{"id":2115,"date":"2016-10-19T20:12:43","date_gmt":"2016-10-19T18:12:43","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl"},"modified":"2023-06-29T11:20:13","modified_gmt":"2023-06-29T09:20:13","slug":"discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/","title":{"rendered":"Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-en\"> <\/p><p><\/p>\n<div>\n<p align=\"center\">100 Joer fr\u00e4i Gewerkschaften (1916-2016)<br \/>\nS\u00e9ance acad\u00e9mique, Campus Belval den 19 Oktober 2016\u00a0<b><br \/>\n<\/b><\/p>\n<\/div>\n<div>\n<p align=\"center\"><b>Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL<br \/>\n<\/b><\/p>\n<\/div>\n<p>Altesse Royale,<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-22888 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233\" width=\"300\" \/><\/a>E ganz grousse Merci un Iech, datt Dir haut hei sidd, fir mat eis ee ganz besonnesche Festdag ze feieren. De Festdag vum 100ste Gebuertsdag vun de fr\u00e4ie Gewerkschaften hei zu L\u00ebtzebuerg. \u00c4ert Kommen ass fir eis eng ganz grouss \u00c9ier, well et \u00ebnnerstr\u00e4icht d\u2019Bedeitung d\u00e9i Dir d\u00ebsem historeschen Evenement beimoosst. \u00c4er Pr\u00e4senz ass den Ausdrock dofir, datt et ganz wichteg Momenter g\u00ebtt, wou een zesumme k\u00ebnnt, fir dat gemeinsam ze feieren an ze wierdege, wat fir d\u2019Entw\u00e9cklung vun eisem Land a vun eisem Zesummeliewen vu grousser Bedeitung ass. Et ass den Ausdrock vum g\u00e9iges\u00e4itege Respekt an e wichtegt Zeeche fir d\u2019Zesummeschaffen am Interesse vun eisem Land a vun alle M\u00ebnschen, d\u00e9i an eisem Land liewen a schaffen.<\/p>\n<p>H\u00e4r President vun der Chamber,<\/p>\n<p>H\u00e4r Premier Minister,<\/p>\n<p>Madame an H\u00e4re Ministeren,<\/p>\n<p>Dir Dammen an H\u00e4ren Deput\u00e9iert,<\/p>\n<p>H\u00e4r President vum Staatsrot,<\/p>\n<p>Dir H\u00e4re Botschafter a Botschaftsvertrieder,<\/p>\n<p>Dir Dammen an H\u00e4re Buergermeeschteren a Scheffen,<\/p>\n<p>L\u00e9if \u00c9iereg\u00e4scht aus Wirtschaft a Gesellschaft,<\/p>\n<p>L\u00e9if Gewerkschaftskollegen aus dem Ausland an vun de l\u00ebtzebuergesche Gewerkschaftsorganisatiounen,<\/p>\n<p>Och un Iech riichten ech ee grousse Merci fir \u00c4r Pr\u00e4senz. Dir \u00ebnnerstr\u00e4icht domat \u00c4r Undeelnam un deem wichtegen Evenement vun haut. Eng Pr\u00e4senz d\u00e9i mir als OGBL ganz h\u00e9ich ze sch\u00e4tze w\u00ebssen, a mir si frou mat Iech deen Dag ze feieren, wou eis Gewerkschaft mat hirer Vergangenheet e grousse Rendez-vous huet.<\/p>\n<p>L\u00e9if Gewerkschaftler, l\u00e9if Kolleginnen a Kollegen vum OGBL,<\/p>\n<p>Och un Iech ee grousse Merci, datt Dir haut hei sidd fir de Gebuertsdag vun eiser Organisatioun ze feieren. Ech sinn net n\u00ebmme frou Iech als Vertrieder vun de Sektiounen, vun den Departementer a vun de Berufssyndikater vum OGBL begr\u00e9issen ze k\u00ebnnen. Et ass mir och ganz wichteg Iech ze soen, datt et fir mech eng ganz besonnesch \u00c9ier ass, datt ech dee vun Iech dierf sinn, deen an \u00c4rem Numm an am Numm vun all eise Memberen d\u2019Festried zum Honnerste vun eiser Gewerkschaft halen dierf.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if \u00c9ireg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p>Eng Festried muss direkt dat uschw\u00e4tzen an an de Virdergrond stelle, wat dat Bedeitungsvollst, dat Wichtegst vun d\u00e4r Organisatioun ass, d\u00e9i ee feiert. Den \u00e9ischte Gedanken deen engem dob\u00e4i spontan af\u00e4llt, ass natiirlech dee vun der erausragender Roll d\u00e9i d\u2019fra\u00ef Gewerkschaft, vum OGBL bis zr\u00e9ck zu senge Virg\u00e4ngerorganisatioune fir d\u2019Verbesserung vun den Aarbechts- a vun de Liewensbed\u00e9ngunge vun de schaffende Leit gespillt huet an och weider spillt. Eis Organisatioun huet d\u2019l\u00ebtzebuerger Sozialgeschicht net n\u00ebmme matgeschriwwen, si wor zu allen Z\u00e4iten de Motor, d\u00e9i dreiwend Kraaft fir de soziale Fortschr\u00ebtt an eisem Land.