Séance académique «100 Joer fräi Gewerkschaften» (19 octobre 2016)

Discours d‘André Roeltgen, président de l‘OGBL

100 Joer fräi Gewerkschaften (1916-2016)
Séance académique, Campus Belval den 19 Oktober 2016 

Ried vum André Roeltgen, President vum OGBL

Altesse Royale,

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233E ganz grousse Merci un Iech, datt Dir haut hei sidd, fir mat eis ee ganz besonnesche Festdag ze feieren. De Festdag vum 100ste Gebuertsdag vun de fräie Gewerkschaften hei zu Lëtzebuerg. Äert Kommen ass fir eis eng ganz grouss Éier, well et ënnersträicht d’Bedeitung déi Dir dësem historeschen Evenement beimoosst. Äer Präsenz ass den Ausdrock dofir, datt et ganz wichteg Momenter gëtt, wou een zesumme kënnt, fir dat gemeinsam ze feieren an ze wierdege, wat fir d’Entwécklung vun eisem Land a vun eisem Zesummeliewen vu grousser Bedeitung ass. Et ass den Ausdrock vum géigesäitege Respekt an e wichtegt Zeeche fir d’Zesummeschaffen am Interesse vun eisem Land a vun alle Mënschen, déi an eisem Land liewen a schaffen.

Här President vun der Chamber,

Här Premier Minister,

Madame an Häre Ministeren,

Dir Dammen an Hären Deputéiert,

Här President vum Staatsrot,

Dir Häre Botschafter a Botschaftsvertrieder,

Dir Dammen an Häre Buergermeeschteren a Scheffen,

Léif Éieregäscht aus Wirtschaft a Gesellschaft,

Léif Gewerkschaftskollegen aus dem Ausland an vun de lëtzebuergesche Gewerkschaftsorganisatiounen,

Och un Iech riichten ech ee grousse Merci fir Är Präsenz. Dir ënnersträicht domat Är Undeelnam un deem wichtegen Evenement vun haut. Eng Präsenz déi mir als OGBL ganz héich ze schätze wëssen, a mir si frou mat Iech deen Dag ze feieren, wou eis Gewerkschaft mat hirer Vergangenheet e grousse Rendez-vous huet.

Léif Gewerkschaftler, léif Kolleginnen a Kollegen vum OGBL,

Och un Iech ee grousse Merci, datt Dir haut hei sidd fir de Gebuertsdag vun eiser Organisatioun ze feieren. Ech sinn net nëmme frou Iech als Vertrieder vun de Sektiounen, vun den Departementer a vun de Berufssyndikater vum OGBL begréissen ze kënnen. Et ass mir och ganz wichteg Iech ze soen, datt et fir mech eng ganz besonnesch Éier ass, datt ech dee vun Iech dierf sinn, deen an Ärem Numm an am Numm vun all eise Memberen d’Festried zum Honnerste vun eiser Gewerkschaft halen dierf.

Altesse Royale, léif Éiregäscht, léif Gewerkschaftler,

Eng Festried muss direkt dat uschwätzen an an de Virdergrond stelle, wat dat Bedeitungsvollst, dat Wichtegst vun där Organisatioun ass, déi ee feiert. Den éischte Gedanken deen engem dobäi spontan afällt, ass natiirlech dee vun der erausragender Roll déi d’fraï Gewerkschaft, vum OGBL bis zréck zu senge Virgängerorganisatioune fir d’Verbesserung vun den Aarbechts- a vun de Liewensbedéngunge vun de schaffende Leit gespillt huet an och weider spillt. Eis Organisatioun huet d’lëtzebuerger Sozialgeschicht net nëmme matgeschriwwen, si wor zu allen Zäiten de Motor, déi dreiwend Kraaft fir de soziale Fortschrëtt an eisem Land.

