{"id":2032,"date":"2016-04-29T10:17:04","date_gmt":"2016-04-29T08:17:04","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/discours-politique-du-1er-mai-2"},"modified":"2023-05-23T19:44:10","modified_gmt":"2023-05-23T17:44:10","slug":"discours-politique-du-1er-mai-2","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/","title":{"rendered":"Politische Rede zum 1.Mai"},"content":{"rendered":"<p><center><iframe loading=\"lazy\" width=\"560\" height=\"315\" src=\"https:\/\/www.youtube.com\/embed\/cavpidzF3lM\" frameborder=\"0\" allowfullscreen><\/iframe><\/center><br \/>\n<\/p>\n<hr>\n<p>\nVollst\u00e4ndige Rede des OGBL-Pr\u00e4sidenten, Andr\u00e9 Roeltgen, anl\u00e4sslich des erweiterten Nationalkomitee der Gewerkschaft in Differdingen am Vorabend der 1.Mai-Feier (auf Luxemburgisch).<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\"><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/28_04_2016_photo1.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"aligncenter  wp-image-21585\" style=\"border: 0px none;\" alt=\"28_04_2016_photo1\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/28_04_2016_photo1.jpg\" width=\"600\" \/><\/a><\/p>\n<div>\n<p align=\"center\"><b>Erweidert R\u00e9unioun vum OGBL-Nationalvirstand am Virfeld vum 1. Mee<br \/>\nUsprooch vum Andr\u00e9 Roeltgen, President<\/b><br \/>\n(D\u00e9ifferdeng, den 28. Abr\u00ebll 2016)<\/p>\n<\/div>\n<p>L\u00e9if Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Den \u00e9ischten Tour vun den \u00e9istr\u00e4ichesche Presidentschaftswale vum leschte Sonnden ass dat leschte Beispill an enger laanger Rei. Iwwerall an Europa sinn d\u2019Rietspopulisten an d\u00e9i Rietsextrem am Opschwong. Si sinn d\u2019Kr\u00e4fte vun der gesellschaftlecher Spaltung. Si sinn d\u2019Kr\u00e4fte vum gesellschaftleche R\u00e9ckschr\u00ebtt.<\/p>\n<p>D\u00ebs Beweegungen a Parteie wuessen alleguerten um Buedem vun der sozialer Angscht. Si verstinn et, d\u2019sozial \u00c4ngscht vun \u00ebmmer m\u00e9i grousse Schichte vun eiser Gesellschaft ze instrumentalis\u00e9ieren. D\u2019\u00c4ngscht virum sozialen Ofstig, der Aarbechtslosegkeet, virun der sozialer Deklass\u00e9ierung a Prekaris\u00e9ierung oder virun der sozialer Ausgrenzung notze si fir hir politesch Zwecker aus.<\/p>\n<p>Hir Programmer sinn demokratiefeindlech. Hir Programmer si sozial r\u00e9ckschr\u00ebttlech.<\/p>\n<p>Et si keng Programmer, d\u00e9i fir m\u00e9i Verdeelungsgerechtegkeet a Solidarit\u00e9it an der Gesellschaft antrieden. Si mobilis\u00e9ieren net fir t\u00ebscht Aarbecht a Kapital m\u00e9i positiv Kr\u00e4fteverh\u00e4ltnisser fir d\u00e9i schaffend Leit z\u2019erreechen, m\u00e4 si gaukelen nationalistesch, autorit\u00e4r a friemefeindlech Sch\u00e4il\u00e9isunge fir, d\u00e9i an \u00e9ischter Linn dem Salariat a ganz Europa seng sozial a gesellschaftlech Interessi ugr\u00e4ifen.<\/p>\n<p>Si si keng Fr\u00ebnn, m\u00e4 si si G\u00e9igner vun der fr\u00e4ier Gewerkschaftsbeweegung. An esou musse mir si och behandelen.<\/p>\n<p>D\u00e9i schaffend Leit br\u00e4uche keng AfD, kee Front National, kee Vlams Belang, keng NVA, keng Partij voor de Vrijheid, keng FP\u00d6, keng Schweizerische Volkspartei, keng United Kingdom Independance Party, keng Dansk Folkeparti, keng Sverigedemokraterna, keng PIS, keng Ataka, keng Jobbick, keng Fidesz, keng Lega Nord. De gr\u00e9isste Feeler, dee mir maache k\u00e9inten, ass deen, deem Ganze passiv nozekucken. An ze hoffen, datt d\u00e9i brong a rietsnational Bewegunge w\u00e9i Karavannen no engem Kuerzoptr\u00ebtt er\u00ebm vun der politescher Bildfl\u00e4ch verschwannen.<\/p>\n<p>Och w\u00e4r et falsch ze mengen, w\u00e9i een dat esou oft h\u00e9iert, datt si sech schnell entzaubere g\u00e9ifen, wa si \u2013 eng K\u00e9ier gewielt \u2013 an der politischer Responsabilit\u00e9it wieren. Dat hate mer schon eng K\u00e9ier.<\/p>\n<p>Neen, eisen demokratesche Widerstand muss aktiv an e muss offensiv sinn. D\u2019Ausstrahlungskraaft vun de rietsextremen a rietspopulisteschen Demagogen muss elo entzaubert ginn, si muss elo gebrach ginn \u2013 ier se d\u2019Chance kritt, sech nach weider auszebreeden.<\/p>\n<p>Eng gutt Opkl\u00e4rung vun de Bev\u00eblkerungen iwwert d\u00e9i demokratie-, friemen- a salariatsfeindlech Ziler vun de brongen an den nationalpopulisteschen Ideologien ass wichteg, m\u00e4 si geet net duer. Et w\u00e4r eng Illusioun ze mengen, datt domat eleng de Problem ze l\u00e9ise wier! Dat w\u00e4r e fatale Feeler.<\/p>\n<p>Wann ee w\u00ebll d\u2019Bev\u00eblkerunge g\u00e9int de brongen an den nationalpopulistesche Sumpf impfen, da kann dat n\u00ebmmen iwwert ee Wee gesch\u00e9ien. De Bierger muss er\u00ebm an der europ\u00e4escher Konstruktioun, fir sech, fir s\u00e4i Liewen an dat vu senge Kanner, d\u2019Perspektiv vum soziale Fortschr\u00ebtt erkenne k\u00ebnnen. An do l\u00e4it de Problem, Kolleginnen a Kollegen.<\/p>\n<p>Bei \u00ebmmer mi grousse Kreser vun de Bev\u00eblkerunge kann dat aktuellt Europa d\u00e9i Perspektiv \u00ebmmer manner, oder net m\u00e9i, verm\u00ebttelen. D\u00ebse Legitimatiounsverloscht ass d\u2019Resultat vun der enger Politik, d\u00e9i z\u00ebnter m\u00e9i w\u00e9i 20 Joer an Europa domin\u00e9iert an d\u00e9i, d\u00e9i sougenannte fr\u00e4i Maartwirtschaft, en anert Wuert fir kapitalistesch Konkurrenz- a Profitwirtschaft, zum h\u00e9chsten Zil vun der europ\u00e4escher Konstruktioun gemaach huet.<\/p>\n<p>D\u00ebse Legitimatiounsverloscht ass d\u2019Resultat vun enger Politik, d\u00e9i d\u2019sozial Errongeschaften ugr\u00e4ift an d\u2019sozial Realit\u00e9iten, d\u2019Interessen an d\u2019Bed\u00fcrfnisser vun de Leit iwwergeet oder se ignor\u00e9iert.<\/p>\n<p>An zulescht ass d\u00ebse Legitimatiounsverloscht d\u2019Resultat vun enger Politik, d\u00e9i esouguer d\u00e9i \u00ebnnerschiddlech wirtschaftlech Realit\u00e9iten an Europa verkennt. Iwwer 20 Joer laang ass d\u2019sozial Dimensioun an Europa op dat str\u00e4flechst vernol\u00e9issegt ginn. An no dem Krisenausbroch am Joer 2008 ass mat der Austerit\u00e9itspolitik nach eng dropgesat ginn.<\/p>\n<p>De Loun-, de Sozial- an de Fiskaldumping ass zum Inbegr\u00ebff vun d\u00ebser Politik ginn. Grad esou w\u00e9i d\u00e9i sougenannte \u201estrukturell Reformen\u201c, d\u00e9i an \u00e9ischter Linn d\u2019Aarbechtsgesetzgebungen ugr\u00e4ifen an d\u00e9i \u00ebffentlech Systemer vun der sozialer S\u00e9cherheet an de staatleche Sozial- an D\u00e9ngschtleeschtungen \u00ebnner Drock setzen, se verschlechteren an \u00ebmmer m\u00e9i iwwert de Wee vu Privatis\u00e9ierungen dem kapitalistische Profit ausliwweren. D\u00ebs Politik huet Europa dohinner gefouert, wou et haut steet.<\/p>\n<p>D\u2019wirtschaftlech Entw\u00e9cklung d\u00fcmpelt viru sech hin an de liichte Wuesstem ass net d\u2019Resultat vun enger real gest\u00e4rkter Kafkraaft an Nofro, m\u00e4 \u00e9ischter d\u2019Resultat vum schwaachen Euro a vun dem d\u00e9iwe P\u00ebtrolspr\u00e4is. D\u2019wirtschaftlech Leeschtung l\u00e4it haut nach \u00ebmmer \u00ebnner dem Niveau aus dem Joer 2008. A wat dramatesch ass, ass d\u00e9i allgemeng Investitiounsklemm, d\u00e9i d\u00e9i wirtschaftlech a sozial Zukunft vun Europa schw\u00e9ier hypoth\u00e9k\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2019Massenaarbechtslosegkeet, virun allem d\u00e9i vun der Jugend, beweegt sech no dem grousse Schub vun der rezenter Kris op engem Rekordniveau, d\u2019Prekaris\u00e9ierung vun den Aarbechtsverh\u00e4ltnisser huet staark zougeholl an d\u00e9i selwecht Remarque g\u00ebllt fir d\u2019Uwuesse vun de sozialen Inegalit\u00e9iten an der sozialer Aarmut.<\/p>\n<p>D\u2019Extremer fanne mer bekanntlech net n\u00ebmmen an de L\u00e4nner w\u00e9i Griecheland, Spuenien a Portugal er\u00ebm, m\u00e4 och an de Randgebitter, an de \u201ebanlieues\u201c vu villen europ\u00e4esche Groussstied. A wat doraus entstoe kann, hu mer zu Para\u00efs an zu Br\u00e9issel erlieft.<\/p>\n<p>Haut, wou \u00ebmmer m\u00e9i St\u00ebmme virdru warnen, datt Europa auserneebrieche k\u00e9int, \u2026 haut wou d\u2019Tendenze sech weider verst\u00e4erken d\u2019Sozial- an d\u2019Aarbechtsrechter an Europa nach m\u00e9i opzeweechen, w\u00e9i beispillsweis dat elo \u2013 a fir n\u00ebmmen d\u00e9i ze nennen \u2013 vun der britescher Regierung oder der frans\u00e9ischer Regierung ugestrieft g\u00ebtt, \u2026haut wou antidemokratesch, nationalistesch a friemefeindlech Parteien a Bewegungen \u00ebmmer m\u00e9i staark ginn, stellt sech d\u2019Fro vun der Zukunft vun Europa.<\/p>\n<p>Si stellt sech w\u00e9i se sech nach ni z\u00ebnter der Af\u00e9ierung vun der Europ\u00e4escher Unioun gestallt huet. All Regierung an Europa, d\u00e9i weiderhin de falsche politische Kurs an Europa \u00ebnnerst\u00ebtzt oder weider undreift, mecht sech matsch\u00eblleg un der Dekonstruktioun vun der europ\u00e4escher Konstruktioun.