{"id":99796,"date":"2026-05-01T11:45:45","date_gmt":"2026-05-01T09:45:45","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/?post_type=communiques&#038;p=99796"},"modified":"2026-05-04T11:14:40","modified_gmt":"2026-05-04T09:14:40","slug":"discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/","title":{"rendered":"Discours du 1<sup>er<\/sup> mai de la pr\u00e9sidente de l&#8217;OGBL"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-en\"> <\/p><p>L\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen, L\u00e9if Fr\u00ebndinnen a Fr\u00ebnn,<\/p>\n<p>Ech soen iech Villmools Merci fir \u00e4r grouss Pr\u00e4senz haut de Moien, dat beweist, dass der \u00e4erch der Wichtegkeet vun d\u00ebsem Moment bewosst sidd. H\u00e4erzlech W\u00ebllkomm och un all d\u2019Vertriederinnen an d\u2018Vertrieder vun de politesche Parteien an der Presse.<\/p>\n<p>Den 1. Mee ass \u00ebmmer eisen Dag, en ass \u00ebmmer wichteg, an d\u00ebst Joer \u00ebm sou m\u00e9i. An d\u00ebst Joer geet en och nach anescht un.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>&gt;&gt;&gt; Video-Message vum  Patrick Dury &lt;&lt;&lt;<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Villmools Merci Dir Patrick a mir sch\u00e9cken natierlech och eise Kolleege vum LCGB solidaresch a k\u00e4mpferesch Gr\u00e9iss zr\u00e9ck op R\u00e9imech op d\u00ebsem wichtegen Dag fir eis 2 Gewerkschaften.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Mee l\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>leider ass et eis d\u00ebst Joer net wierklech no \u201efeieren\u201c, an dat huet seng Gr\u00ebnn!<\/p>\n<p>S\u00e4it 2,5 Joer si mir mat der salariatsfeindlechster Regierung aus de leschte Joerz\u00e9ngte konfront\u00e9iert, d\u00e9i kaum en Dag ausl\u00e9ist fir mat neie Grausamkeeten d\u2019Rechter vun de schaffende Leit z\u2019attack\u00e9ieren. Si hu versicht eis Kollektivvertr\u00e4g futti ze schloen anstatt se opzew\u00e4erten. Si hunn eis Representativit\u00e9it als Gewerkschaften \u00ebmmer er\u00ebm a Fro gestallt. Si hunn ees\u00e4iteg eis Pensioune verschlechtert, eis Sonndesaarbecht liberalis\u00e9iert. Si br\u00e9ngen eist Gesondheetswiesen a Gefor. An si tr\u00ebppelen d\u00e9i 70.000 Mindestlounempf\u00e4nger an hier Famille mat F\u00e9iss.<\/p>\n<p>Si w\u00ebllen un eis L\u00e9in, si w\u00ebllen un eis s\u00e9curit\u00e9 sociale, si w\u00ebllen un eis Pensiounen, si w\u00ebllen un eis Liewensz\u00e4it.<\/p>\n<p>Si hunn hire Camp gewielt.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Si sinn am Camp vum Grousskapital, vum Patronat a vun den Immobilienhaien.<\/p>\n<p>Mir hunn och eise Camp gewielt. Eise Camp ass dee vun de 25000 Leit d\u00e9i d\u2018lescht Joer op der Strooss waren.<\/p>\n<p>Eise Camp ass dee vun deenen d\u00e9i all Moien opstinn a fir hiert Brout schaffe ginn.  Eise Camp ass deen, deen Dag fir Dag de R\u00e4ichtum vun d\u00ebsem Land erwirtschaft.Eise Camp, dat si L\u00ebtzebuerger a Net-L\u00ebtzebuerger, R\u00e9sidenten, Frontalieren, M\u00e4nner a Fraen, Jonker an Aler.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Wann de Luc Frieden a seng Band n\u00e4mlech gemengt haten, si k\u00e9inten eis futti maachen, esou hu se grad de Contraire erreecht.<\/p>\n<p>M\u00e9i staark w\u00e9i jee sti mir haut hei. Net m\u00e9i just am Numm vun de 78.000 Memberen d\u00e9iden OGBL huet, mee am Numm vun 125.000 Memberen. D\u2019Unioun vun OGBL an LCGB ass d\u00e9i eenzeg \u00c4ntwert op d\u00e9i massiv Attacken.<\/p>\n<p>Just eng staark, kloer a gemeinsam Front kann d\u00ebs Regierung stoppen.<\/p>\n<p>Well wann de Luc Frieden eppes f\u00e4erdeg bruecht huet, dann ass et, datt eise Camp, de Camp vun de schaffende Leit sech net m\u00e9i w\u00e4ert spl\u00e9cke loossen.<\/p>\n<p>Eis kritt kee Minister a kee Patron m\u00e9i ausernee gedriwwen!<\/p>\n<p>All zesummen hu mir dat den 28. Juni 2025 \u00ebnner Beweis gestallt, bei der gr\u00e9isster Demonstratioun s\u00e4it 1982, gemeinsam e staarkt Zeechen um staater Knuedler g\u00e9int Schwaarz-Blo gesat.<\/p>\n<p>Et war e Moment wou eise Camp, dee vun de schaffende Leit, de Rentner an hire Familllen, sech Geh\u00e9ier verschaf huet an d\u2019Regierung zer\u00e9ck gedr\u00e9ckt krut.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir hu gesot Patten ewech vun eise Pensiounen, Patten ewech vun eise Kollektivvertr\u00e4g a Patten ewech vun eisem Manifestatiounsrecht. Dat ass eis gelongen a mir hunn d\u00e9i schl\u00ebmmsten Attacke konnten zr\u00e9ckdr\u00e4ngen.