{"id":2218,"date":"2017-04-28T15:40:39","date_gmt":"2017-04-28T13:40:39","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017"},"modified":"2023-06-28T14:34:38","modified_gmt":"2023-06-28T12:34:38","slug":"discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/","title":{"rendered":"Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-en\"> <\/p><p><\/p>\n<p style=\"text-align: left;\">Dat Allerwichtegst ganz am Ufank.<\/p>\n<p>De Fridden op der Welt, de Fridden t\u00ebscht de L\u00e4nner an de Fridden an de L\u00e4nner selwer.<\/p>\n<p>D\u2019Kriisenh\u00e4erder an der Welt sinn am vergaangene Joer net zer\u00e9ckgaangen.<\/p>\n<p>Krich, Biergerkrich, diktatoresch an autorit\u00e4r Gewaltregimer, Terrorismus kombin\u00e9iert mat enger laanger L\u00ebscht vun extreme M\u00ebnscherechtsverletzungen, Exekutiounen an Tortur, \u00cbnnerdr\u00e9ckung an Diskriminatioune g\u00e9int anescht denkend oder gleewend Leit, g\u00e9int Minderheeten, g\u00e9int M\u00ebnsche mat enger anerer Hautfaarf, g\u00e9int M\u00ebnsche w\u00e9inst hirer sexueller Orient\u00e9ierung, g\u00e9int Fraen a Kanner sinn d\u00e9i schrecklech Liewensrealit\u00e9it vun honnerte Millioune vun onsch\u00ebllege M\u00ebnschen.<\/p>\n<p>Hannert all den eenzele Schicksaler stinn onzieleg historesch Ursaachen an Entw\u00e9cklungsgeschichten.<\/p>\n<p>Mee esou vill et d\u00e4r och g\u00ebtt, an esou schw\u00e9ier et och ass si am eenzelen ze kennen oder ze erkennen, sou w\u00ebsse mir dass hannert de meeschte vun deene Krisen, Konflikter an \u00cbnnerdr\u00e9ckungen, d\u2019Konfrontatioun vu wirtschaftleche Muechtinteressen den Haaptausl\u00e9iser an d\u00e9i dreiwend Kraaft ass.<\/p>\n<p>Och wann d\u00ebs wirtschaftlech Interessen oft am \u00e4usseren Erscheinungsbild d\u2019Gestalt vu kulturellen, reli\u00e9isen oder anere Motiver unhuelen.<\/p>\n<p>An dofir ass et fir eis als Gewerkschaftler enorm wichteg, dass mir eis gronds\u00e4tzlech fir zwou Saachen asetzen.<\/p>\n<p>\u00c9ischtens fir fair a gerecht international wirtschaftlech Handelsbez\u00e9iungen t\u00ebscht de L\u00e4nner an de Kontinenter an der Welt.<\/p>\n<p>Zemools d\u00e9i westlech Natiounen, ech k\u00e9int se och d\u00e9i f\u00e9ierend kapitalistesch L\u00e4nner nennen, hunn historesch an d\u00ebser Bez\u00e9iung vill Schued an der Welt ugeriicht, an dat ass am sougenannte globalis\u00e9ierte Kapitalismus kengeswees besser ginn.<\/p>\n<p>Beispiller dofir ginn et der zu dausenden.<\/p>\n<p>Et st\u00ebmmt, dass de Protektionismus keng s\u00ebnnvoll wirtschaftlech L\u00e9isung ass.<\/p>\n<p>Mee de Ruff nom sougenannte fr\u00e4ien Handel ass et och net.<\/p>\n<p>Jiddefalls esou laang net, w\u00e9i d\u00e9i multinational Wirtschafts- a Finanzkonzerner an hir national a kontinental Wirtschafts- a politesch Lobbyen all deenen aneren hir ees\u00e4iteg Konditiounen virdikt\u00e9ieren.<\/p>\n<p>W\u00e9i d\u00e9i Lobbyen esouguer an den Handelsbez\u00e9iungen t\u00ebscht Europa an den USA, respektiv Kanada, hir Interesse g\u00e9int d\u2019Allgemengheet duerchsetzen, ass jo an der Ausenanersetzung \u00ebm den TTIP a CETA m\u00e9i w\u00e9i kloer ginn.<\/p>\n<p>W\u00e9i dat da fir de Recht vun der Welt ofleeft, dofir brauch een net vill Imaginatioun ze hunn.<\/p>\n<p>Als OGBL kann et n\u00ebmmen eng Fuerderung ginn: Fr\u00e4ien Handel nee, mee jo zum fr\u00e4ien a gl\u00e4ichz\u00e4iteg fairen Handel.<\/p>\n<p>An ee fairen Handel muss souwuel der wirtschaftlecher St\u00e4erkt a Substanz vun den eenzele L\u00e4nner Rechnung droen, w\u00e9i och vu sozialen an ekologesche Krit\u00e4re best\u00ebmmt sinn.<\/p>\n<p>Zweetens: Nieft fairen internationalen Handelsbez\u00e9iunge fuerdert d\u2019Gewerkschaftsbeweegung vun de Regierungen eng Politik, d\u00e9i sech an der Welt fir Demokratie, Fridden an Ofr\u00ebschtung asetzt.<\/p>\n<p>Den OGBL ass alarm\u00e9iert iwwert d\u00e9i nei milit\u00e4resch Opr\u00ebschtungswell, d\u00e9i initi\u00e9iert vum Trump am gaangen ass op Europa iwwerzeschwappen.<\/p>\n<p>A mir si skandalis\u00e9iert doriwwer, dass an der Deklaratioun vu Roum, d\u00e9i d\u00e9i 27 Regierungscheffen zum 60-j\u00e4rege Bestoe vun der EU \u00ebnnerschriwwen hunn, d\u00e9i besonnesch F\u00ebrderung vun der europ\u00e4escher R\u00ebschtungsindustrie drasteet.<\/p>\n<p>Europa huet am Moment ganz aner Problemer ze l\u00e9ise w\u00e9i d\u2019milit\u00e4resch Opr\u00ebschtung unzedreiwen.<\/p>\n<p>Do g\u00ebllt anscheinend de Credo vun der Spuerpolitik net.<\/p>\n<p>Dat g\u00ebllt och fir L\u00ebtzebuerg. De Kaf vu milit\u00e4reschen Opkl\u00e4rungsdrohnen ass och eng Opr\u00ebschtung. D\u00ebs Drohne ginn agesat fir aneren Drohne matzedeele wou se den Dout sollen erofgeheien. Do g\u00ebtt et n\u00e4ischt ze besch\u00e9inegen.<\/p>\n<p>An zu wat milit\u00e4resch Interventioune f\u00e9ieren hu mir am Afghanistan an am Irak gesinn, fir n\u00ebmmen d\u00e9i ze nennen.<\/p>\n<p>Den IS-Terror, de Biergerkrich a Syrien an d\u2019Fl\u00fcchtlingsstr\u00e9im sinn organesch mat d\u00ebse milit\u00e4reschen Interventioune verbonnen.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert vun den europ\u00e4esche Regierungen, an dozou geh\u00e9iert d\u00e9i l\u00ebtzebuergesch, Ofr\u00ebschtung statt Opr\u00ebschtung.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert vun eiser Regierung op, sech alle milit\u00e4reschen Interventiounen, d\u00e9i net ee kloert UN-Mandat hunn, kategoresch ze widdersetzen.<\/p>\n<p>An den OGBL fuerdert eis Regierung op, net an d\u2019H\u00e4nn ze klappe wann de gef\u00e9ierlechen an onberechenbaren Oberbefehlshaber vun den USA ouni UN-Mandat seng Cruise Missilen lassch\u00e9ckt, seng Mamm vun de Bommen erofgeheit oder een nukleaart S\u00e4belgerassel a Korea uf\u00e4nkt.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>De Bierger an Europa w\u00ebll net n\u00ebmmen Demokratie a Fridden.<\/p>\n<p>De Bierger an Europa w\u00ebll och ee gutt Liewen a gutt Aarbecht.<\/p>\n<p>An et ass s\u00e4i legitimt Recht dat ze fuerderen an ze verlaangen. Hie verlaangt just dat wat an den europ\u00e4eschen Trait\u00e9\u00eb verankert ass.<\/p>\n<p>Wann sech haut vill europ\u00e4esch Bierger vun der EU ofwennen a sech vu populisteschen Nationalisten af\u00e4nken, instrumentalis\u00e9ieren a manipul\u00e9iere loossen, dann huet dat ee ganz einfache Grond.<\/p>\n<p>D\u2019Politik an Europa huet op ville Punkten dat net agel\u00e9ist wat an den Trait\u00e9\u00eb steet.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Joren ass eng Politik engag\u00e9iert an duerchgezu ginn, d\u00e9i an eng ganz aner Richtung gaangen ass.<\/p>\n<p>De Sozial- a Wuelfaartsstaat, deen a villen europ\u00e4esche Staate gewuess war, ass a senger weiderer Entw\u00e9cklung ofgestoppt an op ville Plazen zer\u00e9ckgestuuft ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Politik huet Schr\u00ebtt fir Schr\u00ebtt d\u2019Dieren opgemaach fir eng liberalis\u00e9iert an deregul\u00e9iert Maart- a Finanzwirtschaft, d\u00e9i de Sozialstaat op d\u2019S\u00e4it gedr\u00e9ckt huet an d\u00e9i Wirtschafts- a Finanzkrisen ausgel\u00e9ist huet, d\u00e9i elo a sozial a politesch Krisen iwwergaange sinn.<\/p>\n<p>Wat huet d\u2019Politik vun de salariatsfeindlechen, strukturelle Reformen Europa an dem europ\u00e4esche Bierger bruecht?<\/p>\n<p>An d\u00e9i vum Ofbau an der Verschlechterung vun den Aarbechts- a Sozialrechter?<\/p>\n<p>An d\u2019Politik vun dem Loundumping a vun den Ugr\u00ebffer op d\u00e9i national Lounsystemer?<\/p>\n<p>An d\u00e9i vum Fiskaldumping bei de Betribsbesteierunge mat m\u00ebttlerweil l\u00e4cherleche Steierlaaschten, besonnesch fir d\u00e9i multinational Wirtschafts- a Finanzkonzerner?<\/p>\n<p>Wat huet eis d\u00e9i Politik bruecht, d\u00e9i zugonschte vun de r\u00e4ichste Schichten d\u2019Kapitalrevenuen an d\u2019Verm\u00e9igen \u00ebmmer manner besteiert an d\u00e9i allgemeng Bev\u00eblkerung an d\u00e9i schaffend Leit \u00ebmmer m\u00e9i h\u00e9ije Steierlaaschten aussetzt?