El Salvador ass eng kléng Republik a Mëttelamerika, déi um Pazifik leit. Hei solle sech Mëtt Oktober Representant’e vun der Europäescher Unioun mat de Staatschefe vun der latäinamerikanescher a karibescher Kommunautéit treffen, fir hier Relatiounen dem Agenda 2030 (an anere wichtegen Ofkommen) unzepassen.
Mam Ziel, hier gréisste Preocupatiounen a Wieder ze faassen an Empfehlungen ze formuléieren, nom Motto „Zesumme si mir staark, a ginn éischter gehéiert“, huet di organiséiert Zivilgesellschaft (staatlech onofhängeg Organisatiounen) aus Latäinamerika, der Karibik an Europa sech de 7.-8. September zu San Salvador (der Haaptstad vun El Salvador) zesumme gesat. A Representatioun vun der lëtzebuergescher ONG „OGBL Solidarité Syndicale“ an dem europäeschen Netzwierk „Solidar“ war ech mat dobäi.
Hei hu mir d‘“Declaratioun vun El Salvador” mat ausgeschafft, déi op dem Treffe vun de Staatschefe virgestallt an – hoffentlech – och a Betruecht gezu gëtt. Virun allem hu mir eis op dräi Punkte konzentréiert (aus zäitleche Grënn): „Kommerz a Mënscherechter“, „Agenda 2030“ an „Demokratie an Zivilgesellschaft“. Dës Themen goufen den éischten Dag am Plenum vu Spezialiste virgestallt, an et huet een di allgeméng Suerg zu de fräien Handelsofkommen gudd eraus héieren: Wann di grouss transnational Firmen weider d’Méiglechkeet kréien, a Latäinamerika an der Karibik ze produzéieren an an Europa ze verkafen, da bleiwen d’Mënscherechter op der Stréck.
Well sech di (latäinamerikansch a karibesch) Staaten nämlech duerch d’Ofkomme mat de Firme vill Suen erhoffen, passen si sech deenen hiere Bedéngungen un; Dorënner leide virun allem d’Aarbechtskonditioune vun den onqualifizéierten Aarbechter, déi an éischter Linn aus benodeelegten oder aarme Bevëlkerungsgruppe kommen, souwéi hiert natierlecht Emfeld (Waasser, Bësch, Felder/Liewensmëttelproduktioun aa.). Esou hëllt d’Aarmutt onweigerlech zou, an de Respekt vrun de Mënscherechter of.
Den zweeten Dag hu mir di spezifesch Themen an Aarbechtsgruppen diskutéiert an op eis Erfahrungen um Terrain bezunn. Hei hat ech d’Chance, de Grupp zu „Demokratie an Zivilgesellschaft“ ze leeden. Et koume vill interessant Bäiträg zesummen, an et huet ee gemierkt, datt an deene meeschte latäinamerikaneschen a karibesche Länner di organiséiert Zivilgesellschaft zwar existéiert, ma vum Staat net a Betruecht geholl (oder suguer ënnerdréckt) gëtt:
Obwuel d’ONG’en an éischter Linn mat benodeelegte Bevëlkerungsgruppe schaffen, an deenen hier Schwieregkeeten a Bedürfnisser kennen, kréie si kaum d‘Méiglechkeet, de staatlechen Instanzen dës matzedeelen a sou eppes zur Verbesserung vun den allgemenge Liewensbedéngunge bäizedroen. Heiandsdo schéngt et suguer, wéi wa si bewosst kléng gehale géifen, fir den transnationalen Ofkommen net an d’Féiss ze geroden!!
Am Dokument, dat eisen Aarbechtsgrupp um Ënn vum Dag dem Plenum virstellt, verlaange/ recommandéiere mir virun allem méi Matsproocherecht fir d’Zivilgesellschaft, Kampf géint d’Korruptioun an Schutz fir d’Menscherechtsverteideger (bzw. fir d‘ONG’en).
Wann d’Europäesch Unioun an d’Kommunautéit vun de Latäinamerikaneschen a Karibesche Staaten eis Preocupatiounen, Argumenter a Virschléi eescht huelen, an an hier Ofkommen kloer Klauselen (mat moossbare Resultater) zum Schutz vun de Mënschen an hiere Rechter abauen, dann huet dëse Forum an eis Aarbecht do säin Ziel erreecht.
P.S. Am Endeffekt gouf d’Treffe vun de Représentant’en a Staatschefen op onbestëmmt verréckelt, wéint der Situatioun am Venezuela. Mir hoffen, datt och do d’Gemeinschaft sech fir d’Mënschen an hier Rechter staark maache kann!