Mateneen, net géinteneen! Zesumme fir d’Personal!

De Standpunkt vum OGBL zum Sträit ënnert de Personalverbänn an der Ville de Luxembourg

Léiw Kolleeginnen, Léiw Kolleegen,

Ee grousst Thema an der VDL ass am Moment de Sträit teschent de Vertrieder vum NVGL an der FGFC.

Eis Delegéiert vum OGBL sin an der lescht zu dem Thema vill ugeschwat ginn. Als OGBL welle mer Iech all iwwert eise Standpunkt dozou informéieren.

Den OGBL vertrëtt d’Meenung, dat mer kéngem a säi Privatliewen dra ze schwätzen hunn. Privat ass Privat. A berufflech hu mir als Gewerkschaft d’Aufgab, eis mat vollem Asaz fir d’ganz Personal vun der VDL anzesetzen.

Grad an der VDL, déi iwwert 4.000 Leit beschäftegt, konzentréiere mer eis, jidderee beschtméiglechst ze betreien, z‘informéieren an ëmmer een Ouer fir d’Suerge vum Personal ze hunn. Mat just engem fräigestallten Delegéierten an engem weideren Delegéiert, dee voll fir d’VDL schaffe muss, sinn eis d’Hänn natierlech méi gebonn ewéi an aner Gemenge wou mir als OGBL méi staark sinn.

An trotzdeem hu mer grad bei de leschte Lounverhandlunge bewisen, dat eis de Klengkrich tëschent de Personalverbänn an Eegeninteressi zimmlech egal sinn.

Wichteg fir eis als OGBL war et, de Kollektivvertrag vun der VDL virun de Gemengewalen unter Dach und Fach ze kréien. Eis Kompetenz duerch 232 Kollektivverträg, déi mer als OGBL verhandelen, an eis Onofhängegkeet, waren maassgeeblech fir dëse Erfolleg!

Nëmmen Zesummen si mer staark!
… fir Iech.

Den OGBL ass gegrënnt ginn, well vill Personalvertrieder vu ville Gewerkschaften der Meenung woaren, dat eng eenheetlech grouss Gewerkschaft, déi beschte Léisung wär, fir d’Interessi vun alle schaffende Leit ofzesëcheren an ze verbesseren. Leider huet net all Gewerkschaft deemools matgemaach, dat aus Eegeninteressi!

Den OGBL bleift senger Gesënnung trei. Den OGBL schafft fir d’Personal…. aus alle Beräicher a Statuten!

Den OGBL bleift op fir all Zesummenaarbecht mat alle Personalvertrieder, soufern se d’Interessi vum Personal verteidegen.