Kalender

Agenda 2018 - 17 - November

Titel: Theater : De roude Fuedem
Anfangsdatum: 17-11-2018
Enddatum: 17-11-2018
Typ: Veranstaltungen
Beschreibung:
E Stéck aus aler, aktueller an neier Zäit iwwert d’Gewerkschaft vum Rafael David Kohn

image_roude_fuedem„Zu Lëtzebuerg ass eppes anescht. Hei ass sozial vill passéiert. Aarbechter, Employéen, déi Trennung hu mer opgehuewen, et si Salariéen. D’Entwécklung vum OGBL, dat war e Schratt a Richtung Eenheetsgewerkschaft, e Schratt a Richtung Gläichheet. Wann s de eng Paie kriss, bass de Salarié. Da brauch een sech net méi géigesäiteg Steng an de Wee ze leeën. Zesumme Staark.”

Den OGBL huet decidéiert déi al Traditioun vun der Emanzipatioun duerch Kultur nees opliewen ze loossen an huet dofir de Rafael Kohn an de Nilton Martins engagéiert e Stéck ze schreiwen an opzeféieren.

„De Roude Fuedem” ass keen dokumentarescht Stéck, mä erzielt eng déif mënschlech Geschicht vun dräi Personnagen an der Aarbechtswelt, an den Afloss deen d’Gewerkschaftsaarbecht op hiren Alldag huet.

17/11/2018 - Section Dikirch-Veinen - 20h00 - Hotel Victor Hugo, Veianen - Inscriptions : 621 37 31 18 - cesardinis1@hotmail.com / Avec repas