Cabaret

15:00-15:40 Plakeg a mat vill Gejäiz – TRI2PATTES
16:15-17:00 … an um Enn och nach e Buch! – Peffermill(ch)en
17:15-17:55 Plakeg a mat vill Gejäiz – TRI2PATTES

Salle Edmond Dune 15:00-15:40 a 17:15-17:55

PLAKEG A MAT VILL GEJÄIZ (Comedy)
Laache fir e gudden Zweck

Hannert dësem dubiéisen Titel verstoppen sech Sketcher aus der eegener Fieder, lëschteg Lidder, Pantomime an Clownerien, an dat Ganzt garantéiert alles jugendfräi. TRI2PATTES viséiere virun allem déi Leit, déi sech net ze vill eescht huelen, an gären mol häerzhaft laachen. An anere Wieder, hei kritt all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen, an déi aner dierfen him dobäi hëllefen.
D’Originalitéit vum Projet läit virun allem doranner, dat de Benefiss vun dëser Tournée integral un ‚EBS – Ecole de Brousse au Sénégal, Lëtzebuerg‘ geet, eng Associatioun, déi domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal matfinanzéiert – also mol méi eng lëschteg Aart a Weis fir Fongen fir een philanthropesche Projet ze sammelen.
Comedy mat Sonja Schmitz, Dan Theisen an Änder Thill

Tri2pattes


Salle Edmond Dune 16:15-17:00

… an um Enn och nach e Buch!

Am Dezember 2016 huet de Lëtzebuerger Literaturarchiv e Buch iwwert d’Geschicht vum Kabaretsensembel Peffermill(ch)en erausbruecht. D’Peffermill(ch)en huet zwar decidéiert fir keng nei Programmer méi ze ze spillen, mee si wëllt versichen dëst Buch virzestellen.
Wéi awer stellt e Kabaretensembel säin eegent Buch vir?
Ass e Kabaretsbuch iwwerhaapt virstellbar?
Kann een sou eng Buchvirstellung maachen ouni op aktuell Themen ze reagéieren??? Neen!!!
Den 1. Mee stinn op der klenger Bühn an Neimënster d’Josiane Fritz, d’Denise an de Fons Ruppert, déi zesummen mam Claude Lamberty Texter fir dëse satireschen Ament erausgesicht hunn.
De Paul Dahm suergt fir déi musikalesch Ënnerstëtzung.

Peffermillchen