<\/p>\n<p>A mecht sech un der weiderer Ausbreedung vu Bewegungen a vu Parteien sch\u00eblleg, d\u00e9i souwuel de Projet Europa, w\u00e9i eis demokratesch Gesellschaft ugr\u00e4ifen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u00e9i sozial Dimensioun muss an Europa zur Priorit\u00e9it ginn. Et muss Schluss si mat den Austerit\u00e9itspolitiken.<\/p>\n<p>D\u00e9i \u00ebffentlech Haushalter an de L\u00e4nner musse m\u00e9i an nei Loft kr\u00e9ien, fir datt d\u2019Staaten hir sozial Aufgab erf\u00eblle k\u00ebnnen an d\u00e9i noutwendeg Zukunftsinvestitioune maache k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>D\u2019Kafkraaft an d\u2019Liewensbedingunge vun de Bev\u00eblkerunge mussen iwwert d\u2019L\u00e9in an iwwert eng m\u00e9i gerecht Steier- a staatlech Sozialpolitik verbessert ginn.<\/p>\n<p>Schon eleng beim Opziele vun d\u00ebsen Noutwendegkeeten g\u00ebtt et engem bewosst, w\u00e9i d\u00e9ifgr\u00e4ifend de Politikwiessel an Europa muss ginn\u2026 An et g\u00ebtt engem och bewosst, w\u00e9i dr\u00e9ngend dat alles pass\u00e9iere muss.<\/p>\n<p>Europa huet keng Z\u00e4it m\u00e9i ze verl\u00e9ieren, wann et sech net selwer verl\u00e9iere w\u00ebll!<\/p>\n<p>D\u00e9i europ\u00e4esch Gewerkschaftsbewegung mecht \u00ebnnert der F\u00e9ierung vum EGB a mat der voller \u00cbnnerst\u00ebtzung vum OGBL z\u00ebnter Joere ganz konkret Virschl\u00e9i, fir Europa aus der wirtschaftlecher, sozialer a m\u00ebttlerweil gesellschaftlecher Kris erauszef\u00e9ieren. D\u00ebs Virschl\u00e9i si leider bis haut vun der euop\u00e4escher Kommissioun an de Regierunge w\u00e4itgehend bewosst ignor\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Dozou e puer Beispiller. De sougenannte Stabilit\u00e9its- a Wuesstumspakt, dee jo de Kader setzt an deem sech d\u2019Haushaltspolitik vun den eenzelne Staaten ze bewegen huet, muss op zwee wesentleche Punkte reform\u00e9iert ginn. D\u2019Appr\u00e9ciatioun vun den Haushaltsdefiziter muss manner restriktiv sinn, besonnesch dann, wann e Staat wichteg an zukunftsorient\u00e9iert \u00ebffentlech Investioune maache muss. A bei der Prozedur iwwert d\u00e9i sougenannte makro\u00f6konomesch Ongl\u00e4ichgewiichter mussen endlech nieft de wirtschaftlechen an de finanzielle Krit\u00e4re sozial Krit\u00e4ren agefouert ginn an e gl\u00e4ichberechtegte Stellew\u00e4ert kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Et kann n\u00e4mlech net esou sinn, datt ee just dann op d\u2019Fangere geklappt kritt, wann en Haushaltsdefizit ze h\u00e9ich ass, neen et muss een och op d\u2019Fangere geklappt kr\u00e9ien an eng aner Politik impos\u00e9iert kr\u00e9ie, wa beispillsweis d\u2019Aarbechtslosegkeet oder d\u2019sozial Aarmut e best\u00ebmmt Ausmooss iwwerschridden hunn.<\/p>\n<p>En anert Beispill ass d\u2019Fuerderung vum EGB, datt iwwert e Fong vun europ\u00e4eschen Obligatiounen L\u00e4nner, virun allem d\u00e9i L\u00e4nner, d\u00e9i Schwieregkeeten hunn hirt Wirtschafts- a Sozialwiesen op Vordermann ze br\u00e9ngen, sech fir n\u00e9ideg \u00ebffentlech Investitiounen m\u00e9i b\u00ebllegt Geld verschafe musse k\u00ebnnen. N\u00ebmmen esou kann ee verh\u00ebnneren, datt si Wucher- a Spekulatiounsz\u00ebnsen ausgeliwwert sinn, wa si um normale Finanzmaart Pr\u00eat\u2019en ophuele mussen. Och an d\u00ebser Saach pass\u00e9iert n\u00e4ischt.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Kontext soll och haut drun er\u00ebnnert ginn, datt den EGB e vill m\u00e9i ambiti\u00e9isen europ\u00e4eschen Investitiounsprogramm fuerdert, w\u00e9i dat beim sougenannte Juncker-Plang de Fall ass.<\/p>\n<p>A wa mer scho beim H\u00e4r Juncker sinn, w\u00eblle mer och bei him bleiwen. W\u00e9i den H\u00e4r Juncker als President vun der Br\u00e9isseler Kommissioun ugetratt ass, huet hie sech fir m\u00e9i Demokratie a fir e m\u00e9i sozialt Europa engag\u00e9iert. W\u00e9i w\u00e4it seng Wierder vun der Realit\u00e9it ewech sinn, ges\u00e4it een elo bei der Revisioun vun der Entsenderichtlinn, der Directive iwwert den D\u00e9tachement.<\/p>\n<p>Gl\u00e4iche Loun fir gl\u00e4ich Aarbecht hat hie versprach. D\u00e9i Propositioun d\u00e9i elo virl\u00e4it, l\u00e9ist dat Verspriechen net an. A ville L\u00e4nner solle weiderhin sektoriell- a Branchevertr\u00e4g \u00ebmgaang k\u00ebnne ginn a betriblech Kollektivvertr\u00e4g sollen net musse respekt\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert eng Entsenderichtlinn, d\u00e9i fir den d\u00e9tach\u00e9ierte Salari\u00e9 d\u2019Aarbechts- a Sozialrecht an d\u2019Kollektivvertr\u00e4g vun dem Empf\u00e4ngerland 1:1 appliz\u00e9iert an d\u00e9i maximal Z\u00e4it vum D\u00e9tachement op eng raisonnabel Aart a Weis limit\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et muss och d\u2019Recht fir d\u2019Gewerkschaften agefouert ginn, fir Verhandlunge fir d\u00e9i d\u00e9tach\u00e9iert Salari\u00e9\u00eb f\u00e9ieren ze k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Kontext begr\u00e9issen ech d\u00e9i Gesetzesinitiativ, d\u00e9i den Aarbechtsminister g\u00ebschter ugek\u00ebnnegt huet, a wou d\u2019Sous-traitance esou reglement\u00e9iert soll ginn, datt bei Verletzung vun Aarbechts-, Sozial-, S\u00e9cherheets- an \u00cbmweltnormen esouwuel deen dee soustrait\u00e9iert, w\u00e9i och deen, dee soustrait\u00e9iere l\u00e9isst, zur Responsabilit\u00e9it gezu ka ginn. An datt d\u2019ITM a Bezuch op all d\u00ebs Normen Sanktioune bis zu 50.000\u20ac an och d\u2019Schl\u00e9issung vum Chantier ordonn\u00e9iere kann. Dat ass e ganz wichtege Virschlag. An et musse Sanktioune virgesi ginn, d\u00e9i en dissuasive Charakter hunn.<\/p>\n<p>A w\u00e9i d\u2019Br\u00e9isseler Kommissioun d\u00e9i wirtschaftlech Interesse vum Kapital a vun de Betriber iwwert d\u00e9i allgemenggesellschaftlech Interessen a besonnesch iwwert d\u00e9i sozial Interesse stellt, geet och aus deem Programm erfir, den den harmlosen Numm \u201ebesser l\u00e9gif\u00e9r\u00e9ieren\u201c dr\u00e9it (\u201ebetter regulation\u201c a REFIT programme).<\/p>\n<p>An d\u2019Zukunft sollen d\u2019europ\u00e4esch Normen, n\u00ebt m\u00e9i just Mindestnorme sinn, d\u00e9i d\u00e9i eenzel L\u00e4nner nach eropsetze k\u00ebnnen, neen d\u2019Mindestnorme sollen och gl\u00e4ichz\u00e4iteg d\u2019Maximalnorme sinn. Iwwert der Mindestnorm soll et n\u00e4ischt m\u00e9i ginn. D\u00ebst k\u00ebnnt schlicht ewech enger Verletzung vun den europ\u00e4eschen Trait\u00e9\u00eb gl\u00e4ich.<\/p>\n<p>Schl\u00ebmmer nach: et g\u00ebtt propos\u00e9iert, datt a Bezuch op Aarbechts- a Sozialrechts- an op S\u00e9cherheets- an \u00cbmweltnormen \u201em\u00e9i liicht Regimer\u201c fir kleng a m\u00ebttel Entreprise g\u00eblle sollen an datt \u201eMikroentreprisen\u201c esouguer w\u00e4itgehend normefr\u00e4i misste fonctionn\u00e9iere k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Wann ee wees, datt 85% vun de Salari\u00e9en an Europa a klengen a m\u00ebttel Entreprise schaffen, da weess ee wat hei beabsichtegt g\u00ebtt: e ganz schw\u00e9ieren Ugr\u00ebff g\u00e9int d\u2019Interessen an d\u2019Rechter vum Salariat.<\/p>\n<p>Mir w\u00eblle keng Salari\u00e9en, d\u00e9i je nodeem wou se schaffen zu Salari\u00e9en zweeter oder dr\u00ebtter Klass ginn. D\u00e9i gl\u00e4ich Rechter fir jiddfereen. Alles aneschtes ass fir den OGBL inakzeptabel.<\/p>\n<p>Doriwwereraus ges\u00e4it dee Programm fir, datt d\u2019Kommissioun all M\u00e9iglechkeete soll kr\u00e9ie, fir d\u2019Verhandlungsautonomie vun de Sozialpartner um europ\u00e4esche Plang net ze respekt\u00e9ieren a fir d\u00e9i allgemenggesetzlech Unerkennung vun Accord\u2019en t\u00ebscht de Sozialpartner ofleenen ze k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Dat ass net m\u00e9i Demokratie, dat ass der manner.<\/p>\n<p>Dat ass e Schlag g\u00e9int eis Verhandlungsrechter a g\u00e9int d\u00e9i demokratesch gewielte Parlamenter.<\/p>\n<p>Esou net H\u00e4r Juncker. Mir verlaangen de Stopp vun d\u00ebsen ondemokrateschen a salariatsfeindlechen Ugr\u00ebffer. Och hei sinn eis Regierung an d\u2019europ\u00e4esch Parlament opgefuerdert eng kloer Sprooch ze schw\u00e4tzen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Wann d\u2019Profitinteresse vu Konzerner iwwert d\u2019Rechtsstaatlechkeet an iwwert d\u00e9i demokratesch gewielte Parlamenter gestallt solle ginn, dann ass eise konsequente Widerstand verlaangt.<\/p>\n<p>A genee dat f\u00ebnnt an den aktuelle Verhandlungen t\u00ebscht der EU a Kanada respektiv der EU an den USA fir d\u2019Af\u00e9ierung vun de sougenannte Fr\u00e4ihandelsofkommen CETA an TTIP statt.<\/p>\n<p>Et solle Schiedsgeriichter ausserhalb der Rechtstaatlechkeet agefouert ginn, d\u00e9i et internationale Konzerner erlabe sollen, g\u00e9int eenzel Staaten ze kloen a Schuedenersaz ze verlaange, wa si der Meenung sinn, datt d\u2019Profiter aus hiren Investitiounen durch beispillsweis nei Gesetzer vum Aarbechts- a Sozialrecht, oder zum Schutz vun der Gesondheet an der \u00cbmwelt oder am Kader vum Verbraucherschutz verr\u00e9ngert oder a Fro gestallt ginn. D\u00e9i lescht Virschl\u00e9i vun der Kommissioun diesbez\u00fcglich si reng Kosmetik, d\u00e9i n\u00e4ischt \u00e4nneren.