Meeting de l’OGBL en amont du 1er mai

OGBL_1Mai_Meeting_0215L’OGBL a tenu le 26 avril 2018 son traditionnel meeting en amont du 1er mai au centre culturel «Al Seeërei» de Diekirch. Le président de l’OGBL a présenté à cette occasion les principales revendications du syndicat en vue de l’amélioration générale des conditions de vie et de travail des salariés résidents et frontaliers.

Discours intégral du président de l’OGBL, André Roeltgen:

Léif Gäscht,

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Den Dag vun der Aarbecht ass deen Dag, wou mär all déi Generatioune vu Fraen a Männer feieren, déi weltwäit mat hire Gewerkschafte fir sozial Gerechtegkeet, fir Fridden an Demokratie, fir Fräiheet a Gläichheet gekämpft hunn.

Den 1. Mee gi mär eis als Gewerkschaftler d’Wuert, dee Kampf weiderzeféieren.

Fir d’Emanzipatioun vum schaffende Mënsch, fir seng Rechter, fir eng Welt wou jiddereen ouni Diskriminatioun, ouni Ausbeutung an ouni Ënnerdréckung gutt liewe kann. Wou jiddereen sech an der Aarbecht an an der Gesellschaft verwierkleche kann.

Den 1. Mee ass en internationalen Dag, dee keng national Grenze kennt.

Hien ass den Dag vun der Verkeeferin aus dem Walmart aus den USA, vum Plantagenaarbechter aus Costa Rica, vum Minnenaarbechter aus Südafrika, vun der Infirmière aus Japan, vun dem Bauingenieur aus Russland, vun der Journalistin aus Tunesien a vum Stolaarbechter aus Lëtzebuerg.

Den 1. Mee ass och den Dag vun all deene Mënschen, deenen d’Aarbecht géint hire Wëlle verwiert bleift. Déi déi weltwäit vun der Aarbechtslosegkeet betraff sinn.

An nach méi schlëmm, déi extreme Forme vun der Onfräiheet, der Ënnerdréckung bis zur Gefor ausgesat sinn, hiert Liewen ze verléieren.

An eiser Welt vun haut gi schrecklech Rekorder gebrach.

Am Joer 2017 gouf et weltwäit 31 Kricher a méi wéi 65 Millioune Mënsche waren op der Flucht.

All 113te Mënsch op der Welt ass e Flüchtling. Eng Zuel déi zënter dem 2. Weltkrich net méi erreecht gouf.

Kricher, Biergerkricher, Ënnerdréckung an extrem wirtschaftlech Aarmut sinn d’Ursaache fir dës Katastroph.

Un der Spëtz steet Syrien, wou 50% vun der Bevëlkerung op der Flucht sinn. 6 Milliounen am Land selwer a 5 Millioune sinn an d’Ausland geflücht.

Dëse Biergerkrich huet bis haut enger hallwer Millioun Fraen, Männer a Kanner d’Liewe kascht.

Déi nächst an der Lëscht vun den humane Katastrophe sinn de Jemen, de Südsudan, Lybien a vill aner Länner, an éischter Linn aus Afrika an dem Noe bis Mëttleren Osten.

Een zweeten traurege Rekord ass déi international Oprëschtung.

1700 Milliarden $ sinn 2016 weltwäit fir Rëschtungsgidder verpolvert ginn.

D’USA mat 600 Milliarden $, an Europa mat 280 Milliarden $ sti viru China a Saudi-Arabien un der Spëtz. D’NATO-Länner ginn 900 Milliarden $ fir Rëschtung aus, 13 mol méi wéi Russland.

Déi 1700 Milliarden $ maachen de Fridden an der Welt net méi sécher, am Géigendeel.

A si feele fir de Bau vu Schoulen, vu Spideeler, vu Wunnengen a fir Infrastrukture fir ëmweltschounend Energiegewannung. Ëm wéi vill géifen déi sozial an ökologesch fortschrëttlech Investitiounen eis Welt méi friddlech a mënschefrëndlech maachen?

Am Kampf fir de Fridden a fir seng Ofsécherung spillt de Kampf géint de Militarismus a géint d’Oprëschtung eng entscheedend Roll.

Als Gewerkschaftsbeweegung musse mer an dësem Kampf an der éischter Rei stoen.

D’Mënschheet brauch schnellstens eng Politik vun der internationaler Entspanung déi d‘Gefor vun neie militäresche Konflikter a Kricher erofsetzt.

All Säbelgerassels à la Trump a vun aneren ass vëlleg feel un der Plaz.

D‘Mënschheet brauch nei international Ofrëschtungsofkommen. Déi nei Oprëschtungsspiral, déi mat der Digitaliséierung vun de Waffesystemer voll am gaangen ass, muss gestoppt ginn.

Mär brauchen e Fridde 4.0 an net eng Oprëschtung 4.0 oder Kricher 4.0.

Mär fuerderen, dass eist Land sech net dem Drock vum Donald Trump ënnerwerft. Mär sinn dogéint, dass d’NATOlänner hir Rëschtungsausgaben op 2% vum Bruttosozialprodukt eropschrauwen.

Et muss an déi aner Richtung goen. Mär sinn e klengt Land an der EU a mär sinn e klenge Member an der NATO. Mee mär hunn eng Stëmm a mär stinn an der Matverantwortung fir international Entspanung an Ofrëschtung anzetrieden.

Den nächste Militärbudget däerf keen Cent méi an d’Luucht goen!

Den OGBL ass prett, fir 2019 zum Ouschtermarsch hei zu Lëtzebuerg opzeruffen.

Iwwerall, a besonnesch an Europa, muss d’Genfer Flüchtlingskonventioun agehalen an net weider verletzt ginn. De Respekt vun dëser Konventioun ass ontrennbar mam Respekt vun der UN-Mënscherechtscharta a vun der EU-Charta vun de Grondrechter verbonnen.

Wien d’Rechter vun dem Flüchtling a Fro stellt, dee stellt d’Mënscherechter a sengem eegene Land a Fro.

Dat eent bewierkt dat anert. Ungarn ass dat beschte Beispill dofir.

De Stacheldrot géint de Flüchtling ass net ze trenne vun der Diskriminatioun vun de Minoritéiten no bannen. An d‘Diskriminatioun vun de Roma ass net ze trenne vun dem Ugrëff op d‘Demokratie, op d‘Meenungsfräiheet, op d’Onofhängegkeet vun der Justiz an op d‘Grondrechter vun den ungaresche Bierger.

D’Gewerkschaftsbeweegung däerf esou eng Politik net toleréieren, si muss se mat aller Konsequenz bekämpfen.

Eis Regierung, wéi och all déi aner Regierungen an d‘europäesch Institutiounen, mussen dës Verletzunge vun den europäeschen Traitéen denoncéieren a sanktionéieren.

Mee domat geet et net duer.

Wien den antidemokrateschen an autoritäre Virus, dee sech an Ungarn, a Polen, an der Tschechei, an der Slowakei breet mécht, an deen an anere Länner AFD, Front National, Vlaams Belang, FPÖ oder Lega Nord heescht, wierksam bekämpfe wëll, dee muss dëse Parteien a Beweegungen hiren Nährbuedem, hire „Fonds de commerce“ zerstéieren.