<\/p>\n<p>A wat huet eis d\u2019Politik vun der Privatis\u00e9ierung an der Schw\u00e4chung vun den \u00ebffentlechen D\u00e9ngschtleeschtungen an den \u00ebffentleche Sozialvers\u00e9cherunge bruecht?<\/p>\n<p>Och do brauch een net laang no der \u00c4ntwert ze sichen.<\/p>\n<p>Eng massiv \u00cbmverdeelung vun \u00ebnnen no uewen. Dat huet et bruecht, Kolleginnen a Kollegen.<\/p>\n<p>Een \u00ebmmer m\u00e9i groussen Deel vum wirtschaftleche R\u00e4ichtum, deen d\u00e9i schaffend Leit erschafen, verschw\u00ebnnt no uewen an d\u00e9i falsch T\u00e4schen.<\/p>\n<p>Europa ass zu engem Kontinent vun der relativer Veraarmung vu groussen Deeler vum Salariat an hire Famillje ginn.<\/p>\n<p>Massenaarbechtslosegkeet, Aarmut am Alter, Aarbechtsplazons\u00e9cherheet, R\u00e9ckgang oder Stagnatioun bei de L\u00e9in an der Kafkraaft, eng Sozial S\u00e9cherheet, d\u00e9i fir \u00ebmmer m\u00e9i grouss Schichten \u00ebmmer m\u00e9i schwaach an ons\u00e9cher g\u00ebtt, Liewens- a Beruffsperspektiven, d\u00e9i sech besonnesch fir d\u2019europ\u00e4esch Jugend op ganz ville Plaze verschlechtert statt verbessert hunn.<\/p>\n<p>Den T\u00ebppelchen op den \u201ci\u201d war d\u2019Austerit\u00e9its- a Spuerpolitik no der Kris vun 2008.<\/p>\n<p>Dass d\u00ebs Politik gescheitert ass brauch net m\u00e9i bewisen ze ginn.<\/p>\n<p>De sozialen, wirtschaftlechen a politeschen Zoustand vun Europa seet alles.<\/p>\n<p>D\u2019Austerit\u00e9itspolitik war e fatale Feeler, deen d\u2019Europ\u00e4esch Unioun an hir schw\u00e9ierst politesch Kris gefouert huet z\u00ebnter hirer Gr\u00ebnnung viru 60 Joer.<\/p>\n<p>Mee wou bleift d\u00e9i fundamental Kritik un d\u00ebser Politik, d\u00e9i Europa futti m\u00e9cht?<\/p>\n<p>Wou bleift d\u2019Kritik un der Politik vun dem Sozial-, Loun- a Fiskaldumping, d\u00e9i all Dag d\u2019europ\u00e4esch Welt m\u00e9i ongl\u00e4ich a m\u00e9i ongerecht m\u00e9cht?<\/p>\n<p>Wou bleift d\u2019Politik, d\u00e9i dem europ\u00e4esche Bierger nei Perspektive g\u00ebtt?<\/p>\n<p>Wou bleift d\u00e9i Politik, d\u00e9i d\u2019sozial Maartwirtschaft, de Wuelfaarts- a Sozialstaat, de soziale Fortschr\u00ebtt zur Priorit\u00e9it m\u00e9cht an d\u00e9i liberalis\u00e9iert an deregul\u00e9iert kapitalistesch Maart- a Finanzwirtschaft a Fro stellt a g\u00e9int se untr\u00ebtt?<\/p>\n<p>Mir brauchen haut eng courag\u00e9iert Politik, d\u00e9i sech net scheit Kritik do ze maachen, wou se noutwendeg ass, d\u00e9i sech net scheit de Widdersproch t\u00ebscht Kapital an Aarbecht an de Mond ze huelen, d\u00e9i sech net scheit den neoliberale Modell dee weiderhin am gaangen ass Europa ze briechen, offen unzegr\u00e4ifen a konsequent a Fro ze stellen.<\/p>\n<p>Mir brauchen eng courag\u00e9iert Politik, d\u00e9i dat Soziaalt er\u00ebm an de Virdergrond stellt an d\u00e9i dem europ\u00e4esche Bierger net m\u00e9i prob\u00e9iert virzemaachen, dass et zu der aktueller Wirtschafts- a Sozialpolitik keng Alternativ g\u00e9if ginn, d\u00e9i net m\u00e9i prob\u00e9iert eis virzemaachen, dass keen anere Wee m\u00e9iglech wier, w\u00e9i dee vun der liberaler Maart- a Finanzwirtschaft, an d\u00ebse quasi zu engem Naturgesetz deklar\u00e9iert, g\u00e9int dat een net k\u00e9int ugoen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen.<\/p>\n<p>Grad esou w\u00e9i den Europ\u00e4esche Gewerkschaftsbond bleift och den OGBL der Meenung, dass een nationalt Zer\u00e9ckz\u00e9ien aus der Europ\u00e4escher Unioun, een Zer\u00e9ckfalen op den Nationalstaat, keng zilf\u00e9ierend L\u00e9isung ass.<\/p>\n<p>Dass den OGBL haut den Owend eis frans\u00e9isch Grenzg\u00e4ngerkollegen a -kolleginnen dozou oprifft, jo n\u00ebmmen net d\u2019Marine Le Pen ze wielen, dierft hei banne jo kee weider iwwerraschen. D\u2019Marine Le Pen huet mat der Aarbechter- a Gewerkschaftsbeweegung n\u00e4ischt um Hutt.<\/p>\n<p>All demokratesch a fortschr\u00ebttlech Beweegungen, w\u00e9i d\u00e9i fr\u00e4i Gewerkschaftsbeweegung eng ass, an all demokratesch Parteie sinn an der Flicht, de M\u00ebnschen an Europa ze erkl\u00e4ren, dass Parteie w\u00e9i d\u00e9i vum Marine Le Pen een d\u00e9idlecht G\u00ebft fir eis demokratesch Rechter a Fr\u00e4iheete sinn, an dass hir Programmer d\u00e9i vum weidere sozialen a wirtschaftleche R\u00e9ckschr\u00ebtt sinn.<\/p>\n<p>Mee esou wichteg och d\u00e9i Opkl\u00e4rung ass, esou w\u00e9ineg w\u00e4ert si eleng duergoe fir d\u2019Ausstrahlungskraaft vun de friemefeindlechen, nationalistesch-populistesche bis rietsextremen Demagogen &#8211; w\u00e9i d\u2019Marine Le Pen een ass &#8211; ze briechen.<\/p>\n<p>Nee dat geet net duer fir hir weider Entw\u00e9cklung ze stoppen.<\/p>\n<p>Mir brauche Parteien a Regierungen, d\u00e9i iwwert e realen a konsequente politesche Kurswiessel dem europ\u00e4esche Bierger een neien Optimismus an een neit Vertrauen an d\u00e9i europ\u00e4esch Idee a Konstruktioun ginn.<\/p>\n<p>N\u00ebmmen esou ka Motivatioun fir Europa fr\u00ebsch entstoen.<\/p>\n<p>De Bierger an Europa brauch eng nei sozial Perspektiv d\u00e9i him haut feelt.<\/p>\n<p>Hie brauch eng real politesch Alternativ un d\u00e9i hie gleewe kann a fir d\u00e9i hien och bereet ass, sech aktiv anzesetzen.<\/p>\n<p>N\u00ebmmen iwwert d\u00ebse Wee kann eng Europ\u00e4esch Unioun sech stabilis\u00e9iert kr\u00e9ien. N\u00ebmmen iwwert d\u00ebse Wee kann eng Europ\u00e4esch Unioun iwwerliewen.<\/p>\n<p>Ouni eng kloer sozial Perspektiv ass ee gemeinsamt Europa net ze maachen.<\/p>\n<p>De vergaangene 25. M\u00e4erz hu 27 Regierungscheffen zu Roum 60 Joer Europ\u00e4esch Unioun gefeiert.<\/p>\n<p>An hirer gemeinsamer Deklaratioun hunn si sech zum sozialen Europa verflicht, zu engem Europa vum wirtschaftlechen a vum soziale Fortschr\u00ebtt.<\/p>\n<p>Dat ass eng wichteg Deklaratioun.<\/p>\n<p>Mee wat elo nach m\u00e9i wichteg ass, dat ass, dass d\u00e9i 27 Regierunge mat der Europ\u00e4escher Kommissioun an dem europ\u00e4esche Parlament d\u00ebs Deklaratioun kuerzfristeg an eng konkret politesch Aktioun \u00ebmsetzen.<\/p>\n<p>Et w\u00e4r fatal fir Europa wann et just bei der Deklaratioun g\u00e9if bleiwen.<\/p>\n<p>D\u00e9i europ\u00e4esch Staate brauchen dr\u00e9nglechst m\u00e9i haushaltspolitesche Spillraum fir \u00e9ischtens duerch \u00ebffentlech Investitiounen dem massiven Investitiounsdefizit an Europa en Enn ze setzen a fir zweetens eng Akommespolitik op d\u2019Schinn ze setzen, fir d\u2019Populatioune sozial ze st\u00e4erken a fir iwwert d\u2019Kafkraaft d\u00e9i europ\u00e4esch wirtschaftlech Bannennofro an och d\u00e9i privat Investitiounen ze dynamis\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Ouni eng Oplackerung an ouni eng Revisioun vun den Trait\u00e9\u00eb vum sougenannten europ\u00e4esche Semester ass dat net ze maachen, egal wat den H\u00e4r Sch\u00e4uble an anerer dozou mengen.<\/p>\n<p>A wann d\u00e9i 27 Regierungscheffen an d\u2019Kommissioun hir Deklaratioun vu Roum eescht gemengt hunn, da mussen endlech an den Trait\u00e9en zum europ\u00e4esche Semester nieft de wirtschaftleche Krit\u00e4ren, sozial Krit\u00e4ren net n\u00ebmmen agefouert ginn, mee zumindest ee gl\u00e4ichberechtegte W\u00e4ert kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>An domat w\u00e4re mer bei der zweeter grousser Aktioun d\u00e9i noutwendeg ass.<\/p>\n<p>Diskussioun iwwert d\u2019Af\u00e9ierung vun engem sougenannten europ\u00e4esche Pilier vun de soziale Rechter muss eng vum soziale Fortschr\u00ebtt statt eng vum soziale R\u00e9ckschr\u00ebtt sinn.<\/p>\n<p>Et muss zu europ\u00e4esche Gesetzesinitiative kommen, fir dass sozial Rechter e verbindleche Charakter kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Dat allgemengt Prinzip muss dat vun der Konvergenz no uewen, statt der Konvergenz no \u00ebnne sinn.<\/p>\n<p>Eng Regressioun vun nationale soziale Rechter muss ausgeschloss sinn.