<\/p>\n<p>Sollten CETA an TTIP mat d\u00ebse Schiedsgeriichter fir de sougenannten Investoreschutz agefouert ginn, dann hielege si eis Demokratie an Europa op zweefach Aart a Weis aus.<\/p>\n<p>\u00c9ischtens g\u00ebtt d\u00e9i national an europ\u00e4esch rechtsstaatlech Geriichtsbarkeet iwwergaangen a mat F\u00e9iss getr\u00ebppelt\u2026<\/p>\n<p>\u2026 an zweetens ginn d\u00e9i demokratesch legitim\u00e9iert Parlamenter an hirer gesetzgeberescher Missioun ageschr\u00e4nkt. Si ginn an der Vertriedung vum gesellschaftlechen Allgemenginteressen \u00ebnner Drock gesat, jo regelrecht erpressbar.<\/p>\n<p>Welche Staat oder welch Gemenge k\u00ebnne sech Schuedenersazkloe bis a Milliardenh\u00e9icht erlaben?<\/p>\n<p>Dat k\u00ebnnt enger Diktatur vun der Wirtschaft an dem Kapital iwwert d\u2019Demokratie an de Rechtsstaat gl\u00e4ich.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert eis Regierung an all d\u2019Parteien aus dem l\u00ebtzebuergeschen Parlament op, sech kategoresch vun CETA an TTIP ze distanz\u00e9ieren. CETA d\u00e4erf net vu L\u00ebtzebuerg ratifiz\u00e9iert ginn. An dat esou laang w\u00e9i d\u00e9i n\u00ebt demokratesch legitimi\u00e9iert Schiedsgeriichter net vum D\u00ebsch sinn. An och esou laang bis eis Aarbechts- a Sozialrechter, de Verbraucherschutz, d\u2019\u00cbmweltnormen an eis \u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtunge vun haut an d\u00e9i vu muer net m\u00e9i a Fro gestallt ginn.<\/p>\n<p>Duerfir si mir bereed op d\u2019Strooss ze goen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>A wann d\u00e9i europ\u00e4esch Wirtschaft net m\u00e9i richteg dr\u00e9int, dann huet dat ganz vill mat dem Loundumping an Europa ze dinn, deen d\u2019Kafkraaft an domat d\u2019Nofro schw\u00e9ier hypoth\u00e9k\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2019Br\u00e9isseler Kommissioun l\u00e9isst n\u00e4ischt onversicht, fir d\u00e9i real Lounst\u00e9ckk\u00e4schten zugonschte vum kapitalistesche Profit erofzedr\u00e9cken. Lounkiirzunge, Lounstopp a Loundrosselung ass fir si Programm.<\/p>\n<p>Et ass inakzeptabel, datt d\u2019europ\u00e4esch Kommissioun sech an alle L\u00e4nner massiv an d\u00e9i national Systemer vun der Loungestaltung a vun de Lounverhandlungen am\u00ebscht, a prob\u00e9iert si g\u00e9int d\u2019Gewerkschaften ze verschlechteren. Si prob\u00e9iert dat organis\u00e9iert Salariat ze schw\u00e4chen, an deem si eng sougenannten Dezentralis\u00e9ierung vun de Lounverhandlungen ustrieft.<\/p>\n<p>D\u2019Kollektivvertr\u00e4g sollen zersplittert ginn, sektoriell a Branchevertr\u00e4g solle Plaz maache fir dezentral an isol\u00e9iert Betribsvertr\u00e4g. Esou soll d\u00e9i gemeinsam Kampfkraaft vum Salariat a senge Gewerkschafte geschw\u00e4cht ginn an den Drock op d\u2019L\u00e9in weider eropgesat ginn.<\/p>\n<p>Mir hunn zwar hei zu L\u00ebtzebuerg nieft sektoriellen a Branchevertr\u00e4g vill d\u00e4r dezentralis\u00e9iert betriblech Kollektivvertr\u00e4g, m\u00e4 mir hunn awer nach \u00ebppes ganz aneschtes. N\u00e4mlech e ganz wichtegt gesetzlecht nationalt Louninstrument, den Index. An dofir ass et eisen Index, deen z\u00ebnter Joere bei der Br\u00e9isseler Kommissioun den Dar am A ass.<\/p>\n<p>Opgrond vun der D\u00e9cisioun vun der Regierung am Joer 2014 fonctionn\u00e9iert eisen Index er\u00ebm normal \u2013 och wa mer durch d\u00e9i historesch niddreg Inflatioun laang op d\u00e9i n\u00e4chst Indextranche waarde mussen.<\/p>\n<p>D\u00ebs Aktioun vun der Regierung, g\u00e9int de W\u00eblle vum Patronat, wor e ganz wichtege Schr\u00ebtt. M\u00e4 fir den OGBL geet dat net m\u00e9i duer.<\/p>\n<p>D\u2019Regierung muss elo m\u00e9i w\u00e4it goen: maacht eng kloer Oppositioun g\u00e9int d\u2019Am\u00ebschung vun der Br\u00e9isseler Kommissioun an eisen nationale Lounmodell, deen aus dem Zesummespill vun Index, gesetzlechem Mindestloun an Kollektivvertr\u00e4g besteet. An dee joerz\u00e9ngtelaang de soziale Fridden an der Lounfro w\u00e4itestgehend ofges\u00e9chert huet.<\/p>\n<p>D\u00e9i salariatsfeindlech Rekommandatioune mussen ouni Wenn an Aber ofgeleent ginn. Vun eis g\u00ebtt et just ee Message: d\u2019Patten ewech vum L\u00ebtzebuerger Modell an d\u2019Patten ewech vum Index.<\/p>\n<p>W\u00e9i w\u00e4it m\u00ebttlerweil d\u2019Br\u00e9isseler Kommissioun hir Am\u00ebschung nach weider op d\u2019Sp\u00ebtzt dreiwe w\u00ebll, beweist hir lescht Propositioun, d\u00e9i drop ofzielt an all Land e sougenannte \u201eConseil de la comp\u00e9titivit\u00e9\u201c anzef\u00e9ieren, fir datt d\u2019Kommissioun nach m\u00e9i en direkten Afloss op d\u2019Loungestaltung an hir Verhandlungssystemer an den eenzelne L\u00e4nner kr\u00e9ie kann.<\/p>\n<p>Den OGBL refus\u00e9iert d\u00ebst kategoresch an ech begr\u00e9issen et mat Nodrock, datt d\u2019L\u00ebtzebuerger Regierung d\u00ebse Projet och ofleent.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Z\u00ebnter 2014 hu mir hei zu L\u00ebtzebuerg e staarke Wirtschaftswuesstum vun duerchschn\u00ebttlech iwwer 4% pro Joer. An och 2016 ges\u00e4it ganz gutt aus.<\/p>\n<p>M\u00e4 eis Reall\u00e9in stagn\u00e9ieren. Domat geet et elo duer.<\/p>\n<p>D\u00e9i positiv wirtschaftlech Entw\u00e9cklung muss elo an d\u2019Peitut eran. D\u2019Kafkraaft muss net n\u00ebmmen iwwert d\u2019Steierreform gest\u00e4erkt ginn, si muss et och iwwert de Loun ginn. D\u2019Z\u00e4it ass komm fir an eiser Tarifpolitik, an eise Kollektivvertragsverhandlunge, m\u00e9i h\u00e9ich Lounfuerderungen ze stellen. An der Industrie, an der Baubranche an am Handwierk, am Handel, am Banken- a Finanzber\u00e4ich, am Transport an an de villen anere gestanen an neien Serviceber\u00e4icher a -betriber.<\/p>\n<p>An d\u2019Wuert \u201eMindestloun\u201c ass fir den OGBL net Synonym mam Wuert \u201eAarmutsloun\u201c. Wee 40 Stonne schafft, muss sech mat sengem Loun en uerdentlecht Liewe leeschte k\u00ebnnen, an dat ass hei zu L\u00ebtzebuerg mam aktuelle Mindestloun net m\u00e9i m\u00e9iglech. De Mindestloun muss strukturell adapt\u00e9iert ginn an an d\u2019Luucht gesat ginn. 10% wor eis Fuerderung d\u2019lescht Joer. An d\u00ebst Joer ass eis Fuerderung: 10%.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Kontext \u00ebnnerst\u00ebtzt iwwregens den OGBL d\u2019Fuerderung vum EGB, datt an alle L\u00e4nner vun Europa e gesetzleche Mindestloun agfouert g\u00ebtt, deen der wirtschaftlecher Situatioun an den eenzelne L\u00e4nner gerecht g\u00ebtt. D\u2019H\u00e9icht vu 60% vum jeweilige Medianloun ass d\u2019Objektiv.<\/p>\n<p>Zu L\u00ebtzebuerg ass den aktuelle Mindestloun n\u00ebmmen 41% vum Medianloun, an der Belsch an an D\u00e4itschland l\u00e4it e bei 50%, a Frankr\u00e4ich sin et 61%.<\/p>\n<p>Dem OGBL seng Revendicatioun fir e bessere Mindestloun ass och eng ganz wichteg Revendicatioun fir d\u2019Revaloris\u00e9ierung an d\u2019Unerkennung vun der Aarbecht vun der Fra.<\/p>\n<p>Ganz vill vun hinne gi mam Mindestloun ofgespeist oder verd\u00e9ngen e Loun, dee just Grimmelen iwwert dem Mindestloun l\u00e4it. Dat g\u00ebllt virun allem an de Wirtschaftsber\u00e4icher vum Handel, an der H\u00f4tellerie an der Restauratioun, m\u00e4 och a villen neie Servicer, d\u00e9i oft d\u2019Resultat vum Outsourcing aus de Betriber sinn.<\/p>\n<p>An ech w\u00ebll och stellvertriedend de Botzber\u00e4ich nennen, an deem d\u2019Fraen net n\u00ebmmen e Loun hunn, dee ganz no beim Mindestloun l\u00e4it, m\u00e4 d\u00e9i doriwwer eraus ganz schlecht Aarbechtsbed\u00e9ngungen, virun allem skandal\u00e9is Aarbechtsz\u00e4itbed\u00e9ngungen hunn.<\/p>\n<p>De schw\u00e9iere Konflikt, deen den OGBL mam Patronat aus dem Botzber\u00e4ich huet, geet weider a mir w\u00e4erten eise Kampf fir de qualifiz\u00e9ierte Mindestloun no 10 Joer Beruff op alle Pl\u00e4ng fortsetze bis mer eis duerchgesat hunn. Mir loossen d\u2019Botzpersonal net am Stach.<\/p>\n<p>Grad w\u00e9i mer dofir antrieden, datt an alle Beruffer an an alle Betriber, d\u2019\u00cbnnerbezuelung vun der Fra ausrad\u00e9iert muss ginn.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Mir br\u00e4uchen eng offensiv Politik fir d\u2019Ofs\u00e9cherung an d\u2019Verbesserung vun eiser Sozialer S\u00e9cherheet. Ouni staark staatlech Sozialleeschtungen, ouni staark \u00ebffentlech solidaresch Sozialvers\u00e9cherungen an ouni e staarkt \u00ebffentlecht Gesondheets- a Sozialwiesen ass eng demokratesch a sozial gerecht Gesellschaft net m\u00e9iglech.<\/p>\n<p>An engem vun de r\u00e4ichste L\u00e4nner vun der Welt muss jiddfereen onhofh\u00e4ngeg vun senger Akommessituatioun vun enger optimaler Gesondheetsversuergung profit\u00e9iere k\u00ebnnen, vun engem Gesondheetswiesen dat jiddferengem d\u00e9i gl\u00e4ich Rechter ofs\u00e9chert.<\/p>\n<p>An an engem vun de r\u00e4ichste L\u00e4nner vun der Welt muss et och en \u00ebffentlecht Pensiounssystem ginn, dat esou performant ass, datt privatkommerziell Zousazvers\u00e9cherungen iwwerfl\u00ebsseg sinn.