D’ONG „OGBL Solidarité Syndicale“ sicht e Volontaire fir 9-12 Méint eise Projet „Trabajo Digno – Ënnerstëtzung fir eng wierdeg Aarbecht“ zu Cochabamba/Bolivien ze begleeden.
D’Aarbechtsgesetz a Bolivien ass schéin a komplett. Leider kenne vill Leit – suwuel Aarbechter wéi Patron’en – et net. Dofier schaffe vill Persounen an onwierdege Bedéngungen, verdénge manner wéi e Mindestloun, schaffe méi wéi 8 Stonnen den Dag, a hu keen Zougang zur Krankeversécherung. Als Gewerkschafts-ONG ass et eis wichteg, datt d’Aarbechtsrecht (no nationalen an internationale Standard’en) agehale gëtt. Als Projet „Trabajo Digno“ informéiere mir d’Leit iwwert hier Rechter, mir begleeden si bei der Jobsich, mir hëllefen hinnen eng eege kléng Vente opzebauen, mir berode si bei rechtleche Froen an ënnerstëtze si bei perséinleche Problemer. Sou kënne mir korrekt Aarbechtsbedéngungen op der Plaz an an der Gesellschaft opweisen an duerchsetzen.
Déng Aufgaben als Volontaire:
- An deene verschiddene Beräicher aushëllefen an eis Ekip begleeden (Assistante Sociale, Psychologue, Economist, Affekot), je no Déngem Intérêt a Kënnen
- Eis Participant’en an individuellen Themen ënnerstëtzen (kulturellen Austausch, Hausaufgabenhëllef, Sproochcoursen, Begleedung op Dokterbesich, etc.), je no Bedürfnis an Déngem Intérêt/Kënnen
- Texter iwwersetzen
- Internetsäite vum Projet geréieren (Facebook, Blog, Newsletter, etc.)
- Audiovisuellt Material ausschaffen
Betreiung:
D’Coopérante vun der ONG „OGBL Solidarité Syndicale“ ass Lëtzebuergerin, a gläichzäiteg d’Directrice vum Projet an Déng Uspriechpartnerin. Du schaffs also net alléng an engem frieme Land bei frieme Leit, ma enk mat engem Landsmann zesummen.
Aarbechtszäiten:
Di proposéiert Aarbechtszäite si vu Méindes bis Freides vun 9:00 – 12:00 a vun 14:30 – 18:30 (an emol de Mount Samstes Mëttes). D’Zäite kënnen awer no Ofsproch och flexibel gehandhabt ginn.
Virdeeler :
- Du sammels Erfahrung am Aarbechtsberäich an an der Jobsich
- Du hues d‘Méiglechkeet op Responsabilitéit an Eegeninitiativ
- Du léiers an enger anerer Kultur ze liewen, mat aneren Siichtweisen a Prioritéiten
Auswahlkriterien:
- Du hues méi wéi 18 Joer
- Du bass bereed, mat Leit aus benodeelegte Bevëlkerungsschichten an aus enger ganz anerer Kultur ze schaffen
- Du bass flexibel an opp, Dech mat neien Erfahrungen auserneen ze sëtzen an draus ze léieren
- Du kenns Dech mat « new social media » aus
- Du schreifs fléissend lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch
- Du hues Basiskenntnisser am Spueneschen
Kontakt:
Martine Greischer (00591) 60751919 martine_greischer@hotmail.com – Projet a Bolivien
oder Armand Drews (00352) 621 156 567 drewsa@pt.lu – ONG OGBL zu Lëtzebuerg
Bewerbung bis den 1. Oktober 2017 mat Curriculum a Motivatiounsbréif un d’Martine Greischer martine_greischer@hotmail.com