<\/p>\n<p>Den europ\u00e4esche Mindestloun, d\u2019Verbesserung vun der Direktiv iwwert den Detachement, d\u00e9i gesetzlech St\u00e4erkung vun den Aarbechtsvertr\u00e4g am Interesse vun de Salari\u00e9en, z.B. g\u00e9int d\u2019Scheinselbstst\u00e4nnegkeet a g\u00e9int d\u00e9i weider Proliferatioun vu prek\u00e4ren an atypeschen Aarbechtsverh\u00e4ltnisser, den Ausbau vun der gewerkschaftlecher betriblech an iwwerbetriblecher Matbest\u00ebmmung an d\u2019St\u00e4erkung vum R\u00f4le vun de Sozialpartner sinn e puer Beispiller fir d\u2019Richtung an d\u00e9i et elo goe muss.<\/p>\n<p>An insgesamt g\u00ebllt, dass weder d\u2019Tarifautonomie an d\u00e9i national Lounsystemer, nach d\u00e9i national Systemer vun der Sozialer S\u00e9cherheet weider ugegraff ginn.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert eis Regierung op, sech mat allem Nodrock um europ\u00e4esche Plang fir d\u00ebs Fuerderungen anzesetzen. An d\u00ebs Fuerderung adress\u00e9iert den OGBL och un all d\u00e9i aner Parteien.<\/p>\n<p>An deem S\u00ebnn w\u00e4ert den OGBL sech d\u2019n\u00e4chst Joer an de politesche Wahlkampf am\u00ebschen.<\/p>\n<p>Hie w\u00e4ert keng Partei \u00ebnnerst\u00ebtzen, ob aktuell an der Regierung oder an der Oppositioun, d\u00e9i sech net kloer an d\u00e4itlech zum sozialen an zum demokratesche Fortschr\u00ebtt hei zu L\u00ebtzebuerg a fir Europa bekennt.<\/p>\n<p>Den OGBL w\u00e4ert sech g\u00e9int all Partei ausschw\u00e4tzen, d\u00e9i net ee kloren Ofstand vun all Austerit\u00e9its- a falscher Spuerpolitik h\u00eblt.<\/p>\n<p>Ganz feel un der Plaz ass all Angschtmacherei, ass all Schwaarzmolerei iwwert d\u2019Zukunft vun eisem Land am allgemengen, an iwwert d\u2019Zukunft vun eisen \u00ebffentleche Finanzen am besonneschen.<\/p>\n<p>Eis \u00ebffentlech Finanzen si gesond, d\u2019Finanzcapacit\u00e9it vun eisem Staat ass intakt an et g\u00ebtt keen direkte Grond fir eppes anescht fir d\u2019Zukunft unzehuelen.<\/p>\n<p>Mir brauche weder en neien Zukunftspak nach eng weider Attack op eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem.<\/p>\n<p>A mir brauchen och keng nei Belaaschtungen, d\u00e9i sech g\u00e9int d\u2019Bev\u00eblkerung, g\u00e9int d\u00e9i schaffend Leit an hir Famillje riichten.<\/p>\n<p>D\u2019Krisebelaaschtunge vun all de l\u00e4schte Jore sinn nach net verdaut a si sinn bis elo, an dorop w\u00ebll ech besonnesch haut insist\u00e9ieren, just deelweis zer\u00e9ckgeholl ginn.<\/p>\n<p>Trotz Steierreform an trotz deem er\u00ebm normale Fonctionn\u00e9iere vun eisem Indexsystem.<\/p>\n<p>Wann also Handlungsbedarf besteet, dann a Richtung vun engem weideren Ofbau vun de Krisebelaaschtungen, an a Richtung vum soziale Fortschr\u00ebtt.<\/p>\n<p>No dem OGBL ass et m\u00ebttlerweil och d\u2019Regierung, an esou guer d\u2019Europ\u00e4esch Kommissioun, d\u00e9i d\u2019Meenung vertrieden, dass eis \u00ebffentlech Finanze gesond sinn.<\/p>\n<p>Firwat behaapt d\u00e9i gr\u00e9issten Oppositiounspartei de G\u00e9igendeel?<\/p>\n<p>Den OGBL huet kee Verst\u00e4ndnis fir d\u2019Deklaratiounen, d\u00e9i si op hirem Nationalkongress am M\u00e4erz gemaach huet.<\/p>\n<p>\u00cbnner anerem fir d\u00e9i, wou se d\u2019Steierreform oder d\u2019Reform vum Cong\u00e9 parental als Feeler, an esou guer als elektoral Kaddoen dohigestallt huet, d\u00e9i L\u00ebtzebuerg an eng Defizitmauer g\u00e9ife knuppe loossen. A fir d\u00e9i, d\u00e9i a Richtung fir eng weider Verschlechterung vun eisem Pensiounssystem ginn.<\/p>\n<p>Esou Aussoe loossen n\u00ebmmen eng Interpretatioun zou.<\/p>\n<p>Der CSV no ka sech L\u00ebtzebuerg den Ofbau vun de Krisebelaaschtunge vun de l\u00e4schte Joren a kleng Schr\u00ebtt vu sozialem Fortschr\u00ebtt net leeschten.<\/p>\n<p>W\u00e9i wa mir eis weiderhin an engem Krisenzeenario g\u00e9ife bewegen.<\/p>\n<p>Oder w\u00e9i wann et d\u00e9i massiv Krisebelaaschtunge g\u00e9int Bev\u00eblkerung an d\u00e9i schaffend Leit net gi wieren.<\/p>\n<p>Firwat ginn d\u2019Aussoen ignor\u00e9iert vun der Europ\u00e4escher Kommissioun, d\u00e9i an hirem Joresbericht iwwer L\u00ebtzebuerg d\u2019Bedeitung vun der Bannennofro fir de wirtschaftleche Wuesstem hei zu L\u00ebtzebuerg \u00ebnnerstr\u00e4icht.<\/p>\n<p>Firwat g\u00ebtt ignor\u00e9iert, dass eng Europ\u00e4esch Kommissioun, d\u00e9i jorelaang d\u2019Austerit\u00e9its- a Spuerpolitik gepriedegt an ugedriwwen huet an domat a ganz Europa vill Schued ugeriicht huet, elo endlech uf\u00e4nkt usazweis sech enges Besseren ze bes\u00ebnnen, an deem si L\u00e4nner mat wirtschaftlechen Handelsiwwersch\u00ebss a gudden \u00ebffentlechen Haushaltssituatiounen, w\u00e9i dat op L\u00e4nner w\u00e9i D\u00e4itschland an eben och op L\u00ebtzebuerg zoutr\u00ebfft, virschl\u00e9it eng expansiv statt eng restriktiv Haushaltspolitik ze maachen.<\/p>\n<p>Och eng CSV muss dach uf\u00e4nken ze mierken, dass den Z\u00e4itpunkt iwwerr\u00e4if ass, fir een anere Politikwee anzeschloen a fir sech kloer fir de weideren Ofbau vun de Krisebelaaschtungen auszeschw\u00e4tzen a konkret Virschl\u00e9i fir ee Redemarrage vum soziale Fortschr\u00ebtt hei zu L\u00ebtzebuerg ze maachen.<\/p>\n<p>Der aktueller Regierung kann den OGBL just uroden, sech net asch\u00fcchteren oder op d\u2019Glat\u00e4is f\u00e9ieren ze loossen duerch den negativen Drock an d\u00e9i falsch Richtung, dee vun der gr\u00e9isster Oppositiounspartei oder vun enger ADR gemaach g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Bis zu de Parlamentswahle bleiwen der Regierung nach bal 1\/3 vun der Legislaturperiod fir vill Wichteges an Dr\u00e9ngendes ze maachen.<\/p>\n<p>D\u2019politesch Aktioun fir Investitiounen an zukunftsorient\u00e9iert Infrastrukturen an \u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtunge muss ongebrach weidergoen an d\u2019sozial Lag vun der l\u00ebtzebuergescher Bev\u00eblkerung a vun de schaffende Leit muss weider verbessert ginn.<\/p>\n<p>Den Ofbau vu sozialen Inegalit\u00e9iten, d\u2019St\u00e4erkunge vun eiser Sozialer S\u00e9cherheet, d\u00e9i weider \u00cbnnerst\u00ebtzung vun der Kafkraaft vun der Bev\u00eblkerung, weider Akzenter an der Wunnengspolitik a schlussendlech noutwenneg aarbechtsrechtlech Upassunge stinn un.<\/p>\n<p>Et muss e positiven Ofschloss vun d\u00ebser Legislatur ugestrieft ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Reform vun der Fleegevers\u00e9cherung, w\u00e9i se aktuell propos\u00e9iert g\u00ebtt. ass net befriddegend.<\/p>\n<p>Den OGBL huet bis haut net richteg erausfonnt, wat den aktuelle Gesetzprojet u Positivem fir de fleegebedierftege M\u00ebnsch eigentlech br\u00e9nge soll.<\/p>\n<p>Au contraire. D\u2019Af\u00e9ierung vu sougenannten \u201cPflegestufen\u201d verheescht n\u00e4ischt Guddes, a wat d\u00e9i eenzel Leeschtunge vun der Vers\u00e9cherung uginn, esou k\u00ebnne mir bis haut nach \u00ebmmer net vermellen, dass dat wat aktuell besteet quantitativ a qualitativ ofges\u00e9chert bleift.<\/p>\n<p>Mir verm\u00ebsse weiderhin ee klore Schratt g\u00e9int d\u2019Schwaarzaarbecht an der Fleeg doheem.<\/p>\n<p>An den OGBL widdersetzt sech mat Nodrock g\u00e9int eng Cellule d\u2019\u00e9valuatioun, d\u00e9i direkt dem Minister vun der Sozialer S\u00e9cherheet \u00ebnnerstallt ass, statt se am Respekt vun der demokratescher Matbest\u00ebmmung der Fleegevers\u00e9cherung ze \u00ebnnerstellen an esou de Vertrieder vun den Assur\u00e9en e Matsproocherecht ze garant\u00e9ieren.<\/p>\n<p>De Gesetzprojet muss op wesentleche Punkten ofge\u00e4nnert, respektiv verbessert ginn, fir d\u2019Zoust\u00ebmmung vum OGBL ze kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>A wat fir d\u2019Fleegevers\u00e9cherung\u00a0 g\u00ebllt, g\u00ebllt och fir d\u2019Krankevers\u00e9cherung.<\/p>\n<p>Den OGBL dr\u00e4ngt op weider Leeschtungsverbesserungen a widdersetzt sech alle Bestriewungen, d\u00e9i dat obligatorescht Conventionnement vun der \u00c4erzteschaft a Fro stellen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Et vergeet bal keen Dag hei zu L\u00ebtzebuerg, wou iwwer d\u2019Medie Patronatsvertrieder oder Vertrieder vu private Vers\u00e9cherungsgesellschaften oder maartliberal orient\u00e9iert Politiker eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem ugr\u00e4ifen.