Elections

D’Kandidatinnen a Kandidaten vum OGBL/Landesverband setzen sech fir folgend Ziler an:

Opwäertung vun de Karriären

  • Ausbau a Verbesserung vum Ëffentlechen Déngscht: Sécherung vum aktuelle Personal an Opstockung vum Effectif an de Gemengeverwaltungen a –betriber.
  • Der schläichender Privatiséierung z.B. duerch Sous-traitance a CDD/CDI Kontrakter am Gemengesecteur en Enn setzen.
  • Erhéijung vun den Ufanksgehälter fir d’Kafkraaft vun de Jonken um Wunnengsmaart ze garantéieren. Déi Jonk sëtzen tëscht de Still.
  • Direkt Unerkennung vun de Virdéngschtzäiten an eng vereinfacht Astellungspolitik.
  • De Gemengebeamtestatut konsequent anhalen an uwenden. Keen Aushielege vum Statut.

Liewensqualitéit op der Aarbecht

  • Méi Liewensqualitéit op der Aarbechtsplaz, well Aarbechtszäit ass och Liewenszäit.
  • Evaluatioun vun der Aarbechtsbelaaschtung fir dem Surmenage an dem konstante Stress en Enn ze setzen a Gemengebeamt*innen an –employéë viru Gesondheetsschied ze schützen.
  • Ëmsetzung vu konkrete Mesurë géint Mobbing op der Aarbechtsplaz.
  • Duerchsetze vun engem konsequente Recht op Ofschalten (droit à la déconnexion).
  • Reegelung vum Teletravail am Sënn vun de Beamt*innen an Employéen.
  • Demokratescht Matsproocherecht.

Kafkraaft stäerken

  • Keng Indexmanipulatioun
  • Energiepräisser deckelen

Aarbechtszäitverkierzung

  • eng schrëttweis Aarbechtszäitverkierzung ouni Lounausfall mat der Schafung vun zousätzlechen Aarbechtsplazen.
  • Den Ëffentlechen Déngscht muss, ewéi kierzlech an Island ëmgesat, mam gudde Beispill virgoe fir eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung duerchzesetzen.

„Den OGBL/Landesverband
steet fir e konstruktiven
Dialog a konkret Léisungen.“


VILLE DE LUXEMBOURG

ESCH-UELZECHT

DIDDELENG

T.I.C.E.

DÉIFFERDENG
AFFICHE_Differdange

Syndicat Intercommunal de Gestion informatique (SIGI)
AFFICHE_Differdange

Les commentaires sont fermés.