An dat ass d‘Angscht an d‘Frustratioun bäi groussen Deeler vun der europäescher Bevëlkerung.

Laang aarbechtslos sinn, aarm sinn ouni Aussiicht op Besserung, sozial a berufflech Perspektiven déi feelen, schlecht sinn oder sech verschlechteren, Angscht virum sozialen Ofstig an d’Erliewe vu sozialen Ongerechtegkeeten ass déi Wierklechkeet, déi vill Mënschen an de Sog vun dëse reaktionäre Parteien a Beweegungen dreiwen.

Dat muss esou net sinn. Dat däerf esou net sinn. Mee dat wäert awer esou laang de Fall sinn, wéi an Europa eng Politik gemaach gëtt déi d’Interesse vum Kapital iwwert d’Interesse vun der Aarbecht stellt.

Zënter méi wéi zwee Joerzéngte sinn an Europa d’sozial Maartwirtschaft an de Sozialstaat zréckgedrängt ginn zugonschte vun der sougenannter fräier, liberaliséierter Maartwirtschaft. Sozialdumping, Loundumping, Steierdumping an d’Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtungen a Sozialversécherungen hunn Europa net nëmme sozial no ënne gedréckt, mee si hunn Europa och wirtschaftlech ugeschloen.

Wëllen d’Regierungen an Europa esou weiderfueren? Wéini verstinn si endlech, dass dës Politik responsabel ass fir déi wirtschaftlech, sozial a politesch Problemer a Krisen an Europa?

A wéini verstinn si endlech, dass ee soziaalt Europa déi eenzeg Alternativ ass fir aus deem Schlamassel erauszekommen?

Et muss Schluss si mat där Politik, déi d’Massenaarbechtslosegkeet, den Aarmut an d’sozial Deklasséierung net konsequent bekämpft. An déi d’Aarbecht an d’Aarbechtsbedingunge prekariséiert.

Et muss Schluss si mat där Politik, déi verhënnert, dass d’Léin hannert der Produktivitéitsentwécklung zeréckbleiwen.

Et muss Schluss si mat där Politik déi d’ëffentlech-solidaresch Sozialversécherungen, déi d‘staatlech Sozialleeschtungen an déi d‘ëffentlech Déngschtleeschtungen ugräift statt se ze stäerken.

Et muss Schluss si mat där Politik, déi d’gewerkschaftlech Verhandlungsrechter an d’Matbestëmmung aschränkt statt ausbaut.

Wien dat net versteet, dee mécht sech matschëlleg un der Verdéiwung vun de wirtschaftlechen, sozialen a politesche Feelentwécklungen a Krisen.

Wien dat net versteet, deen ass matverantwortlech fir d’Auserneendrifte vun de Länner an Europa, fir d’Stäerkung vun den nationalisteschen, friemefeindlechen a reaktionäre Beweegungen a Parteien an Europa, déi elo schonns a verschidde Länner an d’Regierungsverantwortung komm sinn.

D’Zäit leeft eis fort, mee si ass nach do.

Den OGBL fuerdert eng Politik an Europa:

–          déi éischtens de Loundumping an alle Länner schnellstens stoppt. Eng gëlle Reegel fir d‘ Léin muss fir Europa agefouert ginn. Kee Loun däerf méi hannert der Inflatioun an der Produktivitéitsentwécklung zréckbleiwen.

–          zweetens muss eng zweet gëlle Reegel agefouert ginn. Bei den ëffentleche Finanzen an der Haushaltspolitik muss fir all Land de Wee opgemaach ginn, fir eng staark ëffentlech Investitiounspolitik maachen ze kënnen. Mam EGB schwätzt sech den OGBL fir d‘Emissioun vun europäeschen Obligatiounen aus. Fir dass all Länner, an net nëmmen e puer, bäi der Kreditopnam vun akzeptabelen Zënse profitéiere kënnen.

–          drëttens fuerdert den OGBL, dass déi am November zu Göteborg ënnerschriwwen europäesch Sail vun de soziale Rechter verbindlech an europäesch an national Gesetzer ëmgesat gëtt. Mat just flotten a sympathesche Recommandatioune komme mer doudsécher net weider.

–          véiertens. D‘Politik an Europa muss konsequent dovun Ofstand huelen, strukturell Reformen ze priedegen, déi salariatsfeindlech ausgeriicht sinn.

Fir d‘Moderniséierung vun Europa brauche mer e bessert Aarbechtsrecht an e bessert Sozialrecht an den eenzelne Länner! D’Konvergenz an d’Harmoniséierung no uewe muss de Kredo vun der Politik sinn an net de contraire wéi dat haut de Fall ass.

–          a fënneftens muss d’gewerkschaftlech Matbestëmmung, mussen d‘Tarifautonomie an d‘gewerkschaftlech Verhandlungsrechter gestäerkt ginn.

Den OGBL fuerdert all Parteien op, sech ganz kloer fir e soziaalt Europa auszedrécken. Net floskenhaft, mee mat ganz konkrete Virschléi.

An dozou gehéiert och d’Kritik un der sougenannter liberaler, fräier Maartwirtschaft.

Et ass zum Beispill inakzeptabel, dass d’Profitintresse vun engem Konzern d’allgemeng Intressen un enger kohärenter Industriepolitik an Europa mat Féiss trëppele kann.

Der Famill Mittal sinn d’Aarbechtsplaze pup egal, hir Restrukturéierungspläng gräife produktiv Standuerter, wéi ARCELOR-Diddeleng een ass, a ganz Europa un, brieche Kette vun der Zou- a Weiderliwwerung a menacéieren iwwer 10000 Aarbechtsplazen.

Deem muss en Enn gesat ginn. Mär brauche Spillreegelen an Europa, déi esou Restrukturéierunge verbidden.

Den OGBL fuerdert eis Regierung op, alles, awer och alles a Gang ze setzen, fir ARCELOR-MITTAL Diddeleng, seng 300 Aarbechtsplazen an d’Loun- an d’Aarbechtsbedingunge vun eise Leit ofzesécheren.

Hei geet et net ëm eng Fabréck, déi nach net do ass, hei geet et ëm ee ganz wichtege Betrib dee besteet.

Hei geet et ëm ee wichtegen Deel vun eiser Industrie!

Hei geet et ëm eis Stolindustrie.

Déi 300 Salariéë kënnen op den OGBL zielen. Hie wäert alles maache fir hir Aarbechtsplazen an hir Aarbechtsbedingungen ze retten. Si kënnen op eis Solidaritéit an op eisen Asaz zielen.

Kolleginnen a Kollegen,

Eise Lounsystem besteet aus dräi Sailen. Zwou dovu funktionéieren direkt iwwer Gesetz.

Den Index an de Mindestloun.

8 Joer laang, tëscht 2006 an 2013, hunn déi vun der CSV ugefouert Regierungen den Index ugegraff.

8 Joer laang huet den haitege President vun der Europäescher Kommissioun an deemools Premierminister Jean-Claude Juncker, mat dem Patronat am Réck, alles probéiert fir eisen Index strukturell ze verschlechteren. Dat ass him net gelongen.

Keng eng Indextranche ass ewechgefall, keng Manipulatioun vum Wuerekuerf ass duerchgaangen an hien ass och mat senger populistescher Fuerderung vum plafonnéierten Index buede gaangen. Schold u sengem Mësserfolleg war den OGBL, war eise konsequente Widderstand.