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0231.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"alignleft wp-image-22887\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0231.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0231\" width=\"300\" \/><\/a>M\u00e4 esou richteg dee Gedanken och ass, esou falsch ass e fir d\u2019Ergr\u00e4ife vum K\u00e4r a vum H\u00e4erz vun eiser Organisatioun. De richtege Gedanken ass bei deenen 10000de Gewerkschaftler, Fraen a M\u00e4nner, d\u00e9i an de vergaangenen 100 Joer d\u00e9i M\u00ebnsche woren, d\u00e9i eis Gewerkschaft gegr\u00ebnnt a Schr\u00ebtt fir Schr\u00ebtt opgebaut hunn. An d\u00e9i solidaresch Hand an Hand, S\u00e4it u S\u00e4it, hir Organisatioun all Dag agesat hunn, an do feelt keen eenzegen Dag, fir fir sech, fir hir Familljen a fir d\u2019schaffend Leit e bessert Liewen ze erk\u00e4mpfen.<\/p>\n<p>Si stinn am M\u00ebttelpunkt vun eiser Feier. Si sinn et, d\u00e9i et verstanen hunn, datt een als Salari\u00e9, deem s\u00e4in eenzegt Kapital seng Aarbechtskraaft ass, d\u00e9i ee verkafe muss, fir liewen ze k\u00ebnnen, n\u00ebmmen dann e gesellschaftlechen Afloss op seng sozial Situatioun ka kr\u00e9ie, wann ee seng Vereenzelung, s\u00e4in isol\u00e9iert sinn iwwerw\u00ebnnt, an deem ee sech mat aneren zesummendeet, fir als organis\u00e9ierte Kollektiv vun de schaffende Leit, en anert Wuert fir Gewerkschaft, wirksam seng Aarbechts- a Liewensinteressen an der Gesellschaft ze vertrieden an duerchzesetzen.<\/p>\n<p>Si sinn et, d\u00e9i zu 10000tausende mat hirem Bewosstsinn, mat hirem Engagement, mat hirer Motivatioun an hirem konsequente W\u00ebllen 100 Joer Sozialgeschicht geschriwwen hunn an eng onofh\u00e4ngeg, demokratesch a kampfstaark Gewerkschaft obgebaut hunn. Hinne soll d\u00ebs akademesch S\u00ebtzung gewidmet sinn, hinne g\u00ebllt eise ganz grousse Merci an eise ganz grousse Respekt.<\/p>\n<p>Vill vun deenen 10000den aktive Gewerkschaftler kenne mer haut net m\u00e9i. Weder hir Nimm nach hir Persoun a Pers\u00e9inlechkeet. An awer sinn a bleiwe si en Deel vun eis, en Deel vun eisem kollektive Bewosstsinn an vun eisen Iwwerzeegungen. Si liewen och weider duerch hirt Wierken, e Wierke materialis\u00e9iert an der Existenz vun der Gewerkschaft vun haut, e Wierke\u00a0 verankert an allen Errongenschaften, d\u00e9i si mat hirer Gewerkschaft duerchgesat hunn.<\/p>\n<p>A si liewe weider mat deene Gewerkschaftler, d\u00e9i an hirem Numm eng f\u00e9ierend Roll an der Gewerkschaft iwwerholl hunn. Wa Kr\u00e9iesch Pier, de Schortgens Jang, de Bausche Jemp, de Kr\u00e9iesch Tun, de Bievesch Nic, de Weissen Tun oder de Casteg nach g\u00e9nge liewen an haut den Owend bei eis wieren, da w\u00e4ren hir Gedanke bei all deenen, d\u00e9i mat hinnen zesummen zu hirer Z\u00e4it eis gemeinsam Saach weiderbruecht hunn.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p>An deene leschten honnert Joer huet sech eis fr\u00e4i Gewerkschaftsbeweegung staark ver\u00e4nnert. Bliwwen ass hir Grondmissioun, bliwwen ass och d\u2019Prinzip vun hirer Fr\u00e4iheet, n\u00e4mlech onofh\u00e4ngeg ze sinn, well weder konfessionnell nach parteipolitesch gebonnen, nach materiell ofh\u00e4ngeg, well finanz\u00e9iert iwwert d\u00e9i monatlech Beitr\u00e4g vun hire Memberen.<\/p>\n<p>Wat ge\u00e4nnert huet, ass hir lafend Upassung un d\u2019Entw\u00e9cklung vun der kapitalistescher Wirtschaft a Gesellschaft, un d\u00e9i weider Ausgestaltung vum Verh\u00e4ltnis t\u00ebscht Kapital an Aarbecht an un d\u00e9i bedeitend a villf\u00e4lteg Roll, d\u00e9i d\u2019Politik an de Staat an der Organisatioun vum gesellschaftleche Liewe m\u00ebttlerweil ageholl hunn.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0235.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-22890 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0235.