<\/p>\n<p>De Kampf vun der Union des Syndicats h\u00e4lt hei net op, en huet grad er\u00e9ischt ugefaangen.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Si wollten d\u2018Thema Mindestloun an der Ouschtervakanz begruewen, well si menge jo Gewerkschaftler g\u00e9ife keng Iwwerstonne maachen.<\/p>\n<p>Si hu gehofft d\u2018Thema wier giess.<\/p>\n<p>Da kennen se eise Camp awer schlecht. Hei ass nach iwwerhaapt n\u00e4ischt giess.<\/p>\n<p>Iwwer 70.000 Fraen a M\u00e4nner stinn all Dag op, stinn um Fliissband, um Chantier, an der Keess, botzen eis Schoulen an eis B\u00fcroen, versuergen eis Kanner, baken eis Br\u00e9idercher, suerge fir eis S\u00e9cherheet, zerw\u00e9ieren eise Bifteck, an halen d\u2019Land um lafen.<\/p>\n<p>Ween hei mengt mat Zuelespiller deene Leit k\u00ebnnen ze erkl\u00e4ren datt se et net w\u00e4ert sinn e korrekte Loun fir hier haart Aarbecht ze kr\u00e9ien, deen huet s\u00e4i Camp gewielt, ob en eemol an enger Gewerkschaft war oder net.<\/p>\n<p>An dat ass net eise Camp.<\/p>\n<p>S\u00e4it M\u00e9int j\u00e9imert d\u2019Patronat, dass d\u2019Betriber all an de Ruin gedriwwe gi wann de Mindestloun an d\u2019Lut geet. Dat selwecht Patronat wat \u00ebmmer j\u00e9imert wann iergend e soziale Fortschr\u00ebtt  soll kommen, dat och scho gej\u00e9imert huet, w\u00e9i iwwerhaapt e Mindestloun agefouert gouf.<\/p>\n<p>Et ass nach ni e Betrib futti gaang well e senge Leit misst en uerdentleche Loun bezuelen.<\/p>\n<p>An H\u00e4r Frieden, H\u00e4r Spautz an H\u00e4r Delles: d\u00e4r setzt deem ganzen nach eng peinlech Kroun drop: Dir w\u00ebllt dem Patronat d\u00e9i normal Lounupassung nach zu engem gudden Deel subvention\u00e9ieren: 1\/3 dovu soll vun eise Steiergelder bezuelt ginn!<\/p>\n<p>Statt eng strukturell Verbesserung vum Mindestloun ze maachen, w\u00ebll d\u00ebs Regierung dass eise Staat dem Patronat Extraprofitter bezilllt!<\/p>\n<p>Elo soll nach een sech froen op w\u00e9i enger S\u00e4it des Regierung steet. Si hunn hire Camp gewielt.<\/p>\n<p>De Loun, H\u00e4r Reckinger, ass kee K\u00e4schtefacteur, et ass de Pr\u00e4is vun der Aarbecht d\u00e9i Iech et iwwerhaapt erlaabt Gew\u00ebnner ze erwirtschaften.<\/p>\n<p>A wann ee 40 Stonne schafft, wann ee 40 Stonnen d\u2019Woch vu sengem Liewen engem Patron g\u00ebtt, dann ass e Mindestloun vun dem ee ka liewe jo wuel den absolutte Minimum.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir hunn et f\u00e4erdeg bruet dass hei am Land jiderengem bewosst ginn ass, dass ee mamMindestloun net kann iwwerliewen.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt och e Konsens, an et ass bal net ze gleewen datt mir iwwerhaapt mussen doriwwer schw\u00e4tzen, dass ee muss vu sengem Loun k\u00ebnne liewen.<\/p>\n<p>Mee H\u00e4r Spautz, f\u00e4llt Iech eppes op? Dat liicht jo jidderengem an, et g\u00ebtt jo just eng logesch Konsequenz aus deenen zwou Feststellungen.<\/p>\n<p>De Mindestloun muss erop goen!!<\/p>\n<p>An zwar direkt, an zwar em 300 Euro an net manner!<\/p>\n<p>1+1=2 H\u00e4r Spautz, do kann d\u2019IGSS nach souvill Prozenter rechnen.<\/p>\n<p>D\u00e9i schaffend Leit w\u00eblle keng Almosen, keng sozial Transferte fir k\u00ebnnen ze iwwerliewen, si brauchen och keen Aarbechtsminister den hinnen den Index als eng Lounerh\u00e9ijung  verkeeft.<\/p>\n<p>Eise Camp weess wat 1+1 g\u00ebtt. Halt eis net fir domm. H\u00e4tt der Iech dat och getraut wann  d\u2019Majorit\u00e9it vun de Mindestlounempf\u00e4nger walberechtegt w\u00e4ren?<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen ,<\/p>\n<p>An dob\u00e4i hat de Luc Frieden de Kampf g\u00e9int Aarmut, a virun allem de Kampf g\u00e9int Kanneraarmut,  zu senger grousser Priorit\u00e9it erkl\u00e4ert.<\/p>\n<p>Ween ees\u00e4iteg decid\u00e9iert, Z\u00e9ngdausende Familljen, d\u00e9i drop ugewise w\u00e4ren, de Mindestloun  net ze h\u00e9ijen, dee soll eis och net virgaukelen, Kanneraarmut g\u00e9if em eppes  ausmaachen!<\/p>\n<p>Kanneraarmut ass keng Fatalit\u00e9it, mee d\u2019Resultat vu politesche Choixen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>L\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Wa Regierung a Patronat elo unisono behaapten, dass de wierkleche Problem am Land jo guer net de Mindestloun ass, mee den deiere Logement, da soe m\u00e4r hinnen haut:<\/p>\n<p>MA DA MAACHT DO ENDLECH EPPES. Well am Moment maacht der weder eppes um Mindestloun, nach um Logement.