<\/p>\n<p>Si schw\u00e4tze vun der Ponzipyramid an der Rentemauer, vum Raubbau g\u00e9int d\u2019Jugend a g\u00e9int d\u00e9i kommend Generatiounen, a si maachen Angscht virum Milliounestaat, deen absurderweis anscheinend duerch eise Pensiounssystem ausgel\u00e9ist g\u00ebtt, a si k\u00ebnnegen den Niddergang vun den \u00ebffentleche Finanzen an eng exponentiell Staatsschold un.<\/p>\n<p>D\u00e9i Leit hunn et schonns f\u00e4erdegbruecht, dass 2012 mat der Pensiounsreform een \u00e9ischten Ugr\u00ebff g\u00e9int d\u2019Pensiounen erfollegr\u00e4ich war a g\u00e9int d\u2019Jugend eng -14% Pensioun duerchgesat gouf.<\/p>\n<p>An an d\u00e4r Reform goufe weider negativ Entw\u00e9cklunge schonns festgeluecht.<\/p>\n<p>An d\u00e9iselwecht Leit verlaangen no m\u00e9i. Eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem soll weider ofgebaut ginn.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert all sozial fortschr\u00ebttlech Politiker op, sech ganz haart zu Wuert ze mellen.<\/p>\n<p>Erkl\u00e4ert endlech w\u00e9i sozial fortschr\u00ebttlech een \u00ebffentleche Pensiounssystem g\u00e9igeniwwer all Form vu privatkommerzieller Pensiounsvers\u00e9cherung ass.<\/p>\n<p>Erkl\u00e4ert endlech, dass all Ofbau vum \u00ebffentleche Pensiounssystem deen haut gemaach g\u00ebtt an aller\u00e9ischter Linn g\u00e9int d\u2019Jugend geriicht ass a si d\u00e9i sinn d\u00e9i haut fir muer verl\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Erkl\u00e4ert endlech w\u00e9i wichteg ee performant \u00ebffentlecht solidarescht Pensiounssystem net n\u00ebmmen als sozialen, mee och wirtschaftleche Stabilis\u00e9ierungsfaktor an der Gesellschaft ass, w\u00e9i et elo am Verlaf vun der Wirtschaftskris ganz kloer zum Ausdrock komm ass.<\/p>\n<p>An erkl\u00e4ert och w\u00e9i vill Steierverloschter de Staat haut duerch d\u2019Subventionnement vun de privatkommerzielle Vers\u00e9cherungen erdroe muss.<\/p>\n<p>An erkl\u00e4ert och endlech, dass bei den aktuelle Kotisatioune Spillraum no uewe besteet, an dass bei dem \u00ebffentleche Pensiounssystem d\u00e9i schaffend Leit n\u00ebmmen 1\/3 vun enger Erh\u00e9ijung bezuelen am G\u00e9igesaz zu kommerzielle Vers\u00e9cherungen.<\/p>\n<p>An erkl\u00e4ert och de Leit, dass de staatleche B\u00e4itrag un der Finanz\u00e9ierung vum \u00ebffentleche Pensiounssystem eng \u00cbmverdeelung am S\u00ebnn vu m\u00e9i sozialer Gerechtegkeet ass.<\/p>\n<p>An erkl\u00e4ert de Leit och, dass d\u2019Decisioun iwwert d\u2019Leeschtungsf\u00e4egkeet vun haut oder vu muer vum \u00ebffentleche Pensiounssystem eng politesch Decisioun ass iwwert d\u2019Richtung vun der Verdeelung, vun \u00ebnnen no uewen oder \u00ebmgedr\u00e9int.<\/p>\n<p>An dass et eng politesch Decisioun ass, ob am Interesse vum Patronat d\u2019Kotisatiounsh\u00e9icht een Tabuthema bleift oder net.<\/p>\n<p>An dass et eng politesch Decisioun ass op de private Commerce a Profit an dem Pensiounswiese weider gef\u00ebrdert g\u00ebtt oder net.<\/p>\n<p>\u00cbnnerst\u00ebtzt den OGBL a senger Fuerderung, dass d\u2019Leeschtungskraaft vum \u00ebffentleche Pensiounswiese gest\u00e4erkt statt geschw\u00e4cht g\u00ebtt, an dass dat sozial fortschr\u00ebttlecht Prinzip vun der Pensioun als gutt Ersatzakommes fir de Lounausfall no dem aktiven Aarbechtsliewe weiderhi s\u00e4i Bestand huet.<\/p>\n<p>Den OGBL jiddefalls w\u00e4ert all weider Verschlechterung vum \u00ebffentleche Pensiounswiesen net matmaachen.<\/p>\n<p>Au contraire. Den OGBL huet seng Oppositioun g\u00e9int d\u2019Reform vun 2012 net vergiess a mir dr\u00e4ngen op Verbesserunge statt op Verschlechterungen, \u00ebnner anerem op eng verbessert Unerkennung vun de Studienz\u00e4iten an op d\u2019Ofschafe vun deenen neie gesetzlechen Automatismen, d\u00e9i weider Verschlechterunge w\u00e4erte br\u00e9ngen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Fir den OGBL ass och den Dossier Steierreform net ofgeschloss.<\/p>\n<p>Och wa mir d\u2019Steierreform vun der Regierung matdroen, well se fir eis Memberen een Deel vun den zous\u00e4tzleche Steierbelaaschtunge vun all de l\u00e4schte Joren er\u00ebm ofgebaut huet, w\u00ebll dat net heeschen, dass et keng oppe Punkte m\u00e9i g\u00e9if ginn.<\/p>\n<p>De Problem vun Diskriminatioune bei der Besteierung vun eise Grenzg\u00e4ngerkollegen ass nach net gel\u00e9ist a mir waarde weiderhin op eng positiv Propose vum Finanzminister.<\/p>\n<p>Mir appell\u00e9iere weiderhin un d\u2019Regierung, dass si nach Akzenter a Richtung vu m\u00e9i Steiergerechtegkeet t\u00ebscht der Besteierung vun dem Lounakommes engers\u00e4its an der Besteierung vun de Kapitalrevenue setzt.<\/p>\n<p>Dofir ass d\u2019automatesch Upassung vum Steierbar\u00e8me un d\u2019Inflatiounsentw\u00e9cklung noutwenneg fir ze verh\u00ebnneren, dass mir nach eng K\u00e9ier eng \u201ckal Progressioun\u201d vun der Steierlaascht erliewen, w\u00e9i dat no dem Joer 2009 de Fall war.<\/p>\n<p>An zweetens muss d\u2019Regierung endlech eppes g\u00e9int d\u00e9i Niddregstbesteierung vun de Stock-options maachen.<\/p>\n<p>D\u00e9i duerch n\u00e4ischt ze legitim\u00e9ierend Steierentlaaschtung bei de Stock-options kascht d\u2019Allgemengheet eisen Asch\u00e4tzungen no ronn 200 Mio \u20ac am Joer.<\/p>\n<p>A mir fuerderen eng Null-Besteierung bei den direkte Steiere fir de gesetzleche Mindestlounbez\u00e9ier. Op dat Thema kommen ech nach zer\u00e9ck.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019Politik vum Loundumping an Europa huet a f\u00e9iert och weiderhin zu enger m\u00e9i grousser Schiflag bei der Verdeelung vun der Produktivit\u00e9it an de Produktivit\u00e9itsgew\u00ebnner.<\/p>\n<p>D\u2019Lounquot ass r\u00e9ckleefeg, d\u2019Betribsgew\u00ebnner ginn \u00ebmmer m\u00e9i staark vun de Kapitalbes\u00ebtzer akass\u00e9iert.<\/p>\n<p>Dat tr\u00ebfft och op L\u00ebtzebuerg zou.<\/p>\n<p>Europa brauch m\u00e9i Loungerechtegkeet.<\/p>\n<p>A L\u00ebtzebuerg brauch m\u00e9i Loungerechtegkeet.<\/p>\n<p>Dofir \u00ebnnerst\u00ebtzt den OGBL dem Europ\u00e4esche Gewerkschaftsbond seng Campagne fir besser L\u00e9in.<\/p>\n<p>D\u00ebst ass an \u00e9ischter Linn eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet, vun enger m\u00e9i gerechter Opdeelung t\u00ebscht Kapital an Aarbecht.<\/p>\n<p>An zweeter Linn si besser L\u00e9in eng absolut Noutwendegkeet fir d\u2019St\u00e4erkung vun der europ\u00e4escher Kafkraaft an domat fir d\u2019Dynamis\u00e9ierung vum europ\u00e4esche Bannemaart an de wirtschaftlechen Investitiounen.<\/p>\n<p>Ech w\u00ebll an d\u00ebsem Zesummenhang just drun er\u00ebnneren, dass uerdentlech L\u00e9in och d\u2019Viraussetzung si fir d\u2019Finanz\u00e9ierung an domat fir d\u2019Leeschtungskraaft vun eise solidareschen \u00ebffentlech-rechtleche Sozialvers\u00e9cherungen.<\/p>\n<p>All Cent an all Euro deen de L\u00e9in feelt, ass och een Deelcent an een Deeleuro, deen de Kotisatioune fir eis Krankevers\u00e9cherung, fir eis Pensiounsvers\u00e9cherung a fir eis Fleegevers\u00e9cherung entzu g\u00ebtt a feelt.<\/p>\n<p>All Cent an all Euro deen de L\u00e9in feelt, ass och een Deelcent an en Deeleuro, deen de steierleche Recett\u00eb fir den \u00ebffentlechen Haushalt feelt an domat enger Politik fir m\u00e9i sozial Gerechtegkeet a soziale Fortschr\u00ebtt an eiser Gesellschaft virenthale g\u00ebtt.<\/p>\n<p>A fir all d\u00e9i, d\u00e9i sech jo esou vill Suerge maachen, oder besser gesot, villm\u00e9i virginn se sech ze maachen, fir d\u00e9i zuk\u00fcnfteg Pensioune vun eiser Jugend, deene sief an d\u00ebsem Zesummenhang an Er\u00ebnnerung geruff, dass de Jugendlechen an \u00e9ischter Linn eng gutt Pai brauch fir d\u00e9i Kotisatioune k\u00ebnnen anzebezuelen, ouni d\u00e9i sou oder sou keng gutt Pensioun m\u00e9iglech ass.