an d’FGFC deelen sech de Räscht: 39%.

Méi kloer kann d’Stëmm vun de Salariéen an de Pensionären hei am Land net sinn!

Déi nei Regierung huet annoncéiert, datt si hannert dem sozialen Dialog géif stoen.

Ma wann dat esou ass, da fänkt et domat un, dass si d‘Gewiicht an d’Bedeitung vun deenen eenzelne Gewerkschaften à leur juste valeur ze respektéieren huet.

Eis Gewerkschaft ass net einfach eng ënner villen.

An dës Regierung wier gutt beroden, wann si net géing ignoréieren, dass bei der Wal fir d’Salariatskummer, déi jo keng obligatoresch Wal ass, iwwer 200.000 Wieler hir Stëmm ofginn hunn.

Dat ass den Ausdrock vun enger politescher Participatioun déi net kann ignoréiert ginn.

Si gëtt eis, als Gewënner vun dëser Wal, doriwwer eraus eng Legitimatioun, déi keen aneren hei am Land virweise kann.

A well mär jo nach an enger Léierphas vu verschiddenen neie Ministere sinn, soen ech et an enger diplomatesch virsichteger a pädagogesch vermëttelbarer Form:

Wann ech gelift, léif Regierung, maacht net de Feeler, de sozialen Dialog als eng formal Veranstaltung ofzedinn.

Wat mär brauche, si seriö, politesch Verhandlungen.

An dobäi huet d’Regierung sech ëmmer déi absolut Majoritéit vum OGBL, déi 61%, virun Aen ze halen a se ze respektéieren.

Alles anescht, wier eng flagrant Mëssuechtung vum demokratesche Wëllen.

An dat géif enger Regierung, déi selwer vu manner ewéi 50% vun de Lëtzebuerger Awunner gedroe gëtt, net gutt zu Gesiicht stoen.

Den OGBL fuerdert eng direkt Participatioun an allen Dossieren, déi d‘Interesse vun de schaffende Leit an de Pensionäre betreffen.

Wann et ëm eis Pensioune geet,

wann et ëm eist Aarbechtsrecht geet,

wann et ëm d’Wunnengskris geet,

wann et ëm d’Steierreform geet,

wann et ëm de Sozialstaat am allgemenge geet,

wann et ëm eist d’Gesondheetswiese geet,

wann et ëm d’Bildungswiese geet

a wann et ëm d’Klimapolitik geet!

An net ze vergiessen, wann et ëm d‘national Lounpolitik geet, ëm d‘Reform vum Kollektivvertragswiesen, a wann et ëm eisen Index geet.

Eis Stëmm zielt, an si wäert esou oder esou, net ze iwwerhéiere sinn. Dozou engagéiere mär eis haut an hei.

Mat anere Wierder: Gewerkschaft ass net gläich Gewerkschaft! 61% sinn net 28%!

Beim skandaléisen Tripartitediktat vum Mäerz 2022 géint den OGBL goufen déi 61% net respektéiert. Esou eppes däerf ni méi passéieren!

Dat ass haut de Message un déi aktuell Regierung an dat ass och de Message un d’minoritär Gewerkschaft.

Den OGBL ass bereet mat alle Gewerkschafte konstruktiv zesummenzeschaffen, mee en ass net bereet seng Wäerter ze verkafen.

 

Haut, Kolleeginnen a Kolleegen, ass och den éischten 1.Mee no eiser Fusioun mam Landesverband. E Beispill duerfir, datt mer zesumme méi staark sinn. En historeschen Zesummeschloss géint d‘Spaltung vun de Schaffenden. Zesumme maache mär Zukunft.

D’Sozialwalen hunn iwwregens och gewisen, dass eise Message vun der Eenheetsgewerkschaft weiderhin aktuell ass an och vun der Basis gedroe gëtt.

Ech felicitéieren dofir besonnesch eisen Eisebunnerkolleegen, déi entgéint villen negative Viraussoen hir Virmuechtstellung bei der CSL-Wal, och ënnert dem neie Logo vum OGBL kloer behaapte konnten.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

2,44 Billiounen Dollar! Dat ass eng Zuel mat 13 Zifferen, oder anescht ausgedréckt 2,44 Millioune Milliounen.

Eng onvirstellbar Zomm.

Et ass déi Zomm, déi 2023 weltwäit a Militärausgabe gestach gouf. E Rekord, een traurege Rekord.

D’Gewerkschaftsbeweegung verurteelt all militäresch Aggressioun. Wat Russland an der Ukrain mécht, ass héich kriminell an duerch näischt ze entschëllegen.

Als Gewerkschaftler leide mär mat de Mënschen an der Ukrain, a verurteelen op dat Schäerfst Krichsverbriechen um ukrainesche Vollek. Mär denken un dausende vun ukraineschen a russesche Famillen, déi onschëlleg, hir Jongen a Meedercher an dësem sënnlose Krich verléieren.

Wann een ugegraff gëtt, muss een sech militäresch wieren dierfen a kënnen. Mee Fridden ass just méiglech wann alles ënnerholl gëtt fir der Diplomatie an der Verhandlung eng Chance ze ginn.

D’Oprëschtungsspiral ass mat Sécherheet net d’Solutioun fir déi aktuell ëmmer méi fragil Welt méi sécher ze maachen.