<\/p>\n<p>S\u00e4it iwwer 20 Joer, ass d\u2019Logementskrise n\u00e4ischt anescht w\u00e9i Staatsversoen.<\/p>\n<p>A reegelm\u00e9issegen Ofst\u00e4nn ginn eis sougenannt Mesur\u00ebp\u00e4ck present\u00e9iert, d\u00e9i am Endeffekt  just Steierkaddoe fir Spekulanten op Bauland a Wunnenge sinn.<\/p>\n<p>Steierkaddoen d\u00e9i d\u2019Allgemengheet deier ze kaschte kommen, d\u2019Staatsfinanzen hypothek\u00e9ieren  an de Problem oft just nach versch\u00e4erfen.<\/p>\n<p>Och hei huet des Regierung hire Camp gewielt: Dee vun de Spekulanten, vun den Immobilienhaien,  vun deenen d\u00e9i den Hals ni voll genuch kenne kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Fir de Logementsproblem ze bek\u00e4mpfen, muss een d\u2019Kand fir d\u2019aller\u00e9ischt beim Nummnennen:<\/p>\n<p>Deen Desaster, mat dem mir et hei ze dinn hunn, ass dorop zr\u00e9ckzef\u00e9ieren, dass Wunnen hei net als e Grondrecht, mee als en Invest, e M\u00ebttel fir zu Geld ze komme gesi g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Ween dog\u00e9int well ukommen, muss dem private March\u00e9, muss de Spekulanten am wouerste  S\u00ebnn vum Wuert de Buedem entz\u00e9ien.<\/p>\n<p>Mir brauchen e richtege Loyersdeckel, mir brauche massiven \u00ebffentleche Wunnengsbau fir \u00ebffentlech Mietwunnengen, mir brauche staark Mesure g\u00e9int Spekulatioun. Z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 10 Joer fuerdere mir eng efficace an eng progressiv Steier g\u00e9int Zer\u00e9ckhalen vu Bauland a g\u00e9int de Leerstand vu Wunnraum, -z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 10 Joer fuerdere mir eng progressiv Steier g\u00e9int dat iwwerzunnen Hortenvun Immobiliebes\u00ebtz. N\u00e4ischt vun all deem ass pass\u00e9iert! A mir brauchen och d\u2018\u00ebffentlech  \u00cbnnerst\u00ebtzung fir aner Forme vu Wunnen, w\u00e9i d\u00e9i sougenannte Wunnkooperativen.<\/p>\n<p>A wann de Premierminister m\u00e9intelaang behaapt huet et br\u00e4icht keng Tripartite well mir keng Kris hunn, wann e souguer souw\u00e4it gaangen ass ze behaapten d\u2018Logementskrise  w\u00e4r riwwer, da muss een sech wierklech froen, a w\u00e9i enger Welt hee lieft!<\/p>\n<p>Mir hunn och hei eise Camp gewielt: Et ass dee vun deenen Zengdausende Leit, R\u00e9sidenten,  Frontalieren, d\u00e9i keng Wunnenge fannen, d\u00e9i kee Pr\u00eat kr\u00e9ien deen h\u00e9ich genuch  ass, d\u00e9i den Immobilienhaien e Groussdeel vun hirem haart erschaffte Geld e Liewe  laang mussen an den Hals stiechen.<\/p>\n<p>Et ass dee vun all deen Jonken, d\u00e9i sech hei zu L\u00ebtzebuerg kee Wunnraum m\u00e9i kenne leeschten  an dofir iwwer d\u2019Grenze verdr\u00e4ngt ginn.<\/p>\n<p>Et ass de Camp vun all deenen, fir d\u00e9i de \u201eModell L\u00ebtzebuerg\u201c net m\u00e9i opgeet!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir stiechen an enger Kris, an dat net r\u00e9ischt s\u00e4it g\u00ebschter, an och net r\u00e9ischt zanter den  USA hirem v\u00eblkerrechtswiddregen Ugr\u00ebff op den Iran.<\/p>\n<p>D\u00e9i international Situatioun setzt eis all zou; all Dag g\u00ebtt V\u00eblkerrecht mat F\u00e9iss getr\u00ebppelt,<\/p>\n<p>W\u00e4erter w\u00e9i Demokratie a Rechtsstaatlechkeet sch\u00e9ngen um R\u00e9ckmarsch ze sinn, den Autoritarismus an d\u2019Extr\u00eame Droite gr\u00e4ifen em sech.<\/p>\n<p>An \u00ebmmer er\u00ebm sinn et d\u00e9i schaffend Leit deenen hir Rechter an Existenzen als aller\u00e9ischt  bedrot sinn.<\/p>\n<p>Iwwerall an der Welt k\u00e4mpfen aktuell eis Gewerkschaftskolleeginnen a Kolleege g\u00e9int autorit\u00e4r  voire rietsextrem Regimer, Austerit\u00e9it a Sozialofbau.<\/p>\n<p>Mir w\u00ebssen all wou d\u2019Opr\u00ebschtungsspiral w\u00e4ert hif\u00e9ieren. M\u00e9i Krich, m\u00e9i Austerit\u00e9it a m\u00e9i  Sozialofbau.<\/p>\n<p>An duerch de rezente Krich am Noen Osten, risk\u00e9iere mir elo och nach an eng Liewensm\u00ebttel- an Energiekrise eranzerutschen.<\/p>\n<p>Och am internationale Kontext huet eis Regierung hire Camp gewielt: Dee vun de Matleefer  an de Jo-Soer,  deenen all politesche Courage feelt, fir sech kloer ze position\u00e9ieren!<\/p>\n<p>An si verstoppen sech och hannert der EU wann et em Entreprisen an hier Responsabilit\u00e9it am Ber\u00e4ich M\u00ebnscherechter, Klima an \u00cbmwelt geet.<\/p>\n<p>An de leschte M\u00e9int sinn Nohaltegkeet, M\u00ebnscherechter, Klima- an \u00cbmweltschutz dacks  g\u00e9int Kompetitivit\u00e9it ausgespillt ginn, an dat besonnesch vu Konzerner d\u00e9i Millioune  vun Dividenden an de leschte Joren ausbezuelt hunn.