<\/p>\n<p>D\u2019Ausgabe fir d\u2019Sozial Secherheet sinn hei zu L\u00ebtzebuerg net ze h\u00e9ich. Par Rapport zum PIB ginn D\u00e4itschland, Frankr\u00e4ich an d\u2019Belsch, ginn d\u2019L\u00e4nner aus der Eurozone m\u00e9i fir d\u2019Sozial S\u00e9cherheet an d\u2019Gesondheet aus w\u00e9i L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>An trotzdem gi vun der Br\u00e9isseler Kommissioun, vun de Lobbyisten vum Patronat a vu S\u00e4ite vun der Politik permanent Attacke g\u00e9int eise Sozialsystem geridden.<\/p>\n<p>D\u2019Gesondheetswiese mat sengen zwou wichtege Sozialvers\u00e9cherungen, der Fleegevers\u00e9cherung an der Krankevers\u00e9cherung an eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem sinn an all de leschte Joeren zur Zilscheif ginn. Dat huet dozou gefouert, datt hei zu L\u00ebtzebuerg vun de Regierunge falsch Entscheedunge geholl gi sinn.<\/p>\n<p>D\u2019Pensiounsreform vun 2013 wor e Feeler, wor e Schr\u00ebtt an d\u00e9i falsch Richtung an den Zukunftspak, dee bei der Krankevers\u00e9cherung a bei der Fleegevers\u00e9cherung kontraproduktiv Spuermossnamen engag\u00e9iert huet, ass och e Feeler gewiescht.<\/p>\n<p>Den OGBL widersetzt sech d\u00ebser Politik, d\u00e9i n\u00ebt am Interesse vun eisem Land ass.<\/p>\n<p>Mir br\u00e4uchen eng Gesondheetspolitik, d\u00e9i am Ber\u00e4ich vun der Gesondheetskeess de Leeschtungskatalog erweidert a mir si frou iwwert d\u00e9i \u00e9ischt Annoncen, d\u00e9i g\u00ebschter an der Quadripartite gemaach gi sinn.<\/p>\n<p>Mir br\u00e4uchen e Plan Hospitalier deen d\u2019\u00ebffentlech Gesondheetsversuergung ofs\u00e9chert. Mir br\u00e4uche keng Gesondheetspolitik, d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i Aktivit\u00e9ite vun der \u00ebffentlecher Gesondheetsversuergung dem private Commerce zouschoustert. Mir br\u00e4uchen keng Reform vun der Fleegevers\u00e9cherung, d\u00e9i d\u2019Leeschtunge verschlechtert, statt ze verbesseren.<\/p>\n<p>D\u00e9i aktuell Fleegevers\u00e9cherung ass eng gutt Vers\u00e9cherung, d\u00e9i keng d\u00e9ifgr\u00e4ifend strukturell Ver\u00e4nnerung br\u00e4uch. Wat se br\u00e4uch si punktuell \u00c4entwerten op punktuell Schw\u00e4chten. Net m\u00e9i an net manner.<\/p>\n<p>De Schl\u00ebssel vun de Personalbesetzungen am Gesondheetswiese muss iwwerduecht ginn, well d\u2019Limite vun der Aarbechtsintensit\u00e9it iwwerschratt sinn. Wee keng Verschlechterung vun de Fleegeleeschtunge w\u00ebll, dee muss elo a s\u00e4i Personal invest\u00e9ieren.<\/p>\n<p>An et ass inakzeptabel, datt d\u2019Personal aus dem gesamte Gesondheets- a Sozialwiesen elo er\u00ebm eng K\u00e9ier forc\u00e9iert g\u00ebtt op d\u2019Strooss ze goen an de 4. Juni den Opstand ze maachen, fir seng zwee grouss Kollektivvertr\u00e4g ze verdeedegen a seng Rechter duerchzesetzen.<\/p>\n<p>Mat der \u00cbnnerbezuelung vun de Sozial- an de Gesondheetsberuffer aus de Spideler, aus de Fleegeheemer, aus de Cr\u00e8chen an de Maisons-relais, aus dem Beh\u00ebnnerteber\u00e4ich an aus allen anere sozialen Ariichtunge vun der Erwuessener-, Jugend- a Kannerbetreiung muss et elo eriwwer sinn. Definitiv eriwwer sinn.<\/p>\n<p>De ganzen OGBL steet hannert dem Personal a sengem gewerkschaftleche Kampf, deen et elo engag\u00e9iere muss g\u00e9int e Patronat, dat d\u00e9i wichtegst Artikelen aus de Kollektivvertr\u00e4g net respekt\u00e9iert.<\/p>\n<p>An un d\u2019Regierung riicht den OGBL s\u00e4in dringenden Appell, datt si elo hire Beitrag maache muss, fir de Konflikt esou schnell w\u00e9i n\u00ebmme m\u00e9iglech ze entsch\u00e4erfen. Mir br\u00e4uche schnell Solutiounen.<\/p>\n<p>Den 28. November 2014 huet d\u2019Regierung sech am Accord mam OGBL iwwert den Zukunftspak zum Respekt vun den Artikelen aus de Kollektivvertr\u00e4g verpflicht.<\/p>\n<p>Dee g\u00ebllt et elo anzel\u00e9isen. Et d\u00e4erf elo keng Z\u00e4it m\u00e9i verluer ginn.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>De gr\u00e9isste G\u00e9igner vun enger fortschr\u00ebttlecher Sozialpolitik ass eng Politik, d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i d\u2019Betriber aus hirer sozialer Verantwortung entl\u00e9isst. A sozial Verantwortung heescht finanziell Verantwortung.<\/p>\n<p>\u00cbmmer manner Steieren an \u00ebmmer manner Kotisatioune fir d\u2019Betriber ass d\u00e9i falsch Politik. D\u00e9i Dynamik muss gebrach ginn.<\/p>\n<p>D\u2019UEL kann den Hals n\u00ebt voll genuch kr\u00e9ien a si ass amgaangen d\u2019Grondprinziper vun eisem Sozialmodell a Fro ze stellen.<\/p>\n<p>D\u00e9i sougenannte Propositioun vun der UEL, fir datt an d\u2019Zukunft d\u2019Betriber hiren Deel vun der Kotisatioun fir d\u2019Naturalleeschtungen an der Krankevers\u00e9cherung net m\u00e9i bezuele sollen an datt deen Deel vun der Kotisatioun vum Salariat bezuelt soll ginn, ass en Affront, eng regelrecht Provokatioun, d\u00e9i nei Grief an de soziale Relatiounen hei am Land op m\u00e9cht.<\/p>\n<p>De Prinzip vun der gl\u00e4icher Kotisatioun \u2013 der Part patronale an der Part salariale \u2013 huet den LAV politesch duerch seng Mobilisatioun vum 9. Oktober 1973 duerchgesat. Iwwert 40 Joer duerno, w\u00e4ert et den OGBL net zouloossen, datt d\u2019UEL mat hirer salariatsfeindlecher Positioun duerchk\u00ebnnt. Do k\u00ebnnt der s\u00e9cher sinn, Kolleginnen a Kollegen.<\/p>\n<p>Den OGBL verlaangt, datt grad esou w\u00e9i de Minister vun der Sozialer S\u00e9cherheet et g\u00ebschter am Numm vun der Regierung an der Quadripartite gemaach huet, och vun alle politische Parteien, a besonnesch vun der gr\u00e9isster Oppositiounspartei, eng ganz kloer Sprooch geschwat g\u00ebtt an dem r\u00e9ckschr\u00ebttleche Kurs vun der UEL eng kloer Ofso gemaach g\u00ebtt.<\/p>\n<p>A wa mer schonns bei der UEL sinn, d\u00e9i \u00ebmmer manner bezuele w\u00ebll, da w\u00eblle mer hir an der Politik am allgemengen haut eng weider kloer Warnung mat op de Wee ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Patten ewech vun eisem Pensiounssystem. D\u2019Pensiounsreform vun 2013 huet genuch Schued ugeriicht. W\u00e9i iwwerfl\u00ebsseg se wor, ass \u00ebnner anerem elo offensichtlech ginn, wou intern Servicer vun der Br\u00e9isseler Kommissioun selwer erausfonnt hunn, datt d\u00e9i villbeschwuere Rentemauer, w\u00e9i duerch e Wonner, er\u00ebm eng Partie Joeren an d\u2019Zukunft no hanne ger\u00e9ckelt ass.<\/p>\n<p>Wann et mat der Rentemauer esou ass w\u00e9i mam Goldsak um Enn vum Reebou, esou g\u00ebllt dat net fir d\u00e9i finanziell Situatioun vun der Pensiounskeess: d\u00e9i ass haut k\u00e4rgesond, a si w\u00e4ert et och nach muer sinn.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt an all de kommende Joeren iwwerhaapt kee Grond eng nei Diskussioun g\u00e9int eisen \u00ebffentleche Pensiounssystem lasszel\u00e9isen, n\u00ebt g\u00e9int e Pensiounssystem deen alle privatkommmerzielle Privatvers\u00e9cherungen haush\u00e9ich iwwerlee\u00ebn ass.<\/p>\n<p>Dat soe mer net n\u00ebmmen d\u00ebser Regierung m\u00e4 och fir d\u00e9i n\u00e4chst a fir d\u00e9i iwwern\u00e4chst. Um Rentenajustement d\u00e4erf sech net m\u00e9i vergraff ginn.<\/p>\n<p>Anstatt elo am Kader vun der Steierreform staatlech Steiergelder ze verschleidere fir de Profit vun de privaten Assurancen ze f\u00f6rderen an deem d\u00e9i m\u00e9i betuchte Jugend oder d\u2019Jugend vu betuchten Elteren dozou incit\u00e9iert g\u00ebtt sech privat zousazzevers\u00e9cheren, w\u00e4r et besser wann d\u2019Politik dofir suerge g\u00e9if, datt d\u2019Attacke vum Patronat a vun der Br\u00e9isseler Kommissioun an d\u2019eidelt lafen an, datt de politischen Terrain prepar\u00e9iert g\u00ebtt, fir d\u00e9i iwwerfl\u00ebsseg Verschlechterunge vun der Pensiounsreform er\u00ebm opzehiewen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>De Ch\u00f4mage ass hei am Land liicht zr\u00e9ckgaangen an dat ass gutt esou.<\/p>\n<p>Wat awer manner gutt ass, ass datt bei enger Konjunktur vu 4-5% a bei engem Uwuesse vun den Aarbechtsplaze vun 2,5%-3% am Joer d\u2019Aarbechtslosegkeet just liicht zr\u00e9ckgeet.<\/p>\n<p>Dem STATEC no ass d\u00e9i liicht Verbesserung virun allem e reng mechaneschen Effekt vun der gudder Konjunktur. Wou bleift also dat grousst Engagement vum Patronat, vun deem d\u2019UEL \u00ebmmer er\u00ebm schw\u00e4tzt, wann et dr\u00ebms geet m\u00e9i Aarbechtsloser anzestellen?<\/p>\n<p>D\u00ebs Fro ass \u00ebmsou m\u00e9i pertinent, wann ee weess, datt eis Aarbechtslosequot haut nach \u00ebmmer \u00ebm 50% m\u00e9i h\u00e9ich ass w\u00e9i et virum Krisenausbroch 2008 de Fall wor.<\/p>\n<p>Mir fuerderen dofir d\u2019UEL zu engem ganz aneren Engagement op: n\u00e4mlech d\u00e9i 50% op 0% zr\u00e9ckzef\u00e9ieren, op d\u2019Situatioun virun dem Krisenausbroch.