{"id":1801,"date":"2014-12-06T11:31:00","date_gmt":"2014-12-06T10:31:00","guid":{"rendered":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communiques\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl"},"modified":"2023-06-30T12:49:51","modified_gmt":"2023-06-30T10:49:51","slug":"expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl","status":"publish","type":"communiques","link":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/","title":{"rendered":"Expos\u00e9 de principe d&#8217;Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l&#8217;OGBL"},"content":{"rendered":"<p class=\"qtranxs-available-languages-message qtranxs-available-languages-message-de\"> <\/p><p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft size-full wp-image-17193\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_2\" width=\"211\" height=\"269\" \/><\/a>L\u00e9if Deleg\u00e9iert,<br \/>\nKolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Dir hutt g\u00ebschter den neien Nationalvirstand vum OGBL gewielt.<\/p>\n<p>Erlaabt mir am Numm vun allen \u00e9irenamtlechen an haaptamtleche Kolleginnen a Kollegen, d\u00e9i zesummen als neien Nationalvirstand an den n\u00e4chste 5 Joer d\u00e9i wichtegst D\u00e9cisioune vun eiser Gewerkschaft huelen, iech villmols Merci ze soen, fir dat Vertrauen, dat dir hinne mat op de Wee ginn hutt.<\/p>\n<p>Den neien Nationalvirstand huet mech g\u00ebschter Owend zum President vum OGBL gewielt.<br \/>\nDat ass ee ganz staarken Ausdrock vu Vertrauen a meng Persoun als Gewerkschaftler.<br \/>\nAn dat ass d\u2019Iwwerdro\u00eb vun der Aufgab, d\u00e9i gr\u00e9isste gewerkschaftlech Organisatioun vu L\u00ebtzebuerg duerch d\u00e9i n\u00e4chst Joeren ze f\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Dat ass d\u2019Iwwerdro\u00eb vun enger ganz h\u00e9ijer Verantwortung fir d\u2019Vertriedung vun de gewerkschaftlechen Interessen vun eise 70.000 Memberen.<\/p>\n<p>Fir \u00e4rt Vertrauen, Kolleginnen a Kollegen, soen ech iech e grousse Merci. Et ass mer eng ganz grouss \u00c9ier, \u00e4re President d\u00e4erfen ze sinn.<\/p>\n<p>An ech w\u00e4ert w\u00e4hrend mengem Mandat alles \u2013 wat mir n\u00ebmme m\u00e9iglech ass \u2013 maachen an \u00ebnnerhuelen, fir deen Optraag, deen dir mir elo iwwerdroen hutt, z\u2019erf\u00ebllen.<\/p>\n<p>Ech iwwerhuelen d\u2019F\u00e9ierung vun engem OGBL, deen \u00ebnnert dem John Castegnaro gebuer an opgewuess ass.<\/p>\n<p>An ech iwwerhuelen d\u2019F\u00e9ierung vun engem OGBL, deen \u00ebnnert dem Jean-Claude Reding ausgebaut an erwuesse ginn ass.<\/p>\n<p>D\u00e9i Foussstapfen an d\u00e9i ech elo trieden, an d\u00e9i mir elo trieden, si grouss.<\/p>\n<p>Zesumme mat honnerten, mat dausenden aktive Gewerkschaftler hunn de John an de Jean-Claude an deene leschte 35 Joer eng Gewerkschaft opgebaut, d\u00e9i net m\u00e9i aus dem betriblechen an aus dem sozial- a gesellschaftspolitesche Liewen hei zu L\u00ebtzebuerg ewechzedenken ass.<\/p>\n<p>Mat senge Virg\u00e4ngerorganisatiounen, vum L\u00ebtzebuerger Metallaarbechterverband an dem L\u00ebtzebuerger Bierg- an H\u00fcttenaarbechterverband 1916 bis 1920 iwwert de L\u00ebtzebuerger Bierg- a Metallindustrieaarbechteverband vun 1920 bis 1944 an dem LAV vun 1944 bis 1979, huet den OGBL der l\u00ebtzebuergescher Sozialgeschicht s\u00e4i Stempel opgedr\u00e9ckt a seng historesch Spuer hannerlooss.<\/p>\n<p>Dat ass keng schw\u00e9ier Ierfschaft, m\u00e4 dat ass eng gutt Ierfschaft.<\/p>\n<p>An d\u00ebs gutt Ierfschaft, Kolleginnen a Kollegen, verlaangt derno, datt et op deem Wee weidergeet.<\/p>\n<p>Dofir huet am OGBL dat Wuert Kontinuit\u00e9it \u00ebmmer eng ganz h\u00e9ich Bedeitung gehat. An dat soll och esou bleiwen.<\/p>\n<p>Et geet \u00ebm d\u2019Kontinuit\u00e9it vun eise gewerkschaftlechen an demokratesche Werter.<\/p>\n<p>Et geet \u00ebm d\u2019Kontinuit\u00e9it vun eiser gewerkschaftlecher Eenheet an eisem solidareschen Zesummenhalt.<\/p>\n<p>Et geet \u00ebm d\u2019Kontinuit\u00e9it vun eiser programmatescher Ausriichtung a vun eiser gewerkschaftlecher Kompetenz.<\/p>\n<p>Alles dat zesumme sinn a bleiwen d\u2019Viraussetzungen dofir, datt och an Zukunft den OGBL op d\u2019Erausfuerderungen an de Betriber an an der politischer Welt d\u00e9i passend gewerkschaftlech \u00c4entwerte f\u00ebnnt.<\/p>\n<p>Kontinuit\u00e9it heescht awer net konservative St\u00ebllstand.<\/p>\n<p>Eis Gewerkschaft ass eng Beweegung, an eng Bewee-gung d\u00e4erf net stoe bleiwen, soss stierft se of.<\/p>\n<p>A grad esou w\u00e9i d\u2019Gesellschaft, an hir \u00f6konomesch a sozial Verh\u00e4ltnisser net stoe bleiwen, muss och d\u2019Gewerkschaftsbewegung sech \u00ebmmer er\u00ebm den neie Bedingunge stellen a sech upassen.<\/p>\n<p>Eis eege Gewerkschaftsgeschicht ass gespickt vun esou Changementer. Ass net den OGBL selwer e Kand vun esou engem noutwennege Changement gewiescht?<br \/>\nOch haut sti mer virun der Noutwendegkeet, eis selwer op de Pr\u00e9ifstand ze huelen.<br \/>\nDofir huet de Kongress g\u00ebschter eng Resolutioun verabschied, d\u00e9i et eis zum Optraag mecht, eis op Longen an op Nieren z\u2019\u00ebnnersichen.<\/p>\n<p>Dat ass keng einfach Aufgab an dat ass och keng einfach Diskussioun.<\/p>\n<p>An all deene leschte Joere sinn eis gewerkschaftlech Missioune weider gewuess a si si m\u00e9i komplex ginn.<\/p>\n<p>Dat g\u00ebllt esouwuel fir d\u00e9i individuell Betreiung vun eise Memberen w\u00e9i och fir d\u2019Begleedung vun eise Personaldelegatiounen.<\/p>\n<p>Dat g\u00ebllt fir d\u2019Verhandlungen an de Betriber w\u00e9i och fir d\u2019Verhandlungen a fir Diskussiounen um politische Plang, an de staatlechen Institutiounen oder an de Gremie vun de Sozialvers\u00e9cherungen.<\/p>\n<p>D\u00e9i modern Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologie stellen eis viru grouss an nei Erausfuerderunge bei der Diffusioun vun der gewerkschaftlecher Propaganda.<br \/>\nEis Kommunikatioun no baussen ass m\u00e9i w\u00e9i je vun enger enormer Bedeitung fir d\u2019Weiderkomme vun der Gewerkschaft.<\/p>\n<p>D\u2019Generatioune vun haut fonctionn\u00e9ieren net m\u00e9i w\u00e9i d\u2019Generatioune vu g\u00ebschter. An et w\u00e4ert nach manner fir d\u00e9i vu muer sinn.<\/p>\n<p>Dat g\u00ebllt och fir eis nei Generatioune vu Memberen an eis nei Generatioune vun aktive Gewerkschaftler.<\/p>\n<p>A vergiesse mer och net d\u00e9i enorm Entw\u00e9cklung vum Salariat hei zu L\u00ebtzebuerg, vu senger Geographie, vu sengen Nationalit\u00e9iten a vu senge berufleche Qualifikatiounen.<br \/>\nOp all d\u00e9i Froen an Entw\u00e9cklunge musse mer d\u00e9i richteg \u00c4entwerte fannen.<\/p>\n<p>D\u00ebs Diskussioun verlaangt vun eis alleguerten Opgeschlossenheet, Disziplin a vill Fangersp\u00ebtzegefill, a vun alle S\u00e4iten d\u2019Motivatioun kreativ a sachlech nozedenken.<br \/>\nFalsch Rivalit\u00e9iten a falsch Nostalgie si feel un der Plaz. Zesummen am g\u00e9iges\u00e4itege Respekt a mat d\u00e4r Kollegialit\u00e9it, d\u00e9i z\u00ebnter je hier eist Markenzeechen ass, w\u00e4erte mir zu de richtege Konklusioune fir den OGBL kommen. Dovu sinn ech iwwerzeecht.<\/p>\n<p>An deem S\u00ebnn propos\u00e9ieren ech, datt d\u00e9i nei Gesch\u00e4ftsf\u00e9ierung an Zesummenaarbecht mat dem Exekutivkommittee, am Januar de Regionalverb\u00e4nn, den Departementer an de Syndikater vum OGBL e konkreten Diskussiounskader, eng Aarbechtsmethod an e pr\u00e4zise Kalenner virschl\u00e9it.<\/p>\n<p>No 12 M\u00e9int mussen d\u2019Konklusiounen um D\u00ebsch leien, fir um ausseruerdentleche Kongress am Virsummer 2016 d\u00e9i statutaresch an och d\u00e9i wesentlech net statutaresch Decisiounen huelen ze k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>2016 w\u00e4ert och nach an enger anerer Hisiicht ee besonnescht Joer fir eis ginn. D\u2019Beweegung vun de fr\u00e4ie Gewerkschafte w\u00e4ert dann hei zu L\u00ebtzebuerg 100 Joer al ginn.<br \/>\nEt sinn 100 Joer, d\u00e9i alles aneschtes w\u00e9i eng riicht Linn sinn. Et goufen an der Ausernanersetzung t\u00ebscht Kapital an Aarbecht net n\u00ebmmen Za\u00efte vu gewerkschaftlechen Duerchbrech a sozialem Fortschr\u00ebtt, m\u00e4 och Za\u00efte vun Nidderlagen a sozialem R\u00e9ckschr\u00ebtt.<\/p>\n<p>D\u2019Geschicht vun eiser Beweegung huet eis gel\u00e9iert, datt na\u00efscht wat mer zu engem best\u00ebmmten Za\u00eftpunkt erreecht an duerchgesat hunn, eis net och er\u00ebm kann ewechgeholl ginn.<\/p>\n<p>W\u00e9i aktuell d\u00ebs Wourecht ass, erliewe mir haut. Vill vun eisen Errongenschaften ginn a Fro gestallt.<br \/>\nD\u00e9i vun eis an d\u00e9i vun der internationaler Gewerkschaftsbewegung.<\/p>\n<p>D\u00e9i wirtschaftlech a politesch Muecht vum Kapital, virun allem d\u00e9i vu senger ausgepr\u00e4gtester Form, d\u00e9i vun de multinationalen an de Finanz- a Bankkonzernen, huet z\u00ebnter den 80er-Joeren zu enger gef\u00e9ierlecher Verschiebung vun de gesellschaftleche Kr\u00e4fteverh\u00e4ltnisser gefouert.<\/p>\n<p>De politischen a wirtschaftlechen Zesummebroch vun der Sowjetunioun an den 90er-Joeren huet d\u00ebs Entw\u00e9cklung just nach weider beschleunegt.<\/p>\n<p>Liberal Wirtschafts- a Gesellschaftstheorien domi-n\u00e9ieren an der Politik, an de Medien an op den Uni\u00ebn.<\/p>\n<p>Och den europ\u00e4eschen Integratiounsprozess, d\u2019Zesum-mewuesse vun Europa, steet z\u00ebnter Joeren \u00ebnnert der Fuchtel vum wirtschaftspolitische Liberalismus.<\/p>\n<p>E wirtschaftspolitische Liberalismus, deen all Spillraum ausnotzt a sech permanent nei Spillreim verschaaft fir d\u2019Verwertungsbedingunge vum Kapital, fir d\u2019kapitalistesch Profitbedingungen ze verbesseren.<\/p>\n<p>Op K\u00e4schte vun de schaffende Leit, op K\u00e4schte vum gesellschaftleche Wuelstand fir d\u2019Menschen an Europa.<\/p>\n<p>An ech erlabe mer hei eng Parenth\u00e8se ze maachen. Eng vun engem ganz gudden, wann net deem aktuell beschte Beispill \u00ebm wat et hei geet.