Säin eenzege Succès waren déi zäitlech, iwwerflësseg Verschibunge vum Ausbezuele vun den Indextranchen. An dat war et.

Déi aktuell Regierung huet ab 2014 d’Gesetz iwwert den Index erëm normal funktionéiere gelooss.

D’Indextranchë sinn all erfall an dat zum Zäitpunkt wéi d’Gesetz et virschreift. Och wa mär duerch déi déif Inflatioun laang op de Sprong vun den 2,5% hu waarde missen.

Ech lancéieren haut e ganz wichtegen Appell un d‘Parteien déi elo an d’Wale ginn. Setzt ee ganz wichtege Saz an äre Programm a respektéiert en zu 100% wann der eventuell an déi nei Regierung kommt.

Dee wichtege Saz ass: Eis Partei wäert d’Gesetz vum Index a kengster Weis a Fro stellen an eis Partei schléisst all Manipulatioun vum Indexgesetz aus!

Sollt an der kommender Legislatur d‘Regierung probéiere sech um Index ze vergräifen, da wäert den OGBL all gewerkschaftlech Mëttelen, an d’Betounung läit op „all“, a Gang setze fir den Index ze verdeedegen. Dës Warnung geet och un d’’UEL déi zënter 2014 d‘Decisioun vun der Regierung zum Index boykottéiert.

D’UEL soll net vum sozialen Dialog schwätzen, si soll e maachen!

Keen Ugrëff méi géint den Index. D’rout Linn vum OGBL ass elo gezunn!

Déi zweet gesetzlech Sail vun eise Léin ass de Mindestloun. An dee muss ëm 10% erop!

Dës Fuerderung, déi den OGBL zënter 2015 stellt ass voll am Aklang mat der europäescher Sail vun de soziale Rechter, déi de Premierminister am Numm vun der lëtzebuergescher Regierung ënnerschriwwen huet.

Awer nëmmen eng Partei aus der Regierung, d’LSAP, huet sech fir d’Erhéijung vum Mindestloun ausgeschwat.

D’CSV, déi gréissten Oppositiounspartei huet positiv Signaler an déi Richtung gesent an déi Lénk ënnerstëtzen d‘Fuerderung vum OGBL.

Et ass elo nach Zäit e Gesetzesvirschlag ze maachen. D‘DP an déi Gréng musse Faarf bekennen an net op Zäit spillen!

Den OGBL wäert an der Fro vum Mindestloun net noloossen.

Et ass inakzeptabel wa Mann oder Fra 40 Stonne schaffen a mat engem Loun heem ginn, deen et net erlaabt zu Lëtzebuerg dezent ze liewen.

Den OGBL kann net akzeptéieren, dass de Mindestlounverdénger op Sozialhëllef ugewise muss sinn, fir liewen ze kënnen.

Dat ass inakzeptabel an engem vun de räichste Länner vun der Welt, an engem Land wat a punkto Produktivitéit un der Weltspëtz ass.

Dës Verdeelungsschiflag tëscht Aarbecht a Kapital muss korrigéiert ginn.

A korrigéiert gi muss och d’Schéier an der Lounhierarchie.

Am Verlaf vun de leschte Jore wiisst nämlech d’Zuel vun de Salariéen am ënneschte Lounsegment, an den ënneschten 20%, iwwerproportional.

Ëmmer méi Leit hei am Land verdénge wéineg! Ëmmer méi Leit hei am Land verdéngen ze wéineg! D’Leit aus dem Handel, aus dem Nettoyage an aus villen aneren Servicebetriber kënnen doriwwer e Liddche sangen.

Dëst ass e Problem vun der ongerechter Verdeelung vun de wirtschaftleche Resultater an der Produktivitéit.

An dee Problem kann nëmmen iwwert direkt Lounerhéijunge geléist ginn.

Den OGBL wäert an där Saach kee Millimeter noloossen. Mär hunn zënter 2015 all Argumenter fir déi noutwendeg strukturell Erhéijung vum Mindestloun ofgeliwwert. An no den Argumenter gëtt et nach just eppes: d’gewerkschaftlech Aktioun op der Strooss an an de Betriber!

Déi drëtt Sail vun eisem Lounsystem sinn eis Kollektivverträg.

Haut wëll ech op zwee Punkten agoen.

Den éischten ass dee vun der allgemenger Lounentwécklung hei zu Lëtzebuerg.

Déi real Léin bleiwen hannert der Produktivitéitsentwécklung zeréck.

Wann esouguer d’E

uropäesch Kommissioun fir Lëtzebuerg eng sougenannt moderat Entwécklung vun de Léin feststellt, da wësse mer dass mer als OGBL mat eisen offensive Lounfuerderungen an de Kollektivvertragsverhandlunge richteg leien.

D’Lounquot däerf net weider erofgoen, d’wirtschaftlech Resultater musse méi gerecht opgedeelt ginn.

An dovu mussen alleguerten d’Leit an de Betriber profitéieren, net nëmmen déi, déi ganz uewen an der Betribshierarchie sinn.

Déi lescht Remark gëllt ënner anerem fir de Bankesecteur. Stéchwuert Stock-options, vergolde Parachutten an iwwerzunne Bonien.

D’ABBL soll emol déi Praktiken a Fro stelle statt all Kéiers mam Nëtausbezuele vun der Juniprime ze dreeën.

Eng méi gerecht Verdeelung vun de Betribsresultater am Bankesecteur muss elo kommen an den OGBL fuerdert d’ABBL op hir Lounblockaden opzeginn.

De ganzen OGBL steet och solidaresch hannert dem Syndikat Bau an de Leit aus dem Bausecteur, déi am gaange sinn sech fir de Konflikt ze mobiliséieren a virzebereeden.

De Bausecteur boomt an et ginn exzellent Geschäfter gemaach.

De Spillraum fir eng zolidd Lounverbesserung fir eis Leit do. Si hunn se verdéngt.

D’Patronat muss elo eng seriö Lounpropositioun op de Verhandlungsdësch leeën. Soss geet et Richtung Aarbechtskampf.

An d’Fuerderung fir zolidd Lounerhéijungen ass och d’Linn a villen anere Vertragsverhandlungen.

Wéi beispillsweis am Transport, wou ech leider op dat ganzt trauregt Beispill vun den aktuelle Kollektivvertragsverhandlunge bäi Luxtram agoe muss.

Hei gëtt am klenge probéiert dat ze exerzéieren, wat de Macron a Frankräich am grousse Stil am gaangen ass ze maachen.

Nämlech den ëffentlechen Transport mat schlechten Aarbechts- a Lounbedingunge wëlle funktionéieren ze loossen.

Dat ass mam OGBL a mam Landesverband net ze maachen!

No der grousser Show bei der Aweiung vum Tram, verlaange mär vum Verkéiersminister an der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg eng positiv Reaktioun op eis Fuerderung. Et wär schued wann, wéi a Frankräich, d’Rieder vum Tram net méi rulle géifen!

Deen zweete Punkt op deen ech agoe wëll ass d’Noutwendegkeet d’kollektivvertraglech Verhandlungsrechter gesetzlech ze verbesseren.