<\/p>\n<p>Mir br\u00e4uchen eng besser Aarbechtsplazs\u00e9cherheet hei zu L\u00ebtzebuerg: Z\u00ebnter 10 Joer fuerdere mer d\u2019Revisioun vun de Gesetzer iwwert de Maintien dans l\u2019emploi. Z\u00ebnter Joere fuerdere mer e bessere gesetzleche Schutz g\u00e9int d\u00e9i individuell a kollektiv Entloossungen aus ekonomesche Gr\u00ebnn. D\u00e9i Gesetzer mussen elo kommen.<\/p>\n<p>M\u00e4 och d\u2019Ausbildung vun de Kanner an de Jugendlechen an hir gutt berufflech Qualifikatioun mussen am M\u00ebttelpunkt vun der politischer Aktioun stoen. M\u00e9i w\u00e9i je. Dat mat Bl\u00e9ck op d\u2019Reform vum Secondaire an op d\u2019Reform vun der Formation professionnelle. M\u00e4 och mat Bl\u00e9ck op de Fondamental, wou mer eist Syndikat Erz\u00e9iung a W\u00ebssenschaft voll \u00ebnnerst\u00ebtzen an hirem Widerstand g\u00e9int den Ofbau bei de Schoulstonnen. Dat ass e Spueren op der falscher Plaz.<\/p>\n<p>Grad esou si politesch Initiativen erfuerdert fir d\u2019Jugend viru prek\u00e4ren Aarbechtsverh\u00e4ltnisser a schlechten Aarbechtsvertr\u00e4g ze sch\u00fctzen. Vill ze vill Jugendlech verbrengen ze vill Z\u00e4it an z\u00e4itlech befrist Aarbechtsvertr\u00e4g.<\/p>\n<p>A mir fuerderen haut d\u2019UEL op mat der Gewerkschaft a Verhandlungen anzetriede fir d\u2019Ausschaffe vun engem nationale Modell fir \u201ed\u2019Formation professionnelle continue\u201c, e Modell vun der Cogestioun, e Modell deen d\u2019Salariats- an Betribsinteressen an d\u00ebser ganz wichteger Saach \u00ebnnert een Hut h\u00ebllt an deen all Partner aus der Aarbechtswelt mobilis\u00e9iert fir d\u2019Qualifikatioun an d\u2019berufflech Perspektiven vun de schaffende Leit. An d\u2019Regierung ass w\u00ebllkomm sech un d\u00ebsen Diskussiounen ze bedeelegen.<\/p>\n<p>An an d\u00ebsem Modell mussen och all d\u2019Zorte vun qualifikatoreschen Initiativen fir Aarbechtsloser matageschloss ginn.<\/p>\n<p>Den OGBL huet seng Fuerderung fir d\u2019Vollbesch\u00e4ftegung net vergiess. An all de leschte Joeren huet d\u2019Laangz\u00e4itaarbechtslosegkeet zougeholl, d\u00e9i an \u00e9ischter Linn eeler Salari\u00e9en tr\u00ebfft. D\u00ebse Phenomen ass a sengem Ausmooss nei an dofir muss d\u2019Indemnis\u00e9ierung vum Ch\u00f4mage esouwuel a senger Dauer w\u00e9i och an der H\u00e9icht un d\u00e9i nei Sitatioun ugepasst ginn.<\/p>\n<p>De Gesetzesvirschlag iwwert d\u00e9i sougenannte \u201egestion des \u00e2ges\u201c geet eis net w\u00e4it genuch. E muss opgebessert ginn. Fir wiirklech eng real Dynamik an de Betriber auszel\u00e9isen, d\u00e9i d\u2019berufflech Perspektiven besser ofs\u00e9chert an d\u2019Aarbechtsbedingungen an -z\u00e4iten un d\u00e9i spezifisch Besoin\u00eb vun den eelere Besch\u00e4ftegten upasst. An d\u00e9i den eelere Salari\u00e9en e m\u00e9i fl\u00e9issenden Iwwergang vum Aarbechtsliewen an d\u2019Pensioun m\u00e9iglech mecht.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem Zesummanhang er\u00ebnneren ech un den Accord vun 2014, wou d\u2019Regierung sech dozou engag\u00e9iert huet, e gesetzlecht Recht op d\u2019Kombinatioun vun Deelz\u00e4itaarbecht an Deelrent anzef\u00e9ieren. D\u2019Z\u00e4it ass elo schons m\u00e9i w\u00e9i reif, d\u00ebse Punkt \u00ebmzesetzen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Eis Kampagne fir e Sozialpak fir L\u00ebtzebuerg kann haut e positive Bilan opweisen.<\/p>\n<p>10 Joer nodeems am Joer 2006 d\u2019Prestations familiales desindex\u00e9iert gi sinn, hu mer als OGBL mat der Regierung en Accord fonnt, fir d\u2019Index\u00e9ierung vun de Studenteboursen ab 2018.<\/p>\n<p>A mir hu kuerz duerno den Accord fonnt fir d\u2019Af\u00e9ierung vun engem ganz wichtege gesetzleche Mechanismus, dee virges\u00e4it, datt d\u2019Prestations familiales souwuel wat d\u2019Saach- w\u00e9i och d\u2019Geldleeschtungen ubelaangt, also vum Kannergeld, iwwert d\u00e9i eenzel Familljenzoulage bis zu de Ch\u00e8ques-services, all zwee Joer ugepasst gi gem\u00e4ss der Entw\u00e9cklung vum Salaire m\u00e9dian hei am Land, an dat heescht konkret, datt et sech hei em eng Upassung handelt, d\u00e9i nach m\u00e9i w\u00e4it w\u00e9i just d\u2019Index\u00e9ierung geet.<\/p>\n<p>Ech w\u00ebll allerd\u00e9ngs drun er\u00ebnneren, datt mer eis als OGBL weiderhin dofir ausschw\u00e4tzen, datt d\u2019H\u00e9icht vum Kannergeld direkt gehuewe g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Ech w\u00ebll an d\u00ebsem Kontext net d\u2019Reform vum Cong\u00e9 parental vergiessen, d\u00e9i als Resultat vun eisem Accord vum 28. November 2014 d\u2019Indemnit\u00e9it net n\u00ebmmen eropsetzt bis zu engem Plafong vun 3.200 \u20ac, m\u00e4 zugl\u00e4ich an Zukunft automatesch mam gesetzleche Mindestloun ugepasst g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Fir den OGBL huet d\u2019Kannerbetreiung en h\u00e9ije Stellew\u00e4ert an dofir fuerdere mir, datt et net n\u00ebmme genuch Plazen a Cr\u00e8chen a Maison relais muss ginn, m\u00e4 virun allem och genuch a gutt qualifiz\u00e9iert Personal.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Eng vun de K\u00e4rfuerderunge vun eiser Kampagne \u201eE Sozialpak fir L\u00ebtzebuerg\u201c wor d\u00e9i, datt et n\u00ebt n\u00ebmme Schluss misst si mat de Krisisbelaaschtungen, m\u00e4 datt d\u2019Krisisbelaaschtungen, d\u00e9i eis Leit an de leschte Joere getraff hunn, er\u00ebm missten zer\u00e9ckgeholl ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Ierfschaft vun der Kris d\u00e4erf net d\u00e9i vun enger weiderer \u00cbmverdeelung vun \u00ebnnen no uewen a vun zous\u00e4tzlechen Inegalit\u00e9iten hei zu L\u00ebtzebuerg sinn.<\/p>\n<p>Den OGBL huet sech aus deem Grond Enn 2014 g\u00e9int den Zukunftspak gewiert. Mir hunn \u00ebmmer gesot, datt eis \u00ebffentlech Finanze gesond sinn an dofir all weider Austerit\u00e9it falsch wier.<\/p>\n<p>Wann een haut ges\u00e4it, datt d\u2019\u00ebffentlech Finanzen fir d\u2019Joer 2015 mat engem Iwwerschoss vun 648 Milliounen \u20ac ofschl\u00e9issen, dat si ganzer 600 Milliounen \u20ac iwwert deem, wat d\u2019Regierung nach viru 6 M\u00e9int ugeholl huet, an dat trotz dem Steierverloscht aus dem elektroneschen Handel, da weess een, datt den OGBL sech net geiert huet. 600 Milliounen \u20ac sinn 1,2% PIB.<\/p>\n<p>Ech k\u00e9int et och aneschtes ausdr\u00e9cken: an deen Iwwerschoss falen honnerte vu Milliounen d\u00e9i eise Leit an all de leschte Joeren iwwerfl\u00ebssecherweis ewechgeholl gi sinn.<\/p>\n<p>Eng vun eisen Haaptfuerderunge fir de Sozialpak si staark Steiererliichterunge fir d\u00e9i \u00ebnnescht a m\u00ebttler Akommesschichten.<\/p>\n<p>D\u2019Fuerderung vum OGBL ass vun der Regierung geh\u00e9iert ginn. D\u00e9i Propositioun d\u00e9i elo um D\u00ebsch l\u00e4it, h\u00e4tt zwar nach m\u00e9i w\u00e4it k\u00e9inte goen, m\u00e4 vum OGBL w\u00e4ert een n\u00ebt h\u00e9ieren, datt et eng schlecht Reform ass.<\/p>\n<p>D\u2019Loun- an Akommessteier g\u00ebtt fir d\u00e9i kl\u00e9ng bis m\u00ebttel Akommesschichten net n\u00ebmmen direkt iwwert d\u2019Steiertabell m\u00e9i liicht, m\u00e4 am besonneschen och duerch d\u2019Eropsetze vun de Cr\u00e9dit-imp\u00f4ts fir d\u2019Salari\u00e9en, fir d\u00e9i Pensionn\u00e9iert a fir d\u2019Elengerz\u00e9ier.<\/p>\n<p>Den OGBL begr\u00e9isst nieft Erliichterunge bei de Ch\u00e8ques-service, den Alimenter virun allem och d\u2019\u00cbmsetzung vu senger Fuerderung beim Abattement fir Haushaltsk\u00e4schten, fir d\u2019Fleege- an H\u00ebllefsk\u00e4schten bei Fleegeofh\u00e4ngegkeet a fir d\u2019Kannerbetreiung, deen elo substantiell eropgesat soll ginn.<\/p>\n<p>Mir begr\u00e9issen och d\u2019steierlech Moossnamen am Ber\u00e4ich vum Logement, weisen awer an deem Kontext drops hin, datt d\u00e9i politesch Ustrengungen am Ber\u00e4ich vum soziale Wunnengsbau nach weider verst\u00e4erkt musse ginn.<\/p>\n<p>D\u00e9i z\u00e4itbefrist Steier vun 0,5% d\u00e9i 2015 agefouert ginn ass, g\u00ebtt 2017 ofgeschaf. Er\u00ebnnert iech. Wann den OGBL net gewiescht wier, da w\u00e4r d\u00ebs Steier net just z\u00e4itbefrist agefouert ginn a si w\u00e4r och net ofgeschw\u00e4cht ginn, m\u00e4 dann h\u00e4tte mer definitiv ab 2015 eng nei Sozialsteier gehat. D\u00e9i w\u00e4r elo douds\u00e9cher net m\u00e9i \u00ebnnert den D\u00ebsch gefall. Och hei lunge mir als OGBL richteg a k\u00ebnnen eis haut dofir f\u00e9licit\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Iwwert d\u2019Steierreform k\u00ebnnt Kafkraaft zr\u00e9ck d\u00e9i an all de Joeren z\u00ebnter 2009 ewechgeholl ginn ass. Et g\u00ebtt also e Lach er\u00ebm gestoppt, och wann et net ganz gestoppt g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Eng wichteg Fuerderung vum OGBL ass allerd\u00e9ngs bis elo net vun der Regierung zr\u00e9ckbehale ginn. Mir hunn als OGBL d\u2019Af\u00e9ierung vun engem gesetzleche Mechanismus gefuerdert, dee fir d\u2019Zukunft verh\u00ebnnere soll, datt dat pass\u00e9iert w\u00e9i et z\u00ebnter dem Joer 2009 de Fall ass, n\u00e4mlech, datt d\u2019Inflatioun \u2013 an et sinn iwwer 13% kumul\u00e9iert Inflatioun z\u00ebnter 2009 bis haut \u2013 automatesch zu Steiererh\u00e9ijungen bei de L\u00e9in a bei de Pensioune f\u00e9iert.