Exposé de principe d’André Roeltgen, nouveau président de l’OGBL

congres_discours_roeltgen_2Léif Delegéiert,
Kolleginnen a Kollegen,

Dir hutt gëschter den neien Nationalvirstand vum OGBL gewielt.

Erlaabt mir am Numm vun allen éirenamtlechen an haaptamtleche Kolleginnen a Kollegen, déi zesummen als neien Nationalvirstand an den nächste 5 Joer déi wichtegst Décisioune vun eiser Gewerkschaft huelen, iech villmols Merci ze soen, fir dat Vertrauen, dat dir hinne mat op de Wee ginn hutt.

Den neien Nationalvirstand huet mech gëschter Owend zum President vum OGBL gewielt.
Dat ass ee ganz staarken Ausdrock vu Vertrauen a meng Persoun als Gewerkschaftler.
An dat ass d’Iwwerdroë vun der Aufgab, déi gréisste gewerkschaftlech Organisatioun vu Lëtzebuerg duerch déi nächst Joeren ze féieren.

Dat ass d’Iwwerdroë vun enger ganz héijer Verantwortung fir d’Vertriedung vun de gewerkschaftlechen Interessen vun eise 70.000 Memberen.

Fir ärt Vertrauen, Kolleginnen a Kollegen, soen ech iech e grousse Merci. Et ass mer eng ganz grouss Éier, äre President däerfen ze sinn.

An ech wäert während mengem Mandat alles – wat mir nëmme méiglech ass – maachen an ënnerhuelen, fir deen Optraag, deen dir mir elo iwwerdroen hutt, z’erfëllen.

Ech iwwerhuelen d’Féierung vun engem OGBL, deen ënnert dem John Castegnaro gebuer an opgewuess ass.

An ech iwwerhuelen d’Féierung vun engem OGBL, deen ënnert dem Jean-Claude Reding ausgebaut an erwuesse ginn ass.

Déi Foussstapfen an déi ech elo trieden, an déi mir elo trieden, si grouss.

Zesumme mat honnerten, mat dausenden aktive Gewerkschaftler hunn de John an de Jean-Claude an deene leschte 35 Joer eng Gewerkschaft opgebaut, déi net méi aus dem betriblechen an aus dem sozial- a gesellschaftspolitesche Liewen hei zu Lëtzebuerg ewechzedenken ass.

Mat senge Virgängerorganisatiounen, vum Lëtzebuerger Metallaarbechterverband an dem Lëtzebuerger Bierg- an Hüttenaarbechterverband 1916 bis 1920 iwwert de Lëtzebuerger Bierg- a Metallindustrieaarbechteverband vun 1920 bis 1944 an dem LAV vun 1944 bis 1979, huet den OGBL der lëtzebuergescher Sozialgeschicht säi Stempel opgedréckt a seng historesch Spuer hannerlooss.

Dat ass keng schwéier Ierfschaft, mä dat ass eng gutt Ierfschaft.

An dës gutt Ierfschaft, Kolleginnen a Kollegen, verlaangt derno, datt et op deem Wee weidergeet.

Dofir huet am OGBL dat Wuert Kontinuitéit ëmmer eng ganz héich Bedeitung gehat. An dat soll och esou bleiwen.

Et geet ëm d’Kontinuitéit vun eise gewerkschaftlechen an demokratesche Werter.

Et geet ëm d’Kontinuitéit vun eiser gewerkschaftlecher Eenheet an eisem solidareschen Zesummenhalt.

Et geet ëm d’Kontinuitéit vun eiser programmatescher Ausriichtung a vun eiser gewerkschaftlecher Kompetenz.

Alles dat zesumme sinn a bleiwen d’Viraussetzungen dofir, datt och an Zukunft den OGBL op d’Erausfuerderungen an de Betriber an an der politischer Welt déi passend gewerkschaftlech Äentwerte fënnt.

Kontinuitéit heescht awer net konservative Stëllstand.

Eis Gewerkschaft ass eng Beweegung, an eng Bewee-gung däerf net stoe bleiwen, soss stierft se of.

A grad esou wéi d’Gesellschaft, an hir ökonomesch a sozial Verhältnisser net stoe bleiwen, muss och d’Gewerkschaftsbewegung sech ëmmer erëm den neie Bedingunge stellen a sech upassen.

Eis eege Gewerkschaftsgeschicht ass gespickt vun esou Changementer. Ass net den OGBL selwer e Kand vun esou engem noutwennege Changement gewiescht?
Och haut sti mer virun der Noutwendegkeet, eis selwer op de Préifstand ze huelen.
Dofir huet de Kongress gëschter eng Resolutioun verabschied, déi et eis zum Optraag mecht, eis op Longen an op Nieren z’ënnersichen.

Dat ass keng einfach Aufgab an dat ass och keng einfach Diskussioun.

An all deene leschte Joere sinn eis gewerkschaftlech Missioune weider gewuess a si si méi komplex ginn.

Dat gëllt esouwuel fir déi individuell Betreiung vun eise Memberen wéi och fir d’Begleedung vun eise Personaldelegatiounen.

Dat gëllt fir d’Verhandlungen an de Betriber wéi och fir d’Verhandlungen a fir Diskussiounen um politische Plang, an de staatlechen Institutiounen oder an de Gremie vun de Sozialversécherungen.

Déi modern Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologie stellen eis viru grouss an nei Erausfuerderunge bei der Diffusioun vun der gewerkschaftlecher Propaganda.
Eis Kommunikatioun no baussen ass méi wéi je vun enger enormer Bedeitung fir d’Weiderkomme vun der Gewerkschaft.

D’Generatioune vun haut fonctionnéieren net méi wéi d’Generatioune vu gëschter. An et wäert nach manner fir déi vu muer sinn.

Dat gëllt och fir eis nei Generatioune vu Memberen an eis nei Generatioune vun aktive Gewerkschaftler.

A vergiesse mer och net déi enorm Entwécklung vum Salariat hei zu Lëtzebuerg, vu senger Geographie, vu sengen Nationalitéiten a vu senge berufleche Qualifikatiounen.
Op all déi Froen an Entwécklunge musse mer déi richteg Äentwerte fannen.

Dës Diskussioun verlaangt vun eis alleguerten Opgeschlossenheet, Disziplin a vill Fangerspëtzegefill, a vun alle Säiten d’Motivatioun kreativ a sachlech nozedenken.
Falsch Rivalitéiten a falsch Nostalgie si feel un der Plaz. Zesummen am géigesäitege Respekt a mat där Kollegialitéit, déi zënter je hier eist Markenzeechen ass, wäerte mir zu de richtege Konklusioune fir den OGBL kommen. Dovu sinn ech iwwerzeecht.

An deem Sënn proposéieren ech, datt déi nei Geschäftsféierung an Zesummenaarbecht mat dem Exekutivkommittee, am Januar de Regionalverbänn, den Departementer an de Syndikater vum OGBL e konkreten Diskussiounskader, eng Aarbechtsmethod an e präzise Kalenner virschléit.

No 12 Méint mussen d’Konklusiounen um Dësch leien, fir um ausseruerdentleche Kongress am Virsummer 2016 déi statutaresch an och déi wesentlech net statutaresch Decisiounen huelen ze kënnen.

Kolleginnen a Kollegen,

2016 wäert och nach an enger anerer Hisiicht ee besonnescht Joer fir eis ginn. D’Beweegung vun de fräie Gewerkschafte wäert dann hei zu Lëtzebuerg 100 Joer al ginn.
Et sinn 100 Joer, déi alles aneschtes wéi eng riicht Linn sinn. Et goufen an der Ausernanersetzung tëscht Kapital an Aarbecht net nëmmen Zaïte vu gewerkschaftlechen Duerchbrech a sozialem Fortschrëtt, mä och Zaïte vun Nidderlagen a sozialem Réckschrëtt.

D’Geschicht vun eiser Beweegung huet eis geléiert, datt naïscht wat mer zu engem bestëmmten Zaïtpunkt erreecht an duerchgesat hunn, eis net och erëm kann ewechgeholl ginn.

