Den OGBL, déi gréisst Gewerkschaft am Gesondheets- a Sozialwiesen, setzt sech an fir déi Beschäftegt am soziale Beräich!

De soziale Secteur ass ee vun de wichtegste Secteuren am Land. Vun engem staarken a gudde sozioedukative Secteur profitéiert all Bierger hei zu Lëtzebuerg!

Et gëtt Zäit, dass déi Beschäftegt déi Unerkennung kréien déi si fir hir villfälteg Responsabilitéite verdéngt hunn !

Mir fuerderen :

D’Regierung muss sech zum Sozialsecteur als ëffentlechen an net kommerziellen Dingschtleeschtungssecteur bekennen! D’Verantwortung an d’Finanzéierung vum Secteur muss an ëffentlecher Hand bleiwen!

Bei neie Gesetzer zur Finanzéierung vum Secteur muss der Entwécklung vum Kollektivvertrag Rechnung gedroe ginn!

Déi integral Ëmsetzung vum Accord salarial an eise Secteur : eng Punktwäerterhéijung vun 3,7 % (2,2 % aus dem Accord salarial + déi 1,5 % déi d’Patronat eis säit Jore schëlleg ass)!

Déi längst iwwerfälleg Opwäertung vun de Carrièren am Gesondheets- a soziale Beräich déi den heitegen Ausbildungen a Responsabilitéite vun deene Beruffer gerecht gëtt!