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0235\" width=\"300\" \/><\/a>Eis Gewerkschaft ass ni stoe bliwwen. Si huet et f\u00e4rdeg bruecht, d\u2019Zeeche vun der Z\u00e4it \u00ebmmer er\u00ebm rechtz\u00e4iteg ze erkennen a mam Wandel vun der Gesellschaft matzegoen. 1916, matten am 1. Weltkrich ass als \u00c4entwert op d\u00e9i deemoleg katastrophal Versuergungslag vun der Bev\u00f6lkerung an op d\u00e9i inhuman Aarbechts- a Lounkonditiounen am Biergbau an an der Industrie eis Gewerkschaft gebuere ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Prinzip vun der Industriegewerkschaft als kampfstaark Massenorganisatioun wor d\u00e9i nei Qualit\u00e9it, d\u00e9i vun do un hire Wee gaangen ass. Am \u00e9ischte Moment nach zweegliddreg, ass et schons 4 Joer duerno 1920 zur Fusioun an de L\u00ebtzebuerger Bierg- a Metallindustrieaarbechter-Verband komm. Vill Aarbechtsk\u00e4mpf si gefouert ginn. Et goufen Erfollger, m\u00e4 et goufen och Nidderlagen, d\u00e9i d\u00e9i jonk Beweegung zer\u00e9ckgeh\u00e4it hunn. M\u00e4 gebrach konnt se bis haut net m\u00e9i ginn, wann een Abstraktioun mecht vun de 4 Joer am 2. Weltkrich, wou d\u2019Nazie w\u00e4hrend der Okkupatioun vun eisem Land eis Gewerkschaft ausgeschalt haten.<\/p>\n<p>D\u00ebs 4 Joer vum faschistesche Verbuet vun eiser Gewerkschaft sinn eist l\u00ebtzebuergescht Beispill dofir, datt n\u00ebmmen an enger Welt vu Fridden an Demokratie sech eng fr\u00e4i Gewerkschaft entfale kann. Eng Gewerkschaft kann ouni gewerkschaftlech Fra\u00efheeten a gewerkschaftlech Vertriedungs- a Verhandlungsrechter net fonctionn\u00e9ieren. An d\u00ebs Fr\u00e4iheeten a Rechter hu misste g\u00e9int de Widerstand vu Patronat a Politik schw\u00e9ier erk\u00e4mpft ginn.<\/p>\n<p>Et soll haut drun er\u00ebnnert ginn, datt et ganzer 20 Joer gedauert huet, bis endlech der Gewerkschaftsbeweegung, no enger Massendemonstratioun, d\u2019gesetzlech d\u2019Recht zougestane ginn ass, fir als Gewerkschaft d\u2019Aarbechts- an d\u2019Lounbed\u00e9ngunge mam Patronat ze verhandelen.<\/p>\n<p>D\u2019Schafung am Joer 1936 vum Conseil National du Travail als \u00e9ischt parit\u00e9itesch zesummegesaten Schlichtungsinstanz wor net n\u00ebmmen eng ganz wichteg Etapp op eisem laange Wee fir d\u2019gesetzlech Unerkennung vun der Gewerkschaft, m\u00e4 et wor gl\u00e4ichz\u00e4iteg en \u00e9ischte Schr\u00ebtt a Richtung vun engem Modell vu gesetzlech geregelte Verhandlungs- a Vertragsbez\u00e9iungen t\u00ebscht Gewerkschaften a Patronat.<\/p>\n<p>Et wor d\u2019Virform vum \u00e9ischte Kollektivvertragsgesetz dat &#8211; obwuel deemols schons gefuerdert &#8211; er\u00e9ischt no 30 weidere Joeren duerchgesat konnt ginn, an et wor och d\u2019Virform vun dem Tripartite Koordinatiounscomit\u00e9, deen am Verlaf vun der Stolkris Enn de 70-ger Joeren entstanen ass.<\/p>\n<p>Mat deem klengen historeschen Exkurs w\u00ebll ech eisen Historiker vun haut den Owend, den Denis Scuto, net \u00ebm een Thema m\u00e9i liicht maachen, m\u00e4 ech w\u00ebll op d\u2019Gebuert an d\u2019Entw\u00e9cklung vun deem Modell vu gesetzlech verankerte Sozialbez\u00e9iungen an Institutiounen hiweisen, deen nach haut seng G\u00fcltegkeet huet.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter senger Gr\u00ebnnung am Joer 1979 huet den OGBL sech zum l\u00ebtzebuerger Modell vun der sozialer Partnerschaft, zu senge Gesetzer an Institutioune bekannt. En huet sech dozou bekannt, well d\u00ebse Modell eisem Land w\u00e4hrend Joerz\u00e9ngten de soziale Fortschr\u00ebtt fir d\u00e9i schaffend Leit bruecht huet, d\u2019Wirtschaft bl\u00e9ie gelooss huet an de soziale Fridde ges\u00e9chert huet.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0250.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"wp-image-22892 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0250.