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0231Mä esou richteg dee Gedanken och ass, esou falsch ass e fir d’Ergräife vum Kär a vum Häerz vun eiser Organisatioun. De richtege Gedanken ass bei deenen 10000de Gewerkschaftler, Fraen a Männer, déi an de vergaangenen 100 Joer déi Mënsche woren, déi eis Gewerkschaft gegrënnt a Schrëtt fir Schrëtt opgebaut hunn. An déi solidaresch Hand an Hand, Säit u Säit, hir Organisatioun all Dag agesat hunn, an do feelt keen eenzegen Dag, fir fir sech, fir hir Familljen a fir d’schaffend Leit e bessert Liewen ze erkämpfen.

Si stinn am Mëttelpunkt vun eiser Feier. Si sinn et, déi et verstanen hunn, datt een als Salarié, deem säin eenzegt Kapital seng Aarbechtskraaft ass, déi ee verkafe muss, fir liewen ze kënnen, nëmmen dann e gesellschaftlechen Afloss op seng sozial Situatioun ka kréie, wann ee seng Vereenzelung, säin isoléiert sinn iwwerwënnt, an deem ee sech mat aneren zesummendeet, fir als organiséierte Kollektiv vun de schaffende Leit, en anert Wuert fir Gewerkschaft, wirksam seng Aarbechts- a Liewensinteressen an der Gesellschaft ze vertrieden an duerchzesetzen.

Si sinn et, déi zu 10000tausende mat hirem Bewosstsinn, mat hirem Engagement, mat hirer Motivatioun an hirem konsequente Wëllen 100 Joer Sozialgeschicht geschriwwen hunn an eng onofhängeg, demokratesch a kampfstaark Gewerkschaft obgebaut hunn. Hinne soll dës akademesch Sëtzung gewidmet sinn, hinne gëllt eise ganz grousse Merci an eise ganz grousse Respekt.

Vill vun deenen 10000den aktive Gewerkschaftler kenne mer haut net méi. Weder hir Nimm nach hir Persoun a Perséinlechkeet. An awer sinn a bleiwe si en Deel vun eis, en Deel vun eisem kollektive Bewosstsinn an vun eisen Iwwerzeegungen. Si liewen och weider duerch hirt Wierken, e Wierke materialiséiert an der Existenz vun der Gewerkschaft vun haut, e Wierke  verankert an allen Errongenschaften, déi si mat hirer Gewerkschaft duerchgesat hunn.

A si liewe weider mat deene Gewerkschaftler, déi an hirem Numm eng féierend Roll an der Gewerkschaft iwwerholl hunn. Wa Kréiesch Pier, de Schortgens Jang, de Bausche Jemp, de Kréiesch Tun, de Bievesch Nic, de Weissen Tun oder de Casteg nach génge liewen an haut den Owend bei eis wieren, da wären hir Gedanke bei all deenen, déi mat hinnen zesummen zu hirer Zäit eis gemeinsam Saach weiderbruecht hunn.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

An deene leschten honnert Joer huet sech eis fräi Gewerkschaftsbeweegung staark verännert. Bliwwen ass hir Grondmissioun, bliwwen ass och d’Prinzip vun hirer Fräiheet, nämlech onofhängeg ze sinn, well weder konfessionnell nach parteipolitesch gebonnen, nach materiell ofhängeg, well finanzéiert iwwert déi monatlech Beiträg vun hire Memberen.

Wat geännert huet, ass hir lafend Upassung un d’Entwécklung vun der kapitalistescher Wirtschaft a Gesellschaft, un déi weider Ausgestaltung vum Verhältnis tëscht Kapital an Aarbecht an un déi bedeitend a villfälteg Roll, déi d’Politik an de Staat an der Organisatioun vum gesellschaftleche Liewe mëttlerweil ageholl hunn.