<\/p>\n<p>An dat och hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>L\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>D\u00e9i Insel vum Gl\u00e9ck, d\u00e9i L\u00ebtzebuerg mol eng K\u00e9ier war, ass et scho laang net m\u00e9i.<\/p>\n<p>D\u2019Verspriechen, dass et all Generatioun sollt besser goe w\u00e9i d\u00e4r virdrun, g\u00ebllt net m\u00e9i.<\/p>\n<p>An dat Versprieche vum m\u00e9i netto vum brutto, dat Verspriechen dass d\u00ebs Regierung soll  wierken, dat Versprieche vun Aarmut bek\u00e4mpfe sinn och alles eidel Versprieche bliwwen.<\/p>\n<p>D\u2018Ch\u00f4mage Zuele sinn op engem historeschen H\u00e9ich.<\/p>\n<p>D\u2018Staatsfinanzen si sou schlecht w\u00e9i scho laang net m\u00e9i.<\/p>\n<p>D\u2018Croissance bleift aus.<\/p>\n<p>An da k\u00ebnnt d\u2019Versprieche vun der Regierung 2026 wier d\u2019Joer vun der Kompetitivit\u00e9it.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Et ass an esou haarden Z\u00e4iten, wou een eng Regierung an e Staatsminister kann dru moosse w\u00e9i se e Land f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Grad a Krisenz\u00e4iten huet de L\u00ebtzebuerger Modell sech \u00ebmmer er\u00ebm bew\u00e4ert. Et ass ochgrad an enger Krise wou de Modell entstan ass.<\/p>\n<p>Eng Stolkrise, ausgel\u00e9ist duerch eng P\u00ebtrolskrise. Eng P\u00ebtrolskrise d\u00e9i ausgel\u00e9ist gouf duerch  Tensiounen am M\u00ebttleren Osten. Et si Krise w\u00e9i d\u00e9i doten an deenen sech decid\u00e9iert w\u00e9i d\u2019Land an Zukunft ausges\u00e4it.<\/p>\n<p>Keng technokratesch Verwaltung mee politesch W\u00e4itsicht si lo gefuerdert.<\/p>\n<p>Natierlech brauche mir elo s\u00e9ier Mesur\u00eb fir d\u2019St\u00e9it an natierlech musse mir d\u00e9i Energiekrise offiederen.<\/p>\n<p>Mee hei muss et vill m\u00e9i w\u00e4it goe w\u00e9i dat.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir hunn d\u00ebs Tripartite als \u00e9ischt gefuerdert. An natierlech gi mir dohin.<\/p>\n<p>De Premierminister wollt se op kee Fall. Fir hie resum\u00e9iert sech Tripartite drop wann 2    Indextranchen an engem Joer erfalen. Dat ass seng pers\u00e9inlech Krise.<\/p>\n<p>Mee eng Krise hu mir. Trotz steigende Beneficer, trotz Steiercadeaue fir d\u2019Betriber drop an derwidder, trotz ongehemmter Profitgier si mir voll an enger Krise.<\/p>\n<p>Mir sinn an enger sozialer Krise. Mir sinn an enger Lounkrise, an enger Kafkraaftkrise, anenger Logementskrise. Mir sinn an enger Aarbechtsplazenons\u00e9cherheetskrise.<\/p>\n<p>Mir hu virum kuerzem \u00ebnnert d\u00ebser Regierung dee gr\u00e9isste Sozialplang ever gesinn an dat obwuel Amazon Milliarde Profitter m\u00e9cht a keng Steiere bezillt.<\/p>\n<p>A wann de Ch\u00f4mage explod\u00e9iert ass et net well de Mindestloun an d\u2019Luucht geet oder well den Index erf\u00e4lt.<\/p>\n<p>Dann ass et well Grousskapital den Hals net voll genuch ka kr\u00e9ien an elo mat H\u00ebllef vu KI Dausenden an Dausenden Aarbechtsplazen w\u00ebll ewech rationalis\u00e9ieren.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Si loossen de Statec eis nach monter virrechnen datt 90% vun eisen Aarbechtsplazen impakt\u00e9iert w\u00e4erte sinn an datt der carr\u00e9ment 14% ganz ewech falen, a wat m\u00e9cht des Regierung dann : n\u00e4ischt.<\/p>\n<p>E KI D\u00ebsch op eis Fuerderung hin aberuff fir d\u2019Galerie, nach eng Etude an Optrag ginn, d\u2018UEL seet si h\u00e4tt mat KI n\u00e4ischt ze dinn an dat war et dann.<\/p>\n<p>Sollt et da wierklech zu enger grousser Wirtschaftskrise kommen, k\u00ebnne mir dann dat n\u00e9idegt  Vertrauen an d\u00ebs Regierung hunn d\u2019Sch\u00ebff ganz duerch dat stiermescht Gew\u00e4sser  ze br\u00e9ngen?<\/p>\n<p>Jo mir ginn an Tripartite. Mee mir gi weder an Tripartite fir den Index ze manipul\u00e9ieren \u2013  dat sollen se sech all gesot si loossen, nach gi mir dohin fir Gepl\u00e9ischters.<\/p>\n<p>Dat hei muss eng Tripartite mat W\u00e4itbl\u00e9ck ginn. D\u00e9i hei muss richtungsweisend sinn. Mir  mussen eis fir Zukunft opstellen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Et ass eis ni eppes geschenkt ginn an n\u00e4ischt ass vum Himmel gefall.<\/p>\n<p>Duerfir g\u00ebschter, w\u00e9i haut, w\u00e9i muer, et ass un eis Zukunft ze gestalten. L\u00ebtzebuerg prett  ze maachen fir muer.<\/p>\n<p>Wat fir e Land w\u00eblle mir? Wat fir e Land w\u00eblle mir eise Kanner hannerloossen?<\/p>\n<p>Eent an dem sech lount ze liewen an ze schaffen.  