Dat aktuellt Kollektivvertragsgesetz gëtt der neier Betribslandschaft vu Lëtzebuerg net méi gerecht.

Bei der extrem héijer Unzuel vu klengen a Mëttelbetriber mat ganz ënnerschiddlechen Déngschtleeschtungen a Produktiounen ass et objektiv net machbar fir all dës Betriber eenzel Kollektivverträg auszehandelen.

Dëst erkläert och firwat fir vill Salariéen hei am Land keng oder ze niddreg real Lounentwécklungen stattfannen a si och bäi den allgemengen Aarbechtsbedingungen, wéi beispillsweis den Aarbechtszäiten net weiderkommen. Doriwwer freeën sech just d’Patronat an d’Aktionären, déi sech domat hir Täsche fëllen.

Domat ass d‘Tarifautonomie vun de Gewerkschaften a Fro gestallt. Domat ass d’Recht op Kollektivverträg fir zéngdausenden an zéngdausende Männer a Fraen nach just een theoretescht Recht.

An et ass jo awer genee dat wat e Kollektivvertragsgesetz garantéiere soll. Den OGBL fuerdert d’politesch Parteien op, sech fir e modernt a fortschrëttlecht Kollektivvertragsgesetz staark ze maachen, dat nei Gläichgewiichter schaaft.

An heimat huet och ganz vill d‘Diskussioun iwwert Ladenöffnungszäiten ze dinn, déi elo erëm ausgebrach ass.

D’Patronat an d’Demokratesch Partei fuerderen déi total Liberaliséierung vun den Öffnungszäiten.

Et kann ee laang driwwer streiden op dëst an iergendengem Sënn sënnvoll fir d‘Gesellschaft an eist soziaalt Zesummeliewen ass.

Wat awer feststeet ass, dass d’Liberaliséierung vun den Öffnungszäiten wirtschaftlech den Intresse vun de grousse Supermarchésketten a –konzerner an d’Kaarte spillt.

A wat och feststeet ass, dass fir zéngdausende vu Salariéen, an éischter Linn Fraen, d’Aarbechts- an d’Liewensqualitéit sech drastesch nach weider verschlechtere géifen.

Déi Fuerderung vun der Liberaliséierung ass e Schlag an d’Gesiicht fir all Politik, déi dofir antrëtt d’Aarbechts- a Privatliewe besser ze harmoniséieren.

A si ass ee Schlag an d’Gesiicht fir all Politik déi dofir antrëtt, dass sech d’Konditioun vun der Fra verbessert.

Den OGBL wëll e Gesetz wat ganz kloer d’Ladenöffnungszäite limitéiert.

Ofwäichungen dovu solle méiglech sinn.

Ënnert enger Bedingung: wann et iwwert dat selwecht Gesetz obligatoresch gëtt, dass Derogatiounen nëmmen da méiglech sinn, wa si iwwert de Wee vu Kollektivverträg oder interprofessionell Verträg tëscht Patronat an den national representative Gewerkschaften ausgehandelt sinn.

Nëmmen iwwert dëse Wee sinn déi legitim Aarbechtszäit- a Lounintresse vun de Leit aus dem Commerce ze verdeedegen an ëmzesetzen.

Dat muss d’Politik endlech verstoen! Wann net da wäerte mer och do mat der gewerkschaftlecher Aktioun äntweren.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Aarbechtsrecht ass eng vun de wichtegsten Errongenschafte vun der Gewerkschaftsbeweegung.

Am Kapitalismus huet d’Aarbechtsrecht eng Haaptfunktioun: an dat ass de Schutz géint eng ongebremsten Ausbeutung vun der Aarbecht.

Den Aarbechtskontrakt, de Kënnegungsschutz, de Mindestloun, d‘Limitatioun a d‘Reegelung vun der Aarbechtszäit, d’Matbestëmmung an de Betriber, d‘gewerkschaftlech Verhandlungsrechter fir d’Kollektivverträg asw. sinn ni vum Patronat gefuerdert ginn, mee si si géint d’Patronat erkämpft ginn.

D’Patronat trëtt net fir eng Verbesserung vum Aarbechtsrecht an. Entweder strieft et déi direkt Verschlechterung un oder et setzt op d’Kaart vum Stëllstand.

A wann d‘kapitalistesch Produktioun sech an engem schnelle Wandel befënnt, wéi dat an dëser Zäit de Fall ass, da bedeit all Stëllstand am Aarbechtsrecht eng Verschlechterung vum Aarbechtsrecht.

A genau do läit de Problem hei am Land. Et gëtt vill Changementer an der Aarbechtswelt an eist Aarbechtsrecht leeft mat Krätschen no.

D’Diskussioun iwwert de Compte-épargne-temps ass ee ganzt gutt Beispill dofir. De Verhandlungskompromiss deen 2004 am Wirtschafts- a Sozialrot tëscht Patronat a Gewerkschaft fonnt gouf ass vu kenger Regierung ëmgesat ginn.

D’Resultat kenne mer. D’UEL wëll nach just e schlecht Gesetz, dat de Schutz vum Salarié bäi dëser Aarbechtszäitflexibiliséierung net garantéiert.

Ass dat de Wee wéi mer eis d’Aarbecht 4.0 virstelle sollen?

Sinn dat déi Äntwerten, déi d’Salariéen sech vun der Politik an deem sougenannte Rifkin-Prozess ze erwaarden hunn?

Wéi soll iwwert déi do Aart a Weis eng besser Harmoniséierung tëscht Aarbecht a Liewe stattfannen?

Dofir eis Kritik an dofir eis Fuerderung fir e Gesetz vun dëser Regierung gemäss de Grondprinzipie vum Accord 2004 am Wirtschafts- a Sozialrot.

D’Aarbechtsrecht hei zu Lëtzebuerg muss fir d’Parteien zu engem zentralen Thema ginn.

D‘Diskussioun iwwert d’Aarbecht vun der Zukunft an de gewerkschaftleche Rechter vum Salariat steet elo un.

D’Diskussioun iwwert d’Aarbecht 4.0. däerf net an déi falsch Richtung goen.

Dobäi ass eppes ganz wichteg: nei Forme vun der Aarbechts- an der Aarbechtszäitorganisatioun si keen Naturgesetz.

Si si geschafe vu Mënschenhand. Si kënnen esou oder esou ausgesinn. An esou ass et och mat der Aarbecht am Zäitalter vun der fortschreitender Digitaliséierung vun der Aarbecht.

D’Aarbecht 4.0. huet enorm Potentialer fir eng negativ Entwécklung vun den Aarbechtsbedingungen an den Aarbechtsverhälnisser.

Mee d’Aarbecht 4.0. huet och enorm Potentialer fir eng sozial fortschrëttlech Gestaltung vun der Aarbecht fir d’Verbesserung vun den Aarbechtsbedingungen.

An dat ass de Wee deen den OGBL fir Lëtzebuerg fuerdert a fir deen e kämpfe wäert.

D’Parteie sinn opgefuerdert sech fir eng fortschrëttlech Moderniséierung vum Aarbechtsrecht anzesetzen.

An déi éischt Missioun ass de gesetzleche Schutz géint prekär Aarbechtsverhältnisser.