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0235Eis Gewerkschaft ass ni stoe bliwwen. Si huet et färdeg bruecht, d’Zeeche vun der Zäit ëmmer erëm rechtzäiteg ze erkennen a mam Wandel vun der Gesellschaft matzegoen. 1916, matten am 1. Weltkrich ass als Äentwert op déi deemoleg katastrophal Versuergungslag vun der Bevölkerung an op déi inhuman Aarbechts- a Lounkonditiounen am Biergbau an an der Industrie eis Gewerkschaft gebuere ginn.

D’Prinzip vun der Industriegewerkschaft als kampfstaark Massenorganisatioun wor déi nei Qualitéit, déi vun do un hire Wee gaangen ass. Am éischte Moment nach zweegliddreg, ass et schons 4 Joer duerno 1920 zur Fusioun an de Lëtzebuerger Bierg- a Metallindustrieaarbechter-Verband komm. Vill Aarbechtskämpf si gefouert ginn. Et goufen Erfollger, mä et goufen och Nidderlagen, déi déi jonk Beweegung zeréckgehäit hunn. Mä gebrach konnt se bis haut net méi ginn, wann een Abstraktioun mecht vun de 4 Joer am 2. Weltkrich, wou d’Nazie während der Okkupatioun vun eisem Land eis Gewerkschaft ausgeschalt haten.

Dës 4 Joer vum faschistesche Verbuet vun eiser Gewerkschaft sinn eist lëtzebuergescht Beispill dofir, datt nëmmen an enger Welt vu Fridden an Demokratie sech eng fräi Gewerkschaft entfale kann. Eng Gewerkschaft kann ouni gewerkschaftlech Fraïheeten a gewerkschaftlech Vertriedungs- a Verhandlungsrechter net fonctionnéieren. An dës Fräiheeten a Rechter hu misste géint de Widerstand vu Patronat a Politik schwéier erkämpft ginn.

Et soll haut drun erënnert ginn, datt et ganzer 20 Joer gedauert huet, bis endlech der Gewerkschaftsbeweegung, no enger Massendemonstratioun, d’gesetzlech d’Recht zougestane ginn ass, fir als Gewerkschaft d’Aarbechts- an d’Lounbedéngunge mam Patronat ze verhandelen.

D’Schafung am Joer 1936 vum Conseil National du Travail als éischt paritéitesch zesummegesaten Schlichtungsinstanz wor net nëmmen eng ganz wichteg Etapp op eisem laange Wee fir d’gesetzlech Unerkennung vun der Gewerkschaft, mä et wor gläichzäiteg en éischte Schrëtt a Richtung vun engem Modell vu gesetzlech geregelte Verhandlungs- a Vertragsbezéiungen tëscht Gewerkschaften a Patronat.

Et wor d’Virform vum éischte Kollektivvertragsgesetz dat – obwuel deemols schons gefuerdert – eréischt no 30 weidere Joeren duerchgesat konnt ginn, an et wor och d’Virform vun dem Tripartite Koordinatiounscomité, deen am Verlaf vun der Stolkris Enn de 70-ger Joeren entstanen ass.

Mat deem klengen historeschen Exkurs wëll ech eisen Historiker vun haut den Owend, den Denis Scuto, net ëm een Thema méi liicht maachen, mä ech wëll op d’Gebuert an d’Entwécklung vun deem Modell vu gesetzlech verankerte Sozialbezéiungen an Institutiounen hiweisen, deen nach haut seng Gültegkeet huet.

Zënter senger Grënnung am Joer 1979 huet den OGBL sech zum lëtzebuerger Modell vun der sozialer Partnerschaft, zu senge Gesetzer an Institutioune bekannt. En huet sech dozou bekannt, well dëse Modell eisem Land während Joerzéngten de soziale Fortschrëtt fir déi schaffend Leit bruecht huet, d’Wirtschaft bléie gelooss huet an de soziale Fridde geséchert huet.