Wéi aktuell dës Wourecht ass, erliewe mir haut. Vill vun eisen Errongenschaften ginn a Fro gestallt.
Déi vun eis an déi vun der internationaler Gewerkschaftsbewegung.

Déi wirtschaftlech a politesch Muecht vum Kapital, virun allem déi vu senger ausgeprägtester Form, déi vun de multinationalen an de Finanz- a Bankkonzernen, huet zënter den 80er-Joeren zu enger geféierlecher Verschiebung vun de gesellschaftleche Kräfteverhältnisser gefouert.

De politischen a wirtschaftlechen Zesummebroch vun der Sowjetunioun an den 90er-Joeren huet dës Entwécklung just nach weider beschleunegt.

Liberal Wirtschafts- a Gesellschaftstheorien domi-néieren an der Politik, an de Medien an op den Uniën.

Och den europäeschen Integratiounsprozess, d’Zesum-mewuesse vun Europa, steet zënter Joeren ënnert der Fuchtel vum wirtschaftspolitische Liberalismus.

E wirtschaftspolitische Liberalismus, deen all Spillraum ausnotzt a sech permanent nei Spillreim verschaaft fir d’Verwertungsbedingunge vum Kapital, fir d’kapitalistesch Profitbedingungen ze verbesseren.

Op Käschte vun de schaffende Leit, op Käschte vum gesellschaftleche Wuelstand fir d’Menschen an Europa.

An ech erlabe mer hei eng Parenthèse ze maachen. Eng vun engem ganz gudden, wann net deem aktuell beschte Beispill ëm wat et hei geet.

Virun e puer Joer ass et der europäescher Gewerkschaftsbewegung gelongen, déi sougenannt Bolkensteindirektiv ze blockéieren, déi zu enger kompletter Dereguléierung vun de Sozial- an Aarbechtsgesetz-gebunge gefouert hätt.

Haut heeschen d’Geforen TTIP an CETA, wat d’Ofkierzunge si fir Handels-, Wirtschafts- an Investitiounsofkommen tëscht den USA, an der EU respektiv Kanada an der EU.

congres_discours_roeltgen_5D’Verhandlunge fir den TTIP an d’Ratifizéierung vum CETA musse gestoppt ginn, well si riskéieren eis Aar-bechts-, Sozial-, Ëmwelt-, Daten- a Verbraucherschutzgesetzer z’ënnerwanderen an d’ëffentlech Déngschtleeschtungen ze dereguléieren. An ënner kengen Ëmstänn däerfen déi sougenannt aussergesetzlech Schiedsverfahren agefouert ginn, déi drop ausgeriicht sinn, d’Interesse vun de privaten Investisseuren iwwert d’souverän Politik an d’gesellschaftlech Interesse vun den eenzelne Staaten ze stellen.

Den OGBL wäert um nationale wéi um internationale Plang mam EGB alles ënnerhuelen, fir dëse weidere Schrëtt a Richtung vun enger total liberaliséierter Wirtschaft ze verhënneren.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Sozialmodeller, déi sech historesch an den europäesche Länner opgebaut hunn, ginn zënter Joeren ugegraff a Schrëtt fir Schrëtt demontéiert.

D’Privatiséierung an den Ofbau vun den ëffent-lechen Déngschleeschtungen, Sozialleeschtungen an den ëffentleche Sozialversécherungen, den Drock op d’Léin, an d’Ugrëffer op déi national Aarbechtsrechter, op d’Tarifrechter an op d’gewerkschaftlech Rechter a Fräiheeten am allgemengen sinn alles Facette vun där selwechter Medaille.

Wat huet eis déi Politik vum fräie Maart an der Deregu-léierung a Liberaliséierung vun der

Wirtschaft a vun der Finanzwelt bruecht?

Kolleginnen a Kollegen,

D’Äentwert ass eigentlech ganz einfach.

Dës Politik ass den Ausléiser an de Motor vun enger enormer Ëmverdeelungsmaschinerie vun ënnen no uewen a si ass den Ausléiser vun der schlëmmster kapitalistescher Kris zënter där vun 1929, wann ech emol vun den zwee Weltkricher ofgesinn.

Sechs Joer nom Ausbroch vun der Kris ass d’Massen-aarbechtslosegkeet op Rekordniveau. Iwwer 25 Milliounen an der EU, iwwert 18 Milliounen an der Eurozone.

A villen europäesche Länner läit d’Zukunftsperspektive vun der Jugend um Buedem.
Eng ëmmer méi grouss Schicht vu Bierger ass vu sozialer Aarmut betraff, d’Altersaarmut gräift ëmmer méi breed ëm sech.

Et wiesst d’Zuel vun de Leit, déi schlecht sozial ver-séchert sinn, d’ëffentlech Déngschtleeschtungen hu sech a ville Länner verschlechtert, d’Realléin, d’Realakommes an d’Kafkraaft sinn zréckgaangen.

Am Europa vun haut fënnt keng sozial Harmoniséierung no uewen, mä eng no ënne statt, woubäi deem no ënne scheinbar keng Grenze méi gesat sinn, wéi eis d’Beispiller vu Portugal, Spuenien, Griechenland a vun anere weisen.

Dës Politik ass Gëft fir Europa.

Fir d’Generatioune vun haut a fir d’Generatioune vu muer ass den ökonomeschen, de sozialen an den ökologesche Fortschrëtt an Europa a Fro gestallt.

Aarbechtslosegkeet, sozial Aarmut, sozial Deklasséierung an d’Angscht virum sozialen Ofstieg a virun der Perspektivlosegkeet sinn am gaange sech zu engem explosive politische Cocktail zesummenzebrauen.

Si sinn de Nährbuedem fir ganz geféierlech politesch Feelentwécklungen.

Riets nationalistesch, populistesch, friemefeindlech a rassistesch Beweegungen a Parteie si bal an allen europäesche Länner um Virmarsch.

Si sinn net nëmmen eng Gefor fir d’europäesch Kon-struktioun. Si sinn eng Gefor fir eis Demokratie.

A si verbauen de Wee fir d’Duerchsetzung vu reale politischen Alternativen fir d’Bierger vun Europa.

An dës real politisch Alternativen existéieren.

D’EU lieft net nëmme vun der Exportwirtschaft, si lieft virun allem vun hirem eegene Bannemaart.

Nei wirtschaftlech Rezessiounen oder e Stagnéieren vun der Wirtschaft kënnen nëmmen duerch d’Stäerkung vum europäesche Bannemaart verhënnert ginn.

Dofir brauche mer eng zolidd Nofro. Dofir brauche mer fir d’Haushalter d’Erhuelung an d’Verbesserung vun hirer Kafkraaft a mir brauche breet ëffentlech Investitiouns-programmer.

Well d’Betriber wäerten nëmmen dann investéieren an nei Aarbechtsplaze schafen, wann se ën Unzéien op der Säit vun der Nofro erwaarde kënnen.

Zënter längerem fuerdert den EGB en europäeschen ëffentlechen Investitiounsprogramm an der Héicht vu mindestens 250 Milliarden Euro fir Zukunftstinvestitiounen durchzeféieren an nei Aarbechtsplazen ze schafen.

Déi nei Bréisseler Kommissioun huet elo en Investitiounsprogramm vun 350 Milliarden Euro ugekënnegt. Et ass awer keen Investitiounsprogramm, deen iwwert ëffentlech Gelder finanzéiert soll ginn, mä iwwert 300 Milliarde solle vu Privatinvestisseure kommen.

Ëffentlech Gelder an der Héicht vun iwwert 20 Milliarde solle prett gestallt ginn, fir de Privatinvestisseuren de Profit ofzesécheren.

All Virsiicht ass also ugesot, a virun all iwwerzunnenem Optimismus muss gewarnt ginn.
An d’europäesch Gewerkschaftsbewegung muss hir Fuerderung fir massiv ëffentlech Investitiounsprogrammer weider ganz héich halen.

Et gëtt also just ee Wee fir aus der Kris erauszekommen.

