Net esou Här Meisch !

Den SEW/OGBL an de Landesverband hunn ënnerstëtzt, dass an de Schoulen esouvill Normalitéit wéi méiglech misst sinn, awer ënnert Berécksiichtegung vun der Entwécklung vun den Infektiounszuelen a neien Erkenntnisser vu richtege (Fach-) Wëssenschaftler.

Obwuel mat enger 2. Well huet misse gerechent ginn an d’Infektiounszuelen och an de Schoulen eropgaange sinn, ass e ganzt Trimester laang näischt aus dem Ministère komm. De Minister huet sech eenzeg an eleng drop beschränkt fir seng schéigerechent Infektiounszuelen ze verdeedegen a gehofft, dass et schonn iergendwéi vum selwe géing weidergoen.

Alt erëm muss festgestallt ginn, dass kee Konzept a keng Alternativ am Ministère fir déi aktuell Situatioun präparéiert gouf, dëse schéngt ëmmer erëm vun der Situatioun iwwerrascht ze ginn. An elo, grad mol een Dag virum Enn vun engem schwieregen Trimester, wou vill Schüler an Enseignanten um Enn vun hirer Kraaft sinn, dierfen d’Léierpersounen aus der Press gewuer ginn, dass si sech an der Vakanz op e Neits méiglecherweis op digitalen Unterrecht sollen astellen.

Ouni kloer Konzept vum Educatiounsministère sollen d’Enseignanten also an der Vakanz béid Saache präparéieren, woubäi se vermuttlech kuerz virun der Reprise ërem iwwer d’Medie wäerten informéiert ginn, wat dann elo zeréckbehale gouf, a wat fir d’Kaz ass.

D’Respektlosegkeet virun der Aarbecht an dem Asaz vun den Enseignantë kéint net méi grouss sinn.

Wou sinn déi vill „Experten“, déi de Minister an deene leschte Joren aus der Schoul erausgeholl huet? Firwat ass do net scho längst eng digital Offer präparéiert ginn?

Hat de Minister an dësem schwieregen éischten Trimester tatsächlech keng aner Prioritéit wéi de „Coding“ ze lancéieren?

Soll d’Erstelle vun dem neie Schoulentwécklungsplang (PDS) (deen déi wéinechsten interesséiert an deen eis Schoul net wärt weiderbrengen) dat klangloost Ënnergoe vun de grouss ugekënnegten Appuisstonne kompenséieren?

Et weist sech ëmmer méi, dass de Minister a seng Beroder kee Plang hunn, keng kuerz- oder laangfristeg Strategie entwéckelt hunn, mee just eng Navigatioun à vue op Käschte vun de Schüler, hire Familljen a vun den Enseignanten.

Wéi laang wëll dës Regierungskoalitioun dësem Trauerspill nach nokucken? Wéini gëtt endlech eng kompetent Persoun op dëse wichtege Poste gesat, déi den Dialog mat den Acteuren erëm opbaut, d‘Vertraue vun den Enseignanten an den Elteren a d’Schoulpolitik erëm zréckbréngt an eng effikass an nohalteg Bildungspolitik mécht?

Et ass fënnef op Zwielef !

 

Matgedeelt vum SEW/OGBL
den 18. Dezember 2020