<\/p>\n<p>Virun e puer Joer ass et der europ\u00e4escher Gewerkschaftsbewegung gelongen, d\u00e9i sougenannt Bolkensteindirektiv ze block\u00e9ieren, d\u00e9i zu enger kompletter Deregul\u00e9ierung vun de Sozial- an Aarbechtsgesetz-gebunge gefouert h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Haut heeschen d\u2019Geforen TTIP an CETA, wat d\u2019Ofkierzunge si fir Handels-, Wirtschafts- an Investitiounsofkommen t\u00ebscht den USA, an der EU respektiv Kanada an der EU.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_5.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_5.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_5\" width=\"273\" height=\"181\" \/><\/a>D\u2019Verhandlunge fir den TTIP an d\u2019Ratifiz\u00e9ierung vum CETA musse gestoppt ginn, well si risk\u00e9ieren eis Aar-bechts-, Sozial-, \u00cbmwelt-, Daten- a Verbraucherschutzgesetzer z\u2019\u00ebnnerwanderen an d\u2019\u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtungen ze deregul\u00e9ieren. An \u00ebnner kengen \u00cbmst\u00e4nn d\u00e4erfen d\u00e9i sougenannt aussergesetzlech Schiedsverfahren agefouert ginn, d\u00e9i drop ausgeriicht sinn, d\u2019Interesse vun de privaten Investisseuren iwwert d\u2019souver\u00e4n Politik an d\u2019gesellschaftlech Interesse vun den eenzelne Staaten ze stellen.<\/p>\n<p>Den OGBL w\u00e4ert um nationale w\u00e9i um internationale Plang mam EGB alles \u00ebnnerhuelen, fir d\u00ebse weidere Schr\u00ebtt a Richtung vun enger total liberalis\u00e9ierter Wirtschaft ze verh\u00ebnneren.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019Sozialmodeller, d\u00e9i sech historesch an den europ\u00e4esche L\u00e4nner opgebaut hunn, ginn z\u00ebnter Joeren ugegraff a Schr\u00ebtt fir Schr\u00ebtt demont\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2019Privatis\u00e9ierung an den Ofbau vun den \u00ebffent-lechen D\u00e9ngschleeschtungen, Sozialleeschtungen an den \u00ebffentleche Sozialvers\u00e9cherungen, den Drock op d\u2019L\u00e9in, an d\u2019Ugr\u00ebffer op d\u00e9i national Aarbechtsrechter, op d\u2019Tarifrechter an op d\u2019gewerkschaftlech Rechter a Fr\u00e4iheeten am allgemengen sinn alles Facette vun d\u00e4r selwechter Medaille.<\/p>\n<p>Wat huet eis d\u00e9i Politik vum fr\u00e4ie Maart an der Deregu-l\u00e9ierung a Liberalis\u00e9ierung vun der<\/p>\n<p>Wirtschaft a vun der Finanzwelt bruecht?<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019\u00c4entwert ass eigentlech ganz einfach.<\/p>\n<p>D\u00ebs Politik ass den Ausl\u00e9iser an de Motor vun enger enormer \u00cbmverdeelungsmaschinerie vun \u00ebnnen no uewen a si ass den Ausl\u00e9iser vun der schl\u00ebmmster kapitalistescher Kris z\u00ebnter d\u00e4r vun 1929, wann ech emol vun den zwee Weltkricher ofgesinn.<\/p>\n<p>Sechs Joer nom Ausbroch vun der Kris ass d\u2019Massen-aarbechtslosegkeet op Rekordniveau. Iwwer 25 Milliounen an der EU, iwwert 18 Milliounen an der Eurozone.<\/p>\n<p>A villen europ\u00e4esche L\u00e4nner l\u00e4it d\u2019Zukunftsperspektive vun der Jugend um Buedem.<br \/>\nEng \u00ebmmer m\u00e9i grouss Schicht vu Bierger ass vu sozialer Aarmut betraff, d\u2019Altersaarmut gr\u00e4ift \u00ebmmer m\u00e9i breed \u00ebm sech.<\/p>\n<p>Et wiesst d\u2019Zuel vun de Leit, d\u00e9i schlecht sozial ver-s\u00e9chert sinn, d\u2019\u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtungen hu sech a ville L\u00e4nner verschlechtert, d\u2019Reall\u00e9in, d\u2019Realakommes an d\u2019Kafkraaft sinn zr\u00e9ckgaangen.<\/p>\n<p>Am Europa vun haut f\u00ebnnt keng sozial Harmonis\u00e9ierung no uewen, m\u00e4 eng no \u00ebnne statt, woub\u00e4i deem no \u00ebnne scheinbar keng Grenze m\u00e9i gesat sinn, w\u00e9i eis d\u2019Beispiller vu Portugal, Spuenien, Griechenland a vun anere weisen.<\/p>\n<p>D\u00ebs Politik ass G\u00ebft fir Europa.<\/p>\n<p>Fir d\u2019Generatioune vun haut a fir d\u2019Generatioune vu muer ass den \u00f6konomeschen, de sozialen an den \u00f6kologesche Fortschr\u00ebtt an Europa a Fro gestallt.<\/p>\n<p>Aarbechtslosegkeet, sozial Aarmut, sozial Deklass\u00e9ierung an d\u2019Angscht virum sozialen Ofstieg a virun der Perspektivlosegkeet sinn am gaange sech zu engem explosive politische Cocktail zesummenzebrauen.<\/p>\n<p>Si sinn de N\u00e4hrbuedem fir ganz gef\u00e9ierlech politesch Feelentw\u00e9cklungen.<\/p>\n<p>Riets nationalistesch, populistesch, friemefeindlech a rassistesch Beweegungen a Parteie si bal an allen europ\u00e4esche L\u00e4nner um Virmarsch.<\/p>\n<p>Si sinn net n\u00ebmmen eng Gefor fir d\u2019europ\u00e4esch Kon-struktioun. Si sinn eng Gefor fir eis Demokratie.<\/p>\n<p>A si verbauen de Wee fir d\u2019Duerchsetzung vu reale politischen Alternativen fir d\u2019Bierger vun Europa.<\/p>\n<p>An d\u00ebs real politisch Alternativen exist\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019EU lieft net n\u00ebmme vun der Exportwirtschaft, si lieft virun allem vun hirem eegene Bannemaart.<\/p>\n<p>Nei wirtschaftlech Rezessiounen oder e Stagn\u00e9ieren vun der Wirtschaft k\u00ebnnen n\u00ebmmen duerch d\u2019St\u00e4erkung vum europ\u00e4esche Bannemaart verh\u00ebnnert ginn.<\/p>\n<p>Dofir brauche mer eng zolidd Nofro. Dofir brauche mer fir d\u2019Haushalter d\u2019Erhuelung an d\u2019Verbesserung vun hirer Kafkraaft a mir brauche breet \u00ebffentlech Investitiouns-programmer.<\/p>\n<p>Well d\u2019Betriber w\u00e4erten n\u00ebmmen dann invest\u00e9ieren an nei Aarbechtsplaze schafen, wann se \u00ebn Unz\u00e9ien op der S\u00e4it vun der Nofro erwaarde k\u00ebnnen.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter l\u00e4ngerem fuerdert den EGB en europ\u00e4eschen \u00ebffentlechen Investitiounsprogramm an der H\u00e9icht vu mindestens 250 Milliarden Euro fir Zukunftstinvestitiounen durchzef\u00e9ieren an nei Aarbechtsplazen ze schafen.<\/p>\n<p>D\u00e9i nei Br\u00e9isseler Kommissioun huet elo en Investitiounsprogramm vun 350 Milliarden Euro ugek\u00ebnnegt. Et ass awer keen Investitiounsprogramm, deen iwwert \u00ebffentlech Gelder finanz\u00e9iert soll ginn, m\u00e4 iwwert 300 Milliarde solle vu Privatinvestisseure kommen.<\/p>\n<p>\u00cbffentlech Gelder an der H\u00e9icht vun iwwert 20 Milliarde solle prett gestallt ginn, fir de Privatinvestisseuren de Profit ofzes\u00e9cheren.<\/p>\n<p>All Virsiicht ass also ugesot, a virun all iwwerzunnenem Optimismus muss gewarnt ginn.<br \/>\nAn d\u2019europ\u00e4esch Gewerkschaftsbewegung muss hir Fuerderung fir massiv \u00ebffentlech Investitiounsprogrammer weider ganz h\u00e9ich halen.<\/p>\n<p>Et g\u00ebtt also just ee Wee fir aus der Kris erauszekommen.<\/p>\n<p>D\u2019Regierungen aus Europa mussen Ofstand huele vun der Fortsetzung vun der Austerit\u00e9it a vum falsche Spueren.<\/p>\n<p>A si mussen d\u00e9i europ\u00e4esch Trait\u00e9en of\u00e4nneren, d\u00e9i \u00e0 la base vun d\u00ebser falscher Politik sinn. D&#8217;Austeri\u00e9its- an Spuerpolitike bauen d\u00e9i \u00ebffentlech Schold net of, m\u00e4 si verd\u00e9iwen se weider. D\u00e9i Trait\u00e9\u00eb mussen opgelockert ginn, well hier Haushaltspolitesch Richtlinnen de Staaten net m\u00e9i d\u00e9i noutwendeg Handlungsspillreim loossen, fir g\u00e9int d&#8217;Witschaftrezessioun virzego\u00ebn.<\/p>\n<p>A wann net m\u00e9i gerecht an eiser Gesellschaft verdeelt g\u00ebtt, da w\u00e4erten d\u00e9i Krisenentw\u00e9cklungen, w\u00e9i mer se haut erliewen, zu engem Dauerzoustand ginn.<\/p>\n<p>An d\u00e9i desastr\u00e9is sozial a politisch Konsequenze w\u00e4erte sech weider verd\u00e9iwen.<\/p>\n<p>D\u2019Lounquote ass z\u00ebnter Joerz\u00e9ngten um Falen, d\u2019Akommen op der Kapitals\u00e4it wiisst m\u00e9i schnell w\u00e9i d\u2019Akommen op der S\u00e4it vun der Aarbecht.<\/p>\n<p>An d\u2019Verm\u00e9ige wuessen iwwert de Wee vun Z\u00ebnsen, Dividenden a Spekulatioune m\u00e9i schnell w\u00e9i d\u2019Wirtschaft a w\u00e9i d\u2018L\u00e9in.<\/p>\n<p>D\u2019Schieflag bei der Verdeelung vum gesellschaftleche R\u00e4ichtum huet haut enorm Ausmoossen ugeholl, d\u2019Ongl\u00e4ichheet an den Industriel\u00e4nner ass op engem historeschen H\u00e9chststand ukomm, dee mat deem um Enn vum 19. Joerhonnert vergl\u00e4ichbar ass.<\/p>\n<p>D\u00e9i britesch H\u00ebllefsorganisatioun Oxfam huet fest-gestallt, datt z\u00ebnter dem Krisenausbroch am Joer 2008 sech d\u2019Zuel vun de Milliard\u00e4re weltw\u00e4it m\u00e9i w\u00e9i verduebelt huet an datt d\u2019Verm\u00e9ige vun den 85 r\u00e4ichste Menschen op der Welt all Dag \u00ebm 668 Milliounen Dollar wiisst.<\/p>\n<p>Eng aner Etude mam Numm \u201eWealth Report Europe&#8221; mengt ze w\u00ebssen, datt d\u00e9i 10% r\u00e4ichst Haushalter vun Europa iwwertd&#8217;Halschent vum Verm\u00e9igen an Europa bes\u00ebtzen. A schl\u00ebmmer nach: Den ieweschte Prozent vun de R\u00e4ichen an Europa g\u00e9if 27% vun dem gesamten Nettoverm\u00e9igen an Europa bes\u00ebtzen.<\/p>\n<p>Hiert Verm\u00e9ige wiisst an \u00e9ischter Linn iwwert de Wee vun de Finanzm\u00e4ert. Et g\u00ebtt \u00ebmmer manner an d\u2019Realwirtschaft invest\u00e9iert, d\u00e9i opgrond vun d\u00e4r Entw\u00e9cklung \u00ebmmer m\u00e9i dem Schwund vun der Nofro ausgesat ass.<\/p>\n<p>D\u2019Politik huet d\u2019Verantwortung fir d\u00ebsen dramateschen \u00cbmverdeelungsprozess. Schr\u00ebtt fir Schr\u00ebtt sinn d\u2019Steiersystemer am Interesse vun de R\u00e4ichen \u00ebmgebaut ginn, d\u2019Sozialstaate no \u00ebnne revid\u00e9iert an den Drock op d\u2019L\u00e9in an op d\u2019Lounsystemer eropgesat ginn.<\/p>\n<p>Steierprivilegien fir d\u00e9i R\u00e4ich, d\u2019Erofsetze vun der Betribsbesteierung a vun der Besteierung vun de Verm\u00e9igens- a Kapitalertr\u00e4g an net zulescht d\u2019Deregul\u00e9ierung vum Steierwiesen entz\u00e9ien de Staaten op eng massiv Man\u00e9ier d\u2019M\u00ebttele, fir hir Sozialsystemer, hir staatlech Sozialleeschtungen an hir \u00ebffentlechsolidaresch Sozialvers\u00e9cherungen ze finanz\u00e9ieren.