Den normalen Aarbechtskontrakt muss besser geschützt ginn. Virun allem eis Jugend huet e Recht drop no der Ausbildung esou schnell wéi nëmme méiglech a gutt Aarbecht ze kommen.

Dozou eng Klammer op: den OGBL fuerdert, dass de Gesetzesprojet iwwert d’Stages en entreprise nogebessert gëtt. Klammer zou.

D’Aarbechtsrecht muss all Forme vu Schäinselbststännegkeet ausschléissen.

D’Aarbechtsrecht muss zum Bollwierk ginn géint all Form vu Rechtslosegkeet bäi den Aarbechtsverhältnisser.

Déi digital Plattforme wéi UBER (…) si just d’Spëtz vun deem Äisbierg, deen de Schutz vun der Aarbecht grondsätzlech a Fro stellt.

De Wandel an der kapitalistescher Aarbechtswelt kann nëmmen da sozial fortschrëttlech organiséiert ginn, wann d’Ofsécherung vun der sozialer an der berufflecher Perspektiv vum eenzelne Salarié am Fokus steet an zum Ausgangspunkt vun der Iwwerleeung gëtt.

D’Garantie op Aarbecht an d’Garantie vun de sozialen a beruffleche Perspektive mussen zum Richtwäert ginn.

Zënter méi wéi 10 Joer fuerdert den OGBL déi längst fälleg Reforme vun de Gesetzer iwwert de Maintien dans l’emploi, iwwert d’Sozialpläng an d’Faillitten. Dës Fuerderungen hunn näischt un hirer Aktualitéit verluer. Dës Reforme mussen an der nächster Legislatur ëmgesat ginn.

E modernt Aarbechtsrecht dat d’Aarbecht 4.0. sozial fortschrëttlech gestalte wëll setzt nach eppes ganz anescht viraus.

An déi Viraussetzung ass de positiven Ausbau vun der gewerkschaftlecher Matbestëmmung vum Salariat.

Ouni nei Rechter a Méiglechkeete vun der gewerkschaftlecher Matbestëmmung ass un e positiven Afloss vum Salariat op déi zukünfteg Gestaltung vun der Aarbecht, vun hirer Organisatioun, vun dem Asaz vun neien Technologien, vun den Aarbechtszäiten a vun den Aarbechtsbedingungen am allgemengen net ze denken.

Der Hand vum Kapital muss eng staark, kollektiv Hand vum Salariat entgéint gesat ginn, an dat ass d’Gewerkschaft.

Den OGBL huet dat bäi der Ausenanersetzung bäi der Reform vum PAN-Gesetz ënner Beweis gestallt.

D’Patronat wollt eng gesetzlech Autobunn fir dereguléiert Aarbechtszäiten, fir eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite géint d’Aarbechts- an d’Liewensintresse vum Salariat.

De konsequente Widderstand vum OGBL huet dat verhënnert an den OGBL huet Verbesserunge géigeniwwer dem ale PAN-Gesetz duerchgesat.

Eng staark gesetzlech Verhandlungs- a Vertragsfäegkeet vun der Gewerkschaft wäert entscheedend si fir d’Ausgesi vun den Aarbechtszäitmodeller.

Et mussen eng ganz Rei vun neie Rechter agefouert ginn, déi ugepasst un d‘Viilfalt vun de Bedürfnisser vun de Salariéë sinn an déi eng gutt Harmoniséierung tëscht Aarbecht a Privatzäit garantéiere kënnen.

Der Entgrenzung vun Aarbechts- a Privatliewe kënnen a musse kloer Grenze gesat ginn.

D’Aféierung vun engem Recht op Deconnectioun an en Iwwerschaffe vun der aktueller Ofmaachung zum Teletravail stinn op der Prioritéitslëscht.

Dat gëllt och fir d’Aféierung op e Recht fir Deelzäitaarbecht, déi op Wonsch vum Salarié erëm a Vollzäitaarbecht ëmgewandelt gëtt.

An dësem Zesummenhang fuerdert den OGBL, dass eng nei Regierung e gesetzlechen Akzent setzt géint déi onfräiwëlleg Deelzäitaarbecht, déi haut ëmmer méi, an an éischter Linn de Fraen, vum Patronat imposéiert gëtt, ganz vill am Handel an am Nettoyage.

An der weiderer Aarbechtsintensivéierung mussen och kloer Limitte gesat ginn.

D’Produktivitéit, déi an der digitaliséierter Aarbechtswelt weider potenzéiert gëtt, wäert déi noutwendeg Spillraim fir d’Aarbechtszäitverkierzung mat vollem Lounausgläich schafen.

D‘Aarbechtszäitverkierzung huet just Virdeeler.

Si schützt de Mënsch a seng Gesondheet virun der grenzeloser Aarbechtsintensivéierung, si ass e wichtege Bäitrag fir eng besser Harmoniséierung tëscht Aarbecht a Privatzäit, a si suergt, am Fall vun drohender Vernichtung vun Aarbechtsplaze fir eng méi gerecht Verdeelung vun der Aarbecht a fir den Ofbau vun der Aarbechtslosegkeet.

An da kommen ech zum Problem vun der Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz. Do mussen och elo, direkt, kloer Grenze gesat ginn. Zënter Méint ass den OGBL am gaangen alles ze maachen, fir ze verhënneren, dass hei am Land d’gesetzlech Ëmsetzung vum neien europäesche Reglement iwwert den Dateschutz zu enger mënschenonwierdeger Iwwerwaachung op der Aarbecht féiert. Den OGBL rifft de Premierminister an den Aarbechtsminister dozou op, dass endlech dësem Dossier ee gutt Enn gemaach gëtt. Am Intresse vun alle Salariéen hei zu Lëtzebuerg.

D’Aarbecht 4.0. stellt eis op alle Pläng viru grouss an nei Erausfuerderunge wat de Schutz vun der Gesondheet an der Sécherheet op der Aarbechtsplaz ugeet.

Dofir komme mer net méi dolaanscht, dass dem OGBL seng Fuerderung fir den Ausbau vun der Aarbechtsmedezin a virun allem fir d‘Schafung vun engem Service unique vun der Aarbechtsmedezin ëmgesat gëtt.

A grouss Erausfuerderunge ginn et och bäi der Kontroll an dem Respekt vun der Aarbechtsgesetzgebung an de Sécherheetsbestëmmungen an de Betriber.

D‘ITM muss reforméiert ginn a méi an nei Méiglechkeete kréien, fir dat meeschteren ze kënnen.

Eng staark gesetzlech Verhandlungs- a Vertragsfäegkeet vun der Gewerkschaft wäert och entscheedend si fir eng fortschrëttlech Entwécklung vun der berufflecher Fort- a Weiderbildung.

Mär brauche méi Rechter fir jidderee fir sech ee Liewe laang weiderbilden ze kënnen. An dat net nëmme berufflech, mee och kulturell, politesch, sproochlech (…).

Den OGBL trëtt zesumme mat sengem Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft fir eng staark ëffentlech Schoul  a wiert sech géint all Form vun hirer Privatiséierung.

Mär brauche méi wéi jee eng Grondschoul, ee Sekundarunterrecht an eng professionell Ausbildung déi net nëmmen all Kand a Jugendlechen e gläichberechtegten Zougang ginn, mee déi och iwwert dat noutwendegt qualifizéiert Léierpersonal verfügen, fir eng optimal Ausbildung a Bildung ze garantéieren.