<\/p>\n<p>Am Verglach zum Ausland stellt d\u2019Europ\u00e4esch Kommissioun besonnesch fir L\u00ebtzebuerg fir d\u00e9i l\u00e4scht Joren, awer och als Previsioun bis 2018, ee verh\u00e4ltnesm\u00e9isseg staarke R\u00e9ckgang vun de sougenannte reale Lounst\u00e9ckk\u00e4schte fest.<\/p>\n<p>D\u00ebs negativ Entw\u00e9cklung ka just duerch eng offensiv Lounpolitik ofgebremst an \u00ebmgek\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Dofir steet an eisen aktuelle Kollektivvertragsverhandlungen d\u2019Lounfro am M\u00ebttelpunkt. D\u2019Stagnatioun an esou guer de R\u00e9ckgang vun de reale L\u00e9in an de l\u00e4schte Jore muss duerch real Lounentw\u00e9cklungen ofgel\u00e9ist ginn.<\/p>\n<p>W\u00e9i et an engem Land \u00ebm den Zoustand vum sozialen Dialog, \u00ebm den Zoustand vun de soziale Bez\u00e9iungen an hire Verhandlunge steet, ges\u00e4it ee virun allem an der Aart a Weis w\u00e9i d\u2019Tarifautonomie funktion\u00e9iert, w\u00e9i d\u2019Kollektivvertragsverhandlunge verlafen, w\u00e9i de Loun an d\u2019Aarbechtsbedingungen an de Betriber an an den eenzele Wirtschaftsber\u00e4icher verhandelt ginn.<\/p>\n<p>An do muss ee fir L\u00ebtzebuerg leider feststellen, dass et a grousse Wirtschaftsber\u00e4icher alles anescht w\u00e9i gutt \u00ebm de sozialen Dialog steet.<\/p>\n<p>D\u2019Patronatsorganisatioune sch\u00e9ngen d\u2019Bedeitung vum soziale Fridde fir L\u00ebtzebuerg net m\u00e9i verstoen ze w\u00ebllen. An dat trotz den exzellente wirtschaftlechen Eckdaten.<\/p>\n<p>Esou zum Beispill am Bausecteur, wou mer er\u00ebm eng K\u00e9ier op ee grousse Konflikt zousteieren. Obwuel et am Bau boomt ew\u00e9i schonns laang net m\u00e9i, fuerdert d\u2019Patronat eng Nullentw\u00e9cklung bei de reale L\u00e9in, d\u2019Verschlechterung vun der Joresprimm an d\u2019Annualis\u00e9ierung vun den Aarbechtsz\u00e4iten.<\/p>\n<p>Dat geet schif aus. No dem grousse Konflikt am Joer 2013 prob\u00e9iert dat Patronat nach eng K\u00e9ier dem OGBL an de Salari\u00e9\u00eb vum Bau den Aarm ze b\u00e9ien. Mam OGBL w\u00e4ert et keng Verschlechterung bei den Aarbechtsz\u00e4ite ginn, mee just eng signifikativ Lounerh\u00e9ijung.<\/p>\n<p>D\u2019Mobilis\u00e9ierung vun den Aarbechtskollegen aus dem Bau ass ab elo lanc\u00e9iert.<\/p>\n<p>Net vill anescht ges\u00e4it et an de Verhandlunge vum Bankekollektivvertrag aus. An d\u00ebser Branche mussen d\u2019Produktivit\u00e9itssteigerungen endlech de Wee och an d\u2019Paitut vum Bankepersonal fannen.<\/p>\n<p>A statt de Kollektivvertrag weider auszehielegen, ass d\u2019Bankepatronat vum OGBL opgefuerdert, mat der permanenter Violatioun vum Aarbechtsgesetz opzehalen, d\u00e9i dodra besteet, dass dausende vu Personalmemberen d\u2019kollektivvertraglech verankert Rechter virenthale ginn, an deem si zu Kaderpersonal deklar\u00e9iert ginn, obwuel si et dem Gesetz no iwwerhaapt net sinn.<\/p>\n<p>A munch Industriebetriber ass och eng Lounpolitik entstanen, d\u00e9i sech net n\u00ebmmen negativ op d\u2019L\u00e9in vun eise Leit, mee och op hir Aarbechtsbedingungen auswierkt.<\/p>\n<p>W\u00e9i w\u00ebll ee jonk Leit fir d\u2019Aarbecht an der Industrie nach motiv\u00e9ieren, wann een d\u2019Ufanksl\u00e9in erofsetzt, wann \u00ebmmer m\u00e9i Stammaarbechtsplazen net m\u00e9i mat normalen Aarbechtsvertr\u00e4g ersat ginn, mee \u00ebmmer m\u00e9i duerch Interimsaarbecht m\u00e9i schlecht w\u00e9i recht opgef\u00ebllt ginn an doduerch de Stress an d\u2019Aarbechtsintensit\u00e9it vun der normaler Beleegschaft op eng inakzeptabel Aart a Weis an d\u2019Luucht ginn?<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Zesummenhang sief och un d\u2019Verhandlungen an der Stoltripartite er\u00ebnnert, d\u00e9i no 6 M\u00e9int nach \u00ebmmer zu net vill gefouert hunn.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert kloer Investitiounsengagementer fir all Stolsiter an e fuerdert, dass ARCELOR\/MITTAL, statt d\u00e9i bew\u00e4erte Modeller vun der Pr\u00e9retraite an der CDR a Fro ze stellen, endlech zu enger proaktiver Astellungspolitik iwwergeet, fir dass jonk Salari\u00e9en er\u00ebm de Wee an eis Stolbetriber fannen.<\/p>\n<p>An d\u2019L\u00ebscht vu konfliktoreschen Tarifber\u00e4icher ass iwwert d\u00e9i genannte Beispiller nach vill m\u00e9i laang. Ech k\u00e9int nach vun der Aarbechtsintensit\u00e9it an de schlechte Loun- an Aarbechtsbedingungen am Ber\u00e4ich vum Nettoyage schw\u00e4tzen, d\u00e9i op eng erniddregend Aart a Weis dausende vu Fraen treffen.<\/p>\n<p>Ech k\u00e9int och vun de schw\u00e9iere Vertragsverhandlungen am Ber\u00e4ich vun de S\u00e9cherheetsfirme schw\u00e4tzen, d\u00e9i sech och em den zentrale Punkt vum Loun dr\u00e9ien.<\/p>\n<p>An d\u00e9i ganz Bandbreet vu konfliktoresche Verhandlunge g\u00ebtt och ersiichtlech mam Beispill vun der Universit\u00e9it vu L\u00ebtzebuerg, wou den OGBL sech g\u00e9int d\u2019Af\u00e9ierung vu kontraproduktiven individuelle Bew\u00e4ertungssystemer zur Wier muss setzen.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019Personal aus dem Gesondheets- a Sozialwiesen ass ee ganz wichtegen Deel vun eisem \u00ebffentlechen D\u00e9ngschtleeschtungsber\u00e4ich, et ass gutt qualifiz\u00e9iert a schafft am D\u00e9ngscht vum M\u00ebnsch, et sinn an der grousser Majorit\u00e9it Fraen.<\/p>\n<p>An z\u00ebnter bal 40 Joer k\u00e4mpft et mat senger Gewerkschaft, dem OGBL fir d\u00e9i gesellschaftlech Unerkennung vu senge Beruffer a vu senge Carri\u00e8ren.<\/p>\n<p>Iwwert laang Joren huet d\u2019Politik him d\u00e9i Unerkennung verwiert.<\/p>\n<p>Bis zum Joer 2014 wou d\u2019Parlament am Geh\u00e4ltergesetz vun der Fonction Publique d\u2019Opw\u00e4ertung vun de Lafbunne vun de Gesondheets- an den Erz\u00e9ierberuffer decid\u00e9iert huet.<\/p>\n<p>D\u2019Regierung huet sech den 28. November 2014 mat hirer \u00cbnnerschr\u00ebft g\u00e9igeniwwer dem OGBL dozou engag\u00e9iert, dass d\u00e9iselwecht Opw\u00e4ertung fir d\u00e9i zwee grouss Kollektivvertragsber\u00e4icher am Gesondheets- a Sozialwiesen \u00ebmgesat soll ginn.<\/p>\n<p>D\u00e9i finanziell M\u00ebttel dozou sti bereet, d\u2019Deklaratioune vum Minister vun der Sozialer S\u00e9cherheet a Richtung Spideeler si kloer an d\u00e9i gesetzlech ASFT-Kommissioun huet d\u2019Finanzement fir d\u2019Opw\u00e4ertung vun de Carri\u00e8r\u00eb positiv avis\u00e9iert.<\/p>\n<p>Mee nach \u00ebmmer sinn d\u2019Kollektivvertr\u00e4g, weder deen am Spidolsber\u00e4ich nach deen aus dem Sozial- a Fleegesecteur, de sougenannten SAS-Vertrag, net \u00ebnnerschriwwen, well d\u2019Patronat weider block\u00e9iert a sech engem positiven Ofschloss vun de Verhandlunge widdersetzt.<\/p>\n<p>War d\u00e9i gr\u00e9isste Protestmanifestatioun, d\u00e9i mat 9000 Personalmemberen d\u00e9i gr\u00e9isste war d\u00e9i d\u2019Gesondheets- a Sozialwiese vu L\u00ebtzebuerg erlieft huet, net Warnschoss genuch?<\/p>\n<p>Jiddereen, ausser anscheinend d\u2019Patronat, huet de 6. Juni d\u2019l\u00e4scht Joer verstanen, dass d\u2019Personal an de Streik g\u00e9if goen, wann et keng Satisfaktioun fir seng legitim Fuerderung g\u00e9if kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>W\u00e9i w\u00e4it well d\u2019Patronat dat Spill g\u00e9int s\u00e4i Personal a g\u00e9int den OGBL nach dreiwen?<\/p>\n<p>A w\u00e9i w\u00e4it well ee Patronat, deem seng Betriber vun \u00ebffentleche Gelder, ob direkt vum Staat oder iwwert d\u2019Sozialvers\u00e9cherungen, finanz\u00e9iert ginn, dat Spill g\u00e9int d\u2019Politik a g\u00e9int d\u2019\u00ebffentlecht Interessen nach spillen?<\/p>\n<p>Wien sinn si eigentlech fir sech esou verantwortungslos g\u00e9igeniwwer hirem Personal an den Aarbechtsbez\u00e9iungen am Gesondheets- a Sozialsecteur ze verhalen?<\/p>\n<p>D\u2019Z\u00e4itbomm d\u00e9i tickt, mee net m\u00e9i laang, da w\u00e4ert se lassgoen!<\/p>\n<p>D\u00e9i gesetzlech Friddensflicht, d\u00e9i Schlichtungsprozedur dem Personal a senger Gewerkschaft virschreift ass geschw\u00ebnn eriwwer an d\u2019Streikvirbereedunge sinn am gaangen.