Den 1. Mee ass och den Dag vum Fridden, an duerfir spillt deen Dag och haut, wou e mäerderesche Krich an Europa gefouert gëtt, wou queesch duerch d’Welt weider Kricher wüten, esou eng wichteg Roll.

All Dag gesi mär grausam an erschreckend Biller, déi vun de mënschenonwierdege Konditioune vun de Krichsaffer an der ganzer Welt temoignéieren.

Ewech kucke geet net. Mär sinn all betraff. Mee mär refuséieren dës Biller als eng Fatalitéit ze acceptéieren. Kricher si vu Mënsche gemaach, dofir kënnen a mussen se och vu Mënschen op en Enn bruecht ginn.

An duerfir fuerdert den OGBL och en direkten „Cessez-le-feu“ am Noen Osten, d’Befreie vun de Geiselen an eng ëmfaassend an direkt humanitär Hëllef fir déi dausende Kanner, Fraen a Männer, déi Affer vun engem onbaarmhäerzege Krich am Gaza sinn.

Et ass inakzeptabel, dass op béide Säiten, radikaliséiert Elementer friddlech Entwécklunge quasi onméiglech maachen.

Déi international Gemeinschaft bleift gefuerdert déi raisonabel a moderat Kräfte bäi deenen engen an deenen aneren ze stäerken, fir dat Polverfaass ze entschäerfen.

Och fir dës Messagen ze ginn, steet den 1. Mee.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Eisem esou oft geluefte Gesellschaftsmodell geet et net gutt.

De soziale Fortschrëtt gëtt a Fro gestallt, jo, op ville Plaze geet d’Schwächung vun de Sozialstaaten offensiv weider.

A ville Länner gëtt d’Demokratie ouni Gêne ugegraff. A queesch duerch Europa hunn Austeritéitspoliticken erëm Opwand.

Dat ass de Buedem op deem konservativ-reaktionär, rietsextrem a faschistesch Parteien an Europa un Afloss gewannen. Et drot eng Situatioun ze entstoen, wéi mär se zënter dem 2. Weltkrich net méi erlieft hunn.

All fortschrëttlech politesch Beweegungen a Parteie stinn elo an der Verantwortung sech géint déi Entwécklungen an eiser Gesellschaft ze mobiliséieren.

Dat zielt natierlech och fir eis Gewerkschaftsbeweegung.

Wa mär eis elo net wieren, da riskéiere mär vun eppes iwwerrullt ze ginn, wat mär net wëllen, wat grondsätzlech géint eis Allgemenginteresse geriicht ass, wat eis Perspektive fir ee gutt Liewe fir eis a fir déi kommend Generatiounen zerstéiert.

Jo mär mussen op d’Strooss fir a ganz Europa déi riets bis rietsextrem Beweegungen ze stoppen an eis Demokratie ze verdeedegen.

Mee ech warnen: dat eleng geet net duer!

Dat wäert net vill bréngen, wa mär net gläichzäiteg dat aus der Welt schafen, wat de Virmarsch vun de Feinde vun der Demokratie verursaacht.

All Dag wuessen déi sozial a wirtschaftlech Inegalitéiten an eise Länner a Gesellschaften.

Si treffen an Europa net nëmmen déi ënnescht, mee mëttlerweil och ëmmer méi breet Deeler vun de Mëttelschichten.

D‘Veraarmung vun ëmmer méi breeden Deeler vun der Gesellschaft an de sozialen Ofstig an d’Perspektivlosegkeet, déi si provozéiert, ass den Nährbuedem fir déi brisant geféierlech politesch Entwécklunge wéi mer se a villen Länner erliewen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mär befannen eis kuerz virun engem weidere wichtege Waltermin. D’Europawalen, den 9. Juni.

Déi sinn immens wichteg, virun allem fir déi schaffend Leit. Villes wat op europäeschem Niveau decidéiert gëtt, huet en direkten Afloss op eis Aarbechts- an op eis Liewenskonditiounen.

Duerfir wielt mat! A virun allem wielt déi progressiv Kräften an Europa, déi sech fir de soziale Fortschrëtt asetzen, fir en inklusiivt Europa.

Déi, déi Europa wëllen an eng europäesch Festung verwandelen an eng Austeritéitspolitik wëllen imposéieren, si fir eis keng Alternativ.

An och net déi, déi eis virmaachen deen eenzege Krittär fir d’Wuelbefanne vun der Gesellschaft wier déi sakrosankt Kompetitivitéit vun den Entreprisen.

Hei geet et net just ëm déi rietsextrem, mee de Message geet och un der CSV hir Europapartei EVP. Mat Besuergnes erliewe mär säit Joren en interne Rietsruck.

A mär ginn net midd, et ëmmer erëm ze widderhuelen: Sozial Gerechtegkeet kréie mär ouni Ëmverdeelung vun uewen no ënnen net hin.

Sozial Gerechtegkeet ass keen naiivt Wonschdenken, mee eng dréngend gesellschaftlech Noutwendegkeet.

E wierklech soziaalt Europa, ass keng politesch Utopie, mee de politesche Courage, deen elo dréngend gebraucht gëtt.

Maacht endlech Schluss mat de Sonndesrieden.

