Der Gesundheits- und Sozialsektor erklärt sich solidarisch mit der Stahlindustrie

Einen Tag vor dem großen europäischen Warnstreiktag in den Arcelor Mittal Werken, hat das Syndikat Gesundheit und Sozialwesen eine Solidaritätsbekundung der Beschäftigten im Gesundheitsbereich organisiert. Die Beschäftigten des Centre Hospitalier Emile Mayrisch und der Clinique Ste Marie haben sich gemeinsam mit den Beschäftigten der Stahlindustrie vor dem CHEM in Esch-Alzette versammelt, um gemeinsam auf die Wichtigkeit des Stahlsektors für unser Land aufmerksam zu machen.

Ansprache des Syndikatspräsidenten Marco Goelhausen

Ried Piquet Solidaritéit ARCELOR 6.12.2011

Kolleginne a Kollegen aus dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch,
Kollegen aus deenen verschiddenen Wierker vun der ARCELOR, haaptamtlech an éierenamtlech Kolleginnen a Kollegen vun OGBL an LCGB

Am Numm vun der Personaldelegatioun vum CHEM soen ech ärch en decke Merci fir är Präsenz haut de Mëtten hei bei der Haaptentrée vum Site Esch fir de Mataarbechter aus der Stolindustrie eis Solidaritéit auszedrécken.
Merci och de Personalvertrieder aus der Clinique Ste. Marie, déi sech spontan bereed erklärt hunn bei dëser Aktioun matzemaachen.

Kolleginnen a Kollegen, wa mär haut hei stinn, um Virowend vun deem Dag wou d’Salarién aus der Stolindustrie e Warnstreik duerchzéien, fir op hir Situatioun opmierksam ze maachen, dann as dat fir eis emol fir 1. ganz einfach en Zeechen vun Solidaritéit vum Spidolspersonal vis-à-vis vun all deenen, déi bei der ARCELOR beschäftegt sinn an haut net wëssen wéi moar hir Zukunft ausgesäit.
Hei geet et drëm fir kloer ze maachen, dass d’Existenz vun honnerten vun Stolaarbechter um Spill steet, mat deeër vun hire Famillen. Hei geet et ëm mënschlech Schicksaler, Kolleginnen a Kollegen.

A wa mär haut grad hei op dëser Plaz, äis Solidaritéit zum Ausdrock bréngen, dann as dat net zulescht och dofir, wëll grad op dëse Spildolssite Symbolcharakter huet: Fir de staarke Lien mat der Stolindustrie ze ënnersträichen goufen déi 3 Deeler, aus deenen sech dëse Bau zesummesetzt net fir näischt Mineur, Buggi an Héichuewen, bezeechent.

Donieft setzen och 4 Vertrieder vun der ARCELOR am Verwaltungsrot vum CHEM.
D’Stolindustrie huet net nëmmen, wéi keen aneren Beräich, dës ganz Regioun geprägt an de Wuelstand vun dësem Land, mam Schweess vu ville Stolaarbechter, oft Konditiouenen ënnert schwieregen, geféierlechen Konditiounen erschafft.
Neen, de Rôle vun de Stolbetriber as an der Zait wäit driwwer erausgaangen.
Wierkswunnengen fir déi schaffend Läit, sozial Ofsécherung , Krankekeesen an den Opbau vu Strukturen fir Gesondheetsversuergung an der Regioun fouessen op Initiativ vu grad dësen Stolbetriber a si Beispiller fir déi, déi de soziale Gedanken och deemools an de Virdergrond geréckelt hunn.

Zu Diddeleng, Déifferdeng, an hei an der Minettsmetropole Esch si Spideeler entstan duerch Kollaboratioun vun de Gemengen mat der Stolindustrie.
De Centre Hospitalier Emile Mayrisch dréit net fir näischt den Numm vun enger grousser Perséinlechkeet aus dem Stolberäich, déi sozial Reformen am Sënn vun der Stolbeleegschaft viru gedriwwe n huet.

Hautdesdaags musse mär mat Schrecke feststellen, dass d’Iddien, Denken an Handelen vun deene Läit, déi elo um Rudder sinn, ewéi den Här Mittal & Co, ganz anescht ausgeriicht si, nämlech reng profitorientéiert an leider absolut näischt méi gemeinsam hunn, mat deem wat den Här Mayrisch fréier symboliséiert huet, an dat muss engem wierklech ze denke ginn.

An deem Sënn, Kolleginnen a Kollegen, sti mär hannert der Stolbeleegschaft an ënnerstëtzen si voll a ganz an hirem Kampf géint reng economesch Iwwerleeungen a mär wäerten, Kolleginnen a Kollegen aus dem Stolsecteur och moar bei ären Aktiounen voll a ganz hannert ärch stoen.

Ech soen Ärch Merci a ginn d’Wuert virun un de Jean-Claude Bernardini, haaptamtleche Sekretär vum Stolsyndikat am OGBL.

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.