{"id":2933,"date":"2022-01-31T10:07:11","date_gmt":"2022-01-31T09:07:11","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister"},"modified":"2023-06-16T11:36:35","modified_gmt":"2023-06-16T09:36:35","slug":"reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/","title":{"rendered":"Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister !"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-en\"> <\/p><p>D\u2019APCCA-SEW\/OGBL ass d\u00e9i eenzeg unerkannte Personalvertriedung vun de Kompetenzzentren an der Agence, d\u00e9i am Service vu Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoin am ganze Bildungswiese schafft.<\/p>\n<p>S\u00e4it Joren ignor\u00e9iert de Minister d\u00e9i scho l\u00e4ngst iwwerf\u00e4lleg T\u00e2chendiskussioun an onsem Secteur a versicht des wichteg Thematik \u00ebnnert den Teppech ze kieren. Aktuell gouf vun der Pandemie profit\u00e9iert fir d\u00ebse wichtege Sujet aus dem Wee ze evaku\u00e9ieren, ouni op dat betreffend Personal ze lauschteren an op hir Besoin\u2019en anzegoen.<\/p>\n<p>Et ass inakzeptabel dass mir scho s\u00e4it Joerz\u00e9ngten op d\u2019M\u00ebssst\u00e4nn an onsem Secteur opmierksam maachen an net geh\u00e9iert ginn!<\/p>\n<p>S\u00e4it der Gr\u00ebnnung vun der Education diff\u00e9renci\u00e9e am Joer 1973 ass de Sujet vun den Aarbechtskonditioune fir eist Personal nach NI vun der Politik opgegraff ginn a mat eis als berechtegt Personalvertriedung ausdiskut\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Eis T\u00e2che sinn NI gesetzlech defin\u00e9iert ginn!<\/p>\n<p>S\u00e4it Joerz\u00e9ngte fuerdert d\u2019APCCA schonn eng KLOER Definitioun vun den Aarbechtskonditiounen!<\/p>\n<p>De Minister huet s\u00e4i Wuert awer net agehalen !<\/p>\n<p>Am G\u00e9igendeel, hien huet Bensinn an d\u2019Feier geheit an een Accord mat Associatiounen \u00ebnnerschriwwen, d\u00e9i net representativ fir de ganze Secteur sinn, an esou der Komplexit\u00e9it vun onser Aarbecht net gerecht ginn. Hien sch\u00e9ngt vergiess ze hunn, dass eist Personal de ganze Secteur mat opgebaut huet a vum Gesetz aus um Verhandlungsd\u00ebsch muss vertrueden si wann et em T\u00e2chendiskussioune geet d\u00e9i eise Secteur betr\u00ebfft.<\/p>\n<p>D\u2019 APCCA akzept\u00e9iert d\u00ebst Virgoen net ! Mir wieren eis g\u00e9int d\u00ebse respektlosen \u00cbmgang mam Personal !<\/p>\n<p>En plus, ass den Accord deen de Moment virl\u00e4it, eng riseg Frechheet an alles anescht ew\u00e9i eng W\u00e4ertsch\u00e4tzung vun onser Aarbecht.<\/p>\n<p>Aus deene villen intensiven Echangen an Informatiounsversammlungen d\u00e9i d\u2019APCCA an deene leschte Wochen zu d\u00ebsem Sujet hat, konnt Folgendes festgehale ginn:<\/p>\n<p><b> D\u2019Personal ass rosen an entt\u00e4uscht vun hirem Minister ! <\/b><\/p>\n<p>No bausse leet d\u00ebse souvill W\u00e4ert op eng inklusive Schoulentw\u00e9cklung, ouni awer dob\u00e4i eng realistesch Asch\u00e4tzung ze hunn wat dofir gebraucht g\u00ebtt. Amplaz geh\u00e9iert ze ginn a mat eis no L\u00e9isungen ze siche wei d\u2018Qualit\u00e9it an onser Aarbecht weiderhin assur\u00e9iert ka ginn, gi mir iwwerschott mat \u00ebmmer m\u00e9i Aarbechtsfelder an Aufgaben deene mir net m\u00e9i gerecht k\u00ebnne ginn. Verspriechungen un d\u2019ganz Gesellschaft gi gemaach, d\u00e9i d\u2019Personal net anhale kann a frustr\u00e9iert feststelle muss, dass d\u2019Schaffen \u00ebnnert d\u00ebse Konditioune krank m\u00ebscht.<\/p>\n<p>Wien soll da lo an Zukunft di ganz Aarbecht mat Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoine stemmen, wann d\u2018Personal duerch all des M\u00ebssst\u00e4nn \u00ebmmer r\u00ebm an en D\u00e4iwelskrees vu Frustratioun an Iwwerfuerderung ger\u00e9it?<\/p>\n<p>D\u2019Fuerderunge vun der APCCA geh\u00e9ieren endlech r\u00ebm zr\u00e9ck op de Verhandlungsd\u00ebsch a MUSSEN diskut\u00e9iert ginn!<\/p>\n<p>D\u2019APCCA fuerdert:<\/p>\n<ul>\n<li>eng gesetzlech Reglementatioun vun onsen T\u00e2chen, d\u00e9i eng Basis schaaft fir d\u2019Personal ze sch\u00fctzen an eng nohalteg vun onse Servicer garant\u00e9iert,<\/li>\n<li>dass den &#8220;r\u00e9f\u00e9rentiel des fonctions et des missions&#8221;, deen an Zesummenaarbecht mam MENJE entstanen ass, als Basis fir eng realistesch Quantifiz\u00e9ierung vun den T\u00e2chen agesat g\u00ebtt,<\/li>\n<li>dass d\u2019Qualit\u00e9it vum Bildungsoptrag vum edukativen a psycho-soziale Personal r\u00ebm zr\u00e9ck an de M\u00ebttelpunkt gesat g\u00ebtt a mir esou der BRK (Beh\u00ebnnerten-Rechts.Konventioun), d\u00e9i L\u00ebtzebuerg 2009 \u00ebnnerschriwwen huet, gerecht k\u00ebnne ginn,<\/li>\n<li>eng seri\u00f6 Verhandlung iwwert d\u2019T\u00e2ch\u00eb mat der APCCA an dem SEW\/OGBL, d\u00e9i de ministeriellen Agr\u00e9ement an d\u00ebsem Secteur huet fir bei Verhandlunge laut Gesetz mussen dob\u00e4i ze sinn.