Firwat soll ech den 04. Juni 2016 manifestéieren?

– Wells Du deng Punktwerterhéichung vun 2,2% retroactiv fest ze gudd hues !!
– Wells Du deng Prime unique vun 0,9% ze gudd hues !!
– Well d‘Unpassung un d’Staatskarriere soll ëmgesat ginn, sou wéi eis CCT daat am Art. 28 verlaangt, a fir d’ Unerkennung vu Denge Studien!!
– Well Däin Congé soll bleiwen wéi en ass !!
– Wells Du net no Evaluatiounen bezuelt wëlls ginn, mee no Diplom !!
– Well Du scho flexibel genuch bas !!
– Wells Du groussen Wäert op deng Fräizäit lees, deng Zaït matt denger Famill dir wichteg ass , an‘s de net nach méi präsent op denger Aarbechtsplaz wëlls sinn!!
– Wells Du deng Aarbecht gären mess, ënner gudde Konditiounen, qualitativ héichwäerteg vis-à-vis vun dengen Patienten!!

„De 4. Juni 2016 brauche mir Dech“ oder besser gesoot „Iech All“ op der „Grousser Manif“ vun den Secteuren FHL an SAS, eng massiv Präsenz ass wichteg!!

Et geet em d’Unerkennung, d‘Aarbechtskonditiounen, d‘Paien an em d‘Carrièren,
vun allen Berufer déi ennert den Kollektivverträg FHL an SAS schaffen.

Mir dierfen net zouloossen datt eis Tarifverträg sech verschlechteren, mir weiderhin falsch bezuelt ginn an datt eis Aarbechtskonditiounen méi schlecht ginn !!

Dat ass een frontalen Ugrëff vum Patronat op ALL Mataarbechter aus den FHL an SAS Kollektivverträg. Et steet vill um Spill.

Mir zielen op Deng Präsenz den 4. Juni 2016 op der
« Grousser Manif » !
Départ ass um 11h um Geesseknäppchen,
Avenue Pierre Dupong, visavis vum P&R Bouillon!!