Neien Dispositiv „Reclassement professionnel“

Nei Problemer fir d’Salariéë

Reclassement 1Den Dispositiv „Reclassement professionnel“ ass duerch d’Gesetz vum 25. Juli 2002 fir d’éischt an d’Liewe geruff ginn. Zanterhier si schonns e puer Ännerungen an Upassungen dru gestëmmt ginn, fir d’Gesetz ze verbesseren. Déi lescht grouss Reform vum Gesetz iwwert de „Reclassement“ ass den 23. Juli 2015 gestëmmt ginn an ass den 1. Januar 2016 a Kraaft getrueden.

De Reformtext applizéiert sech op all Dossieren, déi ab dem 1. Januar 2016 bei der „Commission mixte“ (COMIX) erakommen, egal ob dat iwwert de Wee vum Aarbechtsdokter oder dem CMSS („Contrôle médical de la sécurité sociale“) geschitt.
Et ass ee komplexen Dossier well ënner anerem 3 Ministerien (Aarbecht, Gesondheet a Sozialversécherung) an net manner wéi 6 Administratiounen kënnen am Laf vun der Prozedur fir een Dossier involvéiert sinn.

Den OGBL huet iwwert d’Joer 2016 eng Lëscht erstallt mat all de Problemer, déi sech aus der Applikatioun vun dësem neie Gesetz erginn hunn.

Leider huet den OGBL misste feststellen, datt d‘Revendikatiounen déi hien par Rapport zu dem deemolege Gesetzesprojet haten, haut och Problemer fir déi Betraffen duerstellen.

Hei sief gesot, datt wann si eis Revendikatiounen deemools berücksichtegt an an den Text mat agebaut hätten, mer haut vill manner Problemer an der Praxis mat dem Text hätten.

Do donieft hu mer och nach nei Problemer misse feststellen mat deene mer duerch dat neit Gesetz konfrontéiert gi sinn.

Hei sinn e puer vun dene Problemer a vum OGBL sengen Haaptfuerderungen am Verglach zum Text, deen eiser Meenung no misst iwwerschafft an adaptéiert ginn, am Interessi vun all de Betraffene vun dësem Gesetz:

1)    Déi éischt betrëfft d’Problematik vun de Kompetenzen tëscht dem CMSS an den aarbechtsmedizineschen Déngschter an och de verschiddene Gesetzestexter –Aarbechts- a Sozialrecht- déi net mateneen harmoniséieren.
Wéini ass wien zoustänneg fir d’COMIX ze saiséiren, an wem seng Kompetenz hiewelt dem Anere seng aus…?
Wéini ass een „incapable“ fir ze schaffen an wéini ass een „inapte“ op de leschte Posten?
Dëst féiert dozou, datt mer Leit hunn, wou d’COMIX ni saiséiert gëtt, obwuel et noutwenneg wär, respektiv hu mer Léit, wou eng COMIX saiséiert gëtt, mee d’Leit ouni Loun do stinn soulaang d’Prozedur undauert an domatt an eng prekär finanziell Situatioun geroden.
Bsp: E Salarié ass eng länger Zäit krank geschriwwen a gëtt bei den CMSS geruff.
Den CMSS ass der Meenung, datt hien nees ka schaffe goen op de allgemengen Aarbechtsmaart a kuckt net op hie säi spezifeschen Job ka maachen.
D’Persoun gëtt da vun dem Patron bei den Aarbechtsmedeziner geschéckt, dee feststellt, datt d’Persoun „inapte“ ass, fir hire leschte Posten.
Wann et méiglech ass, saiséiert den Aarbechtsmedeziner selwer d’COMIX. Am aneren Fall, wann alles klappt, gëtt hien nach eemol bei den CMSS geruff, deen dann zwar wuel d’COMIX saiséiert, mee säin Avis awer net zréckzitt, datt d’Persoun kapabel wär, fir ze schaffen.
Sou datt d’Persoun kee Krankengeld kritt, fir déi Zäit wou d’COMIX säin Dossier analyséiert an eng Decisioun hëlt.
Den OGBL konnt dës Situatioun net méi weider dulden a seng Salariatsvertrieder sinn am CNS-Verwaltungsrot intervenéiert a si bestäteg ginn an hirer Interpretatioun an Applikatioun vun den Texter.
Sou datt wann d’COMIX saiséiert gëtt, den Assuré och nees säi Krankengeld bezuelt kritt, wann hien nach net iwwert d’Limite vun der 52. Woch ass.