Stäerkt a schützt d‘Sozialstaaten an Europa an iwwerall op der Welt. Net muar oder iwwermuar, mee haut an elo!

Am Moment ass et leider de Contraire wat passéiert. Sozial Inegalitéiten an Europa gi weider erop.

D’Aarmut an den Aarmutsrisiko huelen zou, d’Zuel vun de sougenannten „Working poor“ an de prekären Aarbechtsplazen explodéiert.

D‘Realléin, bis déif an d’Mëttelschicht eran, entwéckelen sech net no uewe mee ginn zeréck.

Krise gi genotzt fir d’Ugrëffer op d‘Sozialstaaten, op d’Sozial Sécherheet an op d’ëffentlech Déngschtleeschtungsberäicher an Europa ze rechtfäerdegen.

Sou kann et net weidergoen, net mat eis.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

5 Milliarde Mënschen op der Welt sinn zënter 2020 méi aarm ginn.

Am selwechten Zäitraum sinn all d‘Milliardären op der Welt ëm 3300 Milliarden US-Dollar méi räich ginn. Ee Plus vu 35%, dräimol esou héich wéi d’Inflatioun.

Dat ass esou wéi wann si bäi all Indextranche automatesch nach zwou weiderer géifen dobäi kréien!

Et kënnt nach besser: bäi deene 5 räichste Männer op der Welt geet dat nach net duer. Bäi hinne sinn et +100%: hiert Verméigen huet sech verduebelt.

Dat ass fir déi 5 ee Gewënn vu 14 Milliounen US-Dollar, net pro Mount oder pro Woch, mee pro Stonn.

Stellt äech vir: Dat heescht hei, wärend der Zäit vun der Ried hätte mer elo all 14 Milliounen Dollar méi. Ech géif dann och nach 2 Stonne méi laang schwätze wann der wëllt.

Déi Räich hu mat hire Kolleege Politiker weltwäit d’Verméigenssteier ofgeschaaft oder zum Lächerleche verkomme gelooss. Och zu Lëtzebuerg.

Si orchestréiere weltwäit den Dumping vun der Betribsbesteierung an de Kapitalrevenuen.

Hiert Resultat ass bemierkenswäert an den Ausdrock vun der massiivster Ausbeutung géint d’schaffend Leit op der ganzer Welt.

Dës Konzentratioun vun ëmmer méi Kapital a Verméigen a wéinegen Hänn ënnerwandert a verletzt eis Interesse vun Dag zu Dag ëmmer méi.

All déi Billiounen Euro, déi an déi falsch Richtung lafen, feele fir Grondbedierfnesser vu Milliarde vu Mënschen, feelen an der Bildung, feele fir d’Gesondheetsversuergung, feele fir d’Sozial Sécherheet, feele fir vill wirtschaftlech an ëffentlech Investitiounen a feelen am Kampf vun der Mënschheet géint d‘Klimakatastroph a fir de Schutz vun eisen natierleche Ressourcen.

Déi gigantesch Verdeelung vun ënnen no uewen ass d‘Resultat vun enger ongezigelter, kapitalistescher Ausbeutung vun der Aarbecht an den natierleche Ressourcen.

Si ass liéiert mat enger katastrophaler, ëmmer méi ongerechter Steierpolitik déi an deene leschte Joerzéngten a quasi alle Länner vun der Welt ëmgesat gouf. Och zu Lëtzebuerg.

An anere Wierder, den Triple A vu ganz vill Misär op der Welt. Och zu Lëtzebuerg.

D’Thees vum sougenannten Trickle-down Effekt – kuerz erkläert: wann et de Räiche besser geet, da sickert dat och no ënne fir déi aner Schichten an der Gesellschaft – ass en ideologescht Märche vun de Superräichen, dat si iwwert de Wee vun hire gesponserten Denkfabricken a Politiker an iwwert hir Mediekonzerner eis all Dag probéieren ze verklickeren. Och zu Lëtzebuerg.

D’Realitéit ass eng aner: ee giganteschen Trickle-up an d’Täsche vu ganz wéinegen, op Käschte vun der Liewensperspektiv vun der gesamter Mënschheet an den nofollgende Generatiounen.

Dat huet scho beim Reagan a beim Thatcher net geklappt an dat klappt och net beim Frieden.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

D’Geschicht huet eis eppes geléiert: déi iewescht Schicht, an éischter Linn déi Superräich, hunn nach ëmmer ganz gutt mat autoritäre Regimmer gelieft. Si sinn net déi, déi d‘Demokratie fërderen, au contraire!

Si sinn et déi wäit ewech si vun dem Ausbau an dem Schutz vun den demokratesche Rechter, si si wäit ewech vum Kampf géint all Forme vun Diskriminatiounen a Friemenhaass an eiser Gesellschaft.

An dodrun änneren och hir zur Show gestallte philanthropesch Fondatiounen näischt, déi si meeschtens vun deem klenge Rescht vun de Steieren, déi si bezuelen, och nach ofsetze kënnen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Sou wéi elo scho 5 mol gesot: och zu Lëtzebuerg ass et net anescht.

Och wann d’Regierung sech an de Sonndesrieden domat bretzt, si wéilt keng Austeritéitspolitik maachen an d’ëffentlech Investissementer héichhalen, dann ass dat jo wuel de Minimum, mee dierf awer hannerfrot ginn.