D’Regierungen aus Europa mussen Ofstand huele vun der Fortsetzung vun der Austeritéit a vum falsche Spueren.

A si mussen déi europäesch Traitéen ofänneren, déi à la base vun dëser falscher Politik sinn. D’Austeriéits- an Spuerpolitike bauen déi ëffentlech Schold net of, mä si verdéiwen se weider. Déi Traitéë mussen opgelockert ginn, well hier Haushaltspolitesch Richtlinnen de Staaten net méi déi noutwendeg Handlungsspillreim loossen, fir géint d’Witschaftrezessioun virzegoën.

A wann net méi gerecht an eiser Gesellschaft verdeelt gëtt, da wäerten déi Krisenentwécklungen, wéi mer se haut erliewen, zu engem Dauerzoustand ginn.

An déi desastréis sozial a politisch Konsequenze wäerte sech weider verdéiwen.

D’Lounquote ass zënter Joerzéngten um Falen, d’Akommen op der Kapitalsäit wiisst méi schnell wéi d’Akommen op der Säit vun der Aarbecht.

An d’Verméige wuessen iwwert de Wee vun Zënsen, Dividenden a Spekulatioune méi schnell wéi d’Wirtschaft a wéi d‘Léin.

D’Schieflag bei der Verdeelung vum gesellschaftleche Räichtum huet haut enorm Ausmoossen ugeholl, d’Ongläichheet an den Industrielänner ass op engem historeschen Héchststand ukomm, dee mat deem um Enn vum 19. Joerhonnert vergläichbar ass.

Déi britesch Hëllefsorganisatioun Oxfam huet fest-gestallt, datt zënter dem Krisenausbroch am Joer 2008 sech d’Zuel vun de Milliardäre weltwäit méi wéi verduebelt huet an datt d’Verméige vun den 85 räichste Menschen op der Welt all Dag ëm 668 Milliounen Dollar wiisst.

Eng aner Etude mam Numm „Wealth Report Europe” mengt ze wëssen, datt déi 10% räichst Haushalter vun Europa iwwertd’Halschent vum Verméigen an Europa besëtzen. A schlëmmer nach: Den ieweschte Prozent vun de Räichen an Europa géif 27% vun dem gesamten Nettoverméigen an Europa besëtzen.

Hiert Verméige wiisst an éischter Linn iwwert de Wee vun de Finanzmäert. Et gëtt ëmmer manner an d’Realwirtschaft investéiert, déi opgrond vun där Entwécklung ëmmer méi dem Schwund vun der Nofro ausgesat ass.

D’Politik huet d’Verantwortung fir dësen dramateschen Ëmverdeelungsprozess. Schrëtt fir Schrëtt sinn d’Steiersystemer am Interesse vun de Räichen ëmgebaut ginn, d’Sozialstaate no ënne revidéiert an den Drock op d’Léin an op d’Lounsystemer eropgesat ginn.

Steierprivilegien fir déi Räich, d’Erofsetze vun der Betribsbesteierung a vun der Besteierung vun de Verméigens- a Kapitalerträg an net zulescht d’Dereguléierung vum Steierwiesen entzéien de Staaten op eng massiv Manéier d’Mëttele, fir hir Sozialsystemer, hir staatlech Sozialleeschtungen an hir ëffentlechsolidaresch Sozialversécherungen ze finanzéieren.

D’Konsequenz dovun ass net nëmmen den Ofbau vum Sozialstaat, mä och déi ëmmer méi staark Verlagerung vun dem Finanzement vum Sozialstaat op d’Schëllere vum Salariat.
Nieft dem Eropgoë vun den direkte Steieren, déi virun allem d’Mëttelschichten treffen, sinn et déi sozial ongerecht indirekt Steieren oder Taxen, déi ëmmer méi d’Lächer bei de staatleche Steierrecette stoppe mussen.

No dem Joer 2008 huet sech déi Situatioun duerch d’Bankerettung iwwert ëffentlech Gelder weider verschäerft.

Welch dramatesch Ausmoossen d’Ongläichheet bei der Verdeelung mëttlerweil erreecht huet, hu mer virun engem Mount virdémonstréiert kritt, wéi Lëtzebuerg ënnert dem Stéchwuert Luxleaks bedauerlecherweis zur Zilscheif vun den auslännesche Medie ginn ass.

Dobäi ass et vëlleg zweetrangeg op et Lëtzebuerg oder ob et aner Länner sinn, déi de geographesche Punkt hierginn, wou Konzerner a Kapitalbesëtzer zu honnerten, jo dausenden fiskalesch Konstruktiounen opbaue kënnen, déi et hinnen erméiglechen de facto keng Steiere méi bezuelen ze mussen.

Virrangeg ass de Skandal, datt et am internationalen Zesummenhang zu engem fiskaleschen Wildwuchs a Laissez-faire komm ass, deen et iwwerhaapt méiglech mécht, datt honnerte Milliarden, wann net Billiounen Euroen Joer fir Joer den ëffentleche Finanzen an domat de Bevölkerunge virenthale ginn.

D’EU-Kommissioun schätzt de Verloscht op méi wéi 1000 Milliarden Euro, déi duerch Legalsteiervermeidung a Steierhannerzéiung Joer fir Joer den europäesche Länner an hiere Bevölkerungen duerch Lappe ginn. Dat méi ass méi Geld wéi de Rettungsschierm aus der Eurozone u Kapital bereedhält.

Wann et also haut ee Message un d’Politik gëtt, dann deen, datt et an der Verdeelungsfro zu enger grondsätzlecher Richtungsännerung komme muss. D’Verdeelungsschéier déi opgemaach ginn ass, muss zougemaach ginn.

Duerfir mussen Steierflucht a Steieringenerie, déi et erméiglechen, datt déi Räich op der Welt Billiounen u Steieren aspueren, international geächt an duerch international Gesetzer bekämpft ginn.

congres_discours_roeltgen_4Um europäesche Plang muss et zu enger steierpolitescher Richtungsännerung kommen. Statt ëmmer méi d’Haushalter mat direkte Steieren ze belaaschten, mussen d’Betribs-, d’Kapital- an d’Verméigenssteieren an déi vun den héijen Akommen erhéicht ginn. D’Finanztransaktiounssteier gehéiert dozou.

D’Lëtzebuerger Regierung huet am d’Zesummenhang mat der Luxleaksgeschicht der Welt matgedeelt, datt si fir Steiergerechtegkeet ass.

Den OGBL hëllt se um nationale Plang beim Wuert a fuerdert méi Steiergerechtegkeet hei zu Lëtzebuerg. An d’Fro vun der Steiergerechtegkeet muss ganz an net nëmmen hallef gestallt ginn.

Se ganz stellen heescht, datt an der kommender Steierreform d’Verméigensbesteierung, d’Besteierung vun de Kapitalerträg, d’Besteierung vun de Betribsgewënner an d’Besteierung vun den héijen Akommen een zentrale Punkt vun der Diskussioun musse ginn.

Mat enger klenger Kosmetik beim sougenannte Mëttelstandsbockel gi mir eis net zefridden. Et muss ins-gesamt méi Steiergerechtegkeet hiergestallt ginn an et musse gläichzäiteg déi néideg Finanzmëttele fir eise Staat mobiliséiert ginn.

Well mir brauchen ee finanzstaarke Staat fir eise Sozialstaat a fir eis Zukunftsinvestitiounen an d’Ausbildung, an d’Gesondheetswiesen, an d’Transportwiesen, an d’Kommunikatiouns- an Informatiounsstrukturen, an de Logement a virun allem an de soziale Wunnéngsbau, a modern ëffentlech Déngschtleeschtungen, an d’Recherche an an d’Innovatioun. A mir brauchen ee finanzstaarke Staat, fir an der Wirtschaft an an der Gesellschaft den ökologeschen Ëmbau, deen noutwenneg ass, virzehuelen.

Kolleginnen a Kollegen,

Den Accord, dee mir virun enger Woch mat der Regierung ausgehandelt hunn an dee gëschter Owend vun eisem neien Nationalvirstand guttgeheescht ginn ass, ass keen Accord, dee bei eis Euphorie ausléist.