An och fir d‘berufflech Fort- a Weiderbildung verlaangt den OGBL e staarkt an demokratesch orientéiert Bildungswiesen, wou sech de Staat zu senger Responsabilitéit bekennt.

Fir d‘Organisatioun vun der berufflecher Fort- a Weiderbildung brauche mer Tripartitemodeller tëscht dem Staat an de Sozialpartner. A mär brauchen eng solidaresch Finanzéierung.

Keen an der Gesellschaft däerf an der Bildung op der Streck bleiwen an am Wëssen ofgehaange ginn. Dat wäert den OGBL net zouloossen.

Kolleginnen a Kollegen,

Eis solidaresch ëffentlech Pensiounsversécherung ass eng vun de wichtegsten Errongenschafte vun der Aarbechter- a Gewerkschaftsbeweegung.

D’Kotisatiounsbäiträg vun de Betriber a vum Staat fir d’Pensiounen si keng sënnlos Depensen. Au contraire.

Als Ausdrock vun enger méi gerechter Verdeelung vum gesellschaftleche Räichtum garantéiere si dem Salarié, deen e ganzt Liewe geschafft huet, dass hien am leschten Deel vu sengem Liewe mënschewierdeg liewe kann, dass hien iwwert dat Ersatzakommes verfüügt fir weider gutt liewen ze kënnen.

D’Patronat wëll, datt eist ëffentlecht Pensiounswiesen sech zréckentwéckelt, an dass d‘Pensiounen ofgebaut ginn.

An d’Europäesch Kommissioun liwwert Joer fir Joer d‘ideologescht an d’politescht Fudder fir salariatsfeindlech Strukturreformen an Europa duerchzeboxen. An zwar iwwert de Wee vun hire sougenannte Recommandatioune fir déi eenzel Länner, an domat och fir Lëtzebuerg.

An anere Länner gëtt vum aktuelle schlechten Zoustand vun den ëffentleche Finanze profitéiert fir d‘Attacke géint déi ëffentlech Sozialversécherungen ze reiden.

Dat Argument funktionéiert allerdéngs net fir Lëtzebuerg.

Eis ëffentlech Finanzen si kär gesond a sammelen een Triple AAA nom aneren. Bäi ëffentleche Finanzen, déi Joer fir Joer am Plus sinn, déi déi gesondst a ganz Europa sinn a bäi bal 18 Milliarde Reserven an den ëffentleche Pensiounskeese gëtt et keng Argumenter fir en Ugrëff op eist ëffentlecht Pensiounswiesen.

Dofir gräifen d’Europäesch Kommissioun an d’UEL zënter Joren zu engem Trick.

An deen Trick ass d’Behaaptung, dass eis ëffentlech Finanze laangfristeg net nohalteg wären, well d’Käschte fir d’Pensiounen a fir d’Fleeg am Alter opgrond vun der demographescher Entwécklung an dat Onbezuelbart eropgoe géifen. Mëttlerweil brauche si fir déi Behaaptung ee Zeenario bis d’Joer 2070.

Wann et ëm hir Betriber geet weess d‘Patronat mol net wat an dräi, a fënnef oder siwe Joer lass wäert sinn. Wouhinner et mat der Technik geet, wéi a wat produzéiert gëtt, wéi d’berufflech Qualifikatioun wäert sinn.

Wann et awer ëm eis Pensioune geet, da weess d’Patronat ganz genee wat a 40 oder 50 Joer wäert lass sinn.

Dobäi weess d’UEL, grad esou wéi d’Europäesch Kommissioun, ganz genee welch héichgradegen onwëssenschaftleche Kabes et ass, esou laangfristeg Prognosen am Beräich vun der Wirtschaft oder dem Sozialen ze maachen.

Mee den Zweck hellegt d’Mëttel.

Grad esou wéi et 2012 fir déi éischt réckschrëttlech Pensiounsreform de Fall war, benotzen si d’Joer 2050, 2060 oder 2070 fir eise Pensiounssystem schlecht ze maachen an unzegräifen.

Si brauchen d’Rentemauer an déi mär an 30, 40 oder 50 Joer knuppe wäerten. Eng Rentemauer, déi wéi mer aus Erfarung wëssen, esou funktionéiert wéi de Reebou. Ëmmer dann, wann ee mengt et géif ee méi no kommen, leeft en eis fort.

Wéi fir den Index esou gëllt och fir d’Pensiounen: d’rout Linn ass gezunn. Patten ewech vun eisem Pensiounssystem!

Déi Parteien, déi zu dësem Thema mat diffusen a vagen Aussoen an de Walkampf ginn hunn eppes ze verstoppen dat näischt Guddes verheescht. Nëmmen de Kloertext zielt.

Den OGBL wäert sech offe géint déi Parteien ausdrécken, déi entweder näischt Konkretes dozou soen oder sech offe fir d’Verschlechterung vun eisem Pensiounssystem ausdrécken.

Den OGBL erwaart sech vun de Parteien, dass si eng positiv Approche zu eisem ëffentleche Pensiounssystem entwéckelen, an dass si sech kloer dozou erklären, dass de Rentenalter net eropgesat gëtt. An och net dee vun der Retraite anticipée.

Déi iwwerflësseg Pensiounsreform 2012 trëfft d’Jugend an déi méi jonk Generatioun vu Salariéen am stäerksten. Si sinn et déi progressiv bis mindestens 15% am Joer 2052 verléieren, wann si an d’Pensioun ginn.

Den OGBL erwaart vun de Parteien, dass si déi Politik kritiséieren, déi zënter Joren de Lobbyiste vun den Assurancen an d’Hänn gespillt huet, an deem déi kommerziell Privatversécherungen op Käschte vum ëffentleche Pensiounssystem gefërdert goufen, an dat esou guer mat ëffentleche Gelder.

Den OGBL erwaart vun de Parteien, dass si dofir antrieden, dass déi Automatismen aus dem Gesetz vun 2012, déi d’Allocation de fin d’année an déi zukünfteg Ajustementer menacéieren, erëm ofgeschaf ginn. An d’Bäitragserhéijungen däerfen net zum Tabuthema gemaach ginn. An och net den Deplafonnement vun de Kotisatiounen.

Mär erwaarde vun de Parteien, dass si also fir eng Stäerkung, statt fir eng weider Schwächung vun eisem Pensiounssystem antrieden.

An déi offe salariatsfeindlech Recommandatioune vun der Europäescher Kommissioun ofleenen. An am Contraire de sozial gerechten an de wirtschaftlech, wéi gesellschaftlech a politesch stabiliséierende Charakter vu performanten ëffentlech-solidaresche Versécherungen onmëssverständlech ënnersträichen.

An ech begréissen, dass gëschter de Wirtschaftsminister an der Chamber eng kloer Ausso géint d’Recommandatioun vu Bréissel gemaach huet.

A wat fir d‘Renteversécherung gëllt, gëllt och fir eis Krankeversécherung.

Just eng gutt Krankeversécherung kann 2-Klasse-Medezin verhënneren.

D‘obligatorescht Conventionnement vun der Ärzteschaft muss oprecht erhale ginn.