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0250Mä eng fräi Gewerkschaft wär net fraï, wa si sech net méi der Fro stelle géif, wéi wäit een als Gewerkschaft zum sozialen a gesellschaftlechen Uerdnungsfaktor wëll ginn, wéi déif d’Abannen an e sozialpartnerschaftleche Modell däerf goen, fir net seng eege Missioun, Identitéit an Handlungsfähegkeet a Fro ze stellen. Dat ass keng theoretesch Fro, mä eng ganz praktesch an zugläich strategesch, well d’Äentwert dodrop zu all historeschem Zäitpunkt ontrennbar mat der Analys verbonnen ass, op ee bestëmmte Modell vu soziale Bezéiungen nach weider zum gewënschten Zil féiert. Nämlech deem vun der Ofsecherung an der Entwécklung vum soziale Fortschrëtt an der sozialer Gerechtegkeet an der Gesellschaft.

Leider huet déi Fro an de leschte Joeren u Pertinenz gewonnen. Déi dominant Politik an Europa setzt weiderhin d’Kaart op ee liberale Wirtschaftsmodell, dee wéi eng Dampwalz iwwert d’europaësch Sozialmodeller fiert an dee souwuel zu enger ëmmer méi ausgeprägtener Schieflag bei der Verdeelung vum gesellschaftleche Räichtum, wéi och zu enger geféierlecher Verschiebung vun de gesellschaftleche Kräfteverhältnisser féiert. Den europäesche Sozial- a Wohlfahrtsstaat huet déif Rëss kritt. Wee schwetzt nach vu sozialer Maartwirtschaft? Déi europäesch Staaten dumpe sech lounméisseg, sozial a fiskalesch ee géint deen aneren nidder. Dat ass déi falsch Politik, well esou kann ee kee gemeinsamt Europa zum Wuel vu senge Bierger opbauen. Déi, déi et zougelooss hunn, datt ee Véirel vun de Mënschen an Europa an Aarmut lieft oder dem Risiko vun der Aarmut ausgesat ass, sinn déi déi d’Responsabilitéit droe fir déi politesch Krisesymptomer, déi an Europa mat enger erschreckender Vitesse wuessen.

Ech muss vum Brexit schwätzen, deen net hätt dierfte passéieren an dee verhënnert hätt kënne ginn. Ech muss vun de soziale Katastrophen a Griechenland an an anere Länner schwätzen, déi och verhënnert hätte misse ginn an déi dringend no enger sozial fortschrëttlecher Äentwert verlaangen. Ech muss vun der politischer Kris an der Flüchtlingsfro schwätzen, wou Europa, dat sech ëmmer als eng Plaz vum Respekt vun de Mënscherechter verstanen huet, d’Genfer Flüchtlingskonventioun a Fro stellt. An ech muss vum Virmarsch vun all deenen nationalistesch-populistesche, friemefeindleche, rassisteschen a rietsextreme Kräften a Partei schwätzen, déi Gëft si fir ‘Demokratie an de soziale Fortschrëtt an eiser Gesellschaft.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

Et muss een sech haut dem grousse Problem vun der Gestaltung vun de soziale Bezéiunge stellen. Um europäesche Plang ginn et beim sozialen Dialog ëmmer méi grouss Defiziter.

An och hei zu Lëtzebuerg sinn an de leschte 15 Joer Rëss am sozialen Dialog entstanen, déi mer ganz eescht huele sollen. Vun 2006 bis 2012 ass de Koordinatiounscomité Tripartite mëssbraucht gi, fir stänneg Ugrëffer op eisen nationale System vun der Loungestaltung ze féieren.

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0234Ouni den OGBL wär haut den Indexsystem net méi deen, deen en ass. Eis Gewerkschaft huet seng Demontage verhënnert an huet esou gläichzäiteg verhënnert, datt de lëtzebuerger Modell vun der dezentraler kollektiver Tarifverhandlung an de Betriber, an anere Wierder eist Kollektivvertragswiesen a säi Gesetz ënnert d’Rieder komm sinn. Déi nei Regierung huet den Eescht vun der Situatioun verstanen an 2014 d’Noutbrems gezunn, eng wichteg Décisioun déi bis haut leider op der Patronatssäit net unerkannt gëtt.