Eis staark gewerkschaftlech Oppositioun huet et fäerdegbruecht, datt zwou Wochen virun den Debatten am Parlament an der Ofstëmmung vun de Budgetsgesetzer de geplangten Zukunftspak a senge sozial ongerechte Konsequenzen ofgeschwächt an ofgefiedert ginn ass.

Méi net. Awer och net manner.

Virun dem Hannergronn vun all deem wat d’Regierung initial geplangt hat, léist sech eist Resultat weisen. An dat loosse mer eis och vu kengem schlechtrieden.
Op där anerer Säit däerfe mer eis net der Illusioun hierginn, datt mer eng politisch Richtungsännerung erreecht hätten.

Déi Gesetzer, déi elo am Parlament ofgestëmmt wäerte ginn, féiren hei zu Lëtzebuerg net zu méi Verdeelungs-gerechtegkeet an och net zu méi Steiergerechtegkeet.
Den OGBL huet keen Accord mat der Regierung ënnerschriwwen, an deem steet, datt den OGBL der Regierung hir Usiichten iwwert den Zoustand vun den ëffentleche Finanzen deelt.

An en huet och net mat der Regierung en Accord ënnerschriwwen, deen hier Spuerpolitik vun den 258 Mesüre guttheescht. Datt dat emol kloer ass, Kolleginnen a Kollegen.

Mir hunn awer ee Kompromiss fonnt, deen a sengen Auswierkunge positiv fir eis Memberen ass an deen der Fortsetzung vum schwéiere Sozialkonflikt mat der Regierung en Enn gesat huet.

An der Ausernanersetzung iwwert déi sougenannte „Contribution dans l’intérêt de l’enfance“ vun 0,5% huet d’Regierung op engem ganz wichtege Punkt missten noginn: et gëtt keen neie Finanzéierungssystem vun de staatleche Sozialleeschtungen iwwert eng nei Kontributioun agefouert, déi sech ausserhalb dem normale Steiersystem beweegt hätt.

Wa mir eis do net duerchgesat hätten, da wäre mer op engem Wee gewiescht, wou an Zukunft en ëmmer méi groussen Deel vun de Familieleeschtungen iwwert esou eng nei sozial ongerecht Kontributioun finanzéiert gi wier. Bei den 0,5% wär et an Zukunft net bliwwen. Irgendwann sinn et der 0,8%, dann 1,2%, 1,5% asw..Dat wësse mer alleguerten.
Den zweete wichtegen Verhandlungserfolleg an där Saach ass, datt d’Steier vun 0,5% bis zu engem ganze Mindestloun immuniséiert gëtt, wat bedeit, datt et finalement keng 0,5%-Steier méi ass. De Mindestlounbe-zéier bleift steierfräi, bei zweemol dem Mindestloun läit se bei 0,25%, bei dräimol dem Mindestloun bei 0,33%, bei véiermol dem Mindestloun bei 0,38%. A ganz wichteg ass och, datt déi nei Steier just eng Liewesdauer vun 2 Joer huet, bis zur Akraaftsetzung vun der Steierreform um 1. Januar 2017.

Doduerch, datt d’TVA-Erhéijung iwwert den Index zum groussen Deel kompenséiert gëtt, gëtt den negativen Impakt op eis Kafkraaft zwar net ganz éliminéiert, mä awer niddreg gehalen.

D’Diskussioun iwwert déi kommend Steierreform wäert zum absolute Gradmiesser ginn, ob am kommende Joer de Sozialdialog mat der Regierung op der gudder Schinn bleift.
D’Regierung huet sech elo engagéiert, d’Steierreform an all den Etappe vun hirer Virbereedung mat der Gewerkschaftssäit ze diskutéieren. Dat ass wichtig, well et war ze fäerten, datt déi kapital- a räichefrëndlech Consultingfirmen PWC, Ernst & Young, KPMG an Deloitte bei der Steierreform dat grousst Soe géife kréien.

Kolleginnen a Kollegen,

De Sozialstaat, an dozou gehéieren och déi ëffentlech Sozialversécherungssystemer, ass fir d’Salariat a seng Gewerkschaften dat wichtegst wat et niewend dem Loun a sengen Aarbechtsbedengungen ze verdeedegen huet.

Déi europäesch Sozialstaaten a Sozialsystemer konnte sech joerzingtelaang nom zweete Weltkrich nëmmen opbauen, well d’Politik, ënnert dem Drock vun der gewerkschaftlecher a politescher Beweegung vum Salariat, iwwert fortschrëttlech Steier- a Kotisatiouns-regimer, d’Viraussetzung dofir geschafen huet.

Wa mer haut als OGBL esou vill Wäert op d’Verdeelungsfro leeën, da virun allem aus deem Grond, well mir wëllen, datt sech eise Sozialstaat no vir an net no hannen entwéckelt.

Ob um europäesche Plang oder ob hei zu Lëtzebuerg, den OGBL wäert sech wéi dat an der Vergaangenheet de Fall wor konsequent géint all Ofbau beim Sozialstaat oder bei de Sozialversécherunge widersetzen.

Onofhängeg vun deem, deen an der Regierung sëtzt, all Politik déi sech géint de Sozialstaat riicht, wäert vum OGBL bekämpft ginn.

D’Zukunft ass de fortschrëttleche Sozialstaat a sinn intakt ëffentlech Sozialversécherungen. Fir eis a fir eis Kanner.

Dat wat haut ofgebaut gëtt, wäert muer fir eis Kanner a fir kommend Generatiounen net méi do sinn.

Den OGBL ass net géint eng Moderniséierung vum Sozialstaat. Natiirlech muss och de Sozialstaat sech un nei gesellschaftlech Entwécklungen a Bedürfnisser upassen. Soss gëtt e senger Aufgab net méi gerecht.

Mee déi Moderniséierung muss ee fortschrëttleche Charakter hunn. Si muss dem Salariat a senge Familljen e Méi statt e Manner u Liewensqualitéit bidden.

An dësem Sënn wor et net verwonnerlech, datt den OGBL de familljepoliteschen Deel vum Zukunftspak stark kritiséiert huet. Zënter Joere stelle mer d’Fuerderung, datt endlech den ongebremste Verloscht vum Wäert vun de Sozialleeschtunge fir d’Famill ofgestoppt gëtt.
Viru 17 Joer ass de Congé parental agefouert ginn.

Séng Aféierung wor ee ganz wichtege Schrëtt fir eng besser Harmoniséierung vum Liewe mat der Aarbecht.

Mee firwat ass zënter 17 Joer d’Indemnitéit vum Congé parental net méi un d’Akommesentwécklung, an zënter 2006, net méi un d’Präisentwecklung ugepasst ginn?
Ass dat den Ausdrock vun enger fortschrëttlecher Familljepolitik, wann de Congé parental haut bei weitem net méi dat wäert ass, wat e bei senger Aféierung am Joer 1997 wor? Déi selwecht Remarque gëllt fir d’Kannergeld.

A wor de Kannerbonus net agefouert ginn, fir den akommesschwaachen Haushalter weiderzehëllefen? Firwat verléiert och de Kannerbonus zënter senger Aféierung am Joer 2008 stänneg u Wäert?

Déi nei Regierung wollt dëse Kurs vun den Virgänger-regierungen weiderféieren.
Nodeem am Oktober de sougenannten Zukunftspak publik gouf, huet den OGBL direkt kloer Positioun bezunn a gesot, datt hien net domat liewe kéint, wann op der enger Säit Milliounen Euro duerch d’Ofschafe vun der Allocation d’éducation an der Allocation de maternité agespuert géife ginn, ouni datt op der anerer Säit eng Upassung vum Congé parental, vum Kannergeld an vum Kannerbonus virgesi wär.

An och hei ass ëppes Wesentleches de leschte Freide passéiert.

Am Ofkommes mat der Regierung ass nämlech éischtens festgehale ginn, datt d’Indemnitéit vum Congé parental ëm ronn 8% eropgesat gëtt, nämlech op de Montant vum gesetzleche Mindestloun.

