Eraus aus der Sakgaass – d’ëffentlech Schoul als Fundament fir Demokratie a Solidaritéit!

Bis elo hat d’Schoul d’Missioun, eis Kanner a Jugendlech zu mënnege Bierger z’erzéien an hinnen dat néidegt Wëssen a Kënne fir hiert Liewen an hire Beruff ze vermëttelen. Deen Optrag ass a Fro gestallt!

Sou munches an der Schoulpolitik ass a leschter Zäit falsch ugepaakt ginn. D‘Neiwahle mussen eng Chance fir en Ëmdenke sinn. Et muss eis geléngen a verschiddene wesentleche Beräicher eng nei Richtung anzeschloen.

D’Enjeuë si kloer:

  • Mir brauchen eng Schoul, déi alles dru setzt , gutt ze qualifizéieren, amplaz d’Kanner an déi Jugendlech einfach duerch de System ze schleisen a vill vun hinne schliisslech en Diplom ouni Wäert ze ginn !
  • Mir brauchen eng Schoul, déi de Kanner a Jugendlechen d’Demokratie an d’Solidaritéit vermëttelt amplaz dass ondemokratesch Strukturen a Konkurrenz tëscht de Schoulen gefördert ginn!
  • Mir brauchen Enseignanten, déi hir Satisfaktioun aus enger sënnvoller Aarbecht mat hire Schülerinnen a Schüler kënnen zéien, an net aus der Perspektiv, eng administrativ Carrière ze maachen!

Aus deene Grënn – an net aus finanziellen Ursaachen, wéi dat oft behaapt gëtt – si 6.000 Enseignanten zu Lëtzebuerg op d’Strooss gaangen an hu sech iwwer 3.000 souguer zu engem Streik bereet erkläert.

Den SEW/OGBL an d’APESS wäerten am Wahlkampf dofir mobiliséieren, dass d’Reformen vum Fondamental a vun der Formatioun professionnelle erëm op de Leescht geholl ginn an dass de Gesetzprojet iwwert d’Reform vum Secondaire frësch iwwerduecht gëtt.

Eis Fuerderunge si bekannt:

  • Mir wëlle Schoulprogrammer mat kloren Ziler, Inhalter a Bewäertungsmethoden an net ondefinéierbar “Kompetenzen”, vague Bewäertungen a laxistesch Promotiounscritèren!
  • Mir wëlle weiderhin eng Carrière plane fir d’Enseignanten an de Schoulen an net Gerangels ëm Posten a Paltongszéierei beim Inspekter oder Direkter!
  • Mir wëllen dat néidegt Vertrauen an deen néidege Respekt vun eisem Minister entgéint bruecht kréien an net mat subjektive Bewäertungsmethoden kontrolléiert a kleng gehale ginn!
  • Mir wëlle weiderhin engagéiert a responsabel an der Schoul matbestëmme kënnen an net zu puren Executanten degradéiert ginn, déi kee Schüler méi eescht huele kann!
  • Mir wëllen e Schoulsystem, deen de Schüler an den Mëttelpunkt stellt an deen net no Gestiounsmethoden funktionéiert, mat deenen d’Schoule profiléiert a klasséiert solle ginn.

Mat deene Fuerderunge wäerte mir d’Parteien an dem Wahlkampf konfrontéieren. D’Politiker musse mierken, dass mir ons net fir domm verkafe loossen. Si musse kloer Faarf bekennen zu der Fro, wou d’ëffentlech Schoul an Zukunft histeiert.

Et geet ëm d’ëffentlech Schoul an d’Roll vum Enseignant!

Lëtzebuerg, den 12. Juli 2013