<\/p>\n<p>Den OGBL fuerdert vun der Regierung, datt esou eng \u201ekal Progressioun\u201c vun de Steieren net m\u00e9i stattf\u00ebnnt.<\/p>\n<p>Wa se dat n\u00e4mlech net mecht, huet se d\u00e9i n\u00e4chst Steierongerechtegkeet elo schonns d\u00e9cid\u00e9iert. Dat geet schonns lass bei der n\u00e4chster Indextranche.<\/p>\n<p>Et ass elo nach Z\u00e4it do eppes ze maachen. Et muss elo e s\u00e9ri\u00e9ise Virschlag op den D\u00ebsch kommen.<\/p>\n<p>Sinn d\u2019Steiererliichterunge fir d\u00e9i m\u00ebttel an \u00ebnnescht Akommesschichten absolut ubruecht a berechtegt, esou g\u00ebtt et awer Steiererliichterungen, d\u00e9i et net sinn. Dat ass fir d\u2019Betriber de Fall. Do ass n\u00e4ischt er\u00ebmzeginn, well do n\u00e4ischt ewechgeholl ginn ass.<\/p>\n<p>L\u00ebtzebuerg dr\u00e9int eng nei Ronn am gesamteurop\u00e4esche Fiskaldumping bei der Betribsbesteierung mat. D\u00ebse Fiskaldumping huet an Europa de staatleche Finanzen, an domat de Sozialsystemer iwwel zougesat. Den OGBL kann dat net guttheeschen zumols d\u2019Regierung de Beweis sch\u00eblleg bleift, datt d\u00e9i Steiererliichterung noutwendeg ass.<\/p>\n<p>De Paquet fiscal, dee vun der europ\u00e4escher Kommissioun g\u00e9int Steierflucht a g\u00e9int best\u00ebmmte Forme vun der betriblecher Steieroptimis\u00e9ierung propos\u00e9iert g\u00ebtt, ass weder schonns a Kraaft nach kritikfr\u00e4i w\u00e9i d\u00e9i lescht Analyse vum EGB offelee\u00ebn. Den EGB fuerdert seng weider Versch\u00e4erfung.<\/p>\n<p>D\u2019L\u00ebtzebuerger Betriber hunn hei eng Virschosstranche kritt. Et w\u00e4r m\u00e9i schlau dem Salariat an de Pensionn\u00e9ierten eng Virschosstranche op den Index ze ginn, fir de Kafkraaftverloscht z\u00ebnter dem leschten Index a besonnesch deen, deen duerch TVA-Erh\u00e9ijung stattfond huet, auszegl\u00e4ichen.<\/p>\n<p>Et kann net sinn, datt d\u2019Betriber elo schonns fuerderen, nach m\u00e9i Steiererliichterungen ze kr\u00e9ien, wann d\u00e9i europ\u00e4esch Steiergesetzgebung chang\u00e9iert.<\/p>\n<p>Vu datt et dem Wirtschafts- a Sozialrot a senger Steieranalyse opgrond vu feelenden Donn\u00e9e\u00ebn onm\u00e9iglech wor, erauszefannen, w\u00e9i h\u00e9ich d\u00e9i effektiv, d\u00e9i real Besteierung vun de Betriber hei am Land ass, fuerdert den OGBL, datt den CES vun der Regierung mat d\u00e4r Analyse beoptraagt g\u00ebtt, an datt d\u2019Regierung alles \u00ebnnerh\u00ebllt fir datt endlech all Donn\u00e9e\u00ebn, wat d\u2019Betribsbesteierung ubelaangt, erstallt an transparent ginn.<\/p>\n<p>Esou kann et net weidergoen. Den OGBL kann net aneschtes am Moment w\u00e9i unhuelen, datt d\u00e9i Steiererliichterungen, d\u00e9i elo fir Betriber vun der Regierung beschloss gi sinn an \u00e9ischter Linn d\u2019Profiter eropsetzen an dat bedeit fir eis, datt e weidere Spillraum do ass fir eis offensiv Kollektivvertragspolitik, fir Lounerh\u00e9ijungen a fir besser Aarbechtskonditiounen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Ech hunn et de 26. November schonns bei eiser Protestmanifestatioun am ParcHotel gesot: Wann e Salari\u00e9 seng Aarbecht g\u00e9int Loun verkeeft, da verkeeft en nieft senger Aarbecht gl\u00e4ichz\u00e4iteg seng Z\u00e4it.<\/p>\n<p>Aarbechtsz\u00e4it ass Liewensz\u00e4it.<\/p>\n<p>An eng schlecht Aarbechtsz\u00e4it ass eng schlecht Liewensz\u00e4it.<\/p>\n<p>An der Ausernanersetzung t\u00ebscht Kapital an Aarbecht spillt d\u2019Aarbechtsz\u00e4itfro eng ganz entscheedend Roll.<\/p>\n<p>Dat wor g\u00ebschter esou, dat ass haut esou, an dat w\u00e4ert och muer de Fall sinn, an zwar esou laang w\u00e9i d\u2019Aarbecht vun deem engen de Profit vun deem aneren ass.<\/p>\n<p>Dem Kapital ass d\u2019Liewensz\u00e4it vum Salari\u00e9 egal, dat eenzegt wat fir et zielt, ass datt de Salari\u00e9 esou laang, esou vill an esou b\u00eblleg w\u00e9i n\u00ebmme m\u00e9iglech fir et schafft.<\/p>\n<p>D\u2019Geschicht vun der Ausbeutung vun der Aarbecht ass och d\u2019Geschicht vun der Ausbeutung vun der Z\u00e4it.<\/p>\n<p>War mir d\u00ebst Joer eis 100 Joer fr\u00e4i Gewerkschaft hei zu L\u00ebtzebuerg feieren, da feiere mir virun allem och den organis\u00e9ierte Kampf vun de schaffende Leit g\u00e9int d\u00ebs Ausbeutung vun der Z\u00e4it, fir besser Aarbechtsz\u00e4iten, fir eng besser Z\u00e4it zum Liewen, fir m\u00e9i Liewensqualit\u00e9it an eng besser Gesondheet.<\/p>\n<p>A well et eng besonnesch Aktualit\u00e9it huet, soll drun er\u00ebnnert ginn, datt dee Kampf ontrennbar mam Kampf fir d\u2019Unerkennung vun der gewerkschaftlecher Organisatioun an der gesetzlecher Verankerung vum kollektive Verhandlungsrecht verbonne wor an et och weiderhin ass.<\/p>\n<p>An dem historesche Streit iwwert d\u2019Aarbechtsz\u00e4iten ass et der nationaler an internationaler Aarbechter- a Gewerkschaftsbeweegung gelongen, duerch d\u2019Kollektivvertr\u00e4g an duerch gesetzlech Regelunge vun den Aarbechtsz\u00e4iten, d\u2019L\u00e4ngt vum Aarbechtsdag a vun der Aarbechtswoch ze verkierzen an ze begrenzen.<\/p>\n<p>Dozou geh\u00e9ieren och Regelungen iwwert d\u2019Iwwerstonnen, iwwert d\u2019Rouz\u00e4iten an iwwert de Cong\u00e9.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt kee St\u00ebllstand an der Ausernanersetzung iwwert d\u2019Aarbechtsz\u00e4iten. An dat ass net n\u00ebmmen eng Fro vun de Kr\u00e4fteverh\u00e4ltnisser, m\u00e4 och eng Fro vun der kapitalistescher Produktiounsweis, d\u00e9i engem st\u00e4nnege Wandel \u00ebnnerworf ass.<\/p>\n<p>Am Verlaf vun de leschte 25 Joer sinn an der Aarbechtsz\u00e4itdiskussioun qualitativ nei Momenter opgetaucht a mat hinne gl\u00e4ichz\u00e4iteg nei Konfliktfelder.<\/p>\n<p>\u00cbnnert dem Begr\u00ebff \u201eFlexibilis\u00e9ierung vun der Aarbechtsz\u00e4it\u201c fuerdert d\u2019Patronat, datt d\u00e9i bestoend Grenzen a Regele vun der Aarbechtsz\u00e4it ofgeschaf an opgeweecht ginn.<\/p>\n<p>Geregelt Aarbechtsz\u00e4ite solle Plaz maache fir eng deregul\u00e9iert a variabel Aarbechtsz\u00e4it, unilateral dem Patronat sengen Betribsinteressen \u00ebnnerworf.<\/p>\n<p>Hei zu L\u00ebtzebuerg ass Enn den 90er-Joeren mam sougenannte PAN-Gesetz en \u00e9ischt Flexibilisis\u00e9ierungsgesetz agfouert ginn. Fir d\u2019Salari\u00e9en e schlecht Gesetz mat enormen Defiziter, w\u00e9i beispillsweis bei der Matbest\u00ebmmung oder bei der Definitioun vun den Iwwerstonnen. Dat Gesetz huet och eist Kollektivvertragswiesen geschw\u00e4cht an d\u2019Patronat huet d\u2019Flexibilis\u00e9ierung zum Nulltarif kritt. Dem Salariat ass eng Aarbechtsz\u00e4itverkierzung verwiert ginn.<\/p>\n<p>Bal e Joer laang hunn d\u2019Diskussiounen t\u00ebscht der UEL, de Gewerkschaften an dem Aarbechtsminister fir en neit Aarbechtsz\u00e4itgesetz gedauert. Si sinn den 21. M\u00e4erz definitiv ofgebrach ginn, well d\u2019UEL zu kengem Moment bereet wor richteg Verhandlungen opzehuelen.<\/p>\n<p>Wann een n\u00e4ischt aneschtes unzebidden huet, w\u00e9i datt e schlecht Aarbechtsz\u00e4itgesetz nach weider verschlechtert soll ginn \u2026 wann een n\u00e4ischt aneschtes op den D\u00ebsch leet, w\u00e9i provokativ nach m\u00e9i Flexibilis\u00e9ierung mat nach manner gesetzleche Regelen a Grenzen anzefuerderen, da kann et kee sozialen Dialog ginn an och kee Verhandlungsresultat.<\/p>\n<p>Den OGBL huet Alternativen zum PAN-Gesetz op den D\u00ebsch geluet. Alternativen, d\u00e9i et fir d\u2019Betriber erm\u00e9iglechen, variabel Aarbechtsz\u00e4itmodeller anzef\u00e9ieren, ouni d\u00e9i legitim Aarbechtsz\u00e4itinteresse vun eise Leit mat F\u00e9iss ze tr\u00ebppelen, an Alternativen d\u00e9i d\u2019Matbest\u00ebmmung do af\u00e9iere, wou se noutwendeg ass \u2026 d\u00e9i eng transparent Iwwerstonneregelung virgesinn, n\u00e4mlech eng, wou d\u2019Iwwerstonnen als dat unerkannt ginn, wat se sinn, n\u00e4mlech Mehraarbecht am Interesse vum Betrib, d\u00e9i och entspriechend ze honor\u00e9ieren ass \u2026 an d\u00e9i endlech dat nohuelen wat z\u00ebnter den 90er-Joeren net pass\u00e9iert ass: d\u2019Aarbechtsz\u00e4itverkierzung als Kompensatioun fir d\u2019Belaaschtung a fir d\u2019Bereetschaft vum Salariat, m\u00e9i variabel fir de Betrib ze schaffen.<\/p>\n<p>Den Z\u00e4itpunkt wor komm, fir kloer Fuerf ze bekennen. An d\u2019Regierung huet kloer Fuerf bekannt.<\/p>\n<p>No den Deklaratioune vum Staatsminister virg\u00ebschter a g\u00ebschter vum Aarbechtsminister g\u00ebtt elo eng Reform vum Aarbechtsz\u00e4itgesetz gemaach, d\u00e9i am \u00cbnnerscheed zum PAN-Gesetz, souwuel d\u2019Interesse vun de Betriber, w\u00e9i och d\u00e9i vun de Salari\u00e9\u00eb respekt\u00e9iert.<\/p>\n<p>Et entsteet en neien Equiliber t\u00ebscht dem Wonsch vum Betrib fir m\u00e9i variabel schaffen ze k\u00ebnnen an dem Bed\u00fcrfnis vum Salari\u00e9 fir gutt geregelt Aarbechtsz\u00e4iten, d\u00e9i seng Liewensqualit\u00e9it w\u00e9i och seng Gesondheet respekt\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Eng Regierung ass do fir d\u00e9i zwou S\u00e4iten am Betrib, d\u00e9i wirtschaftlech an d\u00e9i sozial S\u00e4it gesetzlech zueneen an e Gl\u00e4ichgewiicht ze br\u00e9ngen, jo se gl\u00e4ichberechtegt ze behandelen. Dat ass alles aneschtes w\u00e9i eng einfach Aufgab. D\u2019Regierung huet se gemeeschtert.