An zweetens, datt an Zukunft de Congé parental wéi de gesetzleche Mindestloun ugepasst wäert ginn. Mat anere Wierder: d’Indexéierung vum Congé parental ass erëm do, a wat nei ass, e gëtt doriwwereraus un déi allgemeng Loun- an Akommesentwécklung gekoppelt.
An och fir de Rescht vun de Familljenzoulage wäert fir d’Zukunft en Upassungsmechanismus agefouert ginn, dee verhënnere soll, datt si sech am Verhältnis zu der Entwécklung vun de Léin, ëmmer erëm entwäerten.

Kolleginnen a Kollegen,

Bei der Sich no leschte grousse soziale Fortschrëtter stéisst een op d’Pflegeversécherung, déi viru 15 Joer agefouert gouf.

Mir erënneren eis nach ganz gutt un déi ganz konfliktoresch Ausernanersetzung, déi mer als OGBL géint déi deemoleg Regierung hu misste féieren, eng Regirung déi deemols fir Lëtzebuerg, déi schlecht däitsch Pflegeversécherung kopéiere wollt.

Mär hunn e grousse Mérite drun, datt dat verhënnert konnt ginn, an datt d’Pflegeversécherung dat ass wat se haut ass.

An datt et eis deemols gelongen ass, am Sozial- a Pflegesekteur, de groussen allgemeinggültege Kollektivvertrag SAS duerchzesetzen.

Dee Kollektivvertrag huet d‘Ofrutsche vum Pflege- a Sozialsekteur an de private Kommerz verhënnert, an huet duerch d’Ofséchere vun de Loun- an Arbechtsbedingunge ganz vill fir d’Entwécklung vun der Qualitéit an der qualifiziéierter Aarbecht an dësem Beräich bäigedroen.

Wéi elo am Oktober d’Regierung ugekënnegt huet, datt si bis 2018 ronn 100 Milliounen Euro bei der Pflege-versécherung aspuere wëllt, wore mer ganz alarméiert.

D’Warnung, déi mir un d’Regierung geriicht hunn, wor méi wéi nëmmen däitlech. A si huet weiderhi Bestand. Den OGBL ass prett fir all konstruktiv Diskussioun, déi de Modell verbessert. Mä en ass och prett, fir d’Verséchert an d’Personal ze mobiliséieren, géint all Form vun Ofbau bei der Pflegeversécherung.

Den OGBL wäert keng Reform akzeptéieren, déi zu Leeschtungsverschlechterunge féiert,
–    hie wäert kee Modell akzeptéieren, dee finanziell Eegepartizipatioune fir de Pflegebedürftegen aféiert,
–    hie wäert net akzeptéieren, datt de Staat seng eege proportional Partizipatioun vu 40% un den Dépensen erofsetzt,
–    hie wäert keng Verschlechterung bei de berufleche Qualifikatiounen zouloossen
–    an hie wäert keng Reform akzeptéieren, déi op déi eng oder op déi aner Manéier de Kollektivvertrag vum Personal a Fro stellt.

A wat fir d’Pflegeversécherung gëllt, gëllt och fir d’Krankeversécherung, wou den OGBL net vergiess huet, datt 2011 d’Eegepartizipatioune vun de Versécherten an d’Luucht gaange sinn.

Am Ofkommes vum leschte Freiden huet d‘Regierung sech offiziell engagéiert, all déi genannte Fuerderungen a rout Linne vum OGBL ze respektéieren. Dat ass net nëmmen ee Wuert, dat ass elo ee geschriwwenen an ënnerschriwwenen Text.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Pensiounsreform vun 2013 ass alles aneschtes wéi verdaut. Si wor déi lëtzebuergesch Versioun vun de Bréisseler Attacken op déi ëffentlech Pensiouns-systemer.

Eis belsch Gewerkschaftskollegen sinn an dësen Deeg am gaangen géint hir nei Regierung ze streiken, déi elo den ëffentleche Pensiounssystem verschlechtere wëll.
Ech wëll hinnen haut vun eis aus all eis Solidaritéit ausschwätzen.

congres_discours_roeltgen_3Hire gewerkschaftleche Kampf ass eise gewerkschaftleche Kampf géint d’Verschlechterung vun de Pen-siounsrechter a vun de Pensiounsleeschtungen.

A mär sollen eis kengen Illusiounen higinn: well déi ëffentlech-solidaresch Pensiounssystemer ee vun de wichtegsten Piliere vum Sozialstaat sinn, well se eng vun de wichtegsten Errongenschafte vum Salariat sinn, a well se opgrond vun hirem finanziellen Impakt am Mëttelpunkt vun der Ëmverdeelungsfro stinn, wäerten och hei zu Lëtzebuerg, wéi an denen aneren europäesche Länner, d’Attacken géint eis Pensiounssystemer weidergoen.

Vun der Politik a vum Patronat.

Et ass eng enorm Aufgab fir den OGBL wéi fir den EGB déi ëffentlech Pensiounssystemer mat aller néideger Konsequenz ze verteidegen.

Fir d’Salariat si privatkommerziell Versécherungen keng Alternativ, si schafe sozial Ongläichheet, leeën d’Finanzlaascht ausschliesslech op d’Schëllere vum eenzelne Versécherten a garantéiere bei wäitem net de Leeschtungsniveau, wéi dee vun den ëffentlech-solidarischen Pensiounssystemer.

Et muss och am Zesummenhang mat der Pensiounsfro zu engem politische Richtungswiessel kommen, souwuel um europäesche Plang wéi och hei am Land.
D’Pensioun ass do, fir no engem laangen Aarbechtsliewen e gutt Liewen ze garantéieren, an dat esou laang, wéi mer et fir jiddereen hoffen, wéi nëmme méiglech.

Den Antrëtt an d’Pensioun däerf net synomym si mat mat enger Verschlechterung vun der materieller Existenzbasis.

Haut net, a muer net.

Dofir muss d’finanziell Verpflichtung vum Staat a vun de Betriber géigeniwwert dem ëffentlech-solidaresche Pensiounssystem intakt bleiwen.

Kolleginnen a Kollegen,

Ee vun dene schlëmmste sozialen Déifschléi, déi et fir e Mënsch am Liewe gëtt, ass de Chômage, zemools dee wou ee lang dran hänke bleift oder deen, wou ee guer net méi erauskënnt.