A welch Ausmoossen hätt de Sozialofbau an der, 2010 vun der leschter Regierung lancéierter Austeritéitspolitik kritt, wann net eis Gewerkschaft den aktive Widerstand dogéint organiséiert hätt. Et wor eis Organisatioun déi d’Initiativ vun der Massendemonstratioun vun den 30000 den 16. Mee 2009 an der Stad geholl huet, déi d’Oppositioun am Joer 2014 géint den Zukunftspak ugefouert huet an déi ab Enn 2015 d’Kampagne fir e bessert Akommes a besser Aarbecht – besser bekannt ënnert dem Numm “E Sozialpak fir Lëtzebuerg” – op d’Schinn gesat huet.

An de Joeren 2010 bis 2011 huet de Wirtschafts- a Sozialrot seng schwéierst Kris zënter senger Aféierung duerchgemaach, eng Kris vun där ee sech bis haut nach net esou richteg erholl huet. Belaaschtend fir d’sozial Bezéiungen ass och d’Scheitere vu wichtege Verhandlunge mam Patronat wéi ënner anerem iwwert d’Matbestëmmung an de Betriber oder iwwert d’gesetzlech Reform bei den Aarbechtszäiten.

An negativ wierke sech virun allem och déi sech heefend Versich vum Patronat aus, d’Gewiicht vun eisem Kollektivvertragswiesen ze schwächen oder d’Aféierung vun neie Kollektivverträg virun allem an den neie Wirtschaftsberaïcher hei zu Lëtzebuerg ze verhënneren.

A Präsenz vu ville Vertrieder vun de sougenannte “forces vives” vun eisem Land ass et mir haut wichteg ze ënnersträiche, wéi zentral d’Fro vun de soziale Bezéiungen an de kommende Joeren wäert ginn. Wann et em de sozialen Dialog an em de sozialen Fridde geet, sti mer an enger “responsabilité partagée”.

Mir bewäerten et als positiv, datt déi nei Regierung elo eng Richtung ageschloen huet, déi mer leider um europäesche Plang vermëssen, nämlech eng forcéiert ëffentlech Investitiounspolitik fir d’wirtschaftlech an d’sozial d’Zukunft vum Land kombinéiert mam Verzicht op ee weidere Sozialofbau an op weider Austeritéit. Déi Politik muss an de kommende Joere fortgesat an duerch soziale Fortschrëtt verdéift ginn.

Eng grouss Erausfuerderung wäert – niewend all deem wat ech schons ugesprach hunn – d’Gestaltung vun de sozialen Diskussiounen a Verhandlungen am Kontext vum Iwwergank an der Transitioun zur digitaler an der karbonfräier Gesellschaft sinn, een Iwwergank an eng Transitioun, déi eis viru grouss wirtschaftlech, sozial an demokratesch Aufgabe stellen. An dat souwuel um europäesche wéi um nationale Plang.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

100 Joer fräi Gewerkschaftsbeweegung si Synomym fir 100 Joer Antrieden a Kämpfe fir e bessere Loun a fir besser Aarbechtszäiten. Wee fir Loun schaffe geet, verkeeft net nëmme seng Aarbecht, mä e verkeeft och seng Zäit. Eisen Numm ass ontrennbar verbonne mam Kampf fir d’Begrenzung, fir d’Verkierzung a fir eng gutt Organisatioun vun der Aarbechtszäit. Wéi no hu mir eis gefillt mat deene Gewerkschaftler, déi virun honnert Joer den 8- Stonnen-Dag duerchgesat hu, wéi mir viru kuerzem fir ee bessert PAN-Gesetz agetratt sinn.