<\/p>\n<p>D\u2019Uersaach vun den negative Reaktioune vu S\u00e4ite vun de Patronatsvertrieder ass ganz einfach ze erkl\u00e4ren. Si si mat hiren aggressive, provokativen an zud\u00e9ifst salariatsfeindleche Positiounen net duerchkomm.<\/p>\n<p>H\u00e4tt eng Regierung dat schlecht PAN-Gesetz nach weider verschlechtere sollen? H\u00e4tt eng Regierung dem Patronat eng total Flexibilis\u00e9ierung ouni Grenzen an zum Nulltarif solle ginn?<\/p>\n<p>D\u2019\u00c4entwert ass e ganz kloeren NEEN, an dat ass ganz gutt fir L\u00ebtzebuerg, fir all d\u00e9i schaffend Leit an hir Familljen a fir d\u2019sozial Ralatiounen an eisem Land. D\u2019Propositioun vun der Regierung dr\u00e9it zu enger besserer Harmonis\u00e9ierung vun Aarbechtsliewen a Privat- a Familljeliewe bei. E wichtege Schr\u00ebtt, deen d\u00e9i positiv Reform vum Cong\u00e9 parental erg\u00e4nzt. A si dr\u00e9it zur S\u00e9cherheet an zur Gesondheet op der Aarbechtsplaz bei.<\/p>\n<p>Dat ass d\u00e9i sozial Responsabilit\u00e9it, d\u00e9i d\u2019Regierung iwwerholl huet, hei ass net no iergendengem s\u00e9nger Peif gedanzt ginn.<\/p>\n<p>Datt d\u2019Patronat mat sengem Objektiv gescheitert ass, ass allerd\u00e9ngs dem konsequente Widerstand vun enger Gewerkschaft ze verdanken, n\u00e4mlech dem OGBL.<\/p>\n<p>Et ass den OGBL gewiescht, deen zu alle Punkten an d\u00ebser komplexer Mati\u00e8re konkret Propositioune gemaach hhuet, deen op der enger S\u00e4it vum schlechte PAN-Gesetz ewech wollt kommen an deen op d\u00e4r anerer S\u00e4it d\u2019Elementer fir en neit a bessert Gesetz op den D\u00ebsch geluecht a weiderentw\u00e9ckelt huet.<\/p>\n<p>Fir den OGBL ass d\u2019Propositioun vun der Regierung e Komprom\u00ebss, net m\u00e9i an net manner.<\/p>\n<p>Mir k\u00ebnnen elo d\u00e4r vum Patronat gefuerderter Verl\u00e4ngerung vun der gesetzlecher Referenzperiod op 4 M\u00e9int zoust\u00ebmme, well nieft der Aarbechtsz\u00e4itverkierzung a Form vun zous\u00e4tzlechem Cong\u00e9, elo och eng nei Definitioun vun den Iwwerstonnen an hirer Majoratioun agefouert g\u00ebtt, w\u00e9i mir se gefuerdert hunn. A well bei enger Referenzperiod iwwert ee Mount d\u00e9i maximal monatlech Aarbechtsz\u00e4it an engem raisonablen Ausmooss begrenzt bleift. An net ze vergiessen: d\u2019Autorisatioun minist\u00e9rielle fir ouni Kollektivvertrag eng m\u00e9i laang Referenzperiod ze kr\u00e9ien, g\u00ebtt ersatzlos ofgeschaf. Fir n\u00ebmmen d\u00ebs Punkten ze nennen.<\/p>\n<p>En LCGB wor an deenen Diskussiounen absolut keng H\u00ebllef, m\u00e4 e wor en Hindernis an eng Brems.<\/p>\n<p>Den LCGB wollt um schlechte PAN-Gesetz festhalen, e PAN-Gesetz, wou den H\u00e4r Rommes selwer ab engem best\u00ebmmte Punkt vun den Diskussioune gesot huet \u2013 an zwar an deem Moment, wou e gesinn huet, datt et net esou g\u00e9if lafe, w\u00e9i hie sech dat gew\u00ebnscht huet \u2013 datt wa seng Fuerderungen net duerchkomme g\u00e9ifen, d\u2019Patronat l\u00e9iwer um PAN-Gesetz w\u00ebllt festhalen.<\/p>\n<p>Den LCGB huet zu kengem Z\u00e4itpunkt d\u2019Fuerderung vun der Aarbechtsz\u00e4itverkierzung gestallt, zu kengem Z\u00e4itpunkt den OGBL an d\u00ebser wichteger Fuerderung \u00ebnnerst\u00ebtzt. Am \u00cbnnerscheed zum OGBL huet hien net fir e bessert Gesetz mobilis\u00e9iert a gewerkschaftlech Aktioune gemaach.<\/p>\n<p>An den LCGB ass an den Diskussiounen der Strategie vum Patronat voll op de Leim gaangen, w\u00e9i d\u2019Patronat prob\u00e9iert huet, d\u00e9i vum OGBL fir en neit Gesetz gefuerdert Regelen a Grenzen, z\u2019\u00e9vit\u00e9ieren an aus dem Gesetz erauszehalen, a propos\u00e9iert huet, datt dat mat de Personaldelegatiounen am Betrib misst verhandelt ginn an net iwwer Gesetz festgeluecht ginn.<\/p>\n<p>Jiddereen hei am Sall, dee Personaldeleg\u00e9ierten ass, weess ganz genee, welchem Drock \u00ebnnert esou Bed\u00e9ngungen d\u2019Personaldelegatiounen dem Patron g\u00e9igeniwwer ausgeliwwert gi w\u00e4ren.<\/p>\n<p>Eng Gewerkschaft ass do fir dofir ze suergen, datt d\u2019Personaldelegatiounen e staarke gesetzlechen oder kollektivvertragleche Kader hu fir d\u2019Interesse vun de Leit an de Betriber g\u00e9igeniwwer dem Patron oder der Direktioun ze sch\u00fctzen an ze vertrieden.<\/p>\n<p>Eng Gewerkschaft, d\u00e9i dat net m\u00e9i vertr\u00ebtt, m\u00e4 au contraire d\u2019Personaldelegatiounen ouni e staarke, gesetzlechen oder kollektivvertragleche Kader am R\u00e9ck der Pressioun an domat dem Diktat vum Patron am Betrib ausliwwere w\u00ebll, verspillt hir eege Legitimatioun, mecht sech als Gewerkschaft iwwerfl\u00ebsseg.<\/p>\n<p>Datt den LCGB virun deem Resultat, dat den OGBL erreecht huet an zu deem den LCGB selwer n\u00e4ischt beigedro\u00ebn huet, haut \u00ebnner Schock steet, ass s\u00e4i Problem, net eisen.<\/p>\n<p>Eisen ass et awer, wann haut hire President Onwourechte verzaapt, w\u00e9i e.a. d\u00e9i, datt elo d\u2019Personaldelegatiounen an der Gestaltung vun Aarbechtspl\u00e4ng an domat vun den Aarbechtsz\u00e4iten net genuch Diskussiounsspillraum am Betrib m\u00e9i h\u00e4tten. Dat ass net de Fall, de Contraire ass de Fall.<\/p>\n<p>Iwwregens geet et op de Virschlag vum OGBL zr\u00e9ck, datt e.a. d\u2019Recht vun der Cod\u00e9cisioun fir d\u2019Personaldelegatiounen bei Horaires mobiles agefouert g\u00ebtt.<\/p>\n<p>Falsch ass och d\u2019Behaaptung, d\u2019Kollektivvertragsverhandlunge g\u00e9ifen elo ageschr\u00e4nkt ginn. De Contraire ass de Fall, d\u00ebst Gesetz f\u00e9iert zu der Opw\u00e4ertung an zu der St\u00e4erkung vum Kollektivvertragswiesen hei zu L\u00ebtzebuerg.<\/p>\n<p>H\u00e4r Dury, wann dat wat elo Gesetz soll ginn eng \u201eMogelpackung\u201c ass, w\u00e9i dir um Radio behaapt, dann erkl\u00e4rt dem Land an de schaffende Leit, firwat e Patronat haut a sou wallender Opregung ass.<\/p>\n<p>An ech zit\u00e9ieren den H\u00e4r Henckes vun der UEL, deen am Paperjam mengt, datt d\u2019Gewerkschafte fir d\u2019Kollektivvertragsverhandlungen elo gest\u00e4erkt g\u00e9ife ginn.<\/p>\n<p>Oder den H\u00e4r Rommes, deen um 100,7 vun der \u201eVictoire op der ganzer Linn vum OGBL\u201c schw\u00e4tzt.<\/p>\n<p>Datt een net vun de Gewerkschaften am Plural schw\u00e4tzt, huet wuel domat ze dinn, datt den LCGB n\u00e4ischt Positives fir besser Aarbechtsz\u00e4iten hei am Land b\u00e4igedroen huet.<\/p>\n<p>D\u00ebse Gesetzesvirschlag w\u00e4ert och dozou b\u00e4idro\u00ebn, datt sech de sozialen Dialog hei zu L\u00ebtzebuerg er\u00ebm astelle kann.<\/p>\n<p>N\u00ebmmen eng sozial fortschr\u00ebttlech Politik kann d\u2019Patronat, kann d\u2019UEL dozou beweegen, sech vu senge provokativen an aggressive Fuerderungen ze distanz\u00e9ieren, d\u00e9i elo z\u00ebnter Joeren all sozial Verhandlung block\u00e9ieren.<\/p>\n<p>L\u00ebtzebuerg br\u00e4uch d\u00e9i sozial Verhandlung.<\/p>\n<p>L\u00ebtzebuerg ka sech schlecht sozial Bez\u00e9iungen net leeschten.<\/p>\n<p>E gutt Aarbechtsz\u00e4itgesetz ass w\u00e9i gesot och d\u2019Viraussetzung dofir, datt d\u2019Kollektivvertragswiese gest\u00e4erkt g\u00ebtt an nei Qualit\u00e9iten entw\u00e9ckle kann. D\u00e9i bescht Aarbechtsz\u00e4itmodeller entstinn an der kollektiver Verhandlung. Si erm\u00e9iglecht et hei zu L\u00ebtzebuerg \u00c4entwerte fir d\u00e9i vill spezifesch betriblech a sektoriell Situatiounen ze ginn, vum Industriebera\u00efch, iwwert de Bau an d\u2019Handwierk, den Handel, den Transport bis zu de ville privaten an \u00ebffentleche Servicebera\u00efcher.<\/p>\n<p>E fortschr\u00ebttlecht Aarbechtsz\u00e4itgesetz ass awer och d\u2019Viraussetzung dofir, datt et an den direkten nationale Verhandlunge mat der UEL \u2013 an dem sougenannten interprofessionelle Sozialdialog zu konkrete Resultater komme kann.<\/p>\n<p>Wann d\u2019Fundament st\u00ebmmt, wann also d\u00e9i allgemeng Regelung vun den Aarbechtsz\u00e4ite klappt, da g\u00ebtt et och m\u00e9i einfach an den ustoende Verhandlunge mat der UEL iwwert aner Aspekter vun den Aarbechtsz\u00e4iten, n\u00e4mlech der Diskusisounen iwwert d\u2019Aarbechtsz\u00e4itkonten \u2013 d\u2019comptes \u00e9pargne temps \u2013 oder iwwert d\u2019Deelz\u00e4itaarbecht zu positive Konklusiounen ze kommen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019kapitalistesch Produktiounsweis huet seng Wuerzel an der \u00e9ischter industrieller Revolutioun an huet sech vum Damp, iwwert d\u2019Elektrizit\u00e9it an d\u2019Digitalis\u00e9ierung weiderentw\u00e9ckelt.<\/p>\n<p>Haut g\u00ebtt vun der 4. industrieller Revolutioun geschwat, der sougenannter intelligenter Digitalis\u00e9ierung, d\u00e9i an alle Ber\u00e4icher vun der m\u00ebnschlecher Produktioun net n\u00ebmmen nei Potentialer vun der wirtschaftlecher Aktivit\u00e9it erschl\u00e9isse w\u00e4ert, m\u00e4 virun allem och nei a massiv Automatis\u00e9ierungsprozesser vun der Produktioun ausl\u00e9ise w\u00e4ert.