<\/p>\n<p>D\u2019Konsequenz dovun ass net n\u00ebmmen den Ofbau vum Sozialstaat, m\u00e4 och d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i staark Verlagerung vun dem Finanzement vum Sozialstaat op d\u2019Sch\u00ebllere vum Salariat.<br \/>\nNieft dem Eropgo\u00eb vun den direkte Steieren, d\u00e9i virun allem d\u2019M\u00ebttelschichten treffen, sinn et d\u00e9i sozial ongerecht indirekt Steieren oder Taxen, d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i d\u2019L\u00e4cher bei de staatleche Steierrecette stoppe mussen.<\/p>\n<p>No dem Joer 2008 huet sech d\u00e9i Situatioun duerch d\u2019Bankerettung iwwert \u00ebffentlech Gelder weider versch\u00e4erft.<\/p>\n<p>Welch dramatesch Ausmoossen d\u2019Ongl\u00e4ichheet bei der Verdeelung m\u00ebttlerweil erreecht huet, hu mer virun engem Mount vird\u00e9monstr\u00e9iert kritt, w\u00e9i L\u00ebtzebuerg \u00ebnnert dem St\u00e9chwuert Luxleaks bedauerlecherweis zur Zilscheif vun den ausl\u00e4nnesche Medie ginn ass.<\/p>\n<p>Dob\u00e4i ass et v\u00eblleg zweetrangeg op et L\u00ebtzebuerg oder ob et aner L\u00e4nner sinn, d\u00e9i de geographesche Punkt hierginn, wou Konzerner a Kapitalbes\u00ebtzer zu honnerten, jo dausenden fiskalesch Konstruktiounen opbaue k\u00ebnnen, d\u00e9i et hinnen erm\u00e9iglechen de facto keng Steiere m\u00e9i bezuelen ze mussen.<\/p>\n<p>Virrangeg ass de Skandal, datt et am internationalen Zesummenhang zu engem fiskaleschen Wildwuchs a Laissez-faire komm ass, deen et iwwerhaapt m\u00e9iglech m\u00e9cht, datt honnerte Milliarden, wann net Billiounen Euroen Joer fir Joer den \u00ebffentleche Finanzen an domat de Bev\u00f6lkerunge virenthale ginn.<\/p>\n<p>D&#8217;EU-Kommissioun sch\u00e4tzt de Verloscht op m\u00e9i w\u00e9i 1000 Milliarden Euro, d\u00e9i duerch Legalsteiervermeidung a Steierhannerz\u00e9iung Joer fir Joer den europ\u00e4esche L\u00e4nner an hiere Bev\u00f6lkerungen duerch Lappe ginn. Dat m\u00e9i ass m\u00e9i Geld w\u00e9i de Rettungsschierm aus der Eurozone u Kapital bereedh\u00e4lt.<\/p>\n<p>Wann et also haut ee Message un d\u2019Politik g\u00ebtt, dann deen, datt et an der Verdeelungsfro zu enger gronds\u00e4tzlecher Richtungs\u00e4nnerung komme muss. D\u2019Verdeelungssch\u00e9ier d\u00e9i opgemaach ginn ass, muss zougemaach ginn.<\/p>\n<p>Duerfir mussen Steierflucht a Steieringenerie, d\u00e9i et erm\u00e9iglechen, datt d\u00e9i R\u00e4ich op der Welt Billiounen u Steieren aspueren, international ge\u00e4cht an duerch international Gesetzer bek\u00e4mpft ginn.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_4.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_4.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_4\" width=\"234\" height=\"325\" \/><\/a>Um europ\u00e4esche Plang muss et zu enger steierpolitescher Richtungs\u00e4nnerung kommen. Statt \u00ebmmer m\u00e9i d\u2019Haushalter mat direkte Steieren ze belaaschten, mussen d\u2019Betribs-, d\u2019Kapital- an d\u2019Verm\u00e9igenssteieren an d\u00e9i vun den h\u00e9ijen Akommen erh\u00e9icht ginn. D\u2019Finanztransaktiounssteier geh\u00e9iert dozou.<\/p>\n<p>D\u2019L\u00ebtzebuerger Regierung huet am d\u2019Zesummenhang mat der Luxleaksgeschicht der Welt matgedeelt, datt si fir Steiergerechtegkeet ass.<\/p>\n<p>Den OGBL h\u00ebllt se um nationale Plang beim Wuert a fuerdert m\u00e9i Steiergerechtegkeet hei zu L\u00ebtzebuerg. An d\u2019Fro vun der Steiergerechtegkeet muss ganz an net n\u00ebmmen hallef gestallt ginn.<\/p>\n<p>Se ganz stellen heescht, datt an der kommender Steierreform d\u2019Verm\u00e9igensbesteierung, d\u2019Besteierung vun de Kapitalertr\u00e4g, d\u2019Besteierung vun de Betribsgew\u00ebnner an d\u2019Besteierung vun den h\u00e9ijen Akommen een zentrale Punkt vun der Diskussioun musse ginn.<\/p>\n<p>Mat enger klenger Kosmetik beim sougenannte M\u00ebttelstandsbockel gi mir eis net zefridden. Et muss ins-gesamt m\u00e9i Steiergerechtegkeet hiergestallt ginn an et musse gl\u00e4ichz\u00e4iteg d\u00e9i n\u00e9ideg Finanzm\u00ebttele fir eise Staat mobilis\u00e9iert ginn.<\/p>\n<p>Well mir brauchen ee finanzstaarke Staat fir eise Sozialstaat a fir eis Zukunftsinvestitiounen an d\u2019Ausbildung, an d\u2019Gesondheetswiesen, an d\u2019Transportwiesen, an d\u2019Kommunikatiouns- an Informatiounsstrukturen, an de Logement a virun allem an de soziale Wunn\u00e9ngsbau, a modern \u00ebffentlech D\u00e9ngschtleeschtungen, an d\u2019Recherche an an d\u2019Innovatioun. A mir brauchen ee finanzstaarke Staat, fir an der Wirtschaft an an der Gesellschaft den \u00f6kologeschen \u00cbmbau, deen noutwenneg ass, virzehuelen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Den Accord, dee mir virun enger Woch mat der Regierung ausgehandelt hunn an dee g\u00ebschter Owend vun eisem neien Nationalvirstand guttgeheescht ginn ass, ass keen Accord, dee bei eis Euphorie ausl\u00e9ist.<\/p>\n<p>Eis staark gewerkschaftlech Oppositioun huet et f\u00e4erdegbruecht, datt zwou Wochen virun den Debatten am Parlament an der Ofst\u00ebmmung vun de Budgetsgesetzer de geplangten Zukunftspak a senge sozial ongerechte Konsequenzen ofgeschw\u00e4cht an ofgefiedert ginn ass.<\/p>\n<p>M\u00e9i net. Awer och net manner.<\/p>\n<p>Virun dem Hannergronn vun all deem wat d\u2019Regierung initial geplangt hat, l\u00e9ist sech eist Resultat weisen. An dat loosse mer eis och vu kengem schlechtrieden.<br \/>\nOp d\u00e4r anerer S\u00e4it d\u00e4erfe mer eis net der Illusioun hierginn, datt mer eng politisch Richtungs\u00e4nnerung erreecht h\u00e4tten.<\/p>\n<p>D\u00e9i Gesetzer, d\u00e9i elo am Parlament ofgest\u00ebmmt w\u00e4erte ginn, f\u00e9iren hei zu L\u00ebtzebuerg net zu m\u00e9i Verdeelungs-gerechtegkeet an och net zu m\u00e9i Steiergerechtegkeet.<br \/>\nDen OGBL huet keen Accord mat der Regierung \u00ebnnerschriwwen, an deem steet, datt den OGBL der Regierung hir Usiichten iwwert den Zoustand vun den \u00ebffentleche Finanzen deelt.<\/p>\n<p>An en huet och net mat der Regierung en Accord \u00ebnnerschriwwen, deen hier Spuerpolitik vun den 258 Mes\u00fcre guttheescht. Datt dat emol kloer ass, Kolleginnen a Kollegen.<\/p>\n<p>Mir hunn awer ee Kompromiss fonnt, deen a sengen Auswierkunge positiv fir eis Memberen ass an deen der Fortsetzung vum schw\u00e9iere Sozialkonflikt mat der Regierung en Enn gesat huet.<\/p>\n<p>An der Ausernanersetzung iwwert d\u00e9i sougenannte \u201eContribution dans l\u2019int\u00e9r\u00eat de l\u2019enfance\u201c vun 0,5% huet d\u2019Regierung op engem ganz wichtege Punkt missten noginn: et g\u00ebtt keen neie Finanz\u00e9ierungssystem vun de staatleche Sozialleeschtungen iwwert eng nei Kontributioun agefouert, d\u00e9i sech ausserhalb dem normale Steiersystem beweegt h\u00e4tt.<\/p>\n<p>Wa mir eis do net duerchgesat h\u00e4tten, da w\u00e4re mer op engem Wee gewiescht, wou an Zukunft en \u00ebmmer m\u00e9i groussen Deel vun de Familieleeschtungen iwwert esou eng nei sozial ongerecht Kontributioun finanz\u00e9iert gi wier. Bei den 0,5% w\u00e4r et an Zukunft net bliwwen. Irgendwann sinn et der 0,8%, dann 1,2%, 1,5% asw..Dat w\u00ebsse mer alleguerten.<br \/>\nDen zweete wichtegen Verhandlungserfolleg an d\u00e4r Saach ass, datt d\u2019Steier vun 0,5% bis zu engem ganze Mindestloun immunis\u00e9iert g\u00ebtt, wat bedeit, datt et finalement keng 0,5%-Steier m\u00e9i ass. De Mindestlounbe-z\u00e9ier bleift steierfr\u00e4i, bei zweemol dem Mindestloun l\u00e4it se bei 0,25%, bei dr\u00e4imol dem Mindestloun bei 0,33%, bei v\u00e9iermol dem Mindestloun bei 0,38%. A ganz wichteg ass och, datt d\u00e9i nei Steier just eng Liewesdauer vun 2 Joer huet, bis zur Akraaftsetzung vun der Steierreform um 1. Januar 2017.<\/p>\n<p>Doduerch, datt d\u2019TVA-Erh\u00e9ijung iwwert den Index zum groussen Deel kompens\u00e9iert g\u00ebtt, g\u00ebtt den negativen Impakt op eis Kafkraaft zwar net ganz \u00e9limin\u00e9iert, m\u00e4 awer niddreg gehalen.<\/p>\n<p>D\u2019Diskussioun iwwert d\u00e9i kommend Steierreform w\u00e4ert zum absolute Gradmiesser ginn, ob am kommende Joer de Sozialdialog mat der Regierung op der gudder Schinn bleift.<br \/>\nD\u2019Regierung huet sech elo engag\u00e9iert, d\u2019Steierreform an all den Etappe vun hirer Virbereedung mat der Gewerkschaftss\u00e4it ze diskut\u00e9ieren. Dat ass wichtig, well et war ze f\u00e4erten, datt d\u00e9i kapital- a r\u00e4ichefr\u00ebndlech Consultingfirmen PWC, Ernst &amp; Young, KPMG an Deloitte bei der Steierreform dat grousst Soe g\u00e9ife kr\u00e9ien.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>De Sozialstaat, an dozou geh\u00e9ieren och d\u00e9i \u00ebffentlech Sozialvers\u00e9cherungssystemer, ass fir d\u2019Salariat a seng Gewerkschaften dat wichtegst wat et niewend dem Loun a sengen Aarbechtsbedengungen ze verdeedegen huet.<\/p>\n<p>D\u00e9i europ\u00e4esch Sozialstaaten a Sozialsystemer konnte sech joerzingtelaang nom zweete Weltkrich n\u00ebmmen opbauen, well d\u2019Politik, \u00ebnnert dem Drock vun der gewerkschaftlecher a politescher Beweegung vum Salariat, iwwert fortschr\u00ebttlech Steier- a Kotisatiouns-regimer, d\u2019Viraussetzung dofir geschafen huet.<\/p>\n<p>Wa mer haut als OGBL esou vill W\u00e4ert op d\u2019Verdeelungsfro lee\u00ebn, da virun allem aus deem Grond, well mir w\u00ebllen, datt sech eise Sozialstaat no vir an net no hannen entw\u00e9ckelt.<\/p>\n<p>Ob um europ\u00e4esche Plang oder ob hei zu L\u00ebtzebuerg, den OGBL w\u00e4ert sech w\u00e9i dat an der Vergaangenheet de Fall wor konsequent g\u00e9int all Ofbau beim Sozialstaat oder bei de Sozialvers\u00e9cherunge widersetzen.<\/p>\n<p>Onofh\u00e4ngeg vun deem, deen an der Regierung s\u00ebtzt, all Politik d\u00e9i sech g\u00e9int de Sozialstaat riicht, w\u00e4ert vum OGBL bek\u00e4mpft ginn.<\/p>\n<p>D\u2019Zukunft ass de fortschr\u00ebttleche Sozialstaat a sinn intakt \u00ebffentlech Sozialvers\u00e9cherungen. Fir eis a fir eis Kanner.<\/p>\n<p>Dat wat haut ofgebaut g\u00ebtt, w\u00e4ert muer fir eis Kanner a fir kommend Generatiounen net m\u00e9i do sinn.