{"id":2626,"date":"2020-05-18T11:22:11","date_gmt":"2020-05-18T09:22:11","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee"},"modified":"2023-06-16T11:50:23","modified_gmt":"2023-06-16T09:50:23","slug":"betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/","title":{"rendered":"Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee"},"content":{"rendered":"<p>Den SEW\/OGBL an de Landesverband maachen en Appell\u00a0un de Premier Minister an un d\u2019Regierung d\u2019Responsabilit\u00e9it\u00a0ze iwwerhuelen, datt d\u2019Reprise vun de Schoulen am Fondamental net am organisatoreschem Chaos \u00ebnnergeet an d\u2019Coursen de pedagogeschen an affektive Besoine\u00a0vun de Kanner no der laanger Phase vun Isolatioun gerecht k\u00ebnne ginn.<\/p>\n<p>D\u00e9i betraffe Syndikater vum OGBL, aner Enseignantsgewerkschaften an d\u2019Elterevertrieder hate beim propos\u00e9ierte Modell vum Educatiounsminister\u00a0fr\u00e9i op d\u2019Schwieregkeeten um Niveau vum noutwendege\u00a0Personal a\u00a0vun den Infrastrukturen an de Schoulen a besonnesch an de Maison Relais higewisen. Den Educatiounsminister ass sech trei bliwwen an huet den Dialog mat de Schoulpartner refus\u00e9iert, sou dass d\u2019Alternativmodeller net mol diskut\u00e9iert goufen. D\u2019Enseignanten\u00a0a souguer d\u2019Regionaldirektiounen ginn z\u00e4itgl\u00e4ich mat den Eltere\u00a0just via Pressekonferenz inform\u00e9iert, aner Kommunikatioune\u00a0g\u00ebtt et kaum oder guer net.<\/p>\n<p>Well de Modell vum Splitting vun de Klasse\u00a0weder um Niveau vum Transport, nach um Niveau vum Personal, an de Raimlechkeete\u00a0fir d\u2019Betreiung an de Schoulen an an der Maison Relais konnt realis\u00e9iert ginn, an dob\u00e4i och net de Betreiungsbesoine\u00a0vun den Eltere gerecht gouf, ass en no an no, er\u00ebm ouni Dialog mat Gemengen, Enseignanten\u00a0an Elteren, ver\u00e4nnert a verw\u00e4ssert ginn.<\/p>\n<p>Dat huet schliisslech\u00a0dozou gefouert, dass nei Mesuren de Splitting vun de Klassen ad absurdum f\u00e9ieren\u00a0an et den Enseignanten onm\u00e9iglech maachen, d\u2019Course s\u00ebnnvoll ze organis\u00e9ieren. D\u2019Enseignanten hu sech an de leschte Wochen enorm an d\u2019\u00a0\u00ab#schouldoheem\u00bb\u00a0engag\u00e9iert a mat groussem Opwand de Splitting organis\u00e9iert, si si\u00a0bereet\u00a0fir Iwwerstonnen ze maachen. Dat am S\u00ebnn vun de Kanner. Si stinn awer net m\u00e9i hannert den deelweis absurde Mesuren a risk\u00e9ieren sech elo zesumme mat de Gemengen, d\u00e9i schonn\u00a0e groussen Opwand bedriwwen hunn, just nach l\u00e4cherlech ze maachen\u00a0:<\/p>\n<ul>\n<li>Deen eenzege Kritt\u00e4r\u00a0fir d\u2019Zesummesetze vun de Gruppe war d\u2019Betreiung an der Maison Relais fir d\u2019Besoine vun zous\u00e4tzlechem Personal an der Maison Relais op e Minimum ze reduz\u00e9ieren. L\u00e9iergruppe konnten\u00a0net no pedagogesche Kritt\u00e4re gestalt ginn, Fr\u00ebndschaften\u00a0net ber\u00e9cksiichtegt\u00a0ginn a verschiddene F\u00e4ll mol net Geschw\u00ebster an d\u00e9i selwecht Woch gesat ginn.<\/li>\n<li>Klassen hu missten zuelem\u00e9isseg onreegelm\u00e9isseg\u00a0opgedeelt ginn (Et g\u00ebtt vill Beispiller wou eng Klass a Gruppe vun 5\u00a0a vun 10 gedeelt gouf).<\/li>\n<li>Aus de\u00a0Cycle 3 a 4 si kleng Gruppe\u00a0vu verschiddene Klassen an der Maison Relais er\u00ebm zesumme geluecht\u00a0ginn.<\/li>\n<li>Vill Kanner\u00a0ginn net m\u00e9i vun hiren Enseignante betreit, d\u00e9i an anere Klassen aush\u00ebllefe mussen. Wann den neien Enseignant bis en Iwwerbl\u00e9ck huet, dann ass d\u2019Schouljoer eriwwer.