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0250\" width=\"300\" height=\"200\" \/><\/a>M\u00e4 eng fr\u00e4i Gewerkschaft w\u00e4r net fra\u00ef, wa si sech net m\u00e9i der Fro stelle g\u00e9if, w\u00e9i w\u00e4it een als Gewerkschaft zum sozialen a gesellschaftlechen Uerdnungsfaktor w\u00ebll ginn, w\u00e9i d\u00e9if d\u2019Abannen an e sozialpartnerschaftleche Modell d\u00e4erf goen, fir net seng eege Missioun, Identit\u00e9it an Handlungsf\u00e4hegkeet a Fro ze stellen. Dat ass keng theoretesch Fro, m\u00e4 eng ganz praktesch an zugl\u00e4ich strategesch, well d\u2019\u00c4entwert dodrop zu all historeschem Z\u00e4itpunkt ontrennbar mat der Analys verbonnen ass, op ee best\u00ebmmte Modell vu soziale Bez\u00e9iungen nach weider zum gew\u00ebnschten Zil f\u00e9iert. N\u00e4mlech deem vun der Ofsecherung an der Entw\u00e9cklung vum soziale Fortschr\u00ebtt an der sozialer Gerechtegkeet an der Gesellschaft.<\/p>\n<p>Leider huet d\u00e9i Fro an de leschte Joeren u Pertinenz gewonnen. D\u00e9i dominant Politik an Europa setzt weiderhin d\u2019Kaart op ee liberale Wirtschaftsmodell, dee w\u00e9i eng Dampwalz iwwert d\u2019europa\u00ebsch Sozialmodeller fiert an dee souwuel zu enger \u00ebmmer m\u00e9i ausgepr\u00e4gtener Schieflag bei der Verdeelung vum gesellschaftleche R\u00e4ichtum, w\u00e9i och zu enger gef\u00e9ierlecher Verschiebung vun de gesellschaftleche Kr\u00e4fteverh\u00e4ltnisser f\u00e9iert. Den europ\u00e4esche Sozial- a Wohlfahrtsstaat huet d\u00e9if R\u00ebss kritt. Wee schwetzt nach vu sozialer Maartwirtschaft? D\u00e9i europ\u00e4esch Staaten dumpe sech lounm\u00e9isseg, sozial a fiskalesch ee g\u00e9int deen aneren nidder. Dat ass d\u00e9i falsch Politik, well esou kann ee kee gemeinsamt Europa zum Wuel vu senge Bierger opbauen. D\u00e9i, d\u00e9i et zougelooss hunn, datt ee V\u00e9irel vun de M\u00ebnschen an Europa an Aarmut lieft oder dem Risiko vun der Aarmut ausgesat ass, sinn d\u00e9i d\u00e9i d\u2019Responsabilit\u00e9it droe fir d\u00e9i politesch Krisesymptomer, d\u00e9i an Europa mat enger erschreckender Vitesse wuessen.<\/p>\n<p>Ech muss vum Brexit schw\u00e4tzen, deen net h\u00e4tt dierfte pass\u00e9ieren an dee verh\u00ebnnert h\u00e4tt k\u00ebnne ginn. Ech muss vun de soziale Katastrophen a Griechenland an an anere L\u00e4nner schw\u00e4tzen, d\u00e9i och verh\u00ebnnert h\u00e4tte misse ginn an d\u00e9i dringend no enger sozial fortschr\u00ebttlecher \u00c4entwert verlaangen. Ech muss vun der politischer Kris an der Fl\u00fcchtlingsfro schw\u00e4tzen, wou Europa, dat sech \u00ebmmer als eng Plaz vum Respekt vun de M\u00ebnscherechter verstanen huet, d\u2019Genfer Fl\u00fcchtlingskonventioun a Fro stellt. An ech muss vum Virmarsch vun all deenen nationalistesch-populistesche, friemefeindleche, rassisteschen a rietsextreme Kr\u00e4ften a Partei schw\u00e4tzen, d\u00e9i G\u00ebft si fir \u2018Demokratie an de soziale Fortschr\u00ebtt an eiser Gesellschaft.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p>Et muss een sech haut dem grousse Problem vun der Gestaltung vun de soziale Bez\u00e9iunge stellen. Um europ\u00e4esche Plang ginn et beim sozialen Dialog \u00ebmmer m\u00e9i grouss Defiziter.<\/p>\n<p>An och hei zu L\u00ebtzebuerg sinn an de leschte 15 Joer R\u00ebss am sozialen Dialog entstanen, d\u00e9i mer ganz eescht huele sollen. Vun 2006 bis 2012 ass de Koordinatiounscomit\u00e9 Tripartite m\u00ebssbraucht gi, fir st\u00e4nneg Ugr\u00ebffer op eisen nationale System vun der Loungestaltung ze f\u00e9ieren.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0234.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"wp-image-22889 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0234.