Zënter 2006 ass zu Lëtzebuerg de Chômage vun 4,2% op 7,2% eropgaangen.
30% vun den Demandeurs d’emploi woren am Joer 2006 méi wéi ee Joer am Chômage. Haut sinn et der 45%.
D’Laangzäitaarbechtslosegkeet huet drastesch zou-geholl a vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet si virun allem Mënschen iwwert 45 Joer betraff.
De Kampf géint d’Aarbechtslosegkeet am Alter muss vill méi wéi et bis elo de Fall ass an de Virdergrond vun der politescher Aktioun réckelen.
Sozialen Ofstieg am Alter an Aarmut am Alter sinn an engem vun de räichste Länner vun der Welt ee gesellschaftleche Skandal, dee gestoppt muss ginn.
Op Säite vun der Politik a vum Patronat kenne mer der vill, déi ganz schnell do sinn fir d’Eropsetze vum Pen-siounsantrëttsalter ze fuerderen.
Si ducken sech awer ganz schnell, wann et drëms geet, Bedingungen ze schafen, fir datt manner Leit fréi-zäiteg, laang virum normale Pensiounsalter hir Aar-becht verléieren an definitiv aus dem Aarbechtsliewen ausscheeden.
Mir wëssen, datt et net nëmmen eng Uersaach, mä datt et der vill sinn, firwat Aarbechtskolleginnen a -kollegen an esou eng Situatioun kommen.
Dofir muss d’politesch Äentwert och eng sinn, déi eng breet Palette vu Géigemoossnamen an d’Weeër leet.
Wann ee wëll, datt eeler Aarbechtskollegen net esou einfach aus dem Aarbechtsprozess erausgedrängt kënne ginn, da muss een hiren Aarbechtskontrakt stäerken.
Zënter laangem ass eng Reform vun der Entloossung aus wirtschaftleche Grënn fälleg. Déi aktuell Gesetz-gebung mecht et dem Patronat vill zevill einfach, fir Leit aus dem Arbechtsprozess erauszedrängen.
Zënter laangem ass eng Reform iwwert d’Sozialpläng an iwwert déi sougenannte Plans de maintien dans l’emploi noutwendeg.
Zënter laangem fuerdere mer e bessere Schutz vun der Gesondheet an der Sécherheet op der Aarbechtsplaz duerch eng Reform vun der Aarbechtsmedizin.
De Gesetzesvirschlag iwwert d’„gestion des âges“ muss a muncher Hisiicht positiv iwwerschafft ginn.
Dat selwecht gëllt fir de Gesetzesvirschlag iwwert de Reclassement.
A schlussendlech muss och d’beruflech Fort- a Weiderbildung während dem Aarbechtsliewen op de Préifstand kommen.
Si muss vill méi wéi bis elo dem Objektiv vun der mëttel- bis laangfristeger beruflecher a sozialer Perspektiv vum eenzelnen Salarié dingen.
Ech si frou, datt mir eis als OGBL mat eiser Oppositioun géint eng Partie aarbechtsmaartpolitesch Mesuren, déi am Zukunftspak vun der Regierung stungen, duerchgesat hunn.
Éischtens kënnt et elo net dozou, datt déi temporär Mesuren, déi am Zesummenhang mat dem Chômage partiel an der Indemnisatioun vun de Chômeuren am Joer 2010 agefouert ginn, auslafen. Si kommen eréischt an d’Diskussioun, wa sech d’Situatioun wesentlech zu engem Bessere geännert huet.
Zweetens bleift dat wichtegt Instrument vun der Aide-au-réemploi wäitgehend intakt.
An drëttens gesäit d’Ofkommes mat der Regierung vir, datt endlech dem OGBL seng Iddi vun der Aféierung vun engem allgemenge Recht op Deelzäitaarbecht bei gläichzäiteger Deelzäitrent gesetzlech agefouert soll ginn.
An datt och d’Recht op eng virgezunne Rent bei Schichtaarbecht fortschrëttlech reforméiert an inhaltlech ausgebaut soll ginn.
Déi zwee lescht Punkte si ganz wichteg Elementer vun eisem Bestriewen, wéi een d’Iwwergäng vum Berufs- an d’Pensiounsliewe méi positiv gestalte kann.
Net manner wichteg ass d’Bekämpfung vun der Jugendaarbechtslosegkeet, och wann déi absolut Zuel vu jugendlechen Aarbechtslosen net zënter 2006 an d’Luucht gaangen ass.
Dat heescht awer net, datt se eis als OGBL net beschäftege soll. Au contraire.
Wann an engem Land an dene leschte 15 Joer +46% zousätzlech Aarbechtsplaze geschaf gi sinn, wann zënter dem Krisenausbroch 2008 all Joer e Plus vun 2,38% méi un Aarbechtsplazen bäikomm sinn, dann hu mir ee ganz eeschte Problem, wann dausende vun eise Jugendlechen d’Aarbechtslosegkeet kenneléieren.
Mir wëssen, datt vill vun hinnen, aus zum Deel ganz grondverschiddenen Uersaache, grouss Lücken bei der Ausbildung an der beruflecher Qualifizéierung hunn, déi hinnen et ganz schwéier maachen, um Aarbechtsmaart weiderzekommen.
Et gëtt keng Alternativ zu enger Politik, déi an d’Ausbildung an an d’beruflech Formatioun investéiert, wou et och wichteg ass, datt et niewend de
Regelausbildungen eng ganz Rei vun zousätzleche
Filièren a Säitenastieg gefördert ginn, wéi beispillsweis d’Formation des adultes, d’École de la deuxième chance oder och de System vun der Validation des acquis de l’expérience.
Nëmmen esou kann een d’Perspektiv vun de Jugendleche verbesseren.
Mä mir sollen eis näischt virmaachen: prinzipiell ass de Problem just dann ze léisen, wann an Europa den Austeritéitspolitiken an domat de falsche Wirtschaftspolitiken een Enn gesat gëtt.
Nëmmen esou kann d’Massenaarbechtslosegkeet, déi op engem ganz trauregen historeschen Héichpunkt steet, erëm ofgebaut ginn.
Dat ass och fir Lëtzebuerg wichteg, well de lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart ass scho laang keen nationalen Aarbechtsmaart méi, mä ee vun der Groussregioun, eng Groussregioun, déi bekanntlech staark vun der Aar-bechtslosegkeet betraff ass.
Net nëmmen de Chômage hëllt hei zu Lëtzebuerg zou, mä och den Aarmutsrisiko, dee mëttlerweil bei 16% vun eiser Bevölkerung läit.
Ouni d’Sozialleeschtunge wären et 29% also bal een Drëttel vun eiser Bevölkerung.
A wann ee geduecht hätt, datt et zu Lëtzebuerg net déi sougenannte „working poor“ géif ginn, och dee muss sech beléieren loossen: 11% vun de Leit, déi schaffen sinn am Fall vun der Aarmut, dat sinn 2 Prozentpunkte méi wéi et der an der Eurozone sinn.
D’Politik schwätzt vill vum Problem vun der Jugendaar-bechtslosegkeet. Dat ass och richteg esou.
Mä et gëtt vill manner dovu geschwat, datt eng ëmmer méi grouss Schicht vu Jugendleche Problemer huet, sech eng zolidd a stabil beruflech a sozial Perspektiv obzebauen.
Ech brauch nëmmen déi curriculum vitae unzekucken, déi mir an den OGBL als spontan Bewerbungen oder als Bewerbungen erakréien, wa mir emol eng Plaz ausschreiwen.
Et ass erschreckend ze gesinn, wéi vill vun deene Jugendleche bis an den Alter vun iwwer 30 beruflech Parcours’en hunn, déi eng Uneneereihung vun CDDën, also zäitlech befrist Aarbechtsverträg sinn.
Datt hire Lounniveau deementspriechend niddreg bleift a kaum progresséiert, versteet sech vum selwen.
Datt een iwwert de CDD an en CDI, also en normalen Aarbechtsvertrag erakënnt, bleift fir dës Jugendlecher eng laang Zäit e Wonschdenken.
Hier legitim Erwaardung sech en onofhängegt Liewen a Familljenliewen opbauen ze kënnen, gëtt, obwuel se am Aarbechtsprozess sinn, schwéier hypothéquéiert.
Dat ass och ee vun de Grënn firwat den OGBL sech widderhuelt dogéint ausgeschwat huet, datt d’Gesetz iwwert den Arbechtskontrakt weider opgeweecht gëtt. An et ass och endlech Zäit, datt e Gesetz iwwert déi sou-
genannte Stages en entreprises entsteet, dat déi Jugendlech protégéiert a sozial ofséchert.
Kolleginnen a Kollegen,
Eist gewerkschaftlecht Antriede fir méi sozial Gerechtegkeet iwwert de Wee vun engem staarke Sozialstaat däerf eis awer net vergiesse loossen, datt dem Salariat säi wichtegst Mëttel fir seng materiell Existenz ofzesécheren, de Verkaf vu senger Aarbecht ass.
D’Verhandlung vum Loun wor, ass a wäert eis zentral gewerkschaftlech Aufgab bleiwen.
D’Gewerkschaft ass jo den organisatoreschen an de materiellen Ausdrock vum Bewosstsäin vum Salariat, datt et sech zesummeschléissen a kollektiv handle muss, fir de beschte Präis fir seng Aarbecht erausschloen ze kënnen.
Déi kollektiv Verhandlung ass a bleift der individueller Verhandlung iwwerleeën.
Mat senge Virgängerorganisatioune kann den OGBL op eng mëttlerweil bal joerhonnertal tarifpolitesch Geschicht zréckblécken.
congres_discours_roeltgen_6Et ass eng Geschicht mat Ecken a mat Kanten, mat Héichten, mä och mat Déiften.
Dobäi ass et net just ëm déi direkt Lounverhandlung gaangen, mä virun allem och ëm d’Unerkennung vun de gewerkschaftleche Verhandlungsrechter an der Tarif-autonomie.
A grad wéi an deenen anere Länner huet sech och hei zu Lëtzebuerg iwwert all déi Zäit e besonneschen nationale System vun der Lounverhandlung an der Loungestaltung erausgebild.
Et sinn am wesentlechen dräi Gesetzer, déi an hirem Zesummespill a géigesäiteger Ofhängegekeet de lëtzebuerger Modell ausmaachen. Et sinn d’Indexgesetz, de gesetzleche Mindestloun an d’Kollektivvertragsgesetz.
Dëse Modell huet dee ganz grousse Verdéngscht, datt hien joerzingtelaang den Haaptgarant fir de soziale Fridde wor, eng dezentral Kollektivvertragspolitik er-
méiglecht huet an esou, ganz vill zur Attraktivitéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg bäigedroen huet.
Den OGBL ass der Meenung, datt et ganz vill Sënn mecht, dëse Modell weider zeféieren.
E muss allerdings och feststellen, datt zënter dem Joer 2004 vu säite vum Patronat a vu säite vun der Politik d’Ugrëffer op dëse Modell zougeholl hunn.
Et si vill Schierbele geschloe ginn.
An et si vill Grief an de soziale Relatiounen opgaangen.
D’Patronat huet eng aggressiv Strategie ageschloen, fir d’Léin hei zu Lëtzebuerg no ënnen ze revidéieren.
Fir d’UEL ass ee Mëttel fir dat z’erreechen, dat Schrëtt fir Schrëtt Futtischloe vum Lëtzebuerger Lounmodell. D’Liquidatioun vum Indexsystem steet ganz uewen op der Wonschlëscht vum Patronat an et heefe sech och d’Attacken op de gesetzleche Mindestloun.
D’Patronat ass domat en Phase mat der salariatsfeindlecher Lounpolitik vun der europäescher Kommissioun, déi zënter Joere probéiert, Drock op Lëtzebuerg géint eisen Indexsystem ze maachen.
