D’Fro vum Auslännerwalrecht beim Referendum vum 7. Juni

„Wee mat Jo stëmmt stäerkt Lëtzebuerg insgesamt“

interview_andre_roeltgenDen OGBL rifft seng Memberen dozou op, de 7. Juni beim Referendum an der zentraler Fro iwwert d’Auslännerwalrecht mat „jo“ ze stëmmen. Firwat eigentlech?

André Roeltgen: Eist Land ass een Immigratiounsland, an dat net eréischt zënter gëschter. Haut si méi wéi 45% vun eiser Bevëlkerung vu friemer Nationalitéit. Déi vun hinnen, déi iwwert 10 Joer hei zu Lëtzebuerg liewen, wunnen a schaffen an all déi selwecht Obligatiounen hunn, wéi ee Lëtzebuerger, mussen un der national politescher Wëllensbildung deelhuele kënnen. D’Walrecht muss zwangsleefeg fir dee gëllen, deen zu engem Land gehéiert – a si gehéieren zu Lëtzebuerg, si si Bierger vu Lëtzebuerg. D’Walrecht als fundamentaalt demokratescht Recht steet hinnen zou. Den OGBL huet sech schonns op sengem leeschte Kongress am Dezember an dëser Fro positionéiert. An d’Fro wéi se elo gestallt gëtt – fräiwëlleg Participatioun, Mindestopenthaltsdauer vun 10 Joer an eng Kéier un Europa- oder Kommunalwalen deelgeholl ze hunn – entsprécht dene Kritären, déi mir eis ginn hunn, fir dës Erweiderung vum Walrecht z’ënnerstëtzen. Dofir rifft den OGBL ganz kloer seng Memberen dozou op, an dëser Fro mat JO ze stëmmen.

Wat bedeit dat am Fong, bei dëser Fro mat Jo ze stëmmen?

André Roeltgen: Ween de 7. Juni mat Jo stëmmt, stëmmt géint ee schwéieren demokrateschen Defizit vun eiser Gesellschaft, ween de 7. Juni mat Jo stëmmt stäerkt déi demokratesch Legitimitéit vun de Parlamentswahlen hei zu Lëtzebuerg, stäerkt Lëtzebuerg als ee Land vum demokratesche Fortschrëtt a stäerkt Lëtzebuerg als Gesellschaft insgesamt.

Fir den OGBL selwer huet di Fro och eng ganz speziell Bedeitung?

André Roeltgen: Jo, vill vun eise Membere si betraff, den OGBL insgesamt, d’Gesiicht vun eiser Gewerkschaft, dat historescht, dat vun haut an dat vu muer ass geprägt vun eisen immigréierten Aarbechtskolleginnen an Aar-bechtskollegen. Iwwert d’Sozialwahlen, an der Beruffskummer, an de Sozialversécherungen an an de Betriber, huelen si um demokratesche Prozess vun der Matbestëmmung scho längst méi wéi just deel. Duerch si ass d’Gewerkschaft gestäerkt ginn, duerch si ass d’Matbestëmmung gestäerkt ginn an dat muss elo och fir déi national politesch Entscheedunge gëllen. De Jo si mir eise Membere schëlleg.