<\/p>\n<p>Ee grousse Streik am Gesondheets- an am Sozialwiesen am Joer 2017 kann nach just duerch eppes verh\u00ebnnert ginn: duerch d\u2019\u00cbnnerschr\u00ebft vun alle Patronatsorganisatiounen \u00ebnnert d\u00e9i nei Carri\u00e8ren!<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt n\u00e4ischt m\u00e9i ze verhandelen, et g\u00ebtt just nach eppes ze \u00ebnnerschreiwen!<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Ech hunn et schonns gesot: D\u2019Produktivit\u00e9itsgew\u00ebnner hei am Land lafen \u00ebmmer m\u00e9i de L\u00e9in fort, dofir brauche mer eng offensiv Lounpolitik am allgemengen.<\/p>\n<p>Mee et g\u00ebtt nach een anere Problem. Et sinn an \u00e9ischter Linn d\u00e9i niddreg L\u00e9in, an \u00e9ischter Linn de gesetzleche Mindestloun, d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i un Terrain verl\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Wann e Land eng Wirtschaft huet d\u00e9i eng vun de R\u00e4ichste vun der Welt ass, wann e Land eng wirtschaftlech Produktivit\u00e9it huet d\u00e9i Weltsp\u00ebtzt ass, da muss dat Land et f\u00e4erdegbr\u00e9ngen, datt dee M\u00ebnsch a Bierger, dee 40 Stonnen an der Woch schafft an de Mindestloun verd\u00e9ngt uerdentlech an deem Land liewe muss k\u00ebnnen. Wann dat net de Fall ass, dann huet dat Land ee ganz grousse Problem.<\/p>\n<p>D\u00e9i aktuell Familljeministesch ass mat de Resultater vun enger \u00ebnnert der Leedung vun der STATEC gemaachten Etude konfront\u00e9iert, d\u00e9i de Virg\u00e4ngerminister an Optrag ginn hat.<\/p>\n<p>An d\u00ebser Etude g\u00ebtt de Pr\u00e4is gerechent vun all de Wueren an D\u00e9ngschtleeschtungen, vum Wunne bis zur Zahnpasta an der Z\u00e4nnbiischt, d\u00e9i ee M\u00ebnsch sech leeschte muss k\u00ebnnen, fir an eisem Land sou wei d\u2019Etude et seet, an ech zit\u00e9ieren \u201cdezent mee modest\u201d liewen ze k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Just ee Resultat aus d\u00e4r Etude. Een erwuessene Mann, dee 40 Stonnen hei zu L\u00ebtzebuerg schafft, brauch dofir 1922 \u20ac netto pro Mount.<\/p>\n<p>Mam aktuelle gesetzleche Mindestloun huet deeselwechten erwuessene Mann no dem Ofzuch vun de Kotisatiounen a Steieren awer n\u00ebmmen 1727 \u20ac netto zum Liewen zur Verf\u00fcgung. Dat si ronn 11% ze w\u00e9ineg. Mam aktuelle Mindestloun l\u00e4it ee mat sengem Akommes am Aarmutsrisiko.<\/p>\n<p>D\u2019Erh\u00e9ijung vum gesetzleche Mindestloun ass net n\u00ebmme wirtschaftlech verkraaftbar, mee si ass ee ganzt wichtegt Element am Kampf g\u00e9int d\u2019sozial Ongl\u00e4ichheet a fir d\u2019sozial Koh\u00e4sioun hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>Wann d\u2019Lounhierarchie ze staark auserneendrift an \u00ebmmer m\u00e9i grouss Deeler vum Salariat mat hirem Loun net m\u00e9i uerdentlech liewe k\u00ebnnen, dann ass eng Regierung gefuerdert national Lounpolitik ze maachen.<\/p>\n<p>Et besteet akuten Handlungsbedarf. De gesetzleche Mindestloun muss strukturell \u00ebm 10% a d\u2019Luucht gesat ginn. An dat haut an net er\u00e9ischt muer.<\/p>\n<p>An haut heescht, dass d\u00ebs Regierung elo e Gesetzprojet fir d\u00e9i strukturell Erh\u00e9ijung vum Mindestloun op den Instanzewee br\u00e9nge muss.<\/p>\n<p>Och beim REVIS, dem neien RMG, muss d\u2019Regierung hire Gesetzvirschlag \u00ebnner anerem dohigoend verbesseren, dass d\u2019H\u00e9icht vum Montant vum REVIS no uewe revid\u00e9iert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt am Moment ganz vill vu revolution\u00e4rem Technologiewandel geschwat. Net fir d\u2019\u00e9ischt vollzitt sech an der kapitalistescher Produktiounsweis een technologesche Wandel, deen seng d\u00e9ifgr\u00e4ifend Auswierkungen op d\u2019Produktivkraaft huet.<\/p>\n<p>A grad esou w\u00e9i beim Damp a bei der Elektrizit\u00e9it w\u00e4ert och d\u00e9i sougenannten digital Revolutioun net d\u2019Enn vum Kapitalismus a senge Produktiounsverh\u00e4ltnisser sinn.<\/p>\n<p>An domat w\u00e4ert och der Gewerkschaftsbeweegung d\u2019Aarbecht net ausgoen. Mee et g\u00ebtt eng nei Ronn agelaut.<\/p>\n<p>D\u00e9i nei Technologien a W\u00ebssenschafte weisen ee risegt Ver\u00e4nnerungspotential net n\u00ebmmen eleng fir d\u2019Wirtschafts- an d\u2019Betribswelt, mee fir d\u2019Gesellschaft insgesamt op.<\/p>\n<p>Wann ech bewosst vu Ver\u00e4nnerungspotential schw\u00e4tzen, dann ass et mer virun allem ganz wichteg drop hinzeweisen, dass och d\u2019Digitalis\u00e9ierung vun eiser Gesellschaft weder een Naturgesetz nach ee virdetermin\u00e9ierte Wee ass, op deen ee keen Afloss k\u00e9int huelen.<\/p>\n<p>Mat anere Wierder: d\u00e9i digital Revolutioun ass keng Eebunnestrooss.<\/p>\n<p>W\u00e9i si sech an der Gesellschaft an an der Wirtschafts- a Betribswelt \u00ebmsetze w\u00e4ert, a welch Richtung et w\u00e4ert goen, w\u00e4ert m\u00e9i w\u00e9i jee vun de sozialen a politesche Beweegungen a Kr\u00e4fteverh\u00e4ltnisser an der Gesellschaft ofh\u00e4nken.<\/p>\n<p>An dob\u00e4i hu mir als Gewerkschaftsbeweegung eng enorm wichteg Roll ze spillen. Mir mussen eis d\u00ebser grousser Erausfuerderung a Verantwortung bewosst sinn a mir mussen eis d\u00ebser grousser Aufgab konsequent an offensiv stellen.<\/p>\n<p>D\u2019Interesse vum Salariat limit\u00e9ieren sech dob\u00e4i kengesfalls op d\u2019Betribswelt, op d\u2019Aarbechts- an d\u2019Beruffsinteressen, mee si dr\u00e9nge w\u00e4it an all gesellschaftlech Ber\u00e4icher eran.<\/p>\n<p>Demokratie kann net funktion\u00e9iere wann de M\u00ebnsch schutzlos der elektronescher \u00cbmwelt ausgeliwwert ass.<\/p>\n<p>Demokratie kann net an engem elektroneschen Iwwerwaachungsstaat funktion\u00e9ieren.<\/p>\n<p>An Demokratie kann och net funktion\u00e9iere wann \u00ebmmer m\u00e9i \u00ebmfaassend Dates\u00e4tz, d\u00e9i sougenannte Big Data, an den H\u00e4nn vu Multinationale sinn, d\u00e9i sech w\u00e9i Google, Amazon, Facebook, Apple a Microsoft zu enger gef\u00e9ierlecher Konzentratioun vu wirtschaftlecher a gesellschaftlecher an domat politescher Muecht entw\u00e9ckelen.<\/p>\n<p>Fir d\u2019Verteidegung vun eiser privater Sph\u00e4r a vun eisen demokratesche Rechter stinn op Europa bezunn eis Verfassungen an eis Gesetzgebunge viru ganz groussen Erausfuerderungen. A ganz konkret an aktuell fuerdere mer an d\u00ebsem Zesummenhang d\u2019Regierung op hire Gesetzprojet iwwert den Dateschutz ofze\u00e4nneren, fir dass de Schutz vum Salari\u00e9 virun der Iwwerwaachung am Betrib net verschlechtert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>An der aktueller Diskussioun iwwert d\u2019Digitalis\u00e9ierung vun der Wirtschafts- a Betribswelt, besser bekannt \u00ebnnert dem Numm Industrie 3.0 oder Industrie 4.0, stinn e puer zentral Froen am M\u00ebttelpunkt.<\/p>\n<p>Wann d\u2019Industrie 4.0 fir d\u2019Salariat zu enger Chance an Opportunit\u00e9it soll ginn, da mussen d\u00ebs zentral Froe positiv be\u00e4ntwert ginn.<\/p>\n<p>An do sinn d\u2019Politik an d\u2019Sozialpartner haut schonns gefuerdert.<\/p>\n<p>Fir d\u2019Gewerkschaftsbeweegung kann et n\u00ebmmen een Zil ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Industrie 4.0 muss fir jiddereen zu gudder Aarbecht an zu engem bessere Liewe f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019Digitalis\u00e9ierung vun der Aarbechtswelt ka fir de M\u00ebnsch d\u2019Aarbecht m\u00e9i liicht a m\u00e9i human maachen.<\/p>\n<p>An dat g\u00ebllt net n\u00ebmme fir d\u00e9i manuell Aarbechten.<\/p>\n<p>D\u00ebs Chance kann awer n\u00ebmmen dann erreecht ginn, wann e modernt Aarbechtsrecht a performant Kollektivvertr\u00e4g Aarbechtsorganisatiounen an Aarbechtsz\u00e4ite garant\u00e9ieren, d\u00e9i d\u2019Aarbechtsverdichtung, d\u2019Aarbechtsintensit\u00e9it limit\u00e9ieren an d\u2019Aarbechtsmonotonie, spr\u00e9ch den digitale Fl\u00e9issbandaarbechter verh\u00ebnneren. E Problem deen elo schonn an der l\u00ebtzebuergescher Industriewelt am Virmarsch ass.<\/p>\n<p>Eng zweet zentral Fro ass d\u00e9i, ob et m\u00e9i oder manner Aarbecht fir de M\u00ebnsch w\u00e4ert ginn.