A jiddereen hei am Sall weess, datt am Verlaf vun der weiderer Entwécklung an der Digitaliséierung vu Wirtschaft a Gesellschaft d’Aarbechtszäit an all hire Facetten an och an hirer Verdeelung en zentralt Thema wäert sinn. Den technologesche Fortschrëtt muss an den Déngscht vum Mënsch a vun der Allgemengheet gestallt ginn. Gutt Aarbecht an Ausbildung fir jiddereen, Verkierzung vun der Aarbechtszäit an eng gutt Harmoniséierung vun Aarbechtszäit a Liewenszäit mussen zur deklaréierter Prioritéit ginn.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0237An den honnert Joer vun enger Gewerkschaft ginn et besonnesch Deeg. Dat sinn déi Deeg vun de ganz grousse Rendez-vousë mat der Geschicht. Deeg déi Sozialgeschicht geschriwwen hunn, Deeg déi eis fräi Gewerkschaftsbeweegung geprägt hunn an déi Afloss op hir weider Entwécklung geholl hunn. Wéi beispillsweis den 9. Oktober 1973, den Dag vum Generalstreik an der Groussdemonstratioun vum LAV mat 30000 Aarbechter an der Stad. Deen Dag steet fir d’Erhéijung vum Mindestloun, fir d’Aféierung vun der 5. Urlaubswoch, fir méi Matbestëmmung an de Betriber an e steet virun allem och fir d’Moderniséierung a fir d’Stäerkung vun den ëffentlech-solidaresche Sozialversecherungen zu Lëtzebuerg.

D’Geschicht vun eiser Gewerkschaft ass ontrennbar verbonne mat eisem permanenten Antriede fir e staarkt ëffentlecht a solidarescht Versecherungswiesen. An enger Zäit vum politischen an ideologeschen Drock géint déi ëffentlech Sozialversecherungen ass et mir haut besonnesch wichteg hir enorm Bedeitung erfirzehiewen.

Staark ëffentlech Sozialversecherungen, staatlech Sozialleeschtungen an ëffentlech Déngschtleeschtunge sinn onersetzlech fir de fundementale Bedierfnisser an Interesse vun der Bevëlkerung am allgemengen, a vun de schaffende Leit an hire Familljen gerecht ze ginn. Si sinn den Hiewel an eisem Kampf géint d’sozial Inegalitéit a si stabiliséieren eis demokratesch Gesellschaft. Wa se schwaach ginn, da maache se d’Diren op fir genee déi politesch Beweegungen a Parteien, déi all gesellschaftlechen an demokratesche Fortschrëtt a Fro stellen.

Ech hu vun de wichtegen Datumer geschwat. An do däerfe mer natiirlech d’Joer 1979 net vergiessen. D’Joer vun der Grënnung vum OGBL. Ënnert dem Impuls vum LAV ass deemols probéiert ginn d’Eenheetsgewerkschaft an d’Liewen ze ruffen. D’Objektiv fir déi eenzel gewerkschaftlech Organisatiounen zu enger eenzeger Organisatioun ze vereenege, konnt deemols wéi mer wëssen nach net erreecht ginn.

An awer. Duerch d’Grënnung vum OGBL ass et an der fraïer Gewerkschaftsbeweegung zu der gewerkschaftlecher Eenheet vun den eenzelne privat- an ëffentlechrechtlechen Aarbechtsstatuter komm, et ass eng Dynamik entstanen, déi bis haut ongebrach ass.

No der Grënnung vum OGBL ass deemols vun anere Gewerkschafte probéiert ginn dem OGBL seng national Repräsentativitéit bei de Privatbeamten a Fro ze stellen. Dat wor vu kuerzer Dauer, well schons an de 90-ger Joeren den OGBL, och bei de Privatbeamten zur stäerkster Gewerkschaft ginn ass.