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0234\" width=\"300\" height=\"198\" \/><\/a>Ouni den OGBL w\u00e4r haut den Indexsystem net m\u00e9i deen, deen en ass. Eis Gewerkschaft huet seng Demontage verh\u00ebnnert an huet esou gl\u00e4ichz\u00e4iteg verh\u00ebnnert, datt de l\u00ebtzebuerger Modell vun der dezentraler kollektiver Tarifverhandlung an de Betriber, an anere Wierder eist Kollektivvertragswiesen a s\u00e4i Gesetz \u00ebnnert d\u2019Rieder komm sinn. D\u00e9i nei Regierung huet den Eescht vun der Situatioun verstanen an 2014 d\u2019Noutbrems gezunn, eng wichteg D\u00e9cisioun d\u00e9i bis haut leider op der Patronatss\u00e4it net unerkannt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>A welch Ausmoossen h\u00e4tt de Sozialofbau an der, 2010 vun der leschter Regierung lanc\u00e9ierter Austerit\u00e9itspolitik kritt, wann net eis Gewerkschaft den aktive Widerstand dog\u00e9int organis\u00e9iert h\u00e4tt. Et wor eis Organisatioun d\u00e9i d\u2019Initiativ vun der Massendemonstratioun vun den 30000 den 16. Mee 2009 an der Stad geholl huet, d\u00e9i d\u2019Oppositioun am Joer 2014 g\u00e9int den Zukunftspak ugefouert huet an d\u00e9i ab Enn 2015 d\u2019Kampagne fir e bessert Akommes a besser Aarbecht \u2013 besser bekannt \u00ebnnert dem Numm \u201cE Sozialpak fir L\u00ebtzebuerg\u201d &#8211; op d\u2019Schinn gesat huet.<\/p>\n<p>An de Joeren 2010 bis 2011 huet de Wirtschafts- a Sozialrot seng schw\u00e9ierst Kris z\u00ebnter senger Af\u00e9ierung duerchgemaach, eng Kris vun d\u00e4r ee sech bis haut nach net esou richteg erholl huet. Belaaschtend fir d\u2019sozial Bez\u00e9iungen ass och d\u2019Scheitere vu wichtege Verhandlunge mam Patronat w\u00e9i \u00ebnner anerem iwwert d\u2019Matbest\u00ebmmung an de Betriber oder iwwert d\u2019gesetzlech Reform bei den Aarbechtsz\u00e4iten.<\/p>\n<p>An negativ wierke sech virun allem och d\u00e9i sech heefend Versich vum Patronat aus, d\u2019Gewiicht vun eisem Kollektivvertragswiesen ze schw\u00e4chen oder d\u2019Af\u00e9ierung vun neie Kollektivvertr\u00e4g virun allem an den neie Wirtschaftsbera\u00efcher hei zu L\u00ebtzebuerg ze verh\u00ebnneren.<\/p>\n<p>A Pr\u00e4senz vu ville Vertrieder vun de sougenannte \u201cforces vives\u201d vun eisem Land ass et mir haut wichteg ze \u00ebnnerstr\u00e4iche, w\u00e9i zentral d\u2019Fro vun de soziale Bez\u00e9iungen an de kommende Joeren w\u00e4ert ginn. Wann et em de sozialen Dialog an em de sozialen Fridde geet, sti mer an enger \u201cresponsabilit\u00e9 partag\u00e9e\u201d.<\/p>\n<p>Mir bew\u00e4erten et als positiv, datt d\u00e9i nei Regierung elo eng Richtung ageschloen huet, d\u00e9i mer leider um europ\u00e4esche Plang verm\u00ebssen, n\u00e4mlech eng forc\u00e9iert \u00ebffentlech Investitiounspolitik fir d\u2019wirtschaftlech an d\u2019sozial d\u2019Zukunft vum Land kombin\u00e9iert mam Verzicht op ee weidere Sozialofbau an op weider Austerit\u00e9it. D\u00e9i Politik muss an de kommende Joere fortgesat an duerch soziale Fortschr\u00ebtt verd\u00e9ift ginn.<\/p>\n<p>Eng grouss Erausfuerderung w\u00e4ert &#8211; niewend all deem wat ech schons ugesprach hunn \u2013 d\u2019Gestaltung vun de sozialen Diskussiounen a Verhandlungen am Kontext vum Iwwergank an der Transitioun zur digitaler an der karbonfr\u00e4ier Gesellschaft sinn, een Iwwergank an eng Transitioun, d\u00e9i eis viru grouss wirtschaftlech, sozial an demokratesch Aufgabe stellen. An dat souwuel um europ\u00e4esche w\u00e9i um nationale Plang.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p>100 Joer fr\u00e4i Gewerkschaftsbeweegung si Synomym fir 100 Joer Antrieden a K\u00e4mpfe fir e bessere Loun a fir besser Aarbechtsz\u00e4iten. Wee fir Loun schaffe geet, verkeeft net n\u00ebmme seng Aarbecht, m\u00e4 e verkeeft och seng Z\u00e4it. Eisen Numm ass ontrennbar verbonne mam Kampf fir d\u2019Begrenzung, fir d\u2019Verkierzung a fir eng gutt Organisatioun vun der Aarbechtsz\u00e4it. W\u00e9i no hu mir eis gefillt mat deene Gewerkschaftler, d\u00e9i virun honnert Joer den 8- Stonnen-Dag duerchgesat hu, w\u00e9i mir viru kuerzem fir ee bessert PAN-Gesetz agetratt sinn.