<\/li>\n<li>A ville Gemengen ass de Personalproblem an de Manktem u S\u00e4ll nach net gel\u00e9ist. Verschidde Gemenge\u00a0w\u00ebllen\u00a0op de Splitting vu Klasse verzichten.<\/li>\n<li>D\u2019Mesur\u00eb fir verhalensopf\u00e4lleg\u00a0Kanner sinn aus Personalmangel ofgeschaaft\u00a0ginn, grad esou w\u00e9i op ville Plazen\u00a0d\u2019Cours d\u2019Accueil.<\/li>\n<li>An d\u00ebser schwiereger Situatioun ginn d\u2019Kanner an den \u00dcbungsgruppe vu Leit betreit, d\u00e9i ganz kuerzfristeg agestallt goufen, d\u00e9i keng Erfarung\u00a0hunn an de Kanner onbekannt sinn, dat an engem Kader, den alles anescht\u00a0w\u00e9i S\u00e9cherheet verm\u00ebttelt. Vermummt, op Distanz, mat enger ganzer R\u00ebtsch vu S\u00e9cherheetsmesuren, d\u00e9i fir vill Kanner befriemend wierke w\u00e4erten. Si si warscheinlech\u00a0scho souwisou zum Deel traumatis\u00e9iert, a verl\u00e9ieren och elo an der Schoul all hir Rep\u00e8ren.<\/li>\n<li>Am Schoultransport kann an de Busse\u00a0keng Distanz\u00a0gehale ginn, D\u2019Kanner vu verschiddene Klasse\u00a0s\u00ebtzen direkt\u00a0niewenteneen.<\/li>\n<li>Am Cycle 1 sinn d\u2019Mesur\u00eb\u00a0vun der Distanz an der Mask einfach opgehuewe ginn. No bausse\u00a0sinn d\u00e9i Gruppen net m\u00e9i oder manner isol\u00e9iert w\u00e9i d\u00e9i aner Kanner aus dem Fondamental.<\/li>\n<li>An elo sollen d\u2019Kanner ab 7.00 Auer moies all zesummen am Schoulhaff mat enger Surveillance op den Ufank vun der Schoul waarden\u00a0: de Splitting vun de Klassen, den Amenagement vum Schoulhaff a verschidden Zonen, d\u2019Organisatioun vun de Pausen zu verschidden Z\u00e4ite\u00a0fir d\u2019Klassen net ze verm\u00ebschen ass domadder just nach l\u00e4cherlech an d\u00e9i ganz Organisatiounsaarbecht vun de Gemenge\u00a0fir ze garant\u00e9ieren, dass d\u2019Kanner, wa se an d\u2019Schoul kommen, d\u2019Distanze k\u00ebnnen\u00a0anhalen a sech net verm\u00ebschen, ginn zu enger Farce.<\/li>\n<\/ul>\n<p>De Modell, w\u00e9i en am Moment do steet, g\u00ebtt net m\u00e9i vu den Enseignanten \u00ebnnerst\u00ebtzt. Widderw\u00eblleg a mat groussen Opwand organis\u00e9iere\u00a0si d\u2019Reprise no engem Modell, dee si als absurd qualifiz\u00e9iere mussen. St\u00e4nneg \u00c4nnerunge vun net duerchduechte Mesur\u00eb\u00a0maachen et \u00ebmmer m\u00e9i konfus, ginn absolut keng Planungss\u00e9cherheet a weise m\u00ebttlerweil d\u2019Inkoh\u00e4renz vun deem ganze Virhaben op.<\/p>\n<p>Allgemeng Richtlinnen, w\u00e9i an de Klassen d\u00e9i Phase vu #schouldoheem evalu\u00e9iert an opgeschafft ginn, w\u00e9i d\u2019Schoulz\u00e4it \u00ebnnert ganz schwieregen\u00a0an ongewinnte Konditioune\u00a0bis de Summer ka gestallt ginn,\u00a0feele komplett.<\/p>\n<p>Den Educatiounsminister\u00a0huet en Appell\u00a0un d\u2019Patrone gemaach den Elteren an hirem Betrib\u00a0entg\u00e9int ze kommen. A senger Roll als Patron huet de Minister awer d\u2019Elteren\u00a0\u00ebnnert sengen Enseignant\u00eb\u00a0komplett vergiess a kann\u00a0hinne keng L\u00e9isung ubidden.<\/p>\n<p>Et bleift just eng Woch fir aus der Sakgaass do erauszekommen\u00a0an d\u2019Reprise s\u00ebnnvoll ze organis\u00e9ieren. Dob\u00e4i leien Alternativen\u00a0um D\u00ebsch.<\/p>\n<p>Den SEW\/OGBL an de Landesverband verlaangen duerfir, dass, ouni weider Z\u00e4it ze verl\u00e9ieren, eng Task Force aus Representante\u00a0vun de Gewerkschaften, den Elterevertrieder, dem Syvivol an de Responsabelen aus dem Educatiounsminist\u00e8re opgestallt\u00a0g\u00ebtt, d\u00e9i e Modell op d\u2019Bee stellen, den de sanit\u00e4ren\u00a0Exigenzen, de Besoine\u00a0vun de Kanner an den Eltere gerecht g\u00ebtt an deen organisatoresch machbar ass.