• Home
  •  | 
  • Äddi Gilberte!

Äddi Gilberte!

D’Gilberte Kennerknecht huet eis den 18. Abrëll onerwaard, fir ëmmer verlooss.
D’Gilberte war zënter der Grënnung vun der OGBL-Fraenofdeelung, 1981, ëmmer an iwwerall präsent. Vun un datt ech mech erënnere kann, war hatt eis Vize-Präsidentin an huet dee Poste schwéieren Häerzen virun zwee Joer aus Gesondheetsgrënn opginn.
Hatt war der Meenung, datt der Fraenofdeelung hir Missioun wier, de Fraen ze hëllefen zesummen an der Gewerkschaft staark ze ginn an hatt huet och bis zum Schluss mat Rot an Dot dofir gesuergt.

D’Gilberte huet eist Departement bis 2012 am Nationalvirstand vum OGBL vertratt a soutz ëmmer an der éischter Rei – an dat ass opgefall, well bis Mëtt 90er waren d’Fraen éischter Raritéiten an dem Gremium. Hatt war och bis 2012 eng vun eisen zwou Vertriederinnen am Comité du Travail féminin. An huet am Joer 2000 och eis ONG OGBL Solidarité syndicale matgegrënnt, déi jo Projeten huet, déi ganz nom Gilberte sengem Goût waren: Fraen am Ghana den Zougang zur sozialer Sécherheet ze bidden. Als engagéiert Gewerkschafterin war d’Gilberte, vu Beruff Erzéierin, och joerelaang Personaldelegéiert vum SEW/OGBL.

Seng Frëndschaft, säi sozialt Engagement fir d’schaffend Fraen, säi grousst Wëssen iwwer d’Pensiounsrechter vun de Fraen werten eis fatzeg feelen.
Gilberte, du bleiws fir ëmmer an eise Gedanken!
Merci fir déi vill flott Stonnen!
Danièle Nieles, Fraesekretärin vum OGBL

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.