Buschaufferen aus de Gemengen: Den OGBL-Landsverband trëfft sech mat déi Lénk

Eng Delegatioun vum OGBL-Landesverband, dorënner Delegéierten vun AVL an TICE, hu viru kuerzem Déi Lénk getraff fir en Austausch iwwert d’Situatioun um Niveau vun de Buschaufferen an der Fonction communale. D’Entrevue huet sech virun allem ëm d’Verschlechterung vun den Aarbechtskonditioune konzentréiert, iwwert d’Lacunen bei der Ausbildung, iwwert d‘Weeër fir de Beruff vum Chauffeur méi attraktiv ze maachen, mä och op de schleichenden Privatiséierungstrend an dësem Secteur. Den OGBL-Landesverband an déi Lénk verdeedegen allebéid eng Ausdehnung vum ëffentlechen Transport an dulde keng Afrostellungen vum ëffentleche Statut vun den AVL- an TICE-Chauffeuren.

Matgedeelt den 3. Februar 2023