<\/li>\n<\/ul>\n<p>D\u2019APCCA warnt virum Zesummebrieche vun engem ganze System, dee lo scho jorelaang fir eng nohalteg inklusiv Gesellschaft k\u00e4mpft, ouni dass nom Personal wat dodra schafft gekuckt g\u00ebtt. Am G\u00e9igendeel, d\u2019Personal ass Opfer vun der eegener deontologescher Astellung vun hirem Beruff ginn, an d\u00ebst op K\u00e4schte vun der eegener Gesondheet. \u00cbmmer m\u00e9i Leit verloossen eise Secteur well de Workload si erdr\u00e9ckt an d\u2019Freed, an doduerch och d\u2019Qualit\u00e9it vun der Aarbecht verluer geet. D<\/p>\n<p>De Minister huet op Drock agew\u00ebllegt sech den 3ten Februar 2022 mat eis r\u00ebm un en D\u00ebsch ze setzen. D\u00ebst ass fir eis d\u00e9i lescht Chance fir de Minister op eis Fuerderungen anzegoen a seri\u00f6 Verhandlungen opzehuelen.Falls et just een Treffe pour la forme ass, de Minister eis virun de fait accompli stellt, well d&#8217;APCCA an de SEW\/OGBL soss d&#8217;Demarch\u00eb fir d\u2019Streikprozedure lanc\u00e9ieren a mat d\u00ebsem Dossier an de Litige goen.<\/p>\n<p>D\u00ebst ass also kloer d\u2019Reunioun vun der leschter Chance: entweder seri\u00f6 Verhandlungen am Intressi vum Personal oder Litige!<\/p>\n<p><b>Matgedeelt vun der<\/b><b> \u201c<\/b><b>Association du Personnel des Centres de Comp\u00e9tences et de l&#8217;Agence<\/b><b>\u201d (APCCA) an dem OGBL-Syndikat Erz\u00e9iung a W\u00ebssenschaft (SEW), den 31. Januar 2022<i> <\/i><\/b><\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":3273,"template":"","categorie_communiques":[49],"syndicat":[77],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title>Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ! - OGBL<\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:de]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:en]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"D\u2019APCCA-SEW\/OGBL ass d\u00e9i eenzeg unerkannte Personalvertriedung vun de Kompetenzzentren an der Agence, d\u00e9i am Service vu Kanner a Jugendlecher mat \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-16T09:36:35+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"682\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"4 minutes\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/\",\"name\":\"[:de]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:en]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg\",\"datePublished\":\"2022-01-31T09:07:11+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-16T09:36:35+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"en-US\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg\",\"width\":1024,\"height\":682},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister !\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"THE TRADE UNION\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"en-US\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:de]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:en]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"[:de]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:en]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:] - OGBL","og_description":"D\u2019APCCA-SEW\/OGBL ass d\u00e9i eenzeg unerkannte Personalvertriedung vun de Kompetenzzentren an der Agence, d\u00e9i am Service vu Kanner a Jugendlecher mat \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-06-16T09:36:35+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":682,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"4 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/","name":"[:de]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:en]Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister ![:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg","datePublished":"2022-01-31T09:07:11+00:00","dateModified":"2023-06-16T09:36:35+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#breadcrumb"},"inLanguage":"en-US","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2022\/01\/enfant_difficulte-1024x682-1.jpg","width":1024,"height":682},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/reunioun-vun-der-leschter-chance-har-minister\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Reunioun vun der leschter Chance, H\u00e4r Minister !"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"THE TRADE UNION","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"en-US"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2933"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2933\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media\/3273"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2933"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=2933"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=2933"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}