<\/p>\n<p>W\u00e4ert net m\u00e9i genuch Aarbecht fir jiddereen do sinn?<\/p>\n<p>Eng ganz pertinent Fro, wann een sech haut de Stand vun der Massenaarbechtslosegkeet an Europa ukuckt.<\/p>\n<p>Soll d\u2019Industrie 4.0 zur Chance ginn, da kann et dorops n\u00ebmmen eng sozial fortschr\u00ebttlech \u00c4ntwert ginn: an dat ass d\u00e9i allgemeng Verkierzung vun der Aarbechtsz\u00e4it.<\/p>\n<p>A wa mer vun de Produktivit\u00e9itsgew\u00ebnner ausginn, d\u00e9i jo allgemeng ugeholl ginn, dann ass fir d\u2019Salariat d\u2019Perspektiv vun der Aarbechtsz\u00e4itverkierzung net n\u00ebmme mat vollem Lounausgl\u00e4ich mee och mat reale Lounentw\u00e9cklungen op.<\/p>\n<p>Mee mir sollen eis n\u00e4ischt virmaachen.<\/p>\n<p>N\u00e4ischt w\u00e4ert am Selbstlaf an ouni d\u2019Noutwendegkeet vun enger staarker Gewerkschaftsbeweegung pass\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Sollt d\u00e9i weider Digitalis\u00e9ierung an der Wirtschaftswelt zur ugek\u00ebnnegter staarker Entw\u00e9cklung vun der Produktivit\u00e9it f\u00e9ieren, da w\u00e4ert d\u2019Verdeelungsfro t\u00ebscht Kapital an Aarbecht, d\u2019Verdeelung vun d\u00ebse Produktivit\u00e9itsgew\u00ebnner an de M\u00ebttelpunkt vun de sozialen Ausenanersetzungen trieden.<\/p>\n<p>An Aarbecht fir jiddereen ass eng Fuerderung d\u00e9i eis Gewerkschaft net just fir d\u2019Zukunft stellt, mee si ass haut gestallt.<\/p>\n<p>W\u00e9i a ganz Europa ass och zu L\u00ebtzebuerg d\u2019Aarbechtslosegkeet op nei historesch Rekordh\u00e9ichte geklommen.<\/p>\n<p>Den OGBL huet d\u2019Vollbesch\u00e4ftegung a sengem Programm an dat w\u00e4ert och no sengem Kongress am Joer 2019 weiderhin de Fall sinn.<\/p>\n<p>Den neoliberale Kapitalismus a seng Politik sinn onf\u00e4heg d\u00ebse Problem ze l\u00e9isen.<\/p>\n<p>No joerz\u00e9ngtelaanger Massenaarbechtslosegkeet brauch et dofir kee weidere Beweis ze ginn.<\/p>\n<p>A wa mer haut dovu schw\u00e4tzen, dass de weideren Technologiewandel grouss Ver\u00e4nnerunge bei de beruffleche Qualifikatioune bewierke w\u00e4ert an elo schonns bewierkt,<\/p>\n<p>wa mer dovu schw\u00e4tzen, dass ganz Beruffer a Beruffsbiller a bal alle gesellschaftleche Wirtschaftsber\u00e4icher total chang\u00e9ieren, verschwannen oder duerch neier ersat ginn,<\/p>\n<p>wa mer dovu schw\u00e4tzen, dass de schaffende M\u00ebnsch seng berufflech Qualifikatioune st\u00e4nneg weiderentw\u00e9ckelen an upasse muss,<\/p>\n<p>a wa mer dovu schw\u00e4tzen, dass et zu Aarbechtsplazvernichtunge k\u00ebnnt, d\u00e9i m\u00e9iglecherweis net ganz kompens\u00e9iert w\u00e4erte ginn, da w\u00e4erten d\u00ebs Entw\u00e9cklungen n\u00ebmmen da sozial fortschr\u00ebttlech ze meeschtere sinn, wann d\u2019Politik massiv Agr\u00ebffer an de kapitalistesche Produktiouns- a Reproduktiounsprozess virh\u00eblt.<\/p>\n<p>D\u2019Politik ass als \u00e9ischt gefuerdert.<\/p>\n<p>D\u2019Recht op eng gutt sozial a berufflech Perspektiv fir jidderee muss elo zum M\u00ebttelpunkt vun der politescher Aktioun ginn.<\/p>\n<p>E fortschr\u00ebttlecht a modernt nationaalt an europ\u00e4escht Aarbechtsrecht muss an \u00e9ischter Linn gutt Aarbechtsvertr\u00e4g ofs\u00e9cheren.<\/p>\n<p>Den onbefristete Vertrag muss d\u00e9i grouss Regel bleiwen an d\u2019Scheinselbstst\u00e4nnegkeet muss gesetzlech aus der Welt geschaf a verh\u00ebnnert ginn.<\/p>\n<p>Digital Tagel\u00f6hner \u00e0 la UBER d\u00e4erfen net d\u2019Zukunft sinn.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter Jore fuerdert den OGBL d\u2019Modernis\u00e9ierung vun eisem Aarbechtsrecht.<\/p>\n<p>Bis haut ass net vill pass\u00e9iert.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 10 Joer fuerdere mer d\u2019Reform vun dem \u00e4usserst schwaache Gesetz iwwert d\u00e9i sougenannten \u201cPlan de maintien dans l\u2019emploi\u201d.<\/p>\n<p>Mir w\u00ebllen, dass endlech e Gesetz entsteet dat net just reaktiv ass wann d\u2019Kand schonn am P\u00ebtz l\u00e4it, mee dat den Akzent op d\u2019Pr\u00e4ventioun an op d\u2019Prospektioun a Planung vun de sozialen a beruffleche Perspektive vun de Salari\u00e9en am Betrib leet an och entspriechend seri\u00f6 Verhandlungsrechter fir d\u2019Gewerkschaftss\u00e4it schaaft.<\/p>\n<p>Dr\u00e9nglechkeetscharakter huet och d\u00e9i l\u00e4ngst f\u00e4lleg Reform vum Gesetz iwwert d\u2019kollektiv Entloossungen.<\/p>\n<p>Dat aktuellt Gesetz m\u00e9cht et net n\u00ebmmen dem Patronat vill ze vill einfach Sozialpl\u00e4ng auszel\u00e9isen, oder d\u00e9i esouguer ze \u00ebmgoen. A well och hei seri\u00f6 Verhandlungsrechter, an \u00ebnner anerem Streikrecht, feele sinn och d\u2019Verhandlungsm\u00e9iglechkeete vum Salariat \u00e4usserst limit\u00e9iert. Net n\u00ebmmen d\u00e9i l\u00e4scht Beispiller aus dem Bankeber\u00e4ich, mee och deen aktuelle Skandal am Industriebetrib John Zink, wou e Betrib dee gutt wirtschaftlech Gew\u00ebnner m\u00e9cht seng Leit erausgeheie w\u00ebll, ruffen d\u2019Regierung op, elo ze handelen.<\/p>\n<p>Dr\u00e9nglechkeetscharakter hunn och d\u00e9i l\u00e4ngst f\u00e4lleg gesetzlech Verbesserunge fir d\u2019Situatioun vun de Salari\u00e9en, d\u00e9i vu Betribsfaillit\u00eb betraff sinn. An Dr\u00e9nglechkeetscharakter huet och d\u2019Reform vun der Aarbechtsmedezin, eng Aarbechtsmedezin d\u00e9i fir d\u2019S\u00e9cherheet an de Gesondheetsschutz vun de Salari\u00e9en an der Digitalis\u00e9ierung vun der Aarbechtswelt viru ganz neien Erausfuerderunge steet.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt v\u00eblleg zu Recht drop higewisen, dass d\u00e9i permanent berufflech Fort- a Weiderbildung \u00ebmmer m\u00e9i wichteg g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Dem OGBL war et ze verdanken, dass an de Betriber iwwert 150 Leit d\u2019Cogestioun an d\u2019Codecisioun iwwert berufflech Fort- a Weiderbildung am Betrib am Delegatiounsgesetz agefouert ginn ass.<\/p>\n<p>Mee domat geet et net duer.<\/p>\n<p>D\u00e9i allgemeng Rechter op d\u2019berufflech Fort- a Weiderbildung an op de \u201clife long learning\u201d am allgemengen, souw\u00e9i den Zougang op Weiderbildung an op berufflech Orient\u00e9ierungsh\u00ebllef, an och d\u00e9i materiell an Z\u00e4itm\u00e9iglechkeete fir jiddereen, musse fundamental ausgebaut ginn.<\/p>\n<p>De Staat steet an der Obligatioun s\u00e4in demokratesch-\u00ebffentleche Bildungsoptrag op d\u2019Z\u00e4it no der initialer Ausbildung a Bildung gesetzlech auszedehnen an d\u00e9i noutwenneg \u00ebffentlech M\u00ebttelen dofir ze mobilis\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Hien ass responsabel dofir dass net nei sozial Frakturen an der Ausbildung entstinn, d\u00e9i d\u00e9i sozial a berufflech Perspektive vun de Leit a Fro stellen.<\/p>\n<p>Den aktuelle Gesetzprojet iwwert d\u2019Formation continue ass e ganz schlechten a g\u00ebtt den Uspr\u00e9ch, d\u00e9i sech elo schonns stellen an nach vill m\u00e9i deenen d\u00e9i sech an d\u2019Zukunft stellen, absolut net gerecht.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert den Educatiounsminister op, dee Gesetzprojet fr\u00ebsch op de Leescht ze huelen a w\u00e9i ofgemaach mat de Sozialpartner am CPTE ze diskut\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u00e9i aktuell Entw\u00e9cklungen an der Aarbechtswelt sollen och Dieren opstousse fir m\u00e9i Z\u00e4itsouver\u00e4nit\u00e9it, fir eng besser Harmonis\u00e9ierung vun Aarbecht a Privatliewen, fir eng besser work-a-life balance, fir ee Moudewuert ze gebrauchen.<\/p>\n<p>An effektiv, d\u00e9i Potentialer bestinn, dat ass net vun der Hand ze weisen.<\/p>\n<p>Mee och net vun der Hand ze weisen, sinn och ganz aner Potentialer.<\/p>\n<p>N\u00e4mlech d\u00e9i vun der fortschreitender Entgrenzung t\u00ebscht Aarbecht a Privatliewen, wou een dauernd \u201con line\u201d mat der Aarbecht ass, egal w\u00e9ini an egal wou an egal w\u00e9i laang, wou een net m\u00e9i ofschalte kann oder d\u00e4erf, well et k\u00e9int ee jo eppes Wichteges verpassen, fir net seng Opstiigschancen oder seng berufflech Perspektiv an der Konkurrenz zu aneren a Gefor ze br\u00e9ngen.