<\/p>\n<p>Den OGBL ass net g\u00e9int eng Modernis\u00e9ierung vum Sozialstaat. Natiirlech muss och de Sozialstaat sech un nei gesellschaftlech Entw\u00e9cklungen a Bed\u00fcrfnisser upassen. Soss g\u00ebtt e senger Aufgab net m\u00e9i gerecht.<\/p>\n<p>Mee d\u00e9i Modernis\u00e9ierung muss ee fortschr\u00ebttleche Charakter hunn. Si muss dem Salariat a senge Familljen e M\u00e9i statt e Manner u Liewensqualit\u00e9it bidden.<\/p>\n<p>An d\u00ebsem S\u00ebnn wor et net verwonnerlech, datt den OGBL de familljepoliteschen Deel vum Zukunftspak stark kritis\u00e9iert huet. Z\u00ebnter Joere stelle mer d\u2019Fuerderung, datt endlech den ongebremste Verloscht vum W\u00e4ert vun de Sozialleeschtunge fir d\u2019Famill ofgestoppt g\u00ebtt.<br \/>\nViru 17 Joer ass de Cong\u00e9 parental agefouert ginn.<\/p>\n<p>S\u00e9ng Af\u00e9ierung wor ee ganz wichtege Schr\u00ebtt fir eng besser Harmonis\u00e9ierung vum Liewe mat der Aarbecht.<\/p>\n<p>Mee firwat ass z\u00ebnter 17 Joer d\u2019Indemnit\u00e9it vum Cong\u00e9 parental net m\u00e9i un d\u2019Akommesentw\u00e9cklung, an z\u00ebnter 2006, net m\u00e9i un d\u2019Pr\u00e4isentwecklung ugepasst ginn?<br \/>\nAss dat den Ausdrock vun enger fortschr\u00ebttlecher Familljepolitik, wann de Cong\u00e9 parental haut bei weitem net m\u00e9i dat w\u00e4ert ass, wat e bei senger Af\u00e9ierung am Joer 1997 wor? D\u00e9i selwecht Remarque g\u00ebllt fir d\u2019Kannergeld.<\/p>\n<p>A wor de Kannerbonus net agefouert ginn, fir den akommesschwaachen Haushalter weiderzeh\u00ebllefen? Firwat verl\u00e9iert och de Kannerbonus z\u00ebnter senger Af\u00e9ierung am Joer 2008 st\u00e4nneg u W\u00e4ert?<\/p>\n<p>D\u00e9i nei Regierung wollt d\u00ebse Kurs vun den Virg\u00e4nger-regierungen weiderf\u00e9ieren.<br \/>\nNodeem am Oktober de sougenannten Zukunftspak publik gouf, huet den OGBL direkt kloer Positioun bezunn a gesot, datt hien net domat liewe k\u00e9int, wann op der enger S\u00e4it Milliounen Euro duerch d\u2019Ofschafe vun der Allocation d\u2019\u00e9ducation an der Allocation de maternit\u00e9 agespuert g\u00e9ife ginn, ouni datt op der anerer S\u00e4it eng Upassung vum Cong\u00e9 parental, vum Kannergeld an vum Kannerbonus virgesi w\u00e4r.<\/p>\n<p>An och hei ass \u00ebppes Wesentleches de leschte Freide pass\u00e9iert.<\/p>\n<p>Am Ofkommes mat der Regierung ass n\u00e4mlech \u00e9ischtens festgehale ginn, datt d\u2019Indemnit\u00e9it vum Cong\u00e9 parental \u00ebm ronn 8% eropgesat g\u00ebtt, n\u00e4mlech op de Montant vum gesetzleche Mindestloun.<\/p>\n<p>An zweetens, datt an Zukunft de Cong\u00e9 parental w\u00e9i de gesetzleche Mindestloun ugepasst w\u00e4ert ginn. Mat anere Wierder: d\u2019Index\u00e9ierung vum Cong\u00e9 parental ass er\u00ebm do, a wat nei ass, e g\u00ebtt doriwwereraus un d\u00e9i allgemeng Loun- an Akommesentw\u00e9cklung gekoppelt.<br \/>\nAn och fir de Rescht vun de Familljenzoulage w\u00e4ert fir d\u2019Zukunft en Upassungsmechanismus agefouert ginn, dee verh\u00ebnnere soll, datt si sech am Verh\u00e4ltnis zu der Entw\u00e9cklung vun de L\u00e9in, \u00ebmmer er\u00ebm entw\u00e4erten.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Bei der Sich no leschte grousse soziale Fortschr\u00ebtter st\u00e9isst een op d\u2019Pflegevers\u00e9cherung, d\u00e9i viru 15 Joer agefouert gouf.<\/p>\n<p>Mir er\u00ebnneren eis nach ganz gutt un d\u00e9i ganz konfliktoresch Ausernanersetzung, d\u00e9i mer als OGBL g\u00e9int d\u00e9i deemoleg Regierung hu misste f\u00e9ieren, eng Regirung d\u00e9i deemols fir L\u00ebtzebuerg, d\u00e9i schlecht d\u00e4itsch Pflegevers\u00e9cherung kop\u00e9iere wollt.<\/p>\n<p>M\u00e4r hunn e grousse M\u00e9rite drun, datt dat verh\u00ebnnert konnt ginn, an datt d\u2019Pflegevers\u00e9cherung dat ass wat se haut ass.<\/p>\n<p>An datt et eis deemols gelongen ass, am Sozial- a Pflegesekteur, de groussen allgemeingg\u00fcltege Kollektivvertrag SAS duerchzesetzen.<\/p>\n<p>Dee Kollektivvertrag huet d\u2018Ofrutsche vum Pflege- a Sozialsekteur an de private Kommerz verh\u00ebnnert, an huet duerch d\u2019Ofs\u00e9chere vun de Loun- an Arbechtsbedingunge ganz vill fir d\u2019Entw\u00e9cklung vun der Qualit\u00e9it an der qualifizi\u00e9ierter Aarbecht an d\u00ebsem Ber\u00e4ich b\u00e4igedroen.<\/p>\n<p>W\u00e9i elo am Oktober d\u2019Regierung ugek\u00ebnnegt huet, datt si bis 2018 ronn 100 Milliounen Euro bei der Pflege-vers\u00e9cherung aspuere w\u00ebllt, wore mer ganz alarm\u00e9iert.<\/p>\n<p>D\u2019Warnung, d\u00e9i mir un d\u2019Regierung geriicht hunn, wor m\u00e9i w\u00e9i n\u00ebmmen d\u00e4itlech. A si huet weiderhi Bestand. Den OGBL ass prett fir all konstruktiv Diskussioun, d\u00e9i de Modell verbessert. M\u00e4 en ass och prett, fir d\u2019Vers\u00e9chert an d\u2019Personal ze mobilis\u00e9ieren, g\u00e9int all Form vun Ofbau bei der Pflegevers\u00e9cherung.<\/p>\n<p>Den OGBL w\u00e4ert keng Reform akzept\u00e9ieren, d\u00e9i zu Leeschtungsverschlechterunge f\u00e9iert,<br \/>\n&#8211;\u00a0\u00a0 \u00a0hie w\u00e4ert kee Modell akzept\u00e9ieren, dee finanziell Eegepartizipatioune fir de Pflegebed\u00fcrftegen af\u00e9iert,<br \/>\n&#8211;\u00a0\u00a0 \u00a0hie w\u00e4ert net akzept\u00e9ieren, datt de Staat seng eege proportional Partizipatioun vu 40% un den D\u00e9pensen erofsetzt,<br \/>\n&#8211;\u00a0\u00a0 \u00a0hie w\u00e4ert keng Verschlechterung bei de berufleche Qualifikatiounen zouloossen<br \/>\n&#8211;\u00a0\u00a0 \u00a0an hie w\u00e4ert keng Reform akzept\u00e9ieren, d\u00e9i op d\u00e9i eng oder op d\u00e9i aner Man\u00e9ier de Kollektivvertrag vum Personal a Fro stellt.<\/p>\n<p>A wat fir d\u2019Pflegevers\u00e9cherung g\u00ebllt, g\u00ebllt och fir d\u2019Krankevers\u00e9cherung, wou den OGBL net vergiess huet, datt 2011 d\u2019Eegepartizipatioune vun de Vers\u00e9cherten an d\u2019Luucht gaange sinn.<\/p>\n<p>Am Ofkommes vum leschte Freiden huet d\u2018Regierung sech offiziell engag\u00e9iert, all d\u00e9i genannte Fuerderungen a rout Linne vum OGBL ze respekt\u00e9ieren. Dat ass net n\u00ebmmen ee Wuert, dat ass elo ee geschriwwenen an \u00ebnnerschriwwenen Text.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>D\u2019Pensiounsreform vun 2013 ass alles aneschtes w\u00e9i verdaut. Si wor d\u00e9i l\u00ebtzebuergesch Versioun vun de Br\u00e9isseler Attacken op d\u00e9i \u00ebffentlech Pensiouns-systemer.<\/p>\n<p>Eis belsch Gewerkschaftskollegen sinn an d\u00ebsen Deeg am gaangen g\u00e9int hir nei Regierung ze streiken, d\u00e9i elo den \u00ebffentleche Pensiounssystem verschlechtere w\u00ebll.<br \/>\nEch w\u00ebll hinnen haut vun eis aus all eis Solidarit\u00e9it ausschw\u00e4tzen.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_3.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignright\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_3.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_3\" width=\"166\" height=\"229\" \/><\/a>Hire gewerkschaftleche Kampf ass eise gewerkschaftleche Kampf g\u00e9int d\u2019Verschlechterung vun de Pen-siounsrechter a vun de Pensiounsleeschtungen.<\/p>\n<p>A m\u00e4r sollen eis kengen Illusiounen higinn: well d\u00e9i \u00ebffentlech-solidaresch Pensiounssystemer ee vun de wichtegsten Piliere vum Sozialstaat sinn, well se eng vun de wichtegsten Errongenschafte vum Salariat sinn, a well se opgrond vun hirem finanziellen Impakt am M\u00ebttelpunkt vun der \u00cbmverdeelungsfro stinn, w\u00e4erten och hei zu L\u00ebtzebuerg, w\u00e9i an denen aneren europ\u00e4esche L\u00e4nner, d\u2019Attacken g\u00e9int eis Pensiounssystemer weidergoen.<\/p>\n<p>Vun der Politik a vum Patronat.<\/p>\n<p>Et ass eng enorm Aufgab fir den OGBL w\u00e9i fir den EGB d\u00e9i \u00ebffentlech Pensiounssystemer mat aller n\u00e9ideger Konsequenz ze verteidegen.<\/p>\n<p>Fir d\u2019Salariat si privatkommerziell Vers\u00e9cherungen keng Alternativ, si schafe sozial Ongl\u00e4ichheet, lee\u00ebn d\u2019Finanzlaascht ausschliesslech op d\u2019Sch\u00ebllere vum eenzelne Vers\u00e9cherten a garant\u00e9iere bei w\u00e4item net de Leeschtungsniveau, w\u00e9i dee vun den \u00ebffentlech-solidarischen Pensiounssystemer.<\/p>\n<p>Et muss och am Zesummenhang mat der Pensiounsfro zu engem politische Richtungswiessel kommen, souwuel um europ\u00e4esche Plang w\u00e9i och hei am Land.<br \/>\nD\u2019Pensioun ass do, fir no engem laangen Aarbechtsliewen e gutt Liewen ze garant\u00e9ieren, an dat esou laang, w\u00e9i mer et fir jiddereen hoffen, w\u00e9i n\u00ebmme m\u00e9iglech.<\/p>\n<p>Den Antr\u00ebtt an d\u2019Pensioun d\u00e4erf net synomym si mat mat enger Verschlechterung vun der materieller Existenzbasis.<\/p>\n<p>Haut net, a muer net.<\/p>\n<p>Dofir muss d\u2019finanziell Verpflichtung vum Staat a vun de Betriber g\u00e9igeniwwert dem \u00ebffentlech-solidaresche Pensiounssystem intakt bleiwen.<\/p>\n<p>Kolleginnen a Kollegen,<\/p>\n<p>Ee vun dene schl\u00ebmmste sozialen D\u00e9ifschl\u00e9i, d\u00e9i et fir e M\u00ebnsch am Liewe g\u00ebtt, ass de Ch\u00f4mage, zemools dee wou ee lang dran h\u00e4nke bleift oder deen, wou ee guer net m\u00e9i erausk\u00ebnnt.<\/p>\n<p>Z\u00ebnter 2006 ass zu L\u00ebtzebuerg de Ch\u00f4mage vun 4,2% op 7,2% eropgaangen.<br \/>\n30% vun den Demandeurs d\u2019emploi woren am Joer 2006 m\u00e9i w\u00e9i ee Joer am Ch\u00f4mage. Haut sinn et der 45%.<br \/>\nD\u2019Laangz\u00e4itaarbechtslosegkeet huet drastesch zou-geholl a vun der Laangz\u00e4itaarbechtslosegkeet si virun allem M\u00ebnschen iwwert 45 Joer betraff.<br \/>\nDe Kampf g\u00e9int d\u2019Aarbechtslosegkeet am Alter muss vill m\u00e9i w\u00e9i et bis elo de Fall ass an de Virdergrond vun der politescher Aktioun r\u00e9ckelen.<br \/>\nSozialen Ofstieg am Alter an Aarmut am Alter sinn an engem vun de r\u00e4ichste L\u00e4nner vun der Welt ee gesellschaftleche Skandal, dee gestoppt muss ginn.<br \/>\nOp S\u00e4ite vun der Politik a vum Patronat kenne mer der vill, d\u00e9i ganz schnell do sinn fir d\u2019Eropsetze vum Pen-siounsantr\u00ebttsalter ze fuerderen.