D‘Leeschtunge vun der Gesondheetskeess mussen ausgebaut ginn.

D’Investitiounspolitik an d’Infrastrukturen an an déi technesch-medezinesch a personell Ausstattung vun eisem Gesondheetswiese muss fortgesat ginn.

An dëser Legislatur ass munches Positives geschitt wat noutwendeg war. Esou muss et weidergoen.

An d‘Generaliséierung vum Tiers-payant an d’Extensioun vum Congé de maladie op 78 Woche mussen nach an dëser Legislatur zum Gesetz ginn.

An ech hoffen, dass mer och an der Fleegeversécherung nach Solutioune mat der Regierung fannen. De 7. Mee ass e wichtege Rendez-vous. Do wou et sech 4 Méint nom Asetze vun der Reform erausstellt, dass Problemer sinn, mussen nach virum Summer gesetzlech oder reglementaresch Nobesserunge virgeholl ginn.

Den OGBL bleift bäi sengem Wuert: mär akzeptéiere keng Leeschtungsverschlechterunge bäi der Fleegeversécherung.

Am Numm vum OGBL a vun dem gesamte Fleegepersonal, mee och vun dem Personal aus dem Sozialwiesen, wëll ech och ervirhiewen, wéi wichteg et war, dass am Verlaf vun deene ganz schwéiere Kollektivvertragsverhandlungen am Gesondheets- a Sozialwiesen d’Regierung hiert Wuert gehalen huet an dem Personal net an de Réck gefall ass.

De Streik konnt verhënnert ginn an ech si sécher, dass d’Opwäertung vun de Lafbunnen, déi mer duerchgesat hunn, an all de kommende Joren sech als ganz wichteg erweise wäert an dass Lëtzebuerg vun deem verschount bleift wat beispillsweis an Däitschland oder a Frankräich ëmmer méi kloer gëtt: nämlech den de facto Fleegenoutstand an e frustréiert Personal duerch Ënnerbesetzung a schlecht Aarbechts- a Lounbedingungen.

Verschidde Fleegeheimer, wéi zu Beetebuerg, zu Bartreng an déi vun dem Zithagrupp probéieren am Moment d‘Aarbechts- an d’Lounbedingunge vun engem Deel vun hirem Personal ze verschlechteren. Den OGBL ass mat hinnen op der Schlichtung. Un déi Haiser kann ech haut just een Appell maachen: respektéiert d’Rechter vun ärem Personal a verhënnert d’Streikaktiounen, déi ëmmer méi no kommen.

Kolleginnen a Kollegen,

Den OGBL huet 2014 d’Fortsetzung vun der iwwerflësseger Austeritéits- a Spuerpolitik bekämpft a massive Widderstand géint de sougenannten Zukunftspak gemaach.

Zesumme mat deenen aneren national representative Gewerkschafte gouf am November 2014 een Ofkommes mat der Regierung ënnerschriwwen.

Den Zukunftspak, dee bekanntlech an éischter Linn d’Haushalter an hir Kafkraaft getraff huet, ass duerch de gewerkschaftleche Widderstand ofgeschwächt ginn an d’Regierung huet sech deemools zu enger Rei vu wichtege Kompensatioune verflicht.

Verschiddener dovun, wéi beispillsweis déi gutt Reform vum Congé parental sinn ëmgesat ginn, anerer wéi beispillsweis dat vum OGBL gefuerdert Recht op Deelzäitaarbecht bäi gläichzäiteger Deelrent läit mëttlerweil als Avant-projet de loi vir.

Mee eng ganz wichteg Ofmaachung huet d’Regierung awer bis haut net ëmgesat.

Wou bleift d‘Gesetz iwwert déi periodesch Upassung vun de Familljeleeschtungen un d’Entwécklung vum Medianloun?

Desindexéierung vun de Prestations familiales an hir Netupassung un déi real Lounentwécklung hunn zënter 2006 zu engem Wäertverloscht vun iwwer 30% gefouert.

Dëse Wäertverloscht ass net duerch Chèques-service, duerch d’Schoulbicher oder duerch de Sproochenunterrecht an der klenger Kandheet wett gemaach ginn.

An dës Regierung huet ab 2017 d’Kannergeld erofgesat an huet och net de Montant vun der Allocation de vie chère, deen zënter 2009 am Stëllstand ass, ugepasst.

Virun allem fir déi ënnescht Akommesschichten ass de soziale Bilan bäi wäitem net esou schéi wéi eis dat d’Familljeministesch wëll virmaachen. An et ass ee Fakt, dass d’sozial Inegalitéiten hei zu Lëtzebuerg zougeholl hunn.

Wou bleift also dat wichtegt Gesetz zu deem sech d’Regierung mat hirer Ënnerschrëft verflicht huet?

A wou bleift d‘Äntwert op den Drénglechkeetsbréif, deen den OGBL an d‘CGFP an dëser Saach am Februar un de Premierminister gemaach hunn?

Ass dat d’Aart a Weis wéi sech de Premier de Sozialdialog mat den national representative Gewerkschafte virstellt?

Mär jiddefalls sinn net bereet dësen eklatante Wuertbroch ze akzeptéieren, an den OGBL fuerdert de Premierminister an déi ganz Regierung op, fir mat den national representative Gewerkschaften an de kommenden Deeg eng Solutioun ze fannen.

A mär erënneren och d’Regierung drun, dass de REVIS-Gesetzesprojet positiv amendéiert an d’Montanten eropgesat musse ginn.

D’Wunnen hei zu Lëtzebuerg ass a wäert och an den nächste Joren ee vun eise gréisste Problemer bleiwen. Et feelt u Wunnraum, et feelt u soziale Wunnengen a vill Haushalter leiden ënnert der Laascht vun de Loyeren oder ënnert der Laascht vun de Prêten. All Joer geet d’Zuel vun deenen erof, déi sech eng eege Wunneng leeschte kënnen. Den OGBL fuerdert eng volontaristesch Politik, déi net nëmmen de soziale Wunnengsbau mat alle méigleche Mëttele fërdert, mee e fuerdert och eng offensiv Politik géint d’Buedemspekulatioun. D’Präisspiral kann nëmmen da gebrach ginn, wann d’Spekulatioun deier gëtt, wann et sech net méi lount mam Buedem ze spekuléieren. An dat geet just iwwert Präiskontrollen a steierlech Géigemoossnamen.

Kolleginnen a Kollegen,

Den OGBL trëtt fir ee finanzstaarke Staat an, well mer eis fir de Wuelfaarts- an de Sozialstaat asetzen, deen iwwert seng Sozialleeschtungen an iwwert seng ëffentlech Déngschtleeschtungen an Infrastrukturen all senge Bierger dat beschtméiglechst Liewe garantéiert.

Well mär eis fir e Staat asetzen, deen iwwert eng staark ëffentlech Investitiounspolitik eis Mobilitéit, eisen ëffentlechen Transport, eist Wunnen, eis Schoulen, eist Gesondheets- a Sozialwiesen, eis Recherche an Innovatioun, eis Kommunikatiouns- an Informatiounsstrukturen an eng karbonaarm Energiegewannung an –notzung fir haut a fir eis Zukunft garantéiert.

A fir finanzstaark kënnen ze sinn, muss de Staat vill a genuch Steiergelder erakréien.