<\/p>\n<p>An der Flexibilis\u00e9ierungsdiskussioun k\u00e4mpft d\u2019Patronat fir eng ganz aner Z\u00e4itsouver\u00e4nit\u00e9it, n\u00e4mlech fir d\u00e9i, fir d\u00e9i et nach \u00ebmmer gek\u00e4mpft huet.<\/p>\n<p>An zwar fir d\u2019Verl\u00e4ngerung vum Aarbechtsdag a vun der Aarbechtswoch, wou Iwwerstonne geschafft an net honor\u00e9iert ginn, wou een zu all Moment z\u00e4itdisponibel fir de Betrib soll sinn.<\/p>\n<p>W\u00e9i d\u2019Haltung vum Patronat an der Aarbechtsz\u00e4itfro ass hunn d\u2019Diskussiounen zum PAN-Gesetz gewisen.<\/p>\n<p>D\u2019Patronat wollt flexibilis\u00e9iert Aarbechtsz\u00e4iten ouni Spillregelen an et ass opgrond vum OGBL senger Resistenz net domat duerchkomm.<\/p>\n<p>Den OGBL stellt haut nach eemol ganz kloer, dass nei Aarbechtsz\u00e4itmodeller an och d\u2019Multiplikatioun vu m\u00e9iglechen Aarbechtsz\u00e4itmodeller n\u00ebmmen dann am Interesse vum Salari\u00e9 funktion\u00e9iere k\u00ebnnen, wann net manner, mee m\u00e9i a kloer defin\u00e9iert Spillregelen de Kader dofir setzen.<\/p>\n<p>Iwwert de Wee vum Aarbechtsrecht, iwwert de Wee vun de Kollektivvertr\u00e4g, iwwert de Wee vu nationalen a sektoriellen Ofkommen, d\u00e9i t\u00ebscht dem Patronat an dem OGBL verhandelt an ofgeschloss ginn.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert d\u2019Patronatsorganisatiounen op net er\u00ebm Alleing\u00e4ng ze prob\u00e9ieren, w\u00e9i dat elo beispillsweis eng FEDIL a Bezuch op de sougenannten T\u00e9l\u00e9travail am gaangen ass ze maachen.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert d\u2019UEL op positiv Verhandlungen ze f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Eng \u00e9ischt M\u00e9iglechkeet positiv Verhandlungen ze f\u00e9ieren an zu engem gemeinsamen Ofschloss ze kommen, bitt d\u00e9i aktuell Diskussioun t\u00ebscht der UEL an der Gewerkschaftss\u00e4it iwwert d\u00e9i sougenannten Aarbechtsz\u00e4itkonten, de \u201ccomptes-\u00e9pargne-temps\u201d.<\/p>\n<p>Den Ausgang vun der Diskussioun ka richtungsweisend fir d\u00e9i n\u00e4chst Jore sinn. Den OGBL ass prett fir sozialpartnerschaftlech L\u00e9isungen am Interesse vun alle S\u00e4iten. Un der UEL sech och elo an d\u00e9i Richtung ze position\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Den OGBL begr\u00e9isst d\u00e9i aktuell Initiativ vun der Regierung d\u00e9i digital Zukunft vu L\u00ebtzebuerg mat de forces vives de la nation ze diskut\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Den OGBL w\u00e4ert sech an d\u00ebsen Diskussioune voll mat abr\u00e9ngen an engag\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Begr\u00e9issensw\u00e4ert ass och de Projet t\u00ebscht de Beruffskummeren an dem Aarbechtsminister vun enger gemeinsamer Etude iwwert d\u2019Industrie 4.0 hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>Den OGBL erhofft sech, dass d\u00e9i Sujeten, d\u00e9i sech aus d\u00ebser Analys erausdegag\u00e9ieren, dann zu zilf\u00fchrende Verhandlungen t\u00ebscht de Sozialpartner an der Regierungss\u00e4it f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Den OGBL ges\u00e4it an der Initiativ vun der Regierung d\u2019Chance zu engem revitalis\u00e9ierte Sozialdialog hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>Et ass erlaabt d\u2019Visioun vun engem Modell L\u00ebtzebuerg am digitalen Z\u00e4italter ze hunn.<\/p>\n<p>Eng Visioun, d\u00e9i ouni eng staark Gewerkschaft net denkbar ass.<\/p>\n<p>An dat kann n\u00ebmmen eng Gewerkschaft vun der St\u00e4erkt, der Eenheet an der Onofh\u00e4ngegkeet sinn.<\/p>\n<p>Eng Gewerkschaft vun alle Beruffer a Qualifikatiounen, vum \u00ebffentlechen a privaten Aarbechtsstatut, op Mann oder Fra, op L\u00ebtzebuerger oder Ausl\u00e4nner, op vun hei oder vun hannert der Grenz.<\/p>\n<p>Eng Gewerkschaft d\u00e9i d\u2019l\u00e4scht Joer hire grousse Rendez-vous mat hirer 100-j\u00e4reger Geschicht hat. An d\u00e9i am Joer 2017 de Rendez-vous mat haut a mat der Zukunft huet.<\/p>\n<p>Fir de Fridden an Demokratie, fir e soziaalt Europa, fir e sozial fortschr\u00ebttlecht L\u00ebtzebuerg. Fir eng gutt Ausbildung, fir eng gutt Aarbecht an e gutt Akommes a fir eng gutt Sozial S\u00e9cherheet fir jiddereen.<\/p>\n<p>Dofir si mir prett. Dir alleguerten hei am Sall als Sp\u00ebtzt vum OGBL, eis dausende vu Personalvertrieder an de Betriber an eis z\u00e9ngdausende vu Memberen, d\u00e9i hannert der f\u00e9ierender gewerkschaftlecher a sozialer Kraaft vu L\u00ebtzebuerg stinn.<\/p>\n<div>\n<p>Vive eis 100 Joer al Sektioun Diddeleng. Vive eisen OGBL. A vive eisen 1. Mee.<\/p>\n<p>&nbsp;<\/p>\n<\/div>\n<p>&nbsp;<\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":3907,"template":"","categorie_communiques":[41],"syndicat":[],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title>Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017 - OGBL<\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:fr]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:en]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"Dat Allerwichtegst ganz am Ufank. De Fridden op der Welt, de Fridden t\u00ebscht de L\u00e4nner an de Fridden an de \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-28T12:34:38+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1024\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"640\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"41 minutes\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/\",\"name\":\"[:fr]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:en]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg\",\"datePublished\":\"2017-04-28T13:40:39+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-28T12:34:38+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"en-US\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg\",\"width\":1024,\"height\":640},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"THE TRADE UNION\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"en-US\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:fr]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:en]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"[:fr]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:en]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:] - OGBL","og_description":"Dat Allerwichtegst ganz am Ufank. De Fridden op der Welt, de Fridden t\u00ebscht de L\u00e4nner an de Fridden an de \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-06-28T12:34:38+00:00","og_image":[{"width":1024,"height":640,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"41 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/","name":"[:fr]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:en]Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg","datePublished":"2017-04-28T13:40:39+00:00","dateModified":"2023-06-28T12:34:38+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#breadcrumb"},"inLanguage":"en-US","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2017\/04\/Fete_travail_meeting_OGBL_Dudelange__0131-1024x640-1.jpg","width":1024,"height":640},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-du-president-de-logbl-a-loccasion-du-meeting-du-27-avril-2017\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Discours du pr\u00e9sident de l\u2019OGBL \u00e0 l\u2019occasion du meeting du 27 avril 2017"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"THE TRADE UNION","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"en-US"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2218"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2218\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media\/3907"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2218"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=2218"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=2218"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}