Well och wa verschiddener eis et net zoutrauen, och mär kënne rechnen:

Wéi soll et méiglech sinn an Zukunft de Militärbudget ze verdräifachen, de Budget an d’Gläichgewiicht ze bréngen, 30 Prozent Verscholdungsgrenz anzehalen, Steiere fir Betriber erofsetzen, d’Fongenindustrie iwwer d‘Taxe d’abonnement ze entlaaschten an esouguer och nach, wann dann nach eppes Rescht ass, e puer Steierkaddoe fir Privatpersounen ze maachen? Wéi soll et do méiglech sinn och nach eis Sozialsystemer ofzesécheren, an d’Investissementer an d’Infrastrukturen an d’Klima héichzehalen?

Drastesch méi Ausgaben, mat drastesch manner Recetten?!

Erlaabt eis, léif Regierung, dass mär skeptesch bleiwen.

A sidd äech bewosst, dass mär wäerten oppassen, dass wann är Rechnung net opgeet, net mär, d’Salariéen, muar fir är verpasste Chancë vun haut wäerte bezuelen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Eise Steiersystem ass fundamental ongerecht.

An dat net eréischt zënter gëschter, mee schonns zënter op d’mannst virgëschter.

Zënter Joerzéngte gi Steierreforme mat Entlaaschtunge fir d’Leit versprach, … passéiert ass awer net vill.

An déi nei Regierung huet hir ugekënnegt Steierreform elo och schonns no hanne verréckelt.

D’Steierreform zu Lëtzebuerg kënnt eis vir wéi een Horizont an der Karibik: wat ee méi no dobäi kënnt, wat ee méi wäit ewech ass.

Déi allergréissten Ongerechtegkeet ass jo déi, dass een op der Pai vill, vill méi Steiere bezilt ewéi op de Revenue vum Kapital. Bei ronn 5000 Euro Pai bezilt ee 7 mol méi Steiere ewéi bäi 5000 Euro Dividenden.

Gerecht geet anescht: Kapital muss d‘selwecht besteiert gi wéi Aarbecht.

Eist Land brauch Steierrecetten. Dofir musse mer d’Sue siche goe wou se sinn. An et gi Plaze wou der vill sinn.

Mär brauchen endlech eng seriö Verméigenssteier, net fir déi Normalstierflech, mee fir déi mat richteg vill Verméigen. An dat ass keng Näiddiskussioun. Mee wann d’Rechnung soll opgoen, da mussen déi Superräich zum Allgemengwuel bäidroen. Net nëmmen zu Lëtzebuerg, awer och zu Lëtzebuerg.

A mär brauchen eng seriö Besteierung vum Groussgrondbesëtz. Mär mussen d’Spekulatioun deier maachen.

A mär mussen ophalen de Betriber weider steierlech Kaddoen ze maachen. D’Betribsbesteierung, ass schonns ënnert der leschter Regierung zweemol erofgesat ginn.

An déi nei konservativ-liberal Regierung wëll do nach eng dropleeën. An do gëtt sech net wéi bäi den „Personnes physiques“, de Privatleit, laang Zäit gelooss. D’Betriber sollen direkt d‘nächst Joer mol eng éischt Steiererliichterung kréien. Dat kascht iwwer 170 Milliounen Euro.

D’Patronat verlaangt hir politesch Dividend vun de Patronatsparteien direkt. An d’Regierung kuscht!

Den OGBL verlaangt eppes ganz anescht: eng Ëmverdeelung vun der Steierlaascht vun ënnen no uewen.

An dat heescht och ganz konkret, mär brauchen en neie Steierbarème. Well och hei sinn d‘Ongerechtegkeeten evident.

Déi niddreg an déi mëttel Akommesschichte sollen a musse manner Steiere bezuelen. An déi héich méi. De Mindestloun muss steierfräi sinn.

A schlussendlech Kolleeginnen a Kolleegen, muss déi automatesch Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun endlech agefouert ginn. Dat gëllt och fir d’Upassung vun de Steierkreditter un d’Inflatioun.

Wann dat net passéiert, verléiere mer all weider a weider u Kafkraaft. Et geet elo duer, d’Regierung muss dat direkt maachen, elo!

A wa mer bäi der Steiergerechtegkeet sinn, dann heescht dat natierlech och, datt et muss gerecht sinn tëschent all deenen, déi zu Lëtzebuerg schaffen, egal op Residenten oder Frontalieren.

 

Well Kolleeginnen a Kolleegen,

Den 1. Mee ass och en internationalen Dag, dee keng national Grenze kennt.

An dat ass grad fir eis esou wichteg, wou mer an engem Land sinn, wou bal d’Hallschent vun de schaffende Leit Frontaliere sinn.

Wou mer dach an allen ekonomesche Secteuren esou drop ugewise sinn, datt eis Kolleege Grenzgänger all Dag Kilometere vun doheem fortfuere fir hei schaffen ze kommen.

An awer si mer ëmmer erëm mat politeschen Entscheedunge konfrontéiert, duerch déi iwwer 250.000 Salariéen einfach ausgeschloss ginn.