An d’Ugrëff op de gesetzleche Mindestloun kann een all Joer bei de sougenannte Virschléi vun der OECD fir Lëtzebuerg noliesen.
Déi zwou lescht Regierungen hun ënnert dem Impuls vum deemolege Premierminister probéiert, den Index strukturell, also definitiv ze verschlechteren.
Dat ganzt Land weess, datt et hinnen och gelonge wär, wann net den OGBL duerch seng Oppositioun, deem e Strech duerch d’Rechnung gemaach hätt.
Dat huet net verhënnert, datt et zu temporäre Manipulatioune beim Erfall vun den Indextranche komm ass, déi allesamt, an dat sief nach eng Kéier gesot, iwwerflësseg woren an d’Kafkraaft vun den Haushalter an domat och d’Wirtschaftentwécklung onnéideg belaascht hunn.
Kolleginnen a Kollegen,
Déi nei Regierung huet am Virsummer e richtegen a wichtege Schrëtt gemaach, fir e bësse Loft aus der Klima-
vergëftung ze huelen, déi zënter Joeren d’Loundiskussioun hei am Land an domat d’sozial Relatiounen schwéier belaascht.
D’Regierung huet ee Kompromissvirschlag gemaach. Vun 2015 u soll den normalen Indexsystem, dat normalt Gesetz, erëm spillen.
Esou laang wéi d’Inflatioun am Duerchschnëtt bis 2018 2,5% pro Joer net iwwersteigt, soll et zu kenge Manipulatioune méi kommen.
Den OGBL huet dee Kompromissvirschlag ugeholl, d’Patronat huet et net gemaach.
Den OGBL begréisst, datt d’Regierung hir Propositioun zu hirer Décisioun gemaach huet.
Höchst bedauerlech ass awer d’negativ Haltung vum Patronat, dat domat seng Absicht vun der Zerstéckelung an domat vun der Zerstéierung vun eisem Lounsystem ënnerstrach huet.
Index, Mindestloun an d’Kollektivverträg sinn den Triple AAA vum lëtzebuergesche Lounmodell. Den OGBL wäert all Ugrëff op eise Modell mat aller Konsequenz bekämpfen.
Mä fir de Modell erfollegräich verdeedegen ze kënnen, musse mer eis tarifpolitesch Stäerkt an Handlungs-fähegkeet ausbauen.
Mir däerfen, wat den Index ubelaangt, net an en Dornröscheschlof verfalen, well soss gi mer spéitstens dann, wann d’Inflatioun erëm an normalt Fuerwaasser kënnt, schlecht iwwerrascht.
Dat selwecht gëllt fir de gesetzleche Mindestloun.
Datt et elo bäim Mindestloun den 1. Januar 2015 just zu enger Upassung vun 0,1 % kënnt, ass drop ze féieren, dass d’Léin an d’Akommes 2012 an 2013 sech méi staark entwéckelt hunn. Mä och wann et just 0,1% ass, ass et wichteg, datt elo déi Miniupassung geschitt, well et stützt d’Kontinuitéit vun de regelméissegen Upassungen all zwee Joer.
Um Plang vun de Kollektivverträg musse mer eis Tarifpolitik ënnert d’Lupp huelen an der neier Situatioun besser upassen.
An de Kollektivvertragsverhandlungen huet d’sozialt Konfliktpotential lafend zougeholl. An dat net eréischt zënter dem Krisenausbroch 2008.
Quasi an alle Secteuren, vun der Industrie iwwert de Bau an d’Handwierk, iwwert d’Aviatioun an den Transport bis zum Déngschleeschtungs-, Bank- a Finanzsecteur, gëtt vu Patronatssäit d’Verschlechterung vun de Léin an den Aarbechtszäiten ugepeilt. Déi aktuell Verhandlunge bäi der Luxair, der Cargolux an an dem Secteur vum
Nettoyage sinn am Moment déi bekannteste Beispiller.
Mir hu vill Ugrëffer ofgewiert kritt, mä mir hunn awer och eng Partie Plomme gelooss.
Uersaachen dofir ginn et der vill.
De Krisendrock spillt natiirlech eng grouss Roll, d’Angscht virum Verloscht vun der Aarbecht an eng allgemeng Veronsécherung schwächen eis gewerkschaftlech Reaktiounsméigkechkeeten.
Mee et sinn awer nach aner Facteuren, déi zënter Joeren eng grouss Roll spillen.
D’Verännerung vun de Betribsstrukturen, d’Eraus-
lagerung vu villen betriblechen Aktivitéiten an nei Betriber an Dengschtleeschtungssecteuren, den ausseruerdentleche Wandel vun der lëtzebuergescher Ökononomie an hirer Betribswelt hunn déi tarifpolitesch Landschaft ferm duercherneegerëselt. D’Aarbechtspopulatioun ass enorm ugewuess an hir beruflech Qualifikatiounen hu sech staark diversifizéiert.
Eis Tarifpolitik muss et fäerdegbréngen, all déi Changementer ze verschaffen.
Nei Strategie mussen entwéckelt ginn, net nëmme fir déi bestoend Kollektivverträg ofzesécheren an ze pérennisiéieren, mä virun allem och fir nei tarifpolitesch Akzenter a Fortschrëtter duerchsetzen ze kënnen.
An dat bezitt sech och op déi fir eis enorm wichteg Aufgab, a villen neie Beräicher, virun allem an dem Dengschtleeschtungssecteur, mä net nëmmen am Dengschtleeschtungssecteur, en éischte Kollektivvertrag anzeféieren.
Well iwwer 50% vun dem Salariat hei zu Lëtzebuerg huet nach kee Kollektivvertrag.
Fir enger handlungsfäheger a schlagkräfteger Tarifpolitik eng Zukunft ze ginn, däerfe mir ënner kengen Ëmstänn op esou een héijen Undeel vum Salariat verzichten.
Dat wär net nëmmen tarifpolitesch, mä och gewerkschaftspolitisch ee ganz grousse Feeler.
Niewend dem Duerchsetze vu Léin, déi sech am Gläichschrëtt mat der Produktivitéit entwéckelen, musse mer et fäerdegbréngen, tarifpolitesch Akzenter ze setzen, déi d’Aarbechts- a Liewensqualitéit vun eise Membere verbesseren oder besser schützen.
Der Gestaltung vun den Aarbechtszäiten kënnt eng ëmmer méi grouss Bedeitung zou.
Zënter datt an de 90er-Joeren d’PAN-Gesetzgebung d’Diere fir d’Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten opgemaach huet, ass d’Bedeitung vun der kollektivvertraglecher Gestaltung vun den Aarbechtszäiten enorm an d’Luucht gaangen.
Op der enger Säit ass et nëmme si, déi eng negativ Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten géint d’Interesse vum Salariat verhënnere kann.
An op der anerer Säit ass et och nëmme si déi et fäerdegbrénge kann, Aarbechtszäitbedingungen an de Betriber z’installéieren, déi Fra a Mann erméiglechen d’Liewen an d’Aarbecht besser zueneen ofstëmme.
A fir net mëssverstanen ze ginn, dat schléisst selbst-verständlech Aarbechtszäitverkiirzunge mat an.
En zweete groussen tarifpolitische Chantier, dee sech eis ëmmer méi opdrängt, ass déi kollektivvertraglech Ofsécherung vun der Aarbechtsplaz a vun de beruf-
lechen a soziale Perspektiven vun eise Leit an de Betriber.
Mir mussen un tarifpolitische Modeller vun engem verbesserten Aarbechtsplazschutz schaffen.
Mir musse Modeller weiderbréngen, déi eise Leit nei Méiglechkeeten an Opportunitéite ginn, fir hinnen ee bessert sozialt a beruflecht Weiderkommen an eng besser laangfristeg Ofsécherung an hirer Aarbecht a Beruffer ze garantéieren.
Dëst schléisst eng fortschrëttlech Gestaltung vun der beruflecher Fort- a Weiderbildung an der Betribswelt mat an.
Ee weideren Terrain, dee sech eis ëmmer méi opdrängt, ass d’Aféierung iwwert d’Kollektivverträg vu méi Rechter a Mëttelen fir eis Personaldélégéiert, fir hir Leit an de Betriber vertrieden ze kënnen.
Kolleginnen a Kollegen,
All dës tarifpolitesch Objektiver, ob bei den Aarbechtszäiten, bei der Ofsécherung vun Aarbechtsplaz a Beruff oder bei der Matbestëmmung gewannen och aus dem Grond u Bedeitung, well mer zënter Joeren e Stëllstand hu bei der Entwécklung vun eisem Aarbechtsrecht.
Ouni Resultat fuerdere mer beispillsweis zënter Joeren eng Rei vun noutwendege Reformen, wéi beispillsweis, an ech hunn et schon am Zesummenhang mam Kampf géint d’Aarbechtslosegkeet gesot, d’Reform vun der Kënnegung aus wirtschaftleche Grënn an d’Reform vun de sougenannte Plans de Maintien dans l’Emploi a vun de Sozialpläng.
Zu dëser Lëscht gehéiert och dat längst fällegt Gesetz iwwert Compte-épargne-temps. A mir fuerderen zënter laangem d’Reform vum Gesetz iwwert d’Failliten.
An et soll drun erënnert ginn, datt dat neit Matbestëmmungsgesetz fir d’Personalvertrieder nach ëmmer net gestëmmt ass an datt et elo ouni weideren Zäitverloscht endlech gestëmmt an agefouert muss ginn.
All déi opgezielten tarifpolitesch Zieler wäerte sech net am Selbstlaf verwierklechen.
Fir weiderzekommen, an ech komme kuerz op d’Resolutioun zréck, déi mer gëschter verabschied hunn, mussen dem OGBL seng Beruffssyndikater an eng verstäerkte Koordinatioun a Konzertatioun zu eneen trieden.
Allgemeng tarifpolitesch Richtlinie musse mi staark an d’gewerkschaftlech Tarifautonomie vun den eenzelne Secteuren a Betriber afléissen.
Si musse fir all Secteur oder Betrib hire spezifischen Ausdrock kréien.
Et ass klor, datt eis gewielte Personaldelegéiert als Décisiounsträger an dës verstärkte Konzertéierung a Koordinatioun agebonnen musse ginn an hir Informatioun a Formatioun an tarifpolitische Froen qualitativ weiderentwéckelt ginn.
Kolleginnen a Kollegen,
Den OGBL zitt et ëmmer vir, d’Interesse vu senge Memberen iwwert de Verhandlungswee ze vertrieden.
Dofir setze mir eis éischt Kaart op de sozialen Dialog an net op d’sozial Konfrontatioun.
Sozialen Dialog ass een anert Wuert fir Verhandlungen.
A Verhandlunge setze viraus, datt et éischtens eppes ze verhandele gëtt an zweetens eng Aussiicht besteet, datt een iwwert Verhandlungen zum beschten Resultat am Interesse vu senge Leit kënnt.
Um nationale Plang ass et 8 Joer hier, datt et fir d’lescht zu engem gemeinsamen Accord tëscht der Régierung, dem Patronat an de Gewerkschafte komm ass.
Tëscht dem Fréijoer 2010 an dem Hierscht 2012 ass de Koordinatiounskomitee Tripartite ënnert dem Impuls vum deemolege Premierminister mat breeder Ënnerstëtzung vum Patronat zu engem Instrument fir Austeritéit a fir d’Indexmanipulatioun pervertéiert ginn.
Déi Scheintripartiten haten näischt méi mat sozialpartnerschaftleche Verhandlungen ze dinn. Si woren eng politisch Provokatioun géint d’Interesse vum Salariat a konnten net aneschtes wéi scheitern.
Déi Demontage vun esou engem wichtigen Antikriseninstrument wéi Tripartite an d’Demontage vum sozialen Dialog hunn de soziale Relatiounen hei am Land immens geschued.

