• Home
  •  | 
  • Zur néideger Moderniséierung vum Aarbechtsrecht

Zur néideger Moderniséierung vum Aarbechtsrecht

dudelange_27_04_2017_extrait11„Zënter Jore fuerdert den OGBL d’Moderniséierung vun eisem Aarbechtsrecht. Bis haut ass net vill passéiert.
Zënter méi wéi 10 Joer fuerdere mer d’Reform vun dem äusserst schwaache Gesetz iwwert déi sougenannten “Plan de maintien dans l’emploi”. Mir wëllen, dass endlech e Gesetz entsteet dat net just reaktiv ass wann d’Kand schonn am Pëtz läit, mee dat den Akzent op d’Präventioun an op d’Prospektioun a Planung vun de sozialen a beruffleche Perspektive vun de Salariéen am Betrib leet an och entspriechend seriö Verhandlungsrechter fir d’Gewerkschaftssäit schaaft.
Drénglechkeetscharakter huet och déi längst fälleg Reform vum Gesetz iwwert d’kollektiv Entloossungen. Dat aktuellt Gesetz mécht et dem Patronat vill ze vill einfach Sozialpläng auszeléisen, oder déi esouguer ze ëmgoen. (…)
Drénglechkeetscharakter hunn och déi längst fälleg gesetzlech Verbesserunge fir d’Situatioun vun de Salariéen, déi vu Betribsfaillitë betraff sinn. An Drénglechkeetscharakter huet och d’Reform vun der Aarbechtsmedezin, eng Aarbechtsmedezin déi fir d’Sécherheet an de Gesondheetsschutz vun de Salariéen an der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt viru ganz neien Erausfuerderunge steet.
Et gëtt vëlleg zu Recht drop higewisen, dass déi permanent berufflech Fort- a Weiderbildung ëmmer méi wichteg gëtt. Dem OGBL war et ze verdanken, dass an de Betriber iwwert 150 Leit d’Cogestioun an d’Codecisioun iwwert berufflech Fort- a Weiderbildung am Betrib am Delegatiounsgesetz agefouert ginn ass. Mee domat geet et net duer. Déi allgemeng Rechter op d’berufflech Fort- a Weiderbildung an op de “life long learning” am allgemengen, souwéi den Zougang op Weiderbildung an op berufflech Orientéierungshëllef, an och déi materiell an Zäitméiglechkeete fir jiddereen, musse fundamental ausgebaut ginn.(…)
Den aktuelle Gesetzprojet iwwert d’Formation continue ass e ganz schlechten a gëtt den Uspréch, déi sech elo schonns stellen an nach vill méi deenen déi sech an d’Zukunft stellen, absolut net gerecht. Den OGBL fuerdert den Educatiounsminister op, dee Gesetzprojet frësch op de Leescht ze huelen a wéi ofgemaach mat de Sozialpartner am CPTE ze diskutéieren.
Déi aktuell Entwécklungen an der Aarbechtswelt sollen och Dieren opstousse fir méi Zäitsouveränitéit, fir eng besser Harmoniséierung vun Aarbecht a Privatliewen, fir eng besser work-a-life balance, fir ee Moudewuert ze gebrauchen. (…)
Och net vun der Hand ze weisen, sinn och ganz aner Potentialer. Nämlech déi vun der fortschreitender Entgrenzung tëscht Aarbecht a Privatliewen, wou een dauernd “on line” mat der Aarbecht ass, egal wéini an egal wou an egal wéi laang (…).An der Flexibiliséierungsdiskussioun kämpft d’Patronat fir eng ganz aner Zäitsouveränitéit, nämlech fir déi, fir déi et nach ëmmer gekämpft huet. An zwar fir d’Verlängerung vum Aarbechtsdag a vun der Aarbechtswoch, wou Iwwerstonne geschafft an net honoréiert ginn, wou een zu all Moment zäitdisponibel fir de Betrib soll sinn. (…)
Den OGBL stellt haut nach eemol ganz kloer, dass nei Aarbechtszäitmodeller an och d’Multiplikatioun vu méiglechen Aarbechtszäitmodeller nëmmen dann am Interesse vum Salarié funktionéiere kënnen, wann net manner, mee méi a kloer definéiert Spillregelen de Kader dofir setzen. Iwwert de Wee vum Aarbechtsrecht, iwwert de Wee vun de Kollektivverträg, iwwert de Wee vu nationalen a sektoriellen Ofkommen, déi tëscht dem Patronat an dem OGBL verhandelt an ofgeschloss ginn.
Den OGBL fuerdert d’Patronatsorganisatiounen op net erëm Alleingäng ze probéieren, wéi dat elo beispillsweis eng FEDIL a Bezuch op de sougenannten Télétravail am gaangen ass ze maachen. Den OGBL fuerdert d’UEL op positiv Verhandlungen ze féieren. Eng éischt Méiglechkeet positiv Verhandlungen ze féieren an zu engem gemeinsamen Ofschloss ze kommen, bitt déi aktuell Diskussioun tëscht der UEL an der Gewerkschaftssäit iwwert déi sougenannten Aarbechtszäitkonten, de “comptes-épargne-temps”. Den Ausgang vun der Diskussioun ka richtungsweisend fir déi nächst Jore sinn. (…)“

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.