Eent mat<\/p>\n<p>Guddena s\u00e9cheren Aarbechtsplazen<br \/>\nKorrektL\u00e9in vun deenen ee ka liewen<br \/>\nStaarkBetriber d\u00e9i gutt Aarbechtsbedingungen bidden, d\u00e9i Aarbechtsplazen erhaalen,  d\u00e9i d\u2019Leit an hier Vertriedung, d\u2019Gewerkschaften eescht huelen<br \/>\nMatArbechtsz\u00e4iten d\u00e9i d\u2019Leit net krank machen<br \/>\nELand wou jiddereen sech en Daach iwwert dem Kapp ka leeschten<br \/>\nMatstaarken \u00ebffentlechen D\u00e9ngschter<br \/>\nMatenger gudder \u00ebffentlecher Gesondheetsversuergung fir jiddereen<br \/>\nMatgudde Pensiounen<br \/>\nEngemgerechte Steiersystem wou d\u00e9i mat de breede Sch\u00ebllere musse b\u00e4idroen<br \/>\nEndemokratescht Land wou mir all eist Wuert matzeschw\u00e4tzen hunn, ob op der Aarbechtsplaz,  do wou mir wunnen, oder an der Politik<br \/>\nELand wat Virreider ass an der sozial gerechter ekologescher Transitioun<br \/>\nKolleegen a Kolleegen,<\/p>\n<p>L\u00ebtzebuerg brauch grad elo d\u00e9i do Visioun. Mir brauchen elo en New Deal fir L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>An jo ,dat w\u00e4ert eppes kaschten. A mir brauchen Investitiounen an Zukunft. D\u2018Scholdegrenz  vun 30% war fir eis ni eng helleg Kou.<\/p>\n<p>Mee mir loossen eis net als Alibi gebrauche fir riicht virun de Multinationale Cadeauen mat  der G\u00e9isskan ze maachen a fir Milliarden an Opr\u00ebschtung ze stiechen.<\/p>\n<p>All Euro den elo invest\u00e9iert g\u00ebtt, muss an Zukunft vun eisem Land fl\u00e9issen. An deen New Deal fir L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>Mir brauchen e Mesur\u00ebpaack,<\/p>\n<p>deeL\u00ebtzebuerg fit fir muer m\u00e9cht,<br \/>\ndeneis Aarbechtsplazen ofs\u00e9chert an neier schaaft,<br \/>\ndeefir gutt a korrekt bezuelten Aarbecht suergt,<br \/>\ndeend\u2019D\u00e9fien d\u00e9i virun eis stinn haut scho prepar\u00e9iert.<br \/>\nAn zwar am S\u00ebnn vun dem Land an dem et sech lount ze liewen an ze schaffen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Fir gutt a s\u00e9cher Aarbechtsplazen brauche mir e modernt Aarbechtsrecht. Eent, wat deSalari\u00e9 sch\u00fctzt, och an ons\u00e9cheren Z\u00e4iten.<\/p>\n<p>Duerfir brauche mir elo direkt en Aktiounsplang fir m\u00e9i Kollektivvertr\u00e4g.<\/p>\n<p>Mir brauche m\u00e9i sektoriell Kollektivvertr\u00e4g an  duerfir brauche mir eng Obligatioun am Gesetz fir sektoriell ze verhandelen.<\/p>\n<p>All march\u00e9 public an all \u00ebffentlech Subventioun muss un d\u2019Existenz vun engem Kollektivvertrag  gebonne ginn.<\/p>\n<p>Staat a Gemenge mussen endlech ophalen als Sponsor vum Sozialdumping ze ag\u00e9ieren!<\/p>\n<p>Betriber d\u00e9i hire Leit gutt Loun- an Aarbechtsbedingungen bidden, sollen och k\u00ebnnen ande Genoss vun \u00ebffentlechen H\u00ebllefe kommen.<\/p>\n<p>Mir brauchen eng Opw\u00e4ertsspiral. Et muss zum gudden Toun geh\u00e9ieren e Kollektivvertrag  ze hunn.<\/p>\n<p>Gutt a s\u00e9cher Aarbechtsplazen heescht och net \u00ebmmer an der Angscht mussen ze liewen seng muer ze verl\u00e9ieren. Och hei brauche mir Reformen am Aarbechtsrecht d\u00e9i d\u2019Leit sch\u00fctzen. Ier Aarbechtsplazen massiv ofgebaut ginn, muss mol fir d\u2019\u00e9ischt duerfirgesuergt ginn se ze erhalen.<\/p>\n<p>A mir w\u00ebllen d\u00e9i Aarbechtsplazen erhalen am Betrib, am Secteur, am Land.<\/p>\n<p>Mir brauchen eng Reform vum Plan de Maintien dans l\u2018Emploi Gesetz, vum Plan social Gesetz, vum Faillite Gesetz.<\/p>\n<p>An d\u00ebsen Z\u00e4iten, grad am Hibl\u00e9ck op d\u00e9i grouss Transformatioune musse mir eis d\u00e9i n\u00e9ideg  Instrumenter ginn. An jo, dat bedeit och en neie Modell DAC, division anti-crise.<\/p>\n<p>Gutt a s\u00e9cher Aarbechtsplazen sinn  och korrekt bezuelt. Dat bedeit natierlech gutt a staark  Kollektivvertr\u00e4g. Dat bedeit och e gudde Mindestloun.<\/p>\n<p>An engem Land wou et sech lount ze liewen an ze schaffen, muss et och normal sinn datt  d\u2018Betriber e korrekte Mindestloun k\u00ebnne bezuelen an datt dat e Loun ass deen duer geet fir ze liewen.<\/p>\n<p>Gutt a s\u00e9cher Aarbechtsplazen kritt een natierlech n\u00ebmme mat gudden a s\u00e9chere Betriber.<\/p>\n<p>Well Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir sinn net de Feind vun de Betriber. Well ouni eis ginn et keng Betriber. Mee mir w\u00eblle Betriber d\u00e9i:<\/p>\n<p>Heizu L\u00ebtzebuerg invest\u00e9ieren an net Dividenden un d\u2019Aktionnairen iergendwou an der Welt aussch\u00ebdden.