Sief et bäi de Bourses d’études, gratis Maisons relais, gratis Schoulbicher, gratis Kantinnen, Ënnerscheeder bäi der Sozialversécherung, bäi der Besteierung, … an alles dat sinn nëmmen e puer Beispiller.

Et là je m’adresse d’abord à vous, chers collègues français et belges, vous qui êtes 175 mille à passer tous les jours la frontière pour venir enrichir notre pays. Non, nous n’acceptons pas et n’accepterons jamais que vous soyez discriminés par la politique de ceux qui ne vous voient pas parce que vous ne faites pas partie de leur électorat.

Und nein liebe Kolleginnen und Kollegen aus Deutschland, auch euch kann man die Überstunden nicht anders besteuern als allen anderen Arbeitnehmern, nur weil ihr in Deutschland wohnt. Ihr arbeitet hier und müsst somit die gleichen Rechte haben wie alle anderen.

Die Diskussionen um das neue Steuerabkommen zwischen Deutschland und Luxemburg sind ein regelrechtes Trauerspiel.

Wir fordern den neuen Finanzminister auf, schnellstens Klarheit zugunsten unserer deutschen Kolleginnen und Kollegen zu schaffen. Zumindestens ein sofortiges Moratorium bei der retroaktiven Besteuerung muss kurzfristig umgesetzt werden.

 

Léif Kolleeginnen a Kolleege Frontalieren,

D’Lëtzebuerger Ekonomie brauch äech. D‘Lëtzebuerger Politik seet, mär mussen d’Ekonomie stäerken.

Mee wann een dat seet, da muss ee konsequent sinn.

Ma wann d’Léin ufänken an den Nopeschlänner méi héich ze ginn, wann de Bensinn ëmmer méi deier gëtt, an den ëffentlechen Transport net duergeet fir aus ären Heemechtsgemengen op Lëtzebuerg ze kommen, wann den dagdeegleche Stau ëmmer méi laang gëtt, d’Aarbechtszäiten an Däitschland, Frankräich an der Belsch méi kuerz sinn ewéi hei, wann een aus steierleche Grënn manner Télétravail ka maache wéi d’Residenten zu Lëtzebuerg, wann deelweis Iwwerstonne méi besteiert ginn … ma wien mengt der dann, léif Politiker a Patronatslobbyisten, wien mengt där, dass dann an Zukunft nach wëll heihi schaffe kommen??

An all deene Problemberäicher muss d’Politik erwächen an dréngendst handelen. Och géint d’Meenung vun de Patronatsverbänn, well et eben net nëmmen ëm deen een oder anere Betrib geet, mee ganz einfach ëm Funktiounsfäegkeet vum ganze Land.

A wann dat net geschitt, dann ass d‘„Pénurie de main d’oeuvre“ nach op eemol zur Ënnerdreiwung vum Joer mutéiert.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mär brauche besser Léin zu Lëtzebuerg.

Et gehéiert zu eisem Kärgeschäft fir déi ze verhandelen, an de Kollektivverträg.

An et gehéiert och zu eisem Optrag, eis dofir anzesetzen, datt och politesch fir méi Kafkraaft gesuergt gëtt.

Den OGBL ass déi eenzeg Gewerkschaft hei am Land déi dës Missioun an de leschte Joren erfëllt huet.

Wann haut den Index normal funktionéiert a keng eng Indextranche verluer gaangen ass, dann ass dat eise Merite a mär sinn houfreg op eis Gewerkschaft, déi dat mat hire Memberen an hire Personaldelegéierten a Militante fäerdeg bruecht huet. A wann den OGBL net gewiescht wier, dann hätte mer haut bäi eise Léin a Pensiounen ee Lach, an zwar vun all deenen Indextranchen, déi ouni den OGBL ewechgefall wieren.

A wann eng Regierung op d’Iddi sollt kommen, ee Jota um Indexgesetz änneren ze wëllen, da sti mer erëm genee esou op!

Den Index verhënnert, dass eise reale Loun duerch d’Inflatioun ënner d’Rieder kënnt.

Déi sozial Kämpf a Streiken am Ausland weisen, wat geschitt wa keen esou een Instrument do ass.

Si weisen awer och, wéi wichteg den Index fir de soziale Fridden hei am Land ass. Den Direkter vun der Handelskummer an aner Patronatsvertrieder gi gutt dofir bezuelt fir dat net wëllen ze verstoen a ëmmer erëm géint den Index mobil ze maachen.

Wei gesot, den Index ass ëmmer nëmmen een Ausgläich fir Reallounverloschter. Wann een allerdéngs ofséchere wëll, dass de reale Loun sech mat der Wirtschaftsleeschtung entwéckelt a si net exklusiv an den Täsche vun Aktionären a Betribsbesëtzer verschwënnt, da brauch een och e staarkt Kollektivvertragswiesen.

D‘Viraussetzung fir ee staarkt Kollektivvertragswiesen ass net nëmmen eng staark Gewerkschaft, mee och ee Kollektivvertragsgesetz dat der Zäit ugepasst ass.

Dat aktuellt Gesetz gëtt scho laang net méi de Betribsstrukturen a Betribsberäicher vun haut gerecht.

Et ass esou, wéi wa mär nach ëmmer am leschte Joerhonnert wären.