<\/p>\n<p>D\u00e9i m\u00ebnschlech Aarbecht w\u00e4ert en d\u00e9ifgr\u00e4ifende Wandel duerchmaachen an d\u2019Gewerkschaftsbewegung steet, w\u00e9i dat schon esou oft an der Vergaangenheet de Fall wor, virun neien an enormen Erausfuerderunge fir d\u00e9i materiell a sozial Interesse vum Salariat an der Ausernanersetzung t\u00ebscht Kapital an Aarbecht ze verdeedegen.<\/p>\n<p>Och wann an d\u00e4r Diskussioun iwwert d\u00e9i laangfristeg Konsequenze vun d\u00ebser 4. Industrieller Revolutioun villes am Moment h\u00e9ich spekulativ ass, sou musse mer eis als Gewerkschaft bewosst sinn, datt mir virun enger neier grousser Etapp stinn.<\/p>\n<p>Net n\u00ebmmen an der Ausernanersetzung iwwert d\u2019Gestaltung vun der m\u00ebnschlecher Aarbecht, m\u00e4 virun allem iwwert d\u2019Verdeelung vun der Aarbecht a vun de Produktivit\u00e9itsgew\u00ebnner.<\/p>\n<p>Et gi massiv Rationalis\u00e9ierungsprozesser an domat massiv Fr\u00e4isetzungsprozesser vun der Aarbecht virausgesot, d\u00e9i net oder bei w\u00e4item net genuch duerch nei wirtschaftlech Aktivit\u00e9iten opgefaange k\u00ebnne ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Gefor vun der sozialer Fraktur an der Spaltung, dem weideren Uwuesse vun der Aarbechtslosegkeet, de sozialen Inegalit\u00e9iten an der Prekaris\u00e9ierung an der kapitalistescher Gesellschaft ass ganz grouss.<\/p>\n<p>An deem Zukunftskampf w\u00e4ert d\u2019Gewerkschaftsbeweegung objektiv gesinn, net u Bedeitung verl\u00e9ieren. Hir Legitimatioun w\u00e4ert net zer\u00e9ckgoe, m\u00e4 si w\u00e4ert uwuessen.<\/p>\n<p>Als Tr\u00e4ger vum gesellschaftleche Fortschr\u00ebtt, muss si dofir suergen, datt d\u00e9i nei technologesch Entw\u00e9cklung zu enger besserer Zukunft fir jiddferee f\u00e9iert.<\/p>\n<p>Den OGBL feiert d\u2019honnert Joer fr\u00e4i Gewerkschaften zu L\u00ebtzebuerg. D\u00ebs Feier d\u00e4erf net just e R\u00e9ckbl\u00e9ck sinn, si mus virun allem och en Ausbl\u00e9ck an d\u2019Zukunft sinn.<\/p>\n<p>Virun enger Woch wor am Utopolis d\u2019Avant-Premi\u00e8re vun eisem Dokumentarfilm \u201eSTREIK\u201c.<\/p>\n<p>Net fir n\u00e4ischt huet de Film no der Projektioun d\u2019stoend Ovatioun vum Publikum kritt. Vun h\u00e9ichw\u00e4erteger filmescher Qualit\u00e9it a mat humoristesche Pausen, fir datt d\u2019Publikum heiansdo zum Otmen ka kommen, weist dem Andy Bausch s\u00e4i Film eis androcksvoll an opreegend d\u2019Geschicht, d\u00e9i vum OGBL a senge Virg\u00e4ngerorganisatiounen. Eng Geschicht vum Kampf fir d\u2019Salariat a gemaach vum Salariat.<\/p>\n<p>D\u00ebs Geschicht ass net eriwwer, si geet weider.<\/p>\n<p>Et ass de gewerkschaftleche Kampf fir e bessert Liewen. E Kampf, dee sech mat senger Organisatioun st\u00e4nneg un nei Bedingunge vun der Aarbecht a vun der Gesellschaft insgesamt upasse muss. Dee chang\u00e9iert t\u00ebscht Defensiv an Offensiv, deen och an d\u2019Zukunft R\u00e9ckschl\u00e9i a Fortschr\u00ebtter durchlafe w\u00e4ert. M\u00e4 grad esou w\u00e9i et de Film gewisen huet, pass\u00e9iert n\u00e4ischt am Selbstlaf.<\/p>\n<p>Wann den OGBL sozial Fortschr\u00ebtter duerchsetze w\u00ebll, da muss hie selwer eng fortschr\u00ebttlech an demokratesch Organisatioun sinn. Eng Organisatioun, d\u00e9i bei de schaffende Leit d\u2019Bewosstsein iwwert dem Salariat seng Stellung an der Gesellschaft an iwwert d\u2019Noutwendegkeet vun der kollektiver Aktioun sch\u00e4erft, d\u00e9i se iwwerzeegen der Gewerkschaft beizetrieden a sech fir d\u00e9i gemeinsam Saach anzesetzen. Dat ass net einfach an d\u00e4r Aufgab musse mir eis stellen.<\/p>\n<p>Dat si mer eis an dat si mer all de Gewerkschaftler sch\u00eblleg, d\u00e9i eis 100-j\u00e4hreg Geschicht a Sozialgeschicht geschriwwen hunn.<\/p>\n<p>Et ass keen Zoufall wa mir den 2. Juli en aussergew\u00e9inleche Kongress hunn, deen eis Statuten an domat den OGBL op Vordermann br\u00e9nge soll.<\/p>\n<p>M\u00e4 domat w\u00e4ert et net duergoen.<\/p>\n<p>Mir hunn haut gesinn, datt grouss K\u00e4mpf ze f\u00e9iere sinn, hei zu L\u00ebtzebuerg an an Europa fir eis gewerkschaftlech Fr\u00e4iheeten a Verhandlungsrechter, fir d\u2019fortschr\u00ebttlech \u00cbmgestaltung vun der Aarbecht, fir staark \u00ebffentlech a solidaresch Sozialsystemer an am allgemenge fir eng fortschr\u00ebttlech an demokratesch Gesellschaft.<\/p>\n<p>Mir hu keng Z\u00e4it ze verl\u00e9ieren a mir mussen dofir d\u00e9i nei a kommend Generatioune vu schaffende Leit, virun allem och an den neie Beruffer a Wirtschaftsber\u00e4icher, fir eis gewerkschaftlech Aktioun gewannen.<\/p>\n<p>A mir mussen weider op d\u2019Vereenheetlechung vun der Gewerkschaftsbeewegung hischaffen.<\/p>\n<p>A mir musse bereed sinn, fir nei Allianzen anzegoen a fir si eng dreiwend Kraaft ze sinn.<\/p>\n<p>Fir Allianzen mat alle politischen an aneren Organisatiounen a M\u00ebnschen an eiser Gesellschaft, d\u00e9i fir soziale Fortschr\u00ebtt, Demokratie a Fridden antrieden.<\/p>\n<p align=\"center\">Den OGBL ass dozou prett. Vive den OGBL a Vive den 1. Mee.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\" align=\"center\"><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/28_04_2016_photo2.jpg\" target=\"_blank\" rel=\"noopener\"><img decoding=\"async\" class=\"aligncenter  wp-image-21586\" style=\"border: 0px none;\" alt=\"28_04_2016_photo2\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/28_04_2016_photo2.jpg\" width=\"600\" \/><\/a><\/p>\n<p><\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":4052,"template":"","categorie_communiques":[41],"syndicat":[],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title>Politische Rede zum 1.Mai - OGBL<\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"de_DE\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:fr]Discours politique du 1er mai[:de]Politische Rede zum 1.Mai[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"Vollst\u00e4ndige Rede des OGBL-Pr\u00e4sidenten, Andr\u00e9 Roeltgen, anl\u00e4sslich des erweiterten Nationalkomitee der Gewerkschaft in Differdingen am Vorabend der 1.Mai-Feier (auf Luxemburgisch). \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-05-23T17:44:10+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"950\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"350\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"94 Minuten\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/\",\"name\":\"[:fr]Discours politique du 1er mai[:de]Politische Rede zum 1.Mai[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg\",\"datePublished\":\"2016-04-29T08:17:04+00:00\",\"dateModified\":\"2023-05-23T17:44:10+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"de-DE\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg\",\"width\":950,\"height\":350},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Discours politique du 1er mai\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"DIE GEWERKSCHAFT\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"de-DE\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:fr]Discours politique du 1er mai[:de]Politische Rede zum 1.Mai[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/","og_locale":"de_DE","og_type":"article","og_title":"[:fr]Discours politique du 1er mai[:de]Politische Rede zum 1.Mai[:] - OGBL","og_description":"Vollst\u00e4ndige Rede des OGBL-Pr\u00e4sidenten, Andr\u00e9 Roeltgen, anl\u00e4sslich des erweiterten Nationalkomitee der Gewerkschaft in Differdingen am Vorabend der 1.Mai-Feier (auf Luxemburgisch). \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-05-23T17:44:10+00:00","og_image":[{"width":950,"height":350,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"94 Minuten"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/","name":"[:fr]Discours politique du 1er mai[:de]Politische Rede zum 1.Mai[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg","datePublished":"2016-04-29T08:17:04+00:00","dateModified":"2023-05-23T17:44:10+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#breadcrumb"},"inLanguage":"de-DE","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2016\/04\/28_04_2016_photo1.jpg","width":950,"height":350},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/discours-politique-du-1er-mai-2\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Discours politique du 1er mai"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"DIE GEWERKSCHAFT","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"de-DE"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2032"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/2032\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/4052"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2032"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=2032"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=2032"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}