24 juillet 2017

De Projet „Travail Digne“ um 2. regionale Forum vun der lokaler wirtschaftlecher Entwécklung

forum3Vum 27. bis den 30. Juni gouf zu Tiquipaya/Cochabamba den 2. regionale Forum vun der lokaler wirtschaftecher Entwécklung ofgehalen. Hei hunn sech Vertrieder vun sämtleche latäinamerikaneschen a karibesche Länner zesumme fonnt, fir sech zu Themen wéi Aarbecht, klénge Venten a kultureller Participatioun weider zu bilden, Erfahrunge madeneen ze vergläichen a vuneneen ze léieren.

Als Projet “Trabajo Digno” hu mir u verschiddene Konferenzen a Workshopen deel geholl, mam Ziel, eis Aarbecht fir di benodeelegt Bevëlkerung vu Cochabamba ze verbesseren: Sou ware mir ënner anerem bei enger Konferenz zur Ëmsetzung vu korrekten Aarbechtsbedéngungen präsent, déi vun der ILO geleed gouf an d’Erfahrunge vu verschidde sozialen Akteuren erëm gespiggelt huet (e.a. d’Federatioun vun den Aarbechter aus der Provënz Soraya aus dem Chile, de Vertrieder vun der bolivianescher Confederatioun vun de Patron’en, d’Präfektur vu Sao Paulo/Brasilien, den Aarbechtsministère vu Santa Fe/Argentinien an d’ILO aus Kolumbien).

forum1Mir ware bei enger Konferenz, déi Proposen zum Zougang zu korrekten Aarbechtsbedéngunge fir Fraen opgewisen huet, a wou d’Opmaache vu kléngen eegene Venten souwéi d’”Economia del Cuidado” (e.a. gerecht Opdeele vun den Tâchen am Stot tëschend Mann a Fra, mam Ziel, datt d’Fra dee selwechten Zougang zum Aarbechtsmaart fënnt wéi de Mann) promovéiert gouf. Bei leschterem ass e.a. di lëtzebuergesch a belsch ONG “SOS Faim” hei a Bolivien implizéiert. Bei dëser Konferenz gouf och de Gesetzesprojet zur “Economia del Cuidado” vun der cochabambinescher Gemeng virgestallt, un deem mir als Member vum “Netzwierk géint Gewalt u Fraen” matgeschafft hunn.

GRAPHIQUE 2Eisen Economist Aldrin huet am Numm vum Projet u verschiddene Konferenzen zur Promotioun vun eegene Venten deel geholl. Hei säi Bericht:

“D’Participatioun um 2. regionale Forum als Economist vum Projet Trabajo Digno huet mir d’Méiglechkeet ginn, d’Planifikatioun vum Agenda 2030 besser kennen ze léieren. Et gouf en Accent op Aarbecht a Stärkung vu klénge Vente geluecht. D’Participatioun vun 20 Länner aus Latäinamerika an der Karibik huet mir d’Méiglechkeet ginn, d’Strategië kennen ze léieren, déi hei ugewandt ginn, souwéi d’Art a Weis, an däer di verschidden sozial Akteuren (national a lokal Regierungen, Universitéiten, ONG’en) an dësem Prozess zesumme schaffen.

GRAPHIQUE 1

A verschiddene Länner klappt dës Zesummenaarbecht gudd, ma an aneren triede Schwieregkeeten op, déi eng erfollegräich Ëmsetzung erschwéieren: Oft spillen hei perséinlech a politesch Interessen eng Roll.

Als Economist huet mir virun allem d’Participatioun un engem Workshop zu Mypes (Mëttel a kléng Firmen) nei Iddie ginn: D’Stärkung vun dësem Sektor ass immenz wichteg fir de regionale wirtschaftleche Wuesstum, ma de Staat muss dëse Prozess leeden an an Zesummenaarbecht mat anere sozialen Akteuren (e.a. ONG’en) ëmsetzen. Nëmme sou kann d’Continuitéit vun deene verschiddene Strategië garantéiert ginn, an d’Verbesserung vun der Wirtschaft a vun de Liewensbedéngungen gëtt nohalteg.”

Mir soe villmools Merci fir d’Méiglechkeet, un dësen interessante Momenter deelhuelen an doraus léieren ze kennen.

Les commentaires sont fermés.