Déi lescht Regierung hat schonns d‘Diskussioun iwwert eng Reform an hirem Programm vun 2018 stoen. Et ass näischt passéiert.

Mëttlerweil gëtt et eng europäesch Direktiv, déi vun all Land bis Enn 2024 een Aktiounsplang verlaangt fir op en Taux de couverture vum Kollektivvertragswiesen op 80% ze kommen. Dat ass zu Lëtzebuerg e wäite Wee well mer aktuell bäi ronn 50% leien.

Den OGBL fuerdert déi nei Regierung dozou op ze handelen.

An zwar am sozialen Dialog an an der Verhandlung mat eis.

D’Resultat muss eng Gesetzesinitiativ fir ee bessert an ugepasst Kollektivvertragsgesetz sinn.

An ech soen et haut ganz kloer: Ee Kollektivvertrag ass een Ofkommes dat mat den nationalrepräsentative Gewerkschaften ausgehandelt gëtt – an näischt anescht.

Dat huet Europa verstanen, an dat sollen och ganz schnell hei am Land all déi Politiker a Patronatsvertrieder verstoen, déi doriwwer fabuléieren, aleng mat hire Salariéë Kollektivverträg ze verhandelen.

Ween och nëmmen hofft, de System vun der nationaler Repräsentativitéit ze ënnergruewen, ënnergrueft d’Fundament op deem de soziale Fridden hei am Land opgebaut ass.

Dat ass eng rout Linn, een No-go fir den OGBL.

An dës Remark bezitt sech och op eng ganz Rei vu réckschrëttlechen Iddie wat d’Gestaltung vun den Aarbechtszäiten ugeet.

Eng Verschlechterung vun eisem Aarbechtsgesetz a punkto Aarbechtszäiten ass inakzeptabel.

Mär musse manner Stonne schaffen. Net méi. D’Aarbecht dierf eis net krank maachen. Mär brauche gutt Aarbechtsbedingungen a gutt Léin. Sécher Aarbechtsplazen. Och fir déi nächst Generatiounen.

Mär wëllen a mär brauche kee System vu Schäinselbststännegen ouni Rechter a Sozialversécherung, keng CDDen an Interimsplazen à gogo, keng prekär Aarbechtsbedingungen a stänneg Angscht virun Entloossungen.

Ënnert der Verantwortung vum Lëtzebuerger EU-Kommissär ass elo endlech eng Direktiv zu der Plattformaarbecht ugeholl ginn. Si ass alles anescht ewéi perfekt, mee bedeit awer eng weesentlech Verbesserung fir déi, déi bis elo total ongeschützt ënnert deene prekäerste Konditiounen hu misse schaffen.

Mär fuerderen eis Regierung elo op dës Direktiv ganz schnell a Lëtzebuerger Recht ëmzesetzen, an zwar direkt. Et ass schonns ze vill Zäit vergeud ginn.

Mär fuerdere gutt a sécher Aarbechtsplazen, déi engem erméiglechen e Prêt op enger Bank ze kréien. An duerfir brauche mer d‘Gewerkschaft. Grad an Zäite vun engem komplett enthemmte Patronat mat senge politesche Frënn.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech kann elo leider aus Zäitgrënn net op all eenzelne Secteur agoen. Mee eis Aarbecht an de Beruffssecteure weist wéi wichteg e gutt Kollektivvertragsgesetz ass.

Awer och wéi wichteg eisen Asaz ass.

Asaz lount sech : dat beweist de Secteur vun der Restauration collective. Et ass en immens grousse Succès fir d’Leit, zënter 30 Joer endlech e Kollektivvertrag fir déi dausende Beschäftegt. Et ass d’Resultat vu jorelaanger haarder Aarbecht, dass mer elo endlech e sektorielle Kollektivvertrag an deem Beräich erreecht hunn. E grousse Merci un all déi vun äech, déi sech duerfir agesat hunn an net midd gi sinn.

Dat weist, dass et sech lount fir méi Kollektivverträg, fir sektoriell Kollektivverträg ze kämpfen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Bäi de Banken, wou mer scho laang e sektorielle Kollektivvertrag hunn, sinn d’Verhandlunge grad erëm am gaangen. Mee si si wéi ëmmer schwiereg.

Wann d’Situatioun am Secteur net gutt ass, heescht et vun der ABBL: et geet net gutt, mär kënne keng Lounerhéijunge maachen.

Wann d’Situatioun gutt ass, an si ass am Moment extrem gutt wann een all dat liest vun de Rekordgewënner, dann heescht et: et geet zwar elo gutt, mee vläicht awer net méi laang.

Mee fir wéi blöd halen déi eis. Si bezeechnen sech jo gären als d’Mëllechkou vum Land, ma da gëtt et och elo Zäit, dass déi Mëllech verdeelt gëtt, an an aller éischter Linn un déi, déi dës Rekordgewënner an de Betriber generéiert hunn, an dat sinn déi schaffend Leit.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Wat fir d’Kollektivvertragsgesetz gëllt, gëllt och fir d’Aarbechtsgesetz tout court – an den empiresche Beweis dofir, dass drénglech Reformen ustinn, ass an de leschten Deeg zu Klierf bäi der Firma Tarkett erbruecht ginn.