<\/p>\n<p>D\u00e9ihei zu L\u00ebtzebuerg hier Steiere bezuelen<\/p>\n<p>An sech un eisen L\u00ebtzebuerger Modell halen an eis Gesetzer a Geflogenheeten respekt\u00e9ieren<\/p>\n<p>Anan deenen  d\u00e9i schaffend Leit och hiert Wuert mat ze schw\u00e4tzen hunn<\/p>\n<p>Mir w\u00ebllen \u00cbnnerst\u00ebtzung fir genee d\u00e9i doten Betriber.<\/p>\n<p>A well et ouni eis keng Betriber ginn, a well d\u00e9i schaffend Leit hire Betrib oft besser kenne  w\u00e9i iergendeen Aktion\u00e4r, w\u00eblle mir d\u00e9i Betriber och k\u00ebnne matgestalten.<\/p>\n<p>Mir fuerderen<\/p>\n<p>m\u00e9iRechter a m\u00e9i Stonne fir Personaldeleg\u00e9ierten,<br \/>\nmirfuerdere m\u00e9i Matbest\u00ebmmung am Betrib,<br \/>\nCod\u00e9cisiounan allen Entreprisen<br \/>\naneng St\u00e4erkung vun de national representative Gewerkschaften.<br \/>\nMir fuerderen och eng wierklech Cod\u00e9cisioun op sektoriellem an nationalem Plang, \u00ebnnert  anerem um Niveau vum CPTE!<\/p>\n<p>Oft genuch hu mir lo dat Spillche vum consulter, puis d\u00e9cider matgemaach, allze oft huet  d\u2019Patronat eis erkl\u00e4ert et g\u00e9if keng Codecisioun ginn.<\/p>\n<p>Weem de L\u00ebtzebuerger Modell eppes w\u00e4ert ass, dee muss en och eescht huelen: Bei alle  wichtegen Entscheedungen, d\u00e9i d\u2019Aarbechtsbedingungen vun de schaffende Leit betreffen,  muss et eng reell Verhandlung ginn.<\/p>\n<p>Gutt a s\u00e9cher Aarbechtsplazen bedeit och Aarbechtsz\u00e4iten d\u00e9i net krank maachen. Mir w\u00eblle manner Stonne schaffen aplaz m\u00e9i.<\/p>\n<p>Den 1.Mee ass entstan aus dem Kampf fir den 8 Stonnen Dag. Eng Grondfuerderung vun  der Aarbechterbeweegung war et 8 Stonne schaffen, 8 Stonne Fr\u00e4iz\u00e4it, 8 Stonne Rou.<\/p>\n<p>Mee do si mir haut net. Am G\u00e9igendeel.<\/p>\n<p>D\u00e9i lescht Aarbechtsz\u00e4itverkierzung hate mir 1975.<\/p>\n<p>An der T\u00ebschenz\u00e4it verbr\u00e9nge mir all m\u00e9i Z\u00e4it um Wee op d\u2019Aarbecht am Stau, op der Aarbecht  ass den Drock \u00ebmmer m\u00e9i grouss, an och no der Aarbecht si mir nach permanent  disponibel a mat der Aarbecht verbonnen.<\/p>\n<p>D\u2019Versprieche vum technologesche Fortschr\u00ebtt war et dass mir all w\u00e4erte manner musse  schaffen. Wat ass geschitt?<\/p>\n<p>Profitter ginn erop an den Drock m\u00e9i staark an de Luc Frieden mat sengem Kolleeg Michel  Reckinger w\u00ebllen dass mir all m\u00e9i an nach m\u00e9i laang schaffen.<\/p>\n<p>Sie dreeme vum 24\/7 disponibelen an total flexibele Salari\u00e9 deen nach dankbar soll si fir  iwwerhaapt dierfe bei hinnen ze schaffen. An dat nennen se da modern.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Lescht Jo\u00ebr hu mir eis gewiert dass se eis Liewensaarbechtz\u00e4it net verl\u00e4ngeren, haut stimir op fir eng Aarbechtsz\u00e4itverkierzung.<\/p>\n<p>Mir brauchen elo direkt:<\/p>\n<p>D\u00e9i6. Cong\u00e9swoch fir jiddereen.<br \/>\nEngVerkierzung vun der Aarbechtsz\u00e4it bei vollem Lounausgl\u00e4ich<br \/>\nM\u00e9iPausen aplaz manner<br \/>\nM\u00e9iZ\u00e4it fir eis Famillen- a Privatliewen<br \/>\nMannerZ\u00e4it op der Aarbecht an am Stau<br \/>\nSou ges\u00e4it eng Gesellschaft aus an d\u00e4r mir liewen a schaffe w\u00ebllen. A mir si bereet duerfir ze k\u00e4mpfen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Des Regierung huet gewisen datt se n\u00ebmmen op eis lauschtert wa mir op der Strooss sinn.<\/p>\n<p>An deenen leschten 2,5 Joer hu mir scho vill misse mobilis\u00e9ieren a mir haten eng historesch national Manif.<\/p>\n<p>D\u00e9i n\u00e4chst Aktioune sti virun der Dier.<\/p>\n<p>Mee wann et em eis Gesondheetsversuergung an eis s\u00e9curit\u00e9 sociale geet, em eist Allerwichtegst  do kenne mir keng Grenz. Do si mir bereet bis zum \u00c4ussersten ze goen.<\/p>\n<p>Et kristallis\u00e9iert sech \u00ebmmer m\u00e9i eraus datt net n\u00ebmmen d\u2019Immobilienhaien a Patronat Versprieche gemaach krute vun der Regierung, mee och d\u00e9i liberal Dokteren.<\/p>\n<p>Och hei huet d\u2019Regierung hire Camp gewielt.<\/p>\n<p>Gemeinsam mam radikaalste Fligel vun der Dokterschaft hunn se vun der Privatis\u00e9ierung  vun eisem Gesondheetswiese gedreemt.<\/p>\n<p>Si hunn dovunner gedreemt sech mat eiser Gesondheetsversuergung d\u2018T\u00e4sche voll ze stichen.  Eise staarken \u00ebffentleche Sant\u00e9ssystem ze zerschloen.