<\/p>\n<p>A jiddereen hei am Sall weess, datt am Verlaf vun der weiderer Entw\u00e9cklung an der Digitalis\u00e9ierung vu Wirtschaft a Gesellschaft d\u2019Aarbechtsz\u00e4it an all hire Facetten an och an hirer Verdeelung en zentralt Thema w\u00e4ert sinn. Den technologesche Fortschr\u00ebtt muss an den D\u00e9ngscht vum M\u00ebnsch a vun der Allgemengheet gestallt ginn. Gutt Aarbecht an Ausbildung fir jiddereen, Verkierzung vun der Aarbechtsz\u00e4it an eng gutt Harmonis\u00e9ierung vun Aarbechtsz\u00e4it a Liewensz\u00e4it mussen zur deklar\u00e9ierter Priorit\u00e9it ginn.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0237.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"wp-image-22891 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0237.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0237\" width=\"300\" height=\"200\" \/><\/a>An den honnert Joer vun enger Gewerkschaft ginn et besonnesch Deeg. Dat sinn d\u00e9i Deeg vun de ganz grousse Rendez-vous\u00eb mat der Geschicht. Deeg d\u00e9i Sozialgeschicht geschriwwen hunn, Deeg d\u00e9i eis fr\u00e4i Gewerkschaftsbeweegung gepr\u00e4gt hunn an d\u00e9i Afloss op hir weider Entw\u00e9cklung geholl hunn. W\u00e9i beispillsweis den 9. Oktober 1973, den Dag vum Generalstreik an der Groussdemonstratioun vum LAV mat 30000 Aarbechter an der Stad. Deen Dag steet fir d\u2019Erh\u00e9ijung vum Mindestloun, fir d\u2019Af\u00e9ierung vun der 5. Urlaubswoch, fir m\u00e9i Matbest\u00ebmmung an de Betriber an e steet virun allem och fir d\u2019Modernis\u00e9ierung a fir d\u2019St\u00e4erkung vun den \u00ebffentlech-solidaresche Sozialversecherungen zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>D\u2019Geschicht vun eiser Gewerkschaft ass ontrennbar verbonne mat eisem permanenten Antriede fir e staarkt \u00ebffentlecht a solidarescht Versecherungswiesen. An enger Z\u00e4it vum politischen an ideologeschen Drock g\u00e9int d\u00e9i \u00ebffentlech Sozialversecherungen ass et mir haut besonnesch wichteg hir enorm Bedeitung erfirzehiewen.<\/p>\n<p>Staark \u00ebffentlech Sozialversecherungen, staatlech Sozialleeschtungen an \u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtunge sinn onersetzlech fir de fundementale Bedierfnisser an Interesse vun der Bev\u00eblkerung am allgemengen, a vun de schaffende Leit an hire Familljen gerecht ze ginn. Si sinn den Hiewel an eisem Kampf g\u00e9int d\u2019sozial Inegalit\u00e9it a si stabilis\u00e9ieren eis demokratesch Gesellschaft. Wa se schwaach ginn, da maache se d\u2019Diren op fir genee d\u00e9i politesch Beweegungen a Parteien, d\u00e9i all gesellschaftlechen an demokratesche Fortschr\u00ebtt a Fro stellen.<\/p>\n<p>Ech hu vun de wichtegen Datumer geschwat. An do d\u00e4erfe mer natiirlech d\u2019Joer 1979 net vergiessen. D\u2019Joer vun der Gr\u00ebnnung vum OGBL. \u00cbnnert dem Impuls vum LAV ass deemols prob\u00e9iert ginn d\u2019Eenheetsgewerkschaft an d\u2019Liewen ze ruffen. D\u2019Objektiv fir d\u00e9i eenzel gewerkschaftlech Organisatiounen zu enger eenzeger Organisatioun ze vereenege, konnt deemols w\u00e9i mer w\u00ebssen nach net erreecht ginn.<\/p>\n<p>An awer. Duerch d\u2019Gr\u00ebnnung vum OGBL ass et an der fra\u00efer Gewerkschaftsbeweegung zu der gewerkschaftlecher Eenheet vun den eenzelne privat- an \u00ebffentlechrechtlechen Aarbechtsstatuter komm, et ass eng Dynamik entstanen, d\u00e9i bis haut ongebrach ass.<\/p>\n<p>No der Gr\u00ebnnung vum OGBL ass deemols vun anere Gewerkschafte prob\u00e9iert ginn dem OGBL seng national Repr\u00e4sentativit\u00e9it bei de Privatbeamten a Fro ze stellen. Dat wor vu kuerzer Dauer, well schons an de 90-ger Joeren den OGBL, och bei de Privatbeamten zur st\u00e4erkster Gewerkschaft ginn ass.