Mär sinn och der Meenung wéi den Aarbechtsminister, dass d’Virgoe vun der Firma inakzeptabel ass.

E Plan de maintien dans l’emploi ze ënnerschreiwen, fir da kuerz drop massiv Entloossungen unzekënnegen, ass de Geck gemaach mam Sozialdialog.

Et ass e Mëssbrauch vun den ëffentleche Gelder, déi an de Betrib gestach gi si fir eben Aarbechtsplazen ze erhalen.

Mär fuerderen haut an hei, dass esou engem Virgoen um legislative Plang direkt e Rigel virgeschobe gëtt. Dës inakzeptabel Praxis dierf ni méi kënnen ugewannt ginn.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Den OGBL war ëmmer géint d’Auslagere vun der Produktioun vu wichtege Matières premières an d’Ausland. Oft si mär dofir belächelt ginn.

D‘Covid-Kris huet eis elo gewisen, a wéi eng katastrophal Ofhängegkeete mär eis selwer mat där Politik gedriwwen hunn. Dofir ënnerstëtzt den OGBL all Beméiunge vun enger Reindustrialiséierung an Europa wéi och hei am Land. Den Industriestanduert LU muss ofgeséchert ginn. Et si schonn ze vill Aarbechtsplazen ofgebaut ginn.

Beim Betrib Liberty Diddeleng fäerten d’Leit säit Joren all Enn vum Mount, ob si hir Pai nach kréien. An elo seet Liberty si maache Faillite. D’Leit wëllen einfach just schaffen. De Patron soll säi Betrib un ee verkafen, deen déi Fabrik seriö dréine léisst. Den OGBL fuerdert eng Zukunft fir Liberty an all seng Leit.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

D’Ofsécherung vun de Sozialsystemer gehéiert zur DNA vun de Gewerkschaften. Dozou gehéiert och de Pensiounssystem.

Déi éischt Deklaratioune vun der Mme Sozialministesch zum Pensiounssystem loossen näischt Guddes virausblécken. Ongefrot an ouni Ukënnegung, ganz ouni Consultatioun, sinn Aussoe gemaach ginn, wou mer eis virdru schudderen.

Wann déi Viraussoen iwwer eise Pensiounssystem – déi ëmmer erëm periodesch an der Vergaangenheet gemaach goufen – agetraff wären, da wäre mär schonn x-mol an déi berüchtegt Rentemauer geknuppt.

Dat heescht net, dass ee sech net Gedanken doriwwer soll maachen, wéi dëst ganzt wichtegt Standbeen vun eisem Sozialstaat gestäerkt an ofgeséchert gëtt.

Awer doudsécher net, wéi sech dat munch Politiker an d’Patronat wënschen, a Richtung vu méi laang schaffen a manner Pensioun kréien.

An och doudsécher net duerch d’Ausverkafe vun eisem ëffentleche Pensiounssystem u privatkommerziell Assurancen.

Wien sech un eisem Rentesystem vergräift, dee mécht d‘Dir op fir d’Verdéiwung vun der sozialer Fraktur an eiser Gesellschaft.

Een No-go, eng rout Linn fir den OGBL.

Da gi mer op d’Strooss an nach méi wäit wann et noutwenneg soll sinn. Eis Mobiliséierung huet haut ugefaangen!

Nach eng Kéier: mär leenen eng seriös Diskussioun iwwer d’Ofsécherung vun de Rente guer net of, mär sinn esouguer Demandeur.

Mee mär wäerten net zouloossen, dass probéiert gëtt, d‘Generatioune géint eneen auszespillen.

Wien haut seet e géif am Interessi vun de kommende Generatiounen de Pensiounssystem reforméieren, ouni opzeweisen, wou zousätzlech Mëttele sollen hierkommen, dee seet tëschent den Zeilen, dass Jonker an Zukunft mei laang musse schaffe fir herno manner erauszekréien.

Et ass schonn de Combel vun der Heuchlerei, wann een dat och nach wëll als Leeschtung am Interessi vun der jonker Generatioun duerstellen, wou genee de Géigendeel de Fall ass.

Ausserdeem gëtt op eng äusserst verwerflech Manéier insinuéiert, dass haiteg Pensionären op Käschte vun anere géife profitéieren. Fir op dës Aart a Weis ideologesch den Terrain fir Pensiounskierzungen ze preparéieren an duerchzesetzen.

D’Ofsécherung vum Lëtzebuerger Pensiounssystem, ee vun de beschten op der Welt, ass eben net eng einfach mathematesch Examensfro, mee eng sozial- a gesellschaftspolitesch Erausfuerderung, déi méi brauch wéi Leeschtung mat Joren ze multiplizéieren an imaginär Maueren opzeriichten.

Par Conter ass et zum Beispill un der Zäit de Plaffong vun de Cotisatiounen eropzesetzen. Et gëtt kee Grond dofir dat net ze maachen. Sou kréie mer och méi Suen eran.

An net ze vergiessen, dass mär net fir näischt eng Reserv vun iwwer 23 Milliarden opgebaut hunn, eng Reserve déi 5,5 mol de järlechen Depensen entsprécht.

An et ginn nach ganz aner Stellschrauwe fir zousätzlech Recetten, déi ze diskutéiere sinn, wann d’Regierung eng Pensiounsdiskussioun wëll féieren.