Net vir näischt huet den OGBL sech fir e Regierungswiessel ausgeschwat a mir wore frou, datt e stattfond huet.

congres_discours_roeltgen_7En huet Lëtzebuerg d’Chance ginn, fir de sozialen Dialog aus deem déiwe Lach erauszehulen.
Et konnt een optimistesch sinn, datt sech d’sozialt Klima, dat dach esou wichteg fir Lëtzebuerg ass, erëm erhuele géif.
Haut ass den Zäitpunkt do, fir eng éischt Bilanz ze zéien an e Bléck op d’Zukunft ze riichten.
An der Indexfro huet d’Regierung décidéiert d’Manipulatiounen ze stoppen an dat normalt Indexgesetz erëm spillen ze loossen. Dat wor eng richteg Entscheedung an den OGBL huet se net vergiess.
Vergiess ass awer och net, datt d’Patronat dem Indexkompromiss net zougestëmmt huet. Domat ass een éischte Versuch, fir zënter laangem en nationalen Accord ze fannen, gescheitert.
Am Oktober, viru bal zwee Méint, war d’Versprieche vun der Regierung fir de sozialen Dialog nei ze beliewen um gudde Wee fir net ageléist ze ginn.
Wann d’Regierung hire Spuerpak esou an der Chamber zur Ofstëmmung bruecht hätt, wéi si en am Oktober virgestallt huet, da wär e grousse Sozialkonflikt net méi ze vermeide gewiescht.
Well da wäre mir mat haushaltspoliteschen Deci-sioune konfrontéiert ginn, déi fir den OGBL inakzeptabel gewiescht wären.
Well dann hätte mer eng Politik vun der Austeritéit gehat, déi de facto eng Kontinuitéit vun där vun der Regierung vu virdru gewiescht wär.
Ob der Basis wär et ganz schwéier, wann net onméiglech ginn, an der lafender Legislatur nach e Wee ze fannen, fir zu engem konstruktiven Dialog zréckzefannen.
Et wor 5 fir 12. Eiser massiver gewerkschaftlecher Opposition géint de Spuerpