Meeting im Vorfeld des 1. Mai

Am Numm vum soziale Fortschrëtt, vun der Demokratie a vum Fridden

Den OGBL huet de 27. Abrëll 2017 zu Diddeleng säin traditionelle Meeting am Virfeld vum 1. Mee gehalen, während dem säi President, den André Roeltgen, Stellung geholl huet zu dene wichtegsten Themen vun der sozialer Aktualitéit. Ausschnëtter.

„Et ass erlaabt d’Visioun vun engem Modell Lëtzebuerg am digitalen Zäitalter ze hunn.
Eng Visioun, déi ouni eng staark Gewerkschaft net denkbar ass.
An dat kann nëmmen eng Gewerkschaft vun der Stäerkt, der Eenheet an der Onofhängegkeet sinn.
Eng Gewerkschaft vun alle Beruffer a Qualifikatiounen, vum ëffentlechen a privaten Aarbechtsstatut, op Mann oder Fra, op Lëtzebuerger oder Auslänner, op vun hei oder vun hannert der Grenz.
Eng Gewerkschaft déi d’läscht Joer hire grousse Rendez-vous mat hirer 100-järeger Geschicht hat. An déi am Joer 2017 de Rendez-vous mat haut a mat der Zukunft huet.
Fir de Fridden an Demokratie, fir e soziaalt Europa, fir e sozial fortschrëttlecht Lëtzebuerg. Fir eng gutt Ausbildung, fir eng gutt Aarbecht an e gutt Akommes a fir eng gutt Sozial Sécherheet fir jiddereen.
Dofir si mir prett. Dir alleguerten hei am Sall als Spëtzt vum OGBL, eis dausende vu Personalvertrieder an de Betriber an eis zéngdausende vu Memberen, déi hannert der féierender gewerkschaftlecher a sozialer Kraaft vu Lëtzebuerg stinn.
Vive eis 100 Joer al Sektioun Diddeleng. Vive eisen OGBL. A vive eisen 1. Mee.”

André Roeltgen, President vum OGBL
Diddeleng, de 27. Abrëll 2017

 


27. April 2017 – OGBL-Meeting zu Diddeleng


Riedner : Henri Kremer, President vun der Diddelenger OGBL-Sectioun – André Roeltgen, President vum OGBL


>> Rede des OGBL-Präsidenten bei Gelegenheit des Meetings vom 27. April 2017