<br \/>\nSi ducken sech awer ganz schnell, wann et dr\u00ebms geet, Bedingungen ze schafen, fir datt manner Leit fr\u00e9i-z\u00e4iteg, laang virum normale Pensiounsalter hir Aar-becht verl\u00e9ieren an definitiv aus dem Aarbechtsliewen ausscheeden.<br \/>\nMir w\u00ebssen, datt et net n\u00ebmmen eng Uersaach, m\u00e4 datt et der vill sinn, firwat Aarbechtskolleginnen a -kollegen an esou eng Situatioun kommen.<br \/>\nDofir muss d\u2019politesch \u00c4entwert och eng sinn, d\u00e9i eng breet Palette vu G\u00e9igemoossnamen an d\u2019Wee\u00ebr leet.<br \/>\nWann ee w\u00ebll, datt eeler Aarbechtskollegen net esou einfach aus dem Aarbechtsprozess erausgedr\u00e4ngt k\u00ebnne ginn, da muss een hiren Aarbechtskontrakt st\u00e4erken.<br \/>\nZ\u00ebnter laangem ass eng Reform vun der Entloossung aus wirtschaftleche Gr\u00ebnn f\u00e4lleg. D\u00e9i aktuell Gesetz-gebung mecht et dem Patronat vill zevill einfach, fir Leit aus dem Arbechtsprozess erauszedr\u00e4ngen.<br \/>\nZ\u00ebnter laangem ass eng Reform iwwert d\u2019Sozialpl\u00e4ng an iwwert d\u00e9i sougenannte Plans de maintien dans l\u2019emploi noutwendeg.<br \/>\nZ\u00ebnter laangem fuerdere mer e bessere Schutz vun der Gesondheet an der S\u00e9cherheet op der Aarbechtsplaz duerch eng Reform vun der Aarbechtsmedizin.<br \/>\nDe Gesetzesvirschlag iwwert d\u2019\u201egestion des \u00e2ges\u201c muss a muncher Hisiicht positiv iwwerschafft ginn.<br \/>\nDat selwecht g\u00ebllt fir de Gesetzesvirschlag iwwert de Reclassement.<br \/>\nA schlussendlech muss och d\u2019beruflech Fort- a Weiderbildung w\u00e4hrend dem Aarbechtsliewen op de Pr\u00e9ifstand kommen.<br \/>\nSi muss vill m\u00e9i w\u00e9i bis elo dem Objektiv vun der m\u00ebttel- bis laangfristeger beruflecher a sozialer Perspektiv vum eenzelnen Salari\u00e9 dingen.<br \/>\nEch si frou, datt mir eis als OGBL mat eiser Oppositioun g\u00e9int eng Partie aarbechtsmaartpolitesch Mesuren, d\u00e9i am Zukunftspak vun der Regierung stungen, duerchgesat hunn.<br \/>\n\u00c9ischtens k\u00ebnnt et elo net dozou, datt d\u00e9i tempor\u00e4r Mesuren, d\u00e9i am Zesummenhang mat dem Ch\u00f4mage partiel an der Indemnisatioun vun de Ch\u00f4meuren am Joer 2010 agefouert ginn, auslafen. Si kommen er\u00e9ischt an d\u2019Diskussioun, wa sech d\u2019Situatioun wesentlech zu engem Bessere ge\u00e4nnert huet.<br \/>\nZweetens bleift dat wichtegt Instrument vun der Aide-au-r\u00e9emploi w\u00e4itgehend intakt.<br \/>\nAn dr\u00ebttens ges\u00e4it d\u2019Ofkommes mat der Regierung vir, datt endlech dem OGBL seng Iddi vun der Af\u00e9ierung vun engem allgemenge Recht op Deelz\u00e4itaarbecht bei gl\u00e4ichz\u00e4iteger Deelz\u00e4itrent gesetzlech agefouert soll ginn.<br \/>\nAn datt och d\u2019Recht op eng virgezunne Rent bei Schichtaarbecht fortschr\u00ebttlech reform\u00e9iert an inhaltlech ausgebaut soll ginn.<br \/>\nD\u00e9i zwee lescht Punkte si ganz wichteg Elementer vun eisem Bestriewen, w\u00e9i een d\u2019Iwwerg\u00e4ng vum Berufs- an d\u2019Pensiounsliewe m\u00e9i positiv gestalte kann.<br \/>\nNet manner wichteg ass d\u2019Bek\u00e4mpfung vun der Jugendaarbechtslosegkeet, och wann d\u00e9i absolut Zuel vu jugendlechen Aarbechtslosen net z\u00ebnter 2006 an d\u2019Luucht gaangen ass.<br \/>\nDat heescht awer net, datt se eis als OGBL net besch\u00e4ftege soll. Au contraire.<br \/>\nWann an engem Land an dene leschte 15 Joer +46% zous\u00e4tzlech Aarbechtsplaze geschaf gi sinn, wann z\u00ebnter dem Krisenausbroch 2008 all Joer e Plus vun 2,38% m\u00e9i un Aarbechtsplazen b\u00e4ikomm sinn, dann hu mir ee ganz eeschte Problem, wann dausende vun eise Jugendlechen d\u2019Aarbechtslosegkeet kennel\u00e9ieren.<br \/>\nMir w\u00ebssen, datt vill vun hinnen, aus zum Deel ganz grondverschiddenen Uersaache, grouss L\u00fccken bei der Ausbildung an der beruflecher Qualifiz\u00e9ierung hunn, d\u00e9i hinnen et ganz schw\u00e9ier maachen, um Aarbechtsmaart weiderzekommen.<br \/>\nEt g\u00ebtt keng Alternativ zu enger Politik, d\u00e9i an d\u2019Ausbildung an an d\u2019beruflech Formatioun invest\u00e9iert, wou et och wichteg ass, datt et niewend de<br \/>\nRegelausbildungen eng ganz Rei vun zous\u00e4tzleche<br \/>\nFili\u00e8ren a S\u00e4itenastieg gef\u00f6rdert ginn, w\u00e9i beispillsweis d\u2019Formation des adultes, d\u2019\u00c9cole de la deuxi\u00e8me chance oder och de System vun der Validation des acquis de l\u2019exp\u00e9rience.<br \/>\nN\u00ebmmen esou kann een d\u2019Perspektiv vun de Jugendleche verbesseren.<br \/>\nM\u00e4 mir sollen eis n\u00e4ischt virmaachen: prinzipiell ass de Problem just dann ze l\u00e9isen, wann an Europa den Austerit\u00e9itspolitiken an domat de falsche Wirtschaftspolitiken een Enn gesat g\u00ebtt.<br \/>\nN\u00ebmmen esou kann d\u2019Massenaarbechtslosegkeet, d\u00e9i op engem ganz trauregen historeschen H\u00e9ichpunkt steet, er\u00ebm ofgebaut ginn.<br \/>\nDat ass och fir L\u00ebtzebuerg wichteg, well de l\u00ebtzebuergeschen Aarbechtsmaart ass scho laang keen nationalen Aarbechtsmaart m\u00e9i, m\u00e4 ee vun der Groussregioun, eng Groussregioun, d\u00e9i bekanntlech staark vun der Aar-bechtslosegkeet betraff ass.<br \/>\nNet n\u00ebmmen de Ch\u00f4mage h\u00ebllt hei zu L\u00ebtzebuerg zou, m\u00e4 och den Aarmutsrisiko, dee m\u00ebttlerweil bei 16% vun eiser Bev\u00f6lkerung l\u00e4it.<br \/>\nOuni d\u2019Sozialleeschtunge w\u00e4ren et 29% also bal een Dr\u00ebttel vun eiser Bev\u00f6lkerung.<br \/>\nA wann ee geduecht h\u00e4tt, datt et zu L\u00ebtzebuerg net d\u00e9i sougenannte \u201eworking poor\u201c g\u00e9if ginn, och dee muss sech bel\u00e9ieren loossen: 11% vun de Leit, d\u00e9i schaffen sinn am Fall vun der Aarmut, dat sinn 2 Prozentpunkte m\u00e9i w\u00e9i et der an der Eurozone sinn.<br \/>\nD\u2019Politik schw\u00e4tzt vill vum Problem vun der Jugendaar-bechtslosegkeet. Dat ass och richteg esou.<br \/>\nM\u00e4 et g\u00ebtt vill manner dovu geschwat, datt eng \u00ebmmer m\u00e9i grouss Schicht vu Jugendleche Problemer huet, sech eng zolidd a stabil beruflech a sozial Perspektiv obzebauen.<br \/>\nEch brauch n\u00ebmmen d\u00e9i curriculum vitae unzekucken, d\u00e9i mir an den OGBL als spontan Bewerbungen oder als Bewerbungen erakr\u00e9ien, wa mir emol eng Plaz ausschreiwen.<br \/>\nEt ass erschreckend ze gesinn, w\u00e9i vill vun deene Jugendleche bis an den Alter vun iwwer 30 beruflech Parcours\u2019en hunn, d\u00e9i eng Uneneereihung vun CDD\u00ebn, also z\u00e4itlech befrist Aarbechtsvertr\u00e4g sinn.<br \/>\nDatt hire Lounniveau deementspriechend niddreg bleift a kaum progress\u00e9iert, versteet sech vum selwen.<br \/>\nDatt een iwwert de CDD an en CDI, also en normalen Aarbechtsvertrag erak\u00ebnnt, bleift fir d\u00ebs Jugendlecher eng laang Z\u00e4it e Wonschdenken.<br \/>\nHier legitim Erwaardung sech en onofh\u00e4ngegt Liewen a Familljenliewen opbauen ze k\u00ebnnen, g\u00ebtt, obwuel se am Aarbechtsprozess sinn, schw\u00e9ier hypoth\u00e9qu\u00e9iert.<br \/>\nDat ass och ee vun de Gr\u00ebnn firwat den OGBL sech widderhuelt dog\u00e9int ausgeschwat huet, datt d\u2019Gesetz iwwert den Arbechtskontrakt weider opgeweecht g\u00ebtt. An et ass och endlech Z\u00e4it, datt e Gesetz iwwert d\u00e9i sou-<br \/>\ngenannte Stages en entreprises entsteet, dat d\u00e9i Jugendlech prot\u00e9g\u00e9iert a sozial ofs\u00e9chert.<br \/>\nKolleginnen a Kollegen,<br \/>\nEist gewerkschaftlecht Antriede fir m\u00e9i sozial Gerechtegkeet iwwert de Wee vun engem staarke Sozialstaat d\u00e4erf eis awer net vergiesse loossen, datt dem Salariat s\u00e4i wichtegst M\u00ebttel fir seng materiell Existenz ofzes\u00e9cheren, de Verkaf vu senger Aarbecht ass.<br \/>\nD\u2019Verhandlung vum Loun wor, ass a w\u00e4ert eis zentral gewerkschaftlech Aufgab bleiwen.<br \/>\nD\u2019Gewerkschaft ass jo den organisatoreschen an de materiellen Ausdrock vum Bewossts\u00e4in vum Salariat, datt et sech zesummeschl\u00e9issen a kollektiv handle muss, fir de beschte Pr\u00e4is fir seng Aarbecht erausschloen ze k\u00ebnnen.<br \/>\nD\u00e9i kollektiv Verhandlung ass a bleift der individueller Verhandlung iwwerlee\u00ebn.<br \/>\nMat senge Virg\u00e4ngerorganisatioune kann den OGBL op eng m\u00ebttlerweil bal joerhonnertal tarifpolitesch Geschicht zr\u00e9ckbl\u00e9cken.<br \/>\n<a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_6.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignleft\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_6.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_6\" width=\"181\" height=\"264\" \/><\/a>Et ass eng Geschicht mat Ecken a mat Kanten, mat H\u00e9ichten, m\u00e4 och mat D\u00e9iften.<br \/>\nDob\u00e4i ass et net just \u00ebm d\u00e9i direkt Lounverhandlung gaangen, m\u00e4 virun allem och \u00ebm d\u2019Unerkennung vun de gewerkschaftleche Verhandlungsrechter an der Tarif-autonomie.<br \/>\nA grad w\u00e9i an deenen anere L\u00e4nner huet sech och hei zu L\u00ebtzebuerg iwwert all d\u00e9i Z\u00e4it e besonneschen nationale System vun der Lounverhandlung an der Loungestaltung erausgebild.<br \/>\nEt sinn am wesentlechen dr\u00e4i Gesetzer, d\u00e9i an hirem Zesummespill a g\u00e9iges\u00e4iteger Ofh\u00e4ngegekeet de l\u00ebtzebuerger Modell ausmaachen. Et sinn d\u2019Indexgesetz, de gesetzleche Mindestloun an d\u2019Kollektivvertragsgesetz.<br \/>\nD\u00ebse Modell huet dee ganz grousse Verd\u00e9ngscht, datt hien joerzingtelaang den Haaptgarant fir de soziale Fridde wor, eng dezentral Kollektivvertragspolitik er-<br \/>\nm\u00e9iglecht huet an esou, ganz vill zur Attraktivit\u00e9it vum Wirtschaftsstanduert L\u00ebtzebuerg b\u00e4igedroen huet.<br \/>\nDen OGBL ass der Meenung, datt et ganz vill S\u00ebnn mecht, d\u00ebse Modell weider zef\u00e9ieren.<br \/>\nE muss allerdings och feststellen, datt z\u00ebnter dem Joer 2004 vu s\u00e4ite vum Patronat a vu s\u00e4ite vun der Politik d\u2019Ugr\u00ebffer op d\u00ebse Modell zougeholl hunn.<br \/>\nEt si vill Schierbele geschloe ginn.<br \/>\nAn et si vill Grief an de soziale Relatiounen opgaangen.