<\/p>\n<p>An nodeem eis historesch Fuerderung fir d\u00e9i gesetzlech Gl\u00e4ichbehandlung vun den Aarbechter a Beamten, n\u00e4mlech d\u2019Eenheetsstatut, am Joer 2008 Wiirklechkeet ginn ass, ass d\u00e9i f\u00e9ierend Positioun vun eiser fr\u00e4ier Gewerkschaft hei zu L\u00ebtzebuerg \u00ebmmer m\u00e9i kloer ginn.<\/p>\n<p>Bei de Sozialwalen 2008 an 2013 hunn d\u2019Salari\u00e9en hei am Land sech fir d\u00e9i absolut Majorit\u00e9it vum OGBL an der neier Salariatskummer an domat och an der Vertriedung op Gewerkschaftss\u00e4it an de Sozialversecherungen ausgeschwat.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p>Ee Gedanken, deen d\u00e9i fr\u00e4i Gewerkschaftsbeweegung vun Ufank un a sech gedroen huet, ass dee vun der gewerkschaftlecher Eenheet. An dat ass och am Joer 2016 nach \u00ebmmer de Fall. Mir hunn eng Regierung, mir hunn eng UEL, a mir hu weider eng gespalten an zersplittert Gewerkschaftsszen. Dat g\u00ebtt kee S\u00ebnn m\u00e9i. D\u2019Vielfalt, d\u2019Komplexit\u00e9it, d\u2019Breed an d\u2019D\u00e9ift vun den Erausfuerderungen an der Betribswelt an an der Gesellschaft, deene sech haut a muer d\u2019Gewerkschaftsbeweegung stelle muss, ruffen eis zur Eenheet op.<\/p>\n<p>All Dag, wou mer d\u2019Eenheetsgewerkschaft nach net verwiirklecht hunn, ass en Dag m\u00e9i vun iwwerfl\u00ebsseger Verschwendung vu M\u00ebttelen a virun allem vu Block\u00e9iere vu grousse Potentialit\u00e9iten. Potentialit\u00e9iten d\u00e9i d\u2019Gewerkschaftsbeweegung am Interessi vun de schaffende L\u00e4it engag\u00e9iere k\u00e9int, wa se net gespalt wier. W\u00e9iwill m\u00e9i staark a m\u00e9i efficace wiere mer haut, wa mer d\u00e9i lescht 37 Joer net an d\u00ebser Saach verluer h\u00e4tten? Verschiddener w\u00e4erten d\u00ebs Wierder als Provokatioun empfannen, m\u00e4 dat \u00e4nnert n\u00e4ischt un der Realit\u00e9it an un der objektiver Noutwendegkeet.<\/p>\n<p>Altesse Royale, l\u00e9if Eiereg\u00e4scht, l\u00e9if Gewerkschaftler,<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0256.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"wp-image-22893 alignleft\" style=\"border: 0px none;\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0256.jpg\" alt=\"OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0256\" width=\"300\" \/><\/a>Mir sinn haut zu iwwer 72000 a mir kommen aus alle Wirtschaftsbera\u00efcher an aus alle Professiounen. Mir si stolz op d\u00e9i 27000 Fraen, d\u00e9i sech haut mat hirer Organisatioun fir hir Rechter a fir hir Gl\u00e4ichhheet an der Aarbechtswelt an an der Gesellschaft asetzen. A mir si stolz op eis 28000 Grenzg\u00e4ngerkolleginnen a -kollegen, d\u00e9i de Wee an eis Reihe fond hunn, an dei sech haut mat hire l\u00ebtzebuergeschen an ausl\u00e4nneschen Aarbechtskollegen a -kolleginnen, d\u00e9i hei zu L\u00ebtzebuerg liewen a schaffen, a mat eise m\u00e9i w\u00e9i 2000 gewielte Personaldeleg\u00e9ierten, d\u00e9i sech Dag fir Dag de Problemer a Konflikter an de Betriber an an der Gesellschaft stellen a fir L\u00e9isungen antrieden, fir datt sech hirt Liewen an dat vun hire Famillje St\u00e9ck fir St\u00e9ck verbessert.<\/p>\n<p>Ouni all d\u00ebs M\u00e4nner a Fraen, op jonk oder al, ob Salari\u00e9 oder Pensionn\u00e4r ass eng lieweg Demokratie an de soziale Fortschr\u00ebtt an eisem Land net denkbar.<\/p>\n<p>En d\u00e4itschen Theolog sot eemol, datt d\u2019Geschicht net n\u00ebmmen eppes ass wat pass\u00e9iert ass, mee eppes wat sech opgeschicht huet, et ass de Buedem op deem mer stinn an op deem mer bauen. Eise Buedem sinn 100 Joer Gewerkschafts- a Sozialgeschicht. Ee ganz staarkt Fundament net n\u00ebmme fir eis Aufgabe vun haut, m\u00e4 virun allem och fir d\u00e9i, d\u00e9i op eis waarden. An den OGBL ass eng Gewerkschaft mat Visounen, a wee Visounen huet, deen huet och eng Zukunft. An eis Visioun ass d\u00e9i vum Fridden, vun der Demokratie a vum Wuelstand fir jiddfereen. Hei zu L\u00ebtzebuerg an iwwerall op der Welt.