An nodeem eis historesch Fuerderung fir déi gesetzlech Gläichbehandlung vun den Aarbechter a Beamten, nämlech d’Eenheetsstatut, am Joer 2008 Wiirklechkeet ginn ass, ass déi féierend Positioun vun eiser fräier Gewerkschaft hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi kloer ginn.

Bei de Sozialwalen 2008 an 2013 hunn d’Salariéen hei am Land sech fir déi absolut Majoritéit vum OGBL an der neier Salariatskummer an domat och an der Vertriedung op Gewerkschaftssäit an de Sozialversecherungen ausgeschwat.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

Ee Gedanken, deen déi fräi Gewerkschaftsbeweegung vun Ufank un a sech gedroen huet, ass dee vun der gewerkschaftlecher Eenheet. An dat ass och am Joer 2016 nach ëmmer de Fall. Mir hunn eng Regierung, mir hunn eng UEL, a mir hu weider eng gespalten an zersplittert Gewerkschaftsszen. Dat gëtt kee Sënn méi. D’Vielfalt, d’Komplexitéit, d’Breed an d’Déift vun den Erausfuerderungen an der Betribswelt an an der Gesellschaft, deene sech haut a muer d’Gewerkschaftsbeweegung stelle muss, ruffen eis zur Eenheet op.

All Dag, wou mer d’Eenheetsgewerkschaft nach net verwiirklecht hunn, ass en Dag méi vun iwwerflësseger Verschwendung vu Mëttelen a virun allem vu Blockéiere vu grousse Potentialitéiten. Potentialitéiten déi d’Gewerkschaftsbeweegung am Interessi vun de schaffende Läit engagéiere kéint, wa se net gespalt wier. Wéiwill méi staark a méi efficace wiere mer haut, wa mer déi lescht 37 Joer net an dëser Saach verluer hätten? Verschiddener wäerten dës Wierder als Provokatioun empfannen, mä dat ännert näischt un der Realitéit an un der objektiver Noutwendegkeet.

Altesse Royale, léif Eieregäscht, léif Gewerkschaftler,

OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0256Mir sinn haut zu iwwer 72000 a mir kommen aus alle Wirtschaftsberaïcher an aus alle Professiounen. Mir si stolz op déi 27000 Fraen, déi sech haut mat hirer Organisatioun fir hir Rechter a fir hir Gläichhheet an der Aarbechtswelt an an der Gesellschaft asetzen. A mir si stolz op eis 28000 Grenzgängerkolleginnen a -kollegen, déi de Wee an eis Reihe fond hunn, an dei sech haut mat hire lëtzebuergeschen an auslänneschen Aarbechtskollegen a -kolleginnen, déi hei zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, a mat eise méi wéi 2000 gewielte Personaldelegéierten, déi sech Dag fir Dag de Problemer a Konflikter an de Betriber an an der Gesellschaft stellen a fir Léisungen antrieden, fir datt sech hirt Liewen an dat vun hire Famillje Stéck fir Stéck verbessert.

Ouni all dës Männer a Fraen, op jonk oder al, ob Salarié oder Pensionnär ass eng lieweg Demokratie an de soziale Fortschrëtt an eisem Land net denkbar.

En däitschen Theolog sot eemol, datt d’Geschicht net nëmmen eppes ass wat passéiert ass, mee eppes wat sech opgeschicht huet, et ass de Buedem op deem mer stinn an op deem mer bauen. Eise Buedem sinn 100 Joer Gewerkschafts- a Sozialgeschicht. Ee ganz staarkt Fundament net nëmme fir eis Aufgabe vun haut, mä virun allem och fir déi, déi op eis waarden. An den OGBL ass eng Gewerkschaft mat Visounen, a wee Visounen huet, deen huet och eng Zukunft. An eis Visioun ass déi vum Fridden, vun der Demokratie a vum Wuelstand fir jiddfereen. Hei zu Lëtzebuerg an iwwerall op der Welt.

Nach eng Kéier ee ganz grousse Merci fir Är Präsenz.