Déi zwou Ëmfroen, déi an de läschte Wochen iwwert Gewalt géint Polizisten an iwwer Gewalt an de Schoule verëffentlecht goufen, zeechnen ee besuergniserreegend Bild. Onofhängeg vunenee beschreiwen Enseignanten a Polizisten déi selwecht Entwécklung: zouhuelend verbal an physesch Gewalt, manner Respekt virun Autoritéit a vill ze dacks d’Gefill, mat dëse Situatiounen eleng gelooss ze ginn. Och ass et alarméierend, dass ganz vill Gewaltvirfäll net gemellt ginn oder awer keng Konsequenze fir den Täter hunn.
Am ëffentlechen Transport gesi mir ëmmer méi Aggressioune vis à vis vum Personal, souwuel physesch wéi verbal — ob géint Bus- oder Tramschaufferen oder Zuchbegleeder. Déi bis elo ergraffe Mesurë fir d’Transportpersonal virun Iwwergrëffer ze schütze ginn hannen a vir net duer.: Ëmmer nach hu just za. 40% vun de Busser geschlosse Fuererkabinnen a si vill gréisser Arrêten a Garen net genuch ofgeséchert.
Als OGBL gesi mir hei eng Entwécklung, déi sech duerch vill Beräicher vum ëffentleche Liewen zitt. Wat fréier Ausnamesituatioune waren, gëtt lues a lues zu enger neier Normalitéit.
Déi zouhuelend Gewaltbereetschaft, mat deenen Enseignanten, Polizisten, Giischtercher oder d‘Personal am ëffentlechen Transport konfrontéiert sinn, mussen am Kontext vun enger méi breeder gesellschaftlecher Entwécklung gekuckt ginn. Vill Professioneller hunn haut d’Gefill, dass et ëmmer méi schwéier gëtt, Reegelen duerchzesetzen an Autoritéit ze verkierperen, ouni permanent a Fro gestallt ze ginn.
An eise Schoule gesi mir donieft, dass aggressiivt Verhale relativéiert, psychologiséiert oder bagatelliséiert gëtt. Natierlech muss ee sech d’Ursaache vu problemateschem Verhale ukucken an déi betraffe Kanner entspriechend ënnerstëtzen a begleeden.
Mee dëst däerf net dozou féieren, dass d’Institutioun keng Limitte setzt, an d’Affer, d’Matschüler an d’Personal schutzlos bleiwen. Reegelen, Limitten, Frustratiounstoleranz a Selbstregulatioun mussen am fréien Alter vermëttelt ginn, fir dass eis Jonker spéiderhin adäquat mat Frust, Konflikter an Tensiounen ëmgoe kënnen.
Wa Verstéiss géint Reegelen keng Konsequenzen hunn, verléieren net nëmmen d’Institutiounen un Autoritéit, mee och d’Reegelen an eiser demokratescher Gesellschaft u Verbindlechkeet.
Besuergniserreegend ass donieft, dass souwuel an de Schoulen ewéi bei der Police oder am ëffentlechen Transport vun enger héijer Donkelziffer geschwat gëtt. Vill Virfäll ginn net méi gemellt, well d’Gefill besteet, dass “et jo souwisou näischt bréngt“. Dat ass ee geféierlecht Signal fir eise Rechtsstaat.
Als Gewerkschaft fuerdere mir dofir eng éierlech gesellschaftlech Debatt iwwert den Ëmgang mat Gewalt. Mir brauchen:
Eng demokratesch Gesellschaft brauch Empathie an Zesummenhalt. Mee si brauch och Reegelen, Grenzen a Konsequenzen. Respekt vis-à-vis vun Enseignanten, Educateuren, Polizisten, Giischtercher, Zuchbegleeder, Bus- an Tramschauffeur‘en a Personal an allen ëffentlechen Institutiounen muss vermëttelt a verteidegt ginn.
Matgedeelt vun den OGBL-Syndikater Erzéiung a Wëssenschaft, Stroossentransport, Eisebunnen / FNCTTFEL-Landesverband an Ëffentlechen Déngscht, de 27. Mee 2026
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.
This website uses Google Analytics to collect anonymous information such as the number of visitors to the site, and the most popular pages.
Keeping this cookie enabled helps us to improve our website.
Please enable Strictly Necessary Cookies first so that we can save your preferences!