Mat der Grënnung vum CGDIS am Joer 2018 gouf dat operationellt Personal vun der Administration des services de secours, de kommunale Rettungsdéngschter, de Fluchhafe-Pompjeeën, dem SAMU an der Stater Beruffspompjeeën an enger gemeinsamer Struktur zesummegefouert. Dës Reform huet d’Rettungswiesen zu Lëtzebuerg grondleeënd moderniséiert. Bei de Carrièresperspektive vum operationelle Personal besteet awer bis haut en däitlechen Nohuelbedarf.
D’Beruffspompjeeën am “cadre de base” ginn am Grupp C1 agestallt. Dobäi verfüge vill vun hinnen iwwer eng Première oder en aneren Diplom, deen an der staatlecher Carrièresstruktur den Zougang zum Grupp B1 erméiglecht: en Diplom de “fin d’études secondaires classiques”, en Diplom *de fin d’études secondaires générales”, en Diplom “de technicien”, e “Brevet de maîtrise” oder en als gläichwäerteg unerkannten Diplom.
Bei der Police kënnen d’Polizistinnen a Polizisten, déi iwwer esou en Diplom verfügen, an der B1-Carrière agestallt ginn. Fir déi diploméiert Polizisten, déi virun der Aféierung vun der B1-Carrière am C1 agestallt gi waren, hunn den OGBL an d’ADESP gemeinsam fir e Reclassement gekämpft. No enger laangjäreger gewerkschaftlecher a juristescher Ausernanersetzung gouf dëse Reclassement schliisslech gesetzlech ëmgesat.
Och bei der Arméi steet d’B1-Carrière den Ënneroffizéier op. Et ass dofir net ze rechtfäerdegen, datt professionell Pompjeeën, déi déi selwecht schoulesch Qualifikatiounen hunn an zousätzlech eng usprochsvoll operationell Ausbildung absolvéieren, weiderhin am C1 festgehale ginn.
D’Aarbecht vun de Beruffspompjeeën ass an de leschte Joren ëmmer méi komplex ginn. Si gräifen net nëmme bei Bränn an, mee och bei medezineschen Noutfäll, schwéieren Accidenter, technesche Rettungen, Geforstoffasätz, Naturkatastrophen a grenziwwerschreidende Groussasätz. Si schaffen am Schichtdéngscht, sinn héije kierperlechen a psychesche Belaaschtungen ausgesat an droen all Dag Verantwortung fir d’Liewen an d’Sécherheet vun der Bevëlkerung.
Dës Qualifikatiounen, dës Belaaschtungen an dës Verantwortung mussen endlech och an der Carrière unerkannt ginn.
Déi selwecht Problematik besteet beim Offizéierskader. Beim CGDIS gëtt den operationellen Offizéierswee weiderhin haaptsächlech iwwer d’A2-Carrière organiséiert. Bei der Police an der Arméi besteet dogéint fir Offizéier den Zougang zur A1-Carrière. Och beim CGDIS muss et e reellen, transparenten an zougängleche Wee an d’A1-Carrière ginn, deen déi akademesch Qualifikatiounen, déi operationell Ausbildung, d’Beruffserfarung an déi tatsächlech Kommandosverantwortung berücksichtegt.
D’Gesetz iwwert d’Sécurité civile gesäit zwar um Pabeier schonn e cadre moyen B1 an eng A1-Carrière fir officiers pompiers divisionnaires vir. An der Praxis stellen dës Dispositiounen awer keng allgemeng a wierklech zougänglech Carrièresperspektiv fir d’operationellt Personal duer. Eng theoretesch Méiglechkeet geet net duer. Et brauch kloer Zougangskrittären, konkret Carrièresweeër an eng gerecht Reegelung fir dat Personal, dat haut schonn am Déngscht ass.
Den OGBL fuerdert dofir:
D’Beruffspompjeeë vum CGDIS däerfen net méi schlecht behandelt gi wéi Mataarbechter mat vergläichbare Qualifikatiounen a Verantwortungen bei der Police, der Arméi oder an anere staatlechen Administratiounen.
Wat bei der Police méiglech a gerecht war, muss och fir d’Beruffspompjeeë vum CGDIS gëllen. Wien am Noutfall Verantwortung fir Mënscheliewen iwwerhëlt, huet eng Carrière verdéngt, déi seng Qualifikatiounen, seng Verantwortung a säin Asaz voll unerkennt.
D’Police gouf revaloriséiert. D’Arméi bitt entspriechend Carrièresperspektiven. Elo ass et un der Zäit, dës Gerechtegkeet och fir d’Beruffspompjeeë vum CGDIS hierzestellen.
Matgedeelt vum Syndikat Ëffentlechen Déngscht a vum Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen am OGBL, de 25. September 2026
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
This website uses Google Analytics to collect anonymous information such as the number of visitors to the site, and the most popular pages.
Keeping this cookie enabled helps us to improve our website.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!