3 juillet 2017

Wéi Trabajo Digno zum Recht verhëlleft

Benita2D’Benita O. huet vun Abrëll bis August 2015 an enger Botzfirma zu Cochabamba geschafft. Hei huet si e Mindestloun vun emgerechent 210 Euro de Mount verdéngt.

Kuerz no der Proufzäit huet hiere Patron si vun engem Dag op deen aneren, ouni gëlteg Erkläerung, eraus gesat. Dëst ass och nom bolivianesche Gesetz illegal.

Mat hierem Salaire konnt si sech allerdéngs kee privaten Affekot leeschten. Deemno huet si sech un de Projet „Travail Digne“ gewandt, an der Hoffnung, hei di néideg Ënnerstëtzung ze fannen, fir di gesetzlech virgesinne Leeschtungen ausbezuelt ze kréien.

Di verschiddene Versich, mam Patron ze négociéieren beziehungsweis iwwert di staatlech Conciliatiounsinstanz ze fueren, sinn um Patron séngem feelenden Intérêt (a Präsenz) gescheitert. Deemno ass eisem Affekot näischt aneres iwreg bliwwen, wéi Enn 2015 eng Plainte um Geriicht anzereechen: Sämtlech ufaalend Käschten goufen hei vum Projet „Travail Digne“ gedeckt.

No iwwert engem Joer koum elo am Juni 2017 de Bescheed vum Riichter: D’Plainte ass duerchgaangen, dee kompletten ugefrote Betrag muss ausbezuelt ginn.

Eisen Affekot huet der Patronne dëst matgedeelt, an endlech huet si sech bereed erkläert, dem Benita di geschëllten emgerechent 1370 Euro ze bezuelen.

D’Benita huet dem Projet „Travail Digne“ villmools Merci gesot, datt mir si op hierem Wee begleed an hier et erméiglecht hunn, hier Rechter als Aarbechterin wouer ze huelen: Duerch de Projet konnt si e schnellen, gratis‘en a korrekten Zougang zur Justiz fannen (a mir kruten eng Doze Kichelcher spendéiert).

Les commentaires sont fermés.