<br \/>\nD\u2019Patronat huet eng aggressiv Strategie ageschloen, fir d\u2019L\u00e9in hei zu L\u00ebtzebuerg no \u00ebnnen ze revid\u00e9ieren.<br \/>\nFir d\u2019UEL ass ee M\u00ebttel fir dat z\u2019erreechen, dat Schr\u00ebtt fir Schr\u00ebtt Futtischloe vum L\u00ebtzebuerger Lounmodell. D\u2019Liquidatioun vum Indexsystem steet ganz uewen op der Wonschl\u00ebscht vum Patronat an et heefe sech och d\u2019Attacken op de gesetzleche Mindestloun.<br \/>\nD\u2019Patronat ass domat en Phase mat der salariatsfeindlecher Lounpolitik vun der europ\u00e4escher Kommissioun, d\u00e9i z\u00ebnter Joere prob\u00e9iert, Drock op L\u00ebtzebuerg g\u00e9int eisen Indexsystem ze maachen.<br \/>\nAn d\u2019Ugr\u00ebff op de gesetzleche Mindestloun kann een all Joer bei de sougenannte Virschl\u00e9i vun der OECD fir L\u00ebtzebuerg noliesen.<br \/>\nD\u00e9i zwou lescht Regierungen hun \u00ebnnert dem Impuls vum deemolege Premierminister prob\u00e9iert, den Index strukturell, also definitiv ze verschlechteren.<br \/>\nDat ganzt Land weess, datt et hinnen och gelonge w\u00e4r, wann net den OGBL duerch seng Oppositioun, deem e Strech duerch d\u2019Rechnung gemaach h\u00e4tt.<br \/>\nDat huet net verh\u00ebnnert, datt et zu tempor\u00e4re Manipulatioune beim Erfall vun den Indextranche komm ass, d\u00e9i allesamt, an dat sief nach eng K\u00e9ier gesot, iwwerfl\u00ebsseg woren an d\u2019Kafkraaft vun den Haushalter an domat och d\u2019Wirtschaftentw\u00e9cklung onn\u00e9ideg belaascht hunn.<br \/>\nKolleginnen a Kollegen,<br \/>\nD\u00e9i nei Regierung huet am Virsummer e richtegen a wichtege Schr\u00ebtt gemaach, fir e b\u00ebsse Loft aus der Klima-<br \/>\nverg\u00ebftung ze huelen, d\u00e9i z\u00ebnter Joeren d\u2019Loundiskussioun hei am Land an domat d\u2019sozial Relatiounen schw\u00e9ier belaascht.<br \/>\nD\u2019Regierung huet ee Kompromissvirschlag gemaach. Vun 2015 u soll den normalen Indexsystem, dat normalt Gesetz, er\u00ebm spillen.<br \/>\nEsou laang w\u00e9i d\u2019Inflatioun am Duerchschn\u00ebtt bis 2018 2,5% pro Joer net iwwersteigt, soll et zu kenge Manipulatioune m\u00e9i kommen.<br \/>\nDen OGBL huet dee Kompromissvirschlag ugeholl, d\u2019Patronat huet et net gemaach.<br \/>\nDen OGBL begr\u00e9isst, datt d\u2019Regierung hir Propositioun zu hirer D\u00e9cisioun gemaach huet.<br \/>\nH\u00f6chst bedauerlech ass awer d\u2019negativ Haltung vum Patronat, dat domat seng Absicht vun der Zerst\u00e9ckelung an domat vun der Zerst\u00e9ierung vun eisem Lounsystem \u00ebnnerstrach huet.<br \/>\nIndex, Mindestloun an d\u2019Kollektivvertr\u00e4g sinn den Triple AAA vum l\u00ebtzebuergesche Lounmodell. Den OGBL w\u00e4ert all Ugr\u00ebff op eise Modell mat aller Konsequenz bek\u00e4mpfen.<br \/>\nM\u00e4 fir de Modell erfollegr\u00e4ich verdeedegen ze k\u00ebnnen, musse mer eis tarifpolitesch St\u00e4erkt an Handlungs-f\u00e4hegkeet ausbauen.<br \/>\nMir d\u00e4erfen, wat den Index ubelaangt, net an en Dornr\u00f6scheschlof verfalen, well soss gi mer sp\u00e9itstens dann, wann d\u2019Inflatioun er\u00ebm an normalt Fuerwaasser k\u00ebnnt, schlecht iwwerrascht.<br \/>\nDat selwecht g\u00ebllt fir de gesetzleche Mindestloun.<br \/>\nDatt et elo b\u00e4im Mindestloun den 1. Januar 2015 just zu enger Upassung vun 0,1 % k\u00ebnnt, ass drop ze f\u00e9ieren, dass d&#8217;L\u00e9in an d&#8217;Akommes 2012 an 2013 sech m\u00e9i staark entw\u00e9ckelt hunn. M\u00e4 och wann et just 0,1% ass, ass et wichteg, datt elo d\u00e9i Miniupassung geschitt, well et st\u00fctzt d&#8217;Kontinuit\u00e9it vun de regelm\u00e9issegen Upassungen all zwee Joer.<br \/>\nUm Plang vun de Kollektivvertr\u00e4g musse mer eis Tarifpolitik \u00ebnnert d\u2019Lupp huelen an der neier Situatioun besser upassen.<br \/>\nAn de Kollektivvertragsverhandlungen huet d\u2019sozialt Konfliktpotential lafend zougeholl. An dat net er\u00e9ischt z\u00ebnter dem Krisenausbroch 2008.<br \/>\nQuasi an alle Secteuren, vun der Industrie iwwert de Bau an d\u2019Handwierk, iwwert d\u2019Aviatioun an den Transport bis zum D\u00e9ngschleeschtungs-, Bank- a Finanzsecteur, g\u00ebtt vu Patronatss\u00e4it d\u2019Verschlechterung vun de L\u00e9in an den Aarbechtsz\u00e4iten ugepeilt. D\u00e9i aktuell Verhandlunge b\u00e4i der Luxair, der Cargolux an an dem Secteur vum<br \/>\nNettoyage sinn am Moment d\u00e9i bekannteste Beispiller.<br \/>\nMir hu vill Ugr\u00ebffer ofgewiert kritt, m\u00e4 mir hunn awer och eng Partie Plomme gelooss.<br \/>\nUersaachen dofir ginn et der vill.<br \/>\nDe Krisendrock spillt natiirlech eng grouss Roll, d\u2019Angscht virum Verloscht vun der Aarbecht an eng allgemeng Verons\u00e9cherung schw\u00e4chen eis gewerkschaftlech Reaktiounsm\u00e9igkechkeeten.<br \/>\nMee et sinn awer nach aner Facteuren, d\u00e9i z\u00ebnter Joeren eng grouss Roll spillen.<br \/>\nD\u2019Ver\u00e4nnerung vun de Betribsstrukturen, d\u2019Eraus-<br \/>\nlagerung vu villen betriblechen Aktivit\u00e9iten an nei Betriber an Dengschtleeschtungssecteuren, den ausseruerdentleche Wandel vun der l\u00ebtzebuergescher \u00d6kononomie an hirer Betribswelt hunn d\u00e9i tarifpolitesch Landschaft ferm duercherneeger\u00ebselt. D\u2019Aarbechtspopulatioun ass enorm ugewuess an hir beruflech Qualifikatiounen hu sech staark diversifiz\u00e9iert.<br \/>\nEis Tarifpolitik muss et f\u00e4erdegbr\u00e9ngen, all d\u00e9i Changementer ze verschaffen.<br \/>\nNei Strategie mussen entw\u00e9ckelt ginn, net n\u00ebmme fir d\u00e9i bestoend Kollektivvertr\u00e4g ofzes\u00e9cheren an ze p\u00e9rennisi\u00e9ieren, m\u00e4 virun allem och fir nei tarifpolitesch Akzenter a Fortschr\u00ebtter duerchsetzen ze k\u00ebnnen.<br \/>\nAn dat bezitt sech och op d\u00e9i fir eis enorm wichteg Aufgab, a villen neie Ber\u00e4icher, virun allem an dem Dengschtleeschtungssecteur, m\u00e4 net n\u00ebmmen am Dengschtleeschtungssecteur, en \u00e9ischte Kollektivvertrag anzef\u00e9ieren.<br \/>\nWell iwwer 50% vun dem Salariat hei zu L\u00ebtzebuerg huet nach kee Kollektivvertrag.<br \/>\nFir enger handlungsf\u00e4heger a schlagkr\u00e4fteger Tarifpolitik eng Zukunft ze ginn, d\u00e4erfe mir \u00ebnner kengen \u00cbmst\u00e4nn op esou een h\u00e9ijen Undeel vum Salariat verzichten.<br \/>\nDat w\u00e4r net n\u00ebmmen tarifpolitesch, m\u00e4 och gewerkschaftspolitisch ee ganz grousse Feeler.<br \/>\nNiewend dem Duerchsetze vu L\u00e9in, d\u00e9i sech am Gl\u00e4ichschr\u00ebtt mat der Produktivit\u00e9it entw\u00e9ckelen, musse mer et f\u00e4erdegbr\u00e9ngen, tarifpolitesch Akzenter ze setzen, d\u00e9i d\u2019Aarbechts- a Liewensqualit\u00e9it vun eise Membere verbesseren oder besser sch\u00fctzen.<br \/>\nDer Gestaltung vun den Aarbechtsz\u00e4iten k\u00ebnnt eng \u00ebmmer m\u00e9i grouss Bedeitung zou.<br \/>\nZ\u00ebnter datt an de 90er-Joeren d\u2019PAN-Gesetzgebung d\u2019Diere fir d\u2019Flexibilis\u00e9ierung vun den Aarbechtsz\u00e4iten opgemaach huet, ass d\u2019Bedeitung vun der kollektivvertraglecher Gestaltung vun den Aarbechtsz\u00e4iten enorm an d\u2019Luucht gaangen.<br \/>\nOp der enger S\u00e4it ass et n\u00ebmme si, d\u00e9i eng negativ Flexibilis\u00e9ierung vun den Aarbechtsz\u00e4iten g\u00e9int d\u2019Interesse vum Salariat verh\u00ebnnere kann.<br \/>\nAn op der anerer S\u00e4it ass et och n\u00ebmme si d\u00e9i et f\u00e4erdegbr\u00e9nge kann, Aarbechtsz\u00e4itbedingungen an de Betriber z\u2019install\u00e9ieren, d\u00e9i Fra a Mann erm\u00e9iglechen d\u2019Liewen an d\u2019Aarbecht besser zueneen ofst\u00ebmme.<br \/>\nA fir net m\u00ebssverstanen ze ginn, dat schl\u00e9isst selbst-verst\u00e4ndlech Aarbechtsz\u00e4itverkiirzunge mat an.<br \/>\nEn zweete groussen tarifpolitische Chantier, dee sech eis \u00ebmmer m\u00e9i opdr\u00e4ngt, ass d\u00e9i kollektivvertraglech Ofs\u00e9cherung vun der Aarbechtsplaz a vun de beruf-<br \/>\nlechen a soziale Perspektiven vun eise Leit an de Betriber.<br \/>\nMir mussen un tarifpolitische Modeller vun engem verbesserten Aarbechtsplazschutz schaffen.<br \/>\nMir musse Modeller weiderbr\u00e9ngen, d\u00e9i eise Leit nei M\u00e9iglechkeeten an Opportunit\u00e9ite ginn, fir hinnen ee bessert sozialt a beruflecht Weiderkommen an eng besser laangfristeg Ofs\u00e9cherung an hirer Aarbecht a Beruffer ze garant\u00e9ieren.<br \/>\nD\u00ebst schl\u00e9isst eng fortschr\u00ebttlech Gestaltung vun der beruflecher Fort- a Weiderbildung an der Betribswelt mat an.<br \/>\nEe weideren Terrain, dee sech eis \u00ebmmer m\u00e9i opdr\u00e4ngt, ass d\u2019Af\u00e9ierung iwwert d\u2019Kollektivvertr\u00e4g vu m\u00e9i Rechter a M\u00ebttelen fir eis Personald\u00e9l\u00e9g\u00e9iert, fir hir Leit an de Betriber vertrieden ze k\u00ebnnen.<br \/>\nKolleginnen a Kollegen,<br \/>\nAll d\u00ebs tarifpolitesch Objektiver, ob bei den Aarbechtsz\u00e4iten, bei der Ofs\u00e9cherung vun Aarbechtsplaz a Beruff oder bei der Matbest\u00ebmmung gewannen och aus dem Grond u Bedeitung, well mer z\u00ebnter Joeren e St\u00ebllstand hu bei der Entw\u00e9cklung vun eisem Aarbechtsrecht.<br \/>\nOuni Resultat fuerdere mer beispillsweis z\u00ebnter Joeren eng Rei vun noutwendege Reformen, w\u00e9i beispillsweis, an ech hunn et schon am Zesummenhang mam Kampf g\u00e9int d\u2019Aarbechtslosegkeet gesot, d\u2019Reform vun der K\u00ebnnegung aus wirtschaftleche Gr\u00ebnn an d\u2019Reform vun de sougenannte Plans de Maintien dans l\u2019Emploi a vun de Sozialpl\u00e4ng.<br \/>\nZu d\u00ebser L\u00ebscht geh\u00e9iert och dat l\u00e4ngst f\u00e4llegt Gesetz iwwert Compte-\u00e9pargne-temps. A mir fuerderen z\u00ebnter laangem d\u2019Reform vum Gesetz iwwert d\u2019Failliten.<br \/>\nAn et soll drun er\u00ebnnert ginn, datt dat neit Matbest\u00ebmmungsgesetz fir d\u2019Personalvertrieder nach \u00ebmmer net gest\u00ebmmt ass an datt et elo ouni weideren Z\u00e4itverloscht endlech gest\u00ebmmt an agefouert muss ginn.<br \/>\nAll d\u00e9i opgezielten tarifpolitesch Zieler w\u00e4erte sech net am Selbstlaf verwierklechen.