<\/p>\n<p>Si wollten a w\u00ebllen eng Zwouklassemedezin an d\u00e4r, d\u00e9i d\u00e9i sech et leeschte k\u00ebnne gutt versuergt ginn, a fir all d\u00e9i aner n\u00ebmme Grimmelen iwwreg bleiwen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Och mir hunn eise Camp gewielt: Et ass dee vun der breeder Mass vu Leit, d\u00e9i gemeinsam a solidaresch an d\u2019Keessen abezuelen, fir kenne fir d\u00e9i do ze sinn, deenen et manner gutt geet. Et ass dee vun de Patienten, d\u00e9i op eng gutt \u00ebffentlech Gesondheetsversuergung  ugewise sinn. Et ass dee vum Personal, fir dat eng Privatis\u00e9ierung  Synonym vun enger massiver Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen  wier.<\/p>\n<p>Ech w\u00ebll, ech muss hei kloer sinn.<\/p>\n<p>Sollt dat doten effektiv Regierungspolitik sinn, da w\u00e4erten all d\u2019D\u00e4mm hei am Land briechen.<\/p>\n<p>Da w\u00e4ert d\u2018Unioun OGBL an LCGB eng Informatiouns- a Mobilis\u00e9ierungscampagne hei am Land, an och an der Groussregioun, op de Wee br\u00e9ngen, w\u00e9i mir se bis elo sou nach  net kannt hunn.<\/p>\n<p>An um Enn vun d\u00ebser Campagne ass dann de Generalstreik net m\u00e9i ze verh\u00ebnneren!<\/p>\n<p>Eis s\u00e9curit\u00e9 sociale, eis Gesondheetsvers\u00e9cherung ass eis dat w\u00e4ert!<\/p>\n<p>Mir hunn ee vun deene beschten a st\u00e4erksten \u00ebffentleche Gesondheetssystemer op derWelt. Dee verteidege mir mat allem wat mir hunn. Do geet keen drun!<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Dat selwecht g\u00ebllt och fir eis Renten. Mir hu genuch driwwer geschwat. Alles ass gesot. 25.000 Leit hunn et gesot : Patten ewech vun eise Pensiounen!<\/p>\n<p>Dat soll net n\u00ebmmen d\u00ebser Regierung mee och allen Zuk\u00fcnftegen eng Warnung sinn.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Mir w\u00ebllen e Land an dem et sech lount ze liewen an ze schaffen.<\/p>\n<p>Mat staarke Betriber a s\u00e9cheren Aarbechtsplazen mat gudde Loun- an Aarbechtsbedingungen.<\/p>\n<p>Mat staarke Sozialvers\u00e9cherungen.<\/p>\n<p>A gudden \u00ebffentlechen D\u00e9ngschtleeschtungen. Gudde Schoulen a Spid\u00e4ler, engem staarke Sozialstaat.<\/p>\n<p>E Land wat an d\u00e9i ekologesch Transitioun an an de Logement grouss schreift.<\/p>\n<p>E Land wat an d\u2018Zukunft invest\u00e9iert.<\/p>\n<p>Duerfir brauche mir staark Staatsfinanzen.<\/p>\n<p>A mir brauchen e Steiersystem den d\u2019Geld dohinner siche geet wou et ass.<\/p>\n<p>Do geet et net duer b\u00ebsse vu l\u00e9nks no riets a vun engem Bar\u00e8me an den aneren ze r\u00e9ckelen,  do mussen d\u00e9i gronds\u00e4tzlech Froe gestallt ginn.<\/p>\n<p>An d\u00e9i gronds\u00e4tzlechst Fro ass jo wuel d\u00e9i, w\u00e9i et ka sinn datt hei Revenuen vum Kapitalsouvill mol manner besteiert gi w\u00e9i d\u00e9i vun der Aarbecht.<\/p>\n<p>W\u00e9i kann et sinn datt Leit d\u00e9i all Dag opsti fir schaffen ze goen, proportional souvill m\u00e9i Steiere bezuele w\u00e9i deen, dee s\u00e4i Geld plac\u00e9iert a just vun Dividenden a Loyeren lieft.<\/p>\n<p>W\u00e9i kann et sinn datt Betribsbesteierung s\u00e4it den 90er sech bal hallb\u00e9iert huet, w\u00e4rend d\u2018Steierlaascht vun de Menage riicht viru rop gaang ass<\/p>\n<p>W\u00e9i kann et sinn datt d\u00e9i kleng lokal Entreprisen m\u00e9i Steiere musse bezuele w\u00e9i Amazon, Google a co.<\/p>\n<p>W\u00e9i kann et sinn datt d\u00e9i Normalstierflech proportional m\u00e9i Steiere bezuele w\u00e9i d\u00e9i mat de ganz d\u00e9cke Payen.<\/p>\n<p>Et soll keen eis zielen dass mir mussen de Rimm m\u00e9i enk schnallen. D\u2019Geld ass do, et muss een et just siche goen.<\/p>\n<p>An da kann een et och Steierreform nennen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleeginnen a Kolleegen,<\/p>\n<p>Des Regierung hat vun Ufank un hire Camp gewielt.<\/p>\n<p>De Luc Frieden hat gemengt, mir g\u00e9ife midd ginn. Heen huet sech gewalteg get\u00e4uscht.<\/p>\n<p>Mir sou wakereg w\u00e9i nach ni.<\/p>\n<p>A mir si prett.<\/p>\n<p>Gewerkschaftlech Aktioune stinn elo op eiser Dagesuerdnung.<\/p>\n<p>Dir hutt dat sou gewielt. Et si schonn eng ganz Rei Aktioune geplangt. M\u00e9i klenger, Grousser, vun alle Formen op alle Plazen, op den Autobunnen, an de Betriber an op derStrooss. All Dag, all Woch, all Mount si mir am Asaz.<\/p>\n<p>Eng ganz Aktiounscampagne ass geplangt. Den 12. Mee weise mir der Regierung dass d\u2019Thema Mindestloun nach laang net giess ass bei eisem Meeting fir eng strukturell Erh\u00e9ijung  vum Mindestloun. Schreift iech den Datum op!<\/p>\n<p>Mir w\u00e4erten sou laang a sou oft op der Strooss si w\u00e9i n\u00e9ideg. Bis Oktober 2028.