2)    Och fuerdert den OGBL, datt d’Prozedur vum Reklassement am Interessi vum Assuré soll ausgeluecht ginn, wat leider net ëmmer de Fall ass wéi z. B:
Interpretatiounsdivergenze vu Passagen aus dem Reformtext déi leider bis dato oft zum Nodeel vun de Salariéen ass.
Den OGBL fuerdert och, datt den Assuré selwer eng Saisine vun der COMIX ka maachen; datt Lëtzebuerg ee Service national vun der Aarbechtsmedezin kritt, fir datt all Assuré d‘selwecht an transparent behandelt gëtt, wat haut leider net méiglech ass, doduerch datt mer sëllege Servicer vun Aarbechtsmedeziner hunn, déi ënnerschiddlech fonktionnéiren a schaffen.
Dann ass nach e Punkt deen opweist, datt et Schwieregkeete gi vun Definitiounen an Interpretatiounen, an zwar ass dat de Fall vun engem Salarié/Assuré, deen eng Carrière mixte huet an z. B:
En huet als Infirmier an Däitschland 8 Joer geschafft an da fënnt hien eng Plaz hei zu Lëtzebuerg, wou en dann och nach 5 Joer schafft.
Fir datt deen och e Recht huet op eng „Indemnité professionnelle d’attente“ – dat ass déi déi ee ka kréien, wann ee seng Rechter fir de Chômage opgebraucht huet, nodeems een extern reklasséiert ginn ass- wann een net méi säin Job ka maachen an extern reklasséiert ginn ass.
Laut dem neien Gesetz kritt nëmmen een eng „Indemnité professionnelle d’attente“, wann een eng Aptitude vu mindestens 10 Joer op de leschte Posten hat, fir deen ee reklasséiert ginn ass oder eng Anciennetéit an dem Service vu méi wéi 10 Joer virweise kann.
Hei hu mer net nëmmen e Problem vun Definitiounen, mee och streng geholl eng Diskriminatioun par Rapport zu de Salariéen an der Haaptsaach Frontalieren, déi eng Carrière mixte hunn, well se a verschiddene Länner geschafft hunn, éier se reklasséiert gi sinn.

3)    Do dernierft fuerdert den OGBL, datt d’Bezuelung vun der „Indemnité compensatoire“ (finanziell Kompensatioun am Fall vun engem interne Reklassement) vereinfacht gëtt an ouni Zäitverloscht dem Salarié zoukënnt.
Hei hu mer schonns deemols gefuerdert, datt de Patron d’Pai soll weiderbezuelen, an dann iwwert d’ADEM/„Fonds pour l’emploi“ soll zréckbezuelt ginn.
Dëst hätt de Virdeel, datt d’Salariéen net méintelaang op hir hallef Paie misste waarden, datt de Salarié keng 2. Steierkaart bräicht, datt de Salarié näischt méi verléiert wann duerch Kollektivvertragsverhandlunge Primen an Erhéijunge verhandelt ginn, an do dernierft och eng reell „Simplification admnistrative“ hätte fir déi betraffene Salariéen.

Dëst sinn nëmmen e puer Problemer, Doléancen a Revendikatiounen, déi den OGBL huet, par rapport zum Dispositiv „Reclassement professionnel“.

Den OGBL fuerdert nämlech ënner anerem och, datt de Sozialdialog gefuerdert gëtt, an esou d’Personalvertrieder méi an d’Prozedur vun dem Reklassement agebonne ginn.

Reclassement 2Den OGBL hat am Februar 2017 eng „Demande d’Entrevue“ gemeet, fir mat den 3 zoustännege Ministeren zesummenzekommen, an huet leider net direkt eng Äntwert drop kritt.

Den OGBL huet awer matkritt, datt ee „Groupe de travail interministeriel“ an d’Liewe geruff ginn ass, fir sech mat dem Dispositiv an de Problemer, déi ëmmer méi opkomm sinn, ze befaassen.

Hei waren natierlech d’Vertrieder vun de Gewerkschaften net invitéiert.
Fir datt den OGBL seng Doléancen zum Deel konnt mat an d’Spill bréngen, huet hien sech mat verschiddenen Administratiounen getraff an ausgetosch.

Mee net nëmmen, den OGBL huet dunn och decidéiert, fir un d’Presse ze goen, an huet den 13. Juni 2017 eng Pressekonferenz gehalen.

D’Resonanz war ganz positiv an an der Tëschenzäit läit dem OGBL och en Datum fir eng Entrevue mat den 3 zoustännege Ministere vir.
An dëser Entrevue wäert den OGBL mat Nodrock nach eemol erklären, wéi wichteg et ass, datt den OGBL an d’Diskussiounen vum Nobessere vun dem häutegen Text mat agebonne gëtt.

Den OGBL wäert sech och net zréckhalen an den zoustännege Ministere seng Revendikatiounen virleeën a sech dofir asetzen, datt se berücksichtegt ginn, fir datt mer endlech e Gesetz kréien, wou de Salarié/ den Assuré am Virdergrond steet an net iergendwelleg finanziell Interessiën!!