<br \/>\nFir weiderzekommen, an ech komme kuerz op d\u2019Resolutioun zr\u00e9ck, d\u00e9i mer g\u00ebschter verabschied hunn, mussen dem OGBL seng Beruffssyndikater an eng verst\u00e4erkte Koordinatioun a Konzertatioun zu eneen trieden.<br \/>\nAllgemeng tarifpolitesch Richtlinie musse mi staark an d\u2019gewerkschaftlech Tarifautonomie vun den eenzelne Secteuren a Betriber afl\u00e9issen.<br \/>\nSi musse fir all Secteur oder Betrib hire spezifischen Ausdrock kr\u00e9ien.<br \/>\nEt ass klor, datt eis gewielte Personaldeleg\u00e9iert als D\u00e9cisiounstr\u00e4ger an d\u00ebs verst\u00e4rkte Konzert\u00e9ierung a Koordinatioun agebonnen musse ginn an hir Informatioun a Formatioun an tarifpolitische Froen qualitativ weiderentw\u00e9ckelt ginn.<br \/>\nKolleginnen a Kollegen,<br \/>\nDen OGBL zitt et \u00ebmmer vir, d\u2019Interesse vu senge Memberen iwwert de Verhandlungswee ze vertrieden.<br \/>\nDofir setze mir eis \u00e9ischt Kaart op de sozialen Dialog an net op d\u2019sozial Konfrontatioun.<br \/>\nSozialen Dialog ass een anert Wuert fir Verhandlungen.<br \/>\nA Verhandlunge setze viraus, datt et \u00e9ischtens eppes ze verhandele g\u00ebtt an zweetens eng Aussiicht besteet, datt een iwwert Verhandlungen zum beschten Resultat am Interesse vu senge Leit k\u00ebnnt.<br \/>\nUm nationale Plang ass et 8 Joer hier, datt et fir d\u2019lescht zu engem gemeinsamen Accord t\u00ebscht der R\u00e9gierung, dem Patronat an de Gewerkschafte komm ass.<br \/>\nT\u00ebscht dem Fr\u00e9ijoer 2010 an dem Hierscht 2012 ass de Koordinatiounskomitee Tripartite \u00ebnnert dem Impuls vum deemolege Premierminister mat breeder \u00cbnnerst\u00ebtzung vum Patronat zu engem Instrument fir Austerit\u00e9it a fir d\u2019Indexmanipulatioun pervert\u00e9iert ginn.<br \/>\nD\u00e9i Scheintripartiten haten n\u00e4ischt m\u00e9i mat sozialpartnerschaftleche Verhandlungen ze dinn. Si woren eng politisch Provokatioun g\u00e9int d\u2019Interesse vum Salariat a konnten net aneschtes w\u00e9i scheitern.<br \/>\nD\u00e9i Demontage vun esou engem wichtigen Antikriseninstrument w\u00e9i Tripartite an d\u2019Demontage vum sozialen Dialog hunn de soziale Relatiounen hei am Land immens geschued.<\/p>\n<p>Net vir n\u00e4ischt huet den OGBL sech fir e Regierungswiessel ausgeschwat a mir wore frou, datt e stattfond huet.<\/p>\n<p><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_7.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\"alignright\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_7.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_7\" width=\"291\" height=\"194\" \/><\/a>En huet L\u00ebtzebuerg d\u2019Chance ginn, fir de sozialen Dialog aus deem d\u00e9iwe Lach erauszehulen.<br \/>\nEt konnt een optimistesch sinn, datt sech d\u2019sozialt Klima, dat dach esou wichteg fir L\u00ebtzebuerg ass, er\u00ebm erhuele g\u00e9if.<br \/>\nHaut ass den Z\u00e4itpunkt do, fir eng \u00e9ischt Bilanz ze z\u00e9ien an e Bl\u00e9ck op d\u2019Zukunft ze riichten.<br \/>\nAn der Indexfro huet d\u2019Regierung d\u00e9cid\u00e9iert d\u2019Manipulatiounen ze stoppen an dat normalt Indexgesetz er\u00ebm spillen ze loossen. Dat wor eng richteg Entscheedung an den OGBL huet se net vergiess.<br \/>\nVergiess ass awer och net, datt d\u2019Patronat dem Indexkompromiss net zougest\u00ebmmt huet. Domat ass een \u00e9ischte Versuch, fir z\u00ebnter laangem en nationalen Accord ze fannen, gescheitert.<br \/>\nAm Oktober, viru bal zwee M\u00e9int, war d\u2019Versprieche vun der Regierung fir de sozialen Dialog nei ze beliewen um gudde Wee fir net agel\u00e9ist ze ginn.<br \/>\nWann d\u2019Regierung hire Spuerpak esou an der Chamber zur Ofst\u00ebmmung bruecht h\u00e4tt, w\u00e9i si en am Oktober virgestallt huet, da w\u00e4r e grousse Sozialkonflikt net m\u00e9i ze vermeide gewiescht.<br \/>\nWell da w\u00e4re mir mat haushaltspoliteschen Deci-sioune konfront\u00e9iert ginn, d\u00e9i fir den OGBL inakzeptabel gewiescht w\u00e4ren.<br \/>\nWell dann h\u00e4tte mer eng Politik vun der Austerit\u00e9it gehat, d\u00e9i de facto eng Kontinuit\u00e9it vun d\u00e4r vun der Regierung vu virdru gewiescht w\u00e4r.<br \/>\nOb der Basis w\u00e4r et ganz schw\u00e9ier, wann net onm\u00e9iglech ginn, an der lafender Legislatur nach e Wee ze fannen, fir zu engem konstruktiven Dialog zr\u00e9ckzefannen.<br \/>\nEt wor 5 fir 12. Eiser massiver gewerkschaftlecher Opposition g\u00e9int de Spuerpak ass et ze verdanken, datt rechtz\u00e4iteg d\u00e9i politesch Bewegung entstanen ass, d\u00e9i dat Schl\u00ebmmst verh\u00ebnnert huet.<br \/>\nA mir sinn erliichtert, datt d\u2019Regierung den Eescht vun der Situatioun erkannt huet an de Reflex hat, d\u2019Verhandlungsdieren opzestoussen, fir iwwert den Zukunftspak ze diskut\u00e9ieren an deen op wesentleche Punkten z\u2019entsch\u00e4rfen.<br \/>\nEch hunn et scho gesot. De Kompromiss, dee fonnt ginn ass, l\u00e9ist keng Euphorie bei eis aus.<br \/>\nAn dach. Den Accord engag\u00e9iert d\u2019Regierung an de kommende Joere kee weidere Sozialofbau ze bedreiwen an e limit\u00e9iert d\u2019Kafkraaftverloschter bei der Bev\u00f6lkerung.<br \/>\nAn e schaaft eng Basis, fir dem sozialen Dialog eng nei Qualit\u00e9it ze ginn.<br \/>\nOfgemaach ass ginn, eng Rei vu kommende Gesetzesprojet\u00ebn zesummen ze diskut\u00e9ieren. Dee wichtegsten ass w\u00e9i gesot, deen iwwert d\u2019Steierreform.<br \/>\nOfgemaach ass awer och ginn, datt sech d\u2019Regierung vun elo u v\u00e9ier mol am Joer mat de Sozialpartner treffe w\u00e4ert, fir sech gemeisam iwwert d\u2019Orient\u00e9ierung vun der Haushaltspolitik an der Politik insgesamt ze konzer-t\u00e9ieren. Et sinn och elo schonns zwee Datume fir d\u2019n\u00e4chst Joer fix\u00e9iert ginn: een am Januar an een am M\u00e4rz.<br \/>\nAlles dat schaaft Viraussetzunge fir e verbesserte<br \/>\nSozialdialog hei zu L\u00ebtzebuerg.<br \/>\nAn domat mengen ech och d\u2019Diskussiounen an all den eenzelnen Institutiounen a Gremien d\u00e9i et zu d\u00ebsem Zweck g\u00ebtt, den CPTE, den CES, d\u2019Komittee\u00eb vun der Sozialer S\u00e9cherheet asw.<br \/>\nDen OGBL ass bereet s\u00e4in Deel b\u00e4izedroen, fir datt et fonctionn\u00e9iert.<br \/>\nZu kengem Moment hu mir e Regierungswiessel<br \/>\ngefuerdert, m\u00e4 eng nei Politik, an d\u00e4r mir eis er\u00ebmfanne k\u00ebnnen.<br \/>\nDat ass a bleift eise Message un d\u00e9i nei Regierung.<br \/>\nAn ech well et haut nach eng K\u00e9ier widderhuelen. Den OGBL mecht net d\u2019Spill vun irgendenger Regierung oder Partei, mir maachen d\u2019Spill vun den Interesse vum Salariat a vun hire Familljen.<br \/>\nDat ass eis gewerkschaftlech Aufgab an dat ass och eis Onofh\u00e4ngegkeet.<br \/>\nWa mir am Joer 2016 e Statutekongress hunn, da w\u00e4ert mat S\u00e9cherheet ee Passage aus de Statuten esou stoe bleiwen, w\u00e9i en haut an de Statute vum OGBL steet.<br \/>\nN\u00e4mlech deen, deen eis dozou verpflicht, all Ustrengungen ze maachen, fir d\u2019Salariat an enger eenzeger a staarker Gewerkschaft z\u2019organis\u00e9ieren, well just eng Eenheetsgewerkschaft, d\u00e9i wierksamst Interessens-vertriedung verwierkleche kann.<br \/>\nD\u2019Gr\u00ebnnung selwer vum OGBL wor ee ganz wichtegen Impuls an d\u00e9i Richtung.<br \/>\nA 35 Joer no senger Gr\u00ebnnung kann ee mat Recht behaapten, datt sech den OGBL als de Motor um Wee zur gewerkschaftlecher Eenheet konfirm\u00e9iert huet.<br \/>\nEt ass zu weidere gewerkschaftleche Fusiounsprozesser an den OGBL erakomm an den OGBL huet seng f\u00e9ierend Roll an der l\u00ebtzebuergescher Gewerkschaftsbeweegung permanent ausgebaut.<br \/>\nD\u2019Resultater bei de Sozialwalen schw\u00e4tzen eng d\u00e4itlech Sprooch.<br \/>\nD\u2019Salariat hei zu L\u00ebtzebuerg g\u00ebtt es \u00ebmmer m\u00e9i midd Situatiounen z\u2019erliewen, wou et op der Gewerkschaftss\u00e4it keng Eenheet g\u00ebtt.<br \/>\nD\u2019Salariat w\u00ebll keng Schw\u00e4chung duerch Spaltung, weder am Betrib nach um nationale Plang.<br \/>\nAn et huet komplett Recht.<br \/>\nEt huet scho l\u00e4ngst gemierkt, an dat net er\u00e9ischt z\u00ebnter de leschte M\u00e9int, datt d\u2019Ugr\u00ebff vu Patronat a Politik op seng L\u00e9in an Aarbechtsbedingungen, op de Sozialstaat an op seng Sozialvers\u00e9cherungen n\u00ebmmen duerch d\u2019Gewerkschaftseenheet am wierksamste bek\u00e4mpft k\u00ebnne ginn.<br \/>\nM\u00e4 Gewerkschaftseenheet ass net Eeenheetsgewerkschaft.<br \/>\nD\u2019Gewerkschaftseenheet ass a bleift eng ganz labil Situatioun.<br \/>\nWat haut ass, ass muer net m\u00e9i s\u00e9cher, w\u00e9i mer dat beispillsweis Enn 2012 bei der Mobilis\u00e9ierung g\u00e9int d\u2019Pensiounsreform oder bei dem ganz schw\u00e9iere Kollektivvertragskonflikt am Bau leider erliewen hu missten.<br \/>\nAn d\u2019gewerkschaftlech Spaltung ass ee real exis-<br \/>\nt\u00e9ierenden Ons\u00ebnn g\u00e9igeniwwer dem eenheetleche Regruppement vum Patronat an der UEL.<br \/>\nAn et ass och eng onverantwortlech Verschwendung vu materiellen a personelle Ressourcen an der Gewerkschaftsbewegung selwer.<br \/>\nUm internationale Plang ass mam IGB a mam EGB villes iwwerwonne ginn, wat mer hei zu L\u00ebtzebuerg bis elo nach net f\u00e4erdegbruecht hunn.<br \/>\nMir w\u00e4erten op dem Wee weiderfueren a mir w\u00e4erten och an de kommende Joeren n\u00e4ischt onversicht loossen, fir aner gewerkschaftlech Organisatiounen ze motiv\u00e9ieren an z\u2019iwwerzeegen, datt d\u2019Eenheetsgewerkschaft hei zu L\u00ebtzebuerg ouni Alternativ ass.<br \/>\nD\u2019Onofh\u00e4ngegkeet vum OGBL a seng gewerkschafts-politesch Autonomie si kee Beweis m\u00e9i sch\u00eblleg.<br \/>\nAn den OGBL huet et iwwert den Opbau vu sengen eenzelne Beruffssyndikater och f\u00e4erdegbruecht, datt all Kategorie vum Salariat onofh\u00e4ngeg vun hirem Beruff, hirem Statut oder hirer Nationalit\u00e9it eis Organisatioun als den Hiewel vun hieren Interesse wertsch\u00e4tzen.