<\/p>\n<p>Dorop k\u00ebnnt der zielen, a mir zielen op jiddereen eenzelne vun iech.<\/p>\n<p>Als Unioun OGBL LCGB si mir sou grouss w\u00e9i nach ni, sou staark w\u00e9i nach ni, sou prett w\u00e9i nach ni.<\/p>\n<p>Zesumme mat iwwer 125.000 Leit an alle Schaffenden an hire Famille schreiwe mir elo Geschicht. Mir maachen dat Land er\u00ebm zu engem wou et sech lount dran ze schaffen an ze liewen. Mir k\u00e4mpfe fir eng besser Zukunft!<\/p>\n<p>Vive d\u2019UNIOUN OGBL AN LCGB!<\/p>\n<p>Vive den 1. Mee!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p><strong>Publi\u00e9 par l\u2019OGBL, le 1er mai 2026<\/strong><br \/>\n<\/p>","protected":false},"author":5,"featured_media":99940,"template":"","categorie_communiques":[41],"syndicat":[],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title><\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:fr]Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l&#039;OGBL[:de]1. Mai-Rede der OGBL-Pr\u00e4sidentin[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"L\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen, L\u00e9if Fr\u00ebndinnen a Fr\u00ebnn, Ech soen iech Villmools Merci fir \u00e4r grouss Pr\u00e4senz haut de Moien, \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2026-05-04T09:14:40+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1659\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"1080\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/png\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"1 minute\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/\",\"name\":\"[:fr]Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l'OGBL[:de]1. Mai-Rede der OGBL-Pr\u00e4sidentin[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png\",\"datePublished\":\"2026-05-01T09:45:45+00:00\",\"dateModified\":\"2026-05-04T09:14:40+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"en-US\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png\",\"width\":1659,\"height\":1080},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l&#8217;OGBL\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"THE TRADE UNION\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"en-US\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:fr]Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l'OGBL[:de]1. Mai-Rede der OGBL-Pr\u00e4sidentin[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"[:fr]Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l'OGBL[:de]1. Mai-Rede der OGBL-Pr\u00e4sidentin[:] - OGBL","og_description":"L\u00e9if Kolleeginnen a Kolleegen, L\u00e9if Fr\u00ebndinnen a Fr\u00ebnn, Ech soen iech Villmools Merci fir \u00e4r grouss Pr\u00e4senz haut de Moien, \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2026-05-04T09:14:40+00:00","og_image":[{"width":1659,"height":1080,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png","type":"image\/png"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"1 minute"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/","name":"[:fr]Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l'OGBL[:de]1. Mai-Rede der OGBL-Pr\u00e4sidentin[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png","datePublished":"2026-05-01T09:45:45+00:00","dateModified":"2026-05-04T09:14:40+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#breadcrumb"},"inLanguage":"en-US","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2026\/05\/1Mai2026_discours_vignette.png","width":1659,"height":1080},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-1er-mai-de-la-presidente-de-logbl\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Discours du 1er mai de la pr\u00e9sidente de l&#8217;OGBL"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"THE TRADE UNION","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"en-US"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/99796"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/5"}],"version-history":[{"count":10,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/99796\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":99934,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/99796\/revisions\/99934"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media\/99940"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=99796"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=99796"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=99796"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}