An ech erënneren drun, dass et d’Sozialpartner sinn déi do um Verhandlungsdësch ze setzen hunn. An net iergendeen aneren.

 

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

An dësen Zäite kann et keng 1.Mee-Ried ginn, ouni un d’Erausfuerderungen ze erënneren, virun déi d’Klimakris eis all stellt.

Et ass evident, dass d’Erreeche vun de Klimaziler, déi mär eis als Land, an der EU an esouguer an der Welt als Aufgab ginn hunn, mussen erreecht ginn.

Da musse mer eis dat kaschte loosse wat et kascht. An d’Transitioun muss sozial gestalt ginn. Och dat kascht. An duerfir musse mer eis och déi néideg Moyene ginn.

An do ass et schonn extrem beonrouegend, wann ee gesäit, dass d’Investissementer an deenen nächste Joren erëm sollen erofgoen. Dat kann net sinn.

Well mär wëssen, dass wa mär haut net handelen, da gëtt et nach vill méi deier. A virun allem wäert et zu schwéieren humanitäre Katastrophen a gesellschaftleche Verwerfunge kommen, wéi d’Welt se nach net gesinn huet.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Ech wëll da mat der nächster Kris ofschléissen, déi eist Land zënter Joerzéngten trëfft awer ëmmer méi.

Wann déi, déi hei am Land schlecht wunnen oder keng Wunneng fannen, d’Geld hätten, oder op d‘mannst e Gaart, fir d’Politiker op Partyen ze invitéieren, da géif och vläicht eng Wunnengspolitik an hirem Sënn gemaach ginn.

An net eng Wunnengspolitik am Interessi vun deenen, déi sech mam Besëtz vu Land, Bauterrainen an Immobilie gëllen Nuese verdéngen.

Zënter Joerzéngten hunn d’Regierungen et verschlof eppes ze maachen. Anstatt de Wunnmaart ze reguléieren, hu si der Spekulatioun an dem Räichginn um Wunnengsmaart säi fräie maartwirtschaftleche Laf gelooss.

Den ëffentleche Wunnengsbau ass zur Randerscheinung degradéiert ginn.

Dat huet déi Konsequenzen, déi mer kennen:

  • ze deiere Wunnraum,
  • d’spekulatiivt Zeréckhale vu Bauterrainen a Wunnengen,
  • ëmmer manner ëffentlech Lokatiounswunnengen,
  • fiskalesch Kaddoe besonnesch fir d‘Multiproprietairen vu Land a Wunnengen.

An déi aktuell Regierung bleift och hei hirem ideologeschen Dogma trei: nei Steierkaddoen an éischter Linn fir déi, déi vill Geld hunn.

Obwuel d’DP de Wunnengsminister stellt, huet si deen an hirem Walprogramm annoncéierte Wumms a Richtung ëffentleche Wunnengsbau à la Wiener-Modell schonns annuléiert. Dobäi wär genee dat de richtege Wee gewiescht.

Fir endlech als ëffentlech Hand zu deem grousse Player ze ginn, dee positiv op d’Präisbildung awierke kann a gläichzäiteg d’Wunnengsnout do upake kann, wou se am stäerkste besteet. An d’Baukonjunktur an d’Bauaktivitéit wierklech ukuerbele kann.

Den OGBL fuerdert, dass de Bau vun dausende bis zu zéngdausenden ëffentleche Lokatiounswunnengen zur politescher Prioritéit bis 2040 gëtt.

Den OGBL fuerdert, dass endlech eng konsequent Politik géint d’Spekulatioun a géint d‘exzessiivt Unheefen a privaten Hänn vu Land, Bauterrainen a vun Immobilien ëmgesat.

Den OGBL fuerdert méi staatlech Hëllefen, awer fir d’Leit, fir de Kaf vun der eegener Wunneng.

An den OGBL fuerdert ee Lokatiounsgesetz dat d’Entwécklung vun de Loyeren un déi duerchschnëttlech Entwécklung vum Akommes vun der Bevëlkerung koppelt. Nëmmen esou ass dat fataalt Auserneendrifte vun Akommes a Loyer,wéi mer et am Moment erliewen, ze stoppen.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mär si frou haut e staarken OGBL ze sinn, deen zesummen hei steet fir d’Interesse vun de Leit ze verdeedegen.

An der Pensioun an natierlech op der Aarbechtsplaz.

D’Zäiten, déi elo op eis zoukommen, wäerte keng einfach ginn. Mär sinn eis dat bewosst.

Mee mär si prett. Fir dowidder ze goe wann et néideg ass. Dorunner soll keen zweifelen.

Aarbecht unerkennen a se gutt bezuelen. Datt muss erëm an der Vierdergrond geréckelt ginn.

An dofir sti mer all, onofhängeg, vu wéi engem Secteur och ëmmer.

 

Kolleeginnen a Kolleegen,

Mär all zesumme sinn den OGBL. A mär all zesumme kënnen eis och där do Erausfuerderung stellen. Am Interesse vun alle schaffende Leit, Rentner an hire Famillen.

Vive den 1. Mee!

Vive den OGBL!

 

Nora Back, OGBL-Präsidentin, den 1. Mee 2024 an der Abtei Neimënster