Litige bei de Kompetenzzentren

E Verschleefe vun der Schlichtungsprozedur ass inakzeptabel!

logos_SEW_apcca

Am November 2021 huet de Bildungsminister Claude Meisch mat 3 Edukateursassociatiounen aus der CGFP — mee ouni d’Personalvertriedung vum edukative a psychosozialen Personal an de Kompetenzzentren (fréier Ediff) APCCA an ouni hir Gewerkschaft den SEW/OGBL — en Accord zu den Tâche vum betraffene Personal ënnerschriwwen. D’APCCA an den SEW/OGBL, déi zesumme mat deenen aneren Associatiounen nach bis Ufank Oktober 2021 mam Minister verhandelt haten, waren net nëmmen net domadder d’accord, dass hannert hirem Réck esou een Accord ënnerschriwwe gouf, mee hunn och feststelle missen, dass dee getraffenen Accord net der Realitéit um Terrain entsprécht an a kengster Weis de Problem vun der Definitioun vun den Tâche léist.

D’APCCA an den SEW/OGBL hunn also dem Minister matgedeelt, dass si gären déi ugefaange Verhandlunge weiderféiere wëllen, fir Léisungen am Intérêt vum ganze betraffene Personal ze fannen. Leider war an ass den zoustännege Minister dozou net bereet.

No enger Réunioun vun der leschter Chance den 3. Februar, bei der de Minister Meisch dat just bestätegt huet, haten d’APCCA an den SEW/OGBL keen anere Choix méi wéi d’Streikprozedur anzeleeden an hunn an deem Sënn den 11. Februar den Dossier vum Litige bei der Präsidentin vun der Schlichtungskommissioun, der Mme Marianne Harles, agereecht.

Duerno hunn d’APCCA an den SEW/OGBL, sou wéi d’Prozedur vum Litige dat fuerdert, nach d’Nimm vun hire Vertrieder an der Kommissioun erageschéckt… an hunn zanterhier näischt méi héieren. Laut dem Règlement grand-ducal vum 30. September 2015 muss bannent 6 Wochen vun der Saisine vun der Kommissioun déi éischt Sëtzung stattfannen.

Mëttlerweil sinn dräi Méint zanter der Saisine vergaangen, mir sinn an der 14. Woch, an et gëtt nach ëmmer mol net en éischten Termin!

Dat ass absolut inakzeptabel! Et kann net sinn, dass eng Schlichtungsprozedur, déi jo ëmmerhin déi éischt Stuf vun enger Streikprozedur ass, esou op déi laang Bänk geluecht gëtt. Et gëtt offensichtlech kee politesche Wëllen, fir eng Léisung ze fannen an dofir gëtt de Litige, wa méiglech bis zur grousser Vakanz schleefe gelooss…

Letzten Endes ass ee Verschleefe vun der Schlichtungsprozedur näischt aneres wéi eng Afrostellung vun der Verfassung garantéierte Streikrecht.

Mir wäerten dat net hinhuelen! D’APCCA an den SEW/OGBL wëllen zréck op de Verhandlungsdësch! Dofir hunn den SEW/OGBL an d’APCCA der Präsidentin vun der Schlichtungskommissioun en neie Bréif geschriwwen, fir dorop ze pochen, dass bannent kuerzem eng éischt Sëtzung vun der Schlichtungskommissioun stattfënnt. Anerefalls wäerte mir juristesch Schrëtt géint dës Entrave vum Streikrecht aleeden.

Matgedeelt vun APCCA an SEW/OGBL, den 13. Mee 2022