<\/p>\n<div>\n<p>Nach eng K\u00e9ier ee ganz grousse Merci fir \u00c4r Pr\u00e4senz.<\/p>\n<\/div>\n<p><\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":3989,"template":"","categorie_communiques":[41],"syndicat":[],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title>Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL - OGBL<\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"en_US\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:fr]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:de]D\u2018Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL[:en]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"100 Joer fr\u00e4i Gewerkschaften (1916-2016) S\u00e9ance acad\u00e9mique, Campus Belval den 19 Oktober 2016\u00a0 Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-29T09:20:13+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"2000\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"2560\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"37 minutes\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/\",\"name\":\"[:fr]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:de]D\u2018Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL[:en]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg\",\"datePublished\":\"2016-10-19T18:12:43+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-29T09:20:13+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"en-US\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg\",\"width\":2000,\"height\":2560},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"THE TRADE UNION\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"en-US\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"en-US\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:fr]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:de]D\u2018Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL[:en]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/","og_locale":"en_US","og_type":"article","og_title":"[:fr]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:de]D\u2018Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL[:en]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:] - OGBL","og_description":"100 Joer fr\u00e4i Gewerkschaften (1916-2016) S\u00e9ance acad\u00e9mique, Campus Belval den 19 Oktober 2016\u00a0 Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-06-29T09:20:13+00:00","og_image":[{"width":2000,"height":2560,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"37 minutes"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/","name":"[:fr]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:de]D\u2018Ried vum Andr\u00e9 Roeltgen, President vum OGBL[:en]Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg","datePublished":"2016-10-19T18:12:43+00:00","dateModified":"2023-06-29T09:20:13+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#breadcrumb"},"inLanguage":"en-US","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/OGBL_seance_ac_100ans_belval_2016__0233-scaled.jpg","width":2000,"height":2560},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-dandre-roeltgen-president-de-logbl\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Discours d\u2018Andr\u00e9 Roeltgen, pr\u00e9sident de l\u2018OGBL"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"THE TRADE UNION","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"en-US"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"en-US","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2115"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2115\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media\/3989"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2115"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=2115"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/en\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=2115"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}