<\/p>\n<p><b>H\u00e4r Premier Minister, Dir Dammen an H\u00e4ren aus der Regierung, et ass nach net ze sp\u00e9it. Huelt\u00a0\u00c4r Responsabilit\u00e9it, et geet \u00ebm eis Kanner\u00a0!<\/b><\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":3560,"template":"","categorie_communiques":[49,41],"syndicat":[77],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title>Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee - OGBL<\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"de_DE\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:de]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:en]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"Den SEW\/OGBL an de Landesverband maachen en Appell\u00a0un de Premier Minister an un d\u2019Regierung d\u2019Responsabilit\u00e9it\u00a0ze iwwerhuelen, datt d\u2019Reprise vun de \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-16T09:50:23+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"1000\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"667\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"5 Minuten\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/\",\"name\":\"[:de]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:en]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg\",\"datePublished\":\"2020-05-18T09:22:11+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-16T09:50:23+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"de-DE\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg\",\"width\":1000,\"height\":667},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"DIE GEWERKSCHAFT\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"de-DE\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:de]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:en]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/","og_locale":"de_DE","og_type":"article","og_title":"[:de]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:en]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:] - OGBL","og_description":"Den SEW\/OGBL an de Landesverband maachen en Appell\u00a0un de Premier Minister an un d\u2019Regierung d\u2019Responsabilit\u00e9it\u00a0ze iwwerhuelen, datt d\u2019Reprise vun de \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-06-16T09:50:23+00:00","og_image":[{"width":1000,"height":667,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"5 Minuten"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/","name":"[:de]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:en]Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg","datePublished":"2020-05-18T09:22:11+00:00","dateModified":"2023-06-16T09:50:23+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#breadcrumb"},"inLanguage":"de-DE","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2020\/05\/AdobeStock_345185179_web.jpg","width":1000,"height":667},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/betrefft-reprise-vun-de-groundschoulen-de-25-mee\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Betr\u00ebfft : Reprise vun de Groundschoulen de 25. Mee"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"DIE GEWERKSCHAFT","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"de-DE"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2626"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2626\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/3560"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2626"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=2626"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=2626"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}