<br \/>\nAn dat net n\u00ebmme fir d\u2019Salariat, dat hei am Land wunnt, m\u00e4 och fir all eis Aarbechtskolleginnen a -kollegen, d\u00e9i net bei eis wunnen, m\u00e4 all Daag iwwert d\u2019Grenz bei eis schaffe kommen. Beim OGBL g\u00ebtt net den \u00cbnnerscheed gemaach, ob ee Grenzg\u00e4nger oder R\u00e9sident ass, ob ee Mann oder Fra ass, ob ee schwaarz oder w\u00e4iss ass, ob ee jonk oder al ass, op een en Handicap huet oder net. Dat ass eis St\u00e4erkt an dat ass eis geliefte Solidarit\u00e9it.<br \/>\nWat eis am OGBL verb\u00ebnnt ass eise W\u00ebllen, gemeinsam eis Interessen an der Gesellschaft duerchzesetzen. Ob als OGBL um nationale Plang oder als OGBL am EGB an am IGB, den Onofh\u00e4ngege Gewerkschaftsbond vu L\u00ebtzebuerg w\u00e4ert d\u2019Saach vun de schaffende Leit verdedegen a weiderbr\u00e9ngen.<br \/>\nMir w\u00ebllen an enger Gesellschaft vu sozialer Gerechtegkeet, Fridden an Demokratie liewen. An zwar fir jidderee vun eis. An d\u00e9i Richtung muss et mat L\u00ebtzebuerg goen, an d\u00e9i Richtung muss et mat der europ\u00e4escher Kons-truktioun goen, an d\u00e9i Richtung muss et mat alle L\u00e4nner vun der Welt goen.<\/p>\n<p style=\"text-align: center;\"><a href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_1.jpg\"><img loading=\"lazy\" decoding=\"async\" class=\" wp-image-17192 aligncenter\" src=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/communiques\/congres_discours_roeltgen_1.jpg\" alt=\"congres_discours_roeltgen_1\" width=\"425\" height=\"284\" \/><\/a><\/p>\n<p>Vive den OGBL a vive d\u00e9i international Gewerkschaftsbewegung.<\/p>","protected":false},"author":1,"featured_media":4262,"template":"","categorie_communiques":[41],"syndicat":[],"acf":[],"yoast_head":"<!-- This site is optimized with the Yoast SEO plugin v23.1 - https:\/\/yoast.com\/wordpress\/plugins\/seo\/ -->\r\n<title><\/title>\r\n<meta name=\"robots\" content=\"index, follow, max-snippet:-1, max-image-preview:large, max-video-preview:-1\" \/>\r\n<link rel=\"canonical\" href=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:locale\" content=\"de_DE\" \/>\r\n<meta property=\"og:type\" content=\"article\" \/>\r\n<meta property=\"og:title\" content=\"[:fr]Expos\u00e9 de principe d&#039;Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l&#039;OGBL[:en]Expos\u00e9 de principe d&#039;Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l&#039;OGBL[:] - OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"og:description\" content=\"L\u00e9if Deleg\u00e9iert, Kolleginnen a Kollegen, Dir hutt g\u00ebschter den neien Nationalvirstand vum OGBL gewielt. Erlaabt mir am Numm vun allen \u2026\" \/>\r\n<meta property=\"og:url\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/\" \/>\r\n<meta property=\"og:site_name\" content=\"OGBL\" \/>\r\n<meta property=\"article:modified_time\" content=\"2023-06-30T10:49:51+00:00\" \/>\r\n<meta property=\"og:image\" content=\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:width\" content=\"376\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:height\" content=\"480\" \/>\r\n\t<meta property=\"og:image:type\" content=\"image\/jpeg\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:card\" content=\"summary_large_image\" \/>\r\n<meta name=\"twitter:label1\" content=\"Est. reading time\" \/>\n\t<meta name=\"twitter:data1\" content=\"48 Minuten\" \/>\r\n<script type=\"application\/ld+json\" class=\"yoast-schema-graph\">{\"@context\":\"https:\/\/schema.org\",\"@graph\":[{\"@type\":\"WebPage\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/\",\"name\":\"[:fr]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:en]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:] - OGBL\",\"isPartOf\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\"},\"primaryImageOfPage\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage\"},\"thumbnailUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\",\"datePublished\":\"2014-12-06T10:31:00+00:00\",\"dateModified\":\"2023-06-30T10:49:51+00:00\",\"breadcrumb\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#breadcrumb\"},\"inLanguage\":\"de-DE\",\"potentialAction\":[{\"@type\":\"ReadAction\",\"target\":[\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/\"]}]},{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg\",\"width\":376,\"height\":480},{\"@type\":\"BreadcrumbList\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#breadcrumb\",\"itemListElement\":[{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":1,\"name\":\"Home\",\"item\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/\"},{\"@type\":\"ListItem\",\"position\":2,\"name\":\"Expos\u00e9 de principe d&#8217;Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l&#8217;OGBL\"}]},{\"@type\":\"WebSite\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"name\":\"OGBL\",\"description\":\"DIE GEWERKSCHAFT\",\"publisher\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\"},\"potentialAction\":[{\"@type\":\"SearchAction\",\"target\":{\"@type\":\"EntryPoint\",\"urlTemplate\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}\"},\"query-input\":\"required name=search_term_string\"}],\"inLanguage\":\"de-DE\"},{\"@type\":\"Organization\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization\",\"name\":\"OGBL\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/\",\"logo\":{\"@type\":\"ImageObject\",\"inLanguage\":\"de-DE\",\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\",\"url\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"contentUrl\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png\",\"width\":369,\"height\":171,\"caption\":\"OGBL\"},\"image\":{\"@id\":\"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/\"}}]}<\/script>\r\n<!-- \/ Yoast SEO plugin. -->","yoast_head_json":{"title":"[:fr]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:en]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:] - OGBL","robots":{"index":"index","follow":"follow","max-snippet":"max-snippet:-1","max-image-preview":"max-image-preview:large","max-video-preview":"max-video-preview:-1"},"canonical":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/","og_locale":"de_DE","og_type":"article","og_title":"[:fr]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:en]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:] - OGBL","og_description":"L\u00e9if Deleg\u00e9iert, Kolleginnen a Kollegen, Dir hutt g\u00ebschter den neien Nationalvirstand vum OGBL gewielt. Erlaabt mir am Numm vun allen \u2026","og_url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/","og_site_name":"OGBL","article_modified_time":"2023-06-30T10:49:51+00:00","og_image":[{"width":376,"height":480,"url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg","type":"image\/jpeg"}],"twitter_card":"summary_large_image","twitter_misc":{"Est. reading time":"48 Minuten"},"schema":{"@context":"https:\/\/schema.org","@graph":[{"@type":"WebPage","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/","name":"[:fr]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:en]Expos\u00e9 de principe d'Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l'OGBL[:] - OGBL","isPartOf":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website"},"primaryImageOfPage":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage"},"thumbnailUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg","datePublished":"2014-12-06T10:31:00+00:00","dateModified":"2023-06-30T10:49:51+00:00","breadcrumb":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#breadcrumb"},"inLanguage":"de-DE","potentialAction":[{"@type":"ReadAction","target":["https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/"]}]},{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#primaryimage","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2014\/12\/congres_discours_roeltgen_2.jpg","width":376,"height":480},{"@type":"BreadcrumbList","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/communique\/expose-de-principe-dandre-roeltgen-nouveau-president-de-logbl\/#breadcrumb","itemListElement":[{"@type":"ListItem","position":1,"name":"Home","item":"https:\/\/www.ogbl.lu\/"},{"@type":"ListItem","position":2,"name":"Expos\u00e9 de principe d&#8217;Andr\u00e9 Roeltgen, nouveau pr\u00e9sident de l&#8217;OGBL"}]},{"@type":"WebSite","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#website","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","name":"OGBL","description":"DIE GEWERKSCHAFT","publisher":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization"},"potentialAction":[{"@type":"SearchAction","target":{"@type":"EntryPoint","urlTemplate":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/?s={search_term_string}"},"query-input":"required name=search_term_string"}],"inLanguage":"de-DE"},{"@type":"Organization","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#organization","name":"OGBL","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/","logo":{"@type":"ImageObject","inLanguage":"de-DE","@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/","url":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","contentUrl":"https:\/\/www.ogbl.lu\/wp-content\/uploads\/2024\/07\/LOGO_Red_FR-svg.png","width":369,"height":171,"caption":"OGBL"},"image":{"@id":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/#\/schema\/logo\/image\/"}}]}},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/1801"}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/types\/communiques"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"version-history":[{"count":0,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/communiques\/1801\/revisions"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media\/4262"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=1801"}],"wp:term":[{"taxonomy":"categorie_communiques","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/categorie_communiques?post=1801"},{"taxonomy":"syndicat","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.ogbl.lu\/de\/wp-json\/wp\/v2\/syndicat?post=1801"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}