Mee vill a genuch Steiergelder geet net duer.

D’Steierbelaaschtung vun de Bierger däerf net ongerecht verdeelt sinn, si däerf net d’sozial Inegalitéite verdéiwen.

Steierreform vun 2017 huet déi steierlech Méibelaaschtung déi zënter 2009 duerch d’Austeritéits- a Spuerpolitik d’Akommes an d’Kafkraaft vun den Haushalter verschlechtert huet zu engem Deel erëm ausgeglach. Dofir huet den OGBL déi Reform ënnerstëtzt.

Déi Reform kann allerdéngs net vu sech behaapten, dass si hei zu Lëtzebuerg méi Steiergerechtegkeet bruecht hätt.

Si huet a kengem Sënn déi folgend Problemer geléist.

Den éischten ass deen, dass d’Betriber ëmmer manner Steiere bezuelen.

Den zweeten ass deen, dass d’Kapitalrevenuen ëmmer manner a vill ze niddreg am Verglach zu der Aarbecht, zum Lounakommes, besteiert ginn.

An den drëtten ass deen, dass d‘Besteierung vun de Personnes physiques a senger Progressivitéit weiderhin déi ënnescht a mëttler Akommesschichte géigeniwwer den héijen Akommesschichte benodeelegt.

Fiskalesch gesinn ass Lëtzebuerg e Land wat déi Räich a Watt apéckt a glécklech mécht.

An dat op Käschte vun all deenen aneren.

Déi nächst Regierung muss op de Wee vu méi Steiergerechtegkeet goen. E Status quo vun der aktueller Situatioun geet net duer.

Zënter 1985 bis haut ass de Besteierungssaz vun de Betriber, vun de Kollektivitéiten, vu 40% op 18% erofgaangen. Wann een d’Solidaritéitssteier dobäi rechent, sinn et 41,6% erof op 19,26% am Joer 2018.

Wann ee weess wéi a ganz Europa de Fiskaldumping bäi betribleche Steieren d’Finanzkapassitéite vun den eenzelne Staate schwéier hypothekéiert, dann ass et nëmmen normal, dass mär eis als OGBL géint e weidert Ofsenke vun der Betribsbesteierung ausschwätzen.

Zemools wann ee weess, dass déi wierklech, déi real Steierlaascht vu ville Betriber wäit ënnert dem offizielle Saz läit.

A wat Betriber méi grouss sinn, wat et méi schlëmm ass.

Mär däerfen als Lëtzebuerg net zu deene gehéieren, déi d’Spiral vum Fiskaldumping bäi de Betribssteieren nach weider undreiwen.

Dat léist keng Problemer, dat schaaft der nëmmen.

Den zweete grousse Problem ass dee vun der ze niddreger Besteierung vun de Kapitalrevenuen a praktesch all hire Formen.

Firwat muss de Loun vill méi staark besteiert gi wéi beispillsweis d‘Dividenden?

Den OGBL fuerdert, dass d’Kapitalrevenuen der normaler Besteierung ënnerworf ginn.

Tëscht der Besteierung vun der Aarbecht an der Besteierung vum Kapital a senge Revenue muss et zu engem neien Ausgläich kommen.

Den OGBL stellt och d’Legitimitéit vun de fiskaleschen Extraregimer a Fro. Wéi beispillsweis déi Extrawurscht, déi bäi de Stock-options besteet. Si muss restlos ofgeschaf ginn!

An den drëtte Problem ass deen, dass bäi der Persounebesteierung weiderhin déi ënnescht a mëttler Akommesschichte méi belaascht gi wéi déi héich Akommesschichten.

Bäi deenen éischte muss d‘ Steierprogressioun e Stéck eweggeschlaff ginn a bäi deenen zweete muss se verstäerkt ginn.

An och e gudden Deel vun der Steierreform ware keng real Steiererliichterungen, mee just een Ausgläich fir déi sougenannt „kal Progressioun“, déi zënter 2009 d‘Steierlaascht eropgedriwwen huet. Dofir fuerdert den OGBL, dass de Steierbarème erëm automatesch un d’Inflatioun ugepasst gëtt, wéi dat bis 1996 de Fall war.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Zukunft kann de schaffende Leit vill nei Perspektiven opmaachen.

Si kann se awer och zoumaachen. Wien Diere fir nei a fortschrëttlech Perspektive fir sech a fir seng Famill opstousse wëll, dee brauch eng staark Gewerkschaft, déi handlungsfäeg a kampfstaark ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et nëmmen eng Gewerkschaft, déi all déi Qualitéiten huet.

An 11 Méint virun de Sozialwale kann et fir déi schaffend Leit dofir nëmmen ee Message ginn. Stellt äech all hannert är stäerksten Organisatioun.

Stellt äech all hannert déi eenzeg Organisatioun, déi fir d’Eenheet vun de Salariéen antrëtt.

Méi wéi jee ass dat de Schlëssel zum Erfolleg.

D’gewerkschaftlech Solidaritéit vun alle schaffende Leit, aus alle Beruffer a Qualifikatiounen, ob aus dem ëffentlechen oder privaten Aarbechtsberäich, op Mann oder Fra, op Lëtzebuerger oder Auslänner, op vun hei oder vun hannert der Grenz, ass de Kinnekswee an eng gutt Zukunft fir eis all.

Engagéiert äech am OGBL a mat dem OGBL, gitt äech an alle Betriber déi beschte Kandidaten a Kandidatinne fir d’Delegatiounswalen, maacht een engagéierte Walkampf an de Betriber. Fir e staarken OGBL, fir déi eenzeg Kraaft déi d’Matbestëmmung an de Betriber fir d’Leit och wierklech ëmsetze kann.

A gitt dem OGBL all är Ënnerstëtzung fir déi national Wal vun der Chambre des Salariés.

Déi absolut Majoritéit vum OGBL huet an all de leschte Joren dem Salariat hei zu Lëtzebuerg ganz vill Positives bruecht. Esou muss et weider goen.

D’Patronat hei zu Lëtzebuerg an all déi aus der Politik, déi dem Salariat seng Errongenschaften a Fro stelle wëllen, wënschen sech bei de Sozialwalen 2019 nëmmen eppes: eng Schwächung vun der stäerkster Gewerkschaft, vun dem OGBL.

Dofir muss an der Chambre des Salariés eppes Grousses passéieren: dem OGBL seng absolut Majoritéit muss nach weider ausgebaut ginn.

All Stëmm fir eng aner Gewerkschaft ass net nëmmen eng verluere Stëmm, mee eng Stëmm déi d‘Géigekraaft vum Salariat hei zu Lëtzebuerg schwächt.

All Stëmm fir den OGBL ass dat kloert Signal vun de schaffende Leit, dass si sech hir Intressen an hir Perspektive fir d’Zukunft net verbaue loossen.

Fir de Fridden an Demokratie, fir e soziaalt Europa, fir e sozial fortschrëttlecht Lëtzebuerg.

Fir eng gutt Ausbildung, fir eng gutt Aarbecht an e gutt Akommes a fir eng gutt sozial Sécherheet fir jiddereen.

Dofir si mer prett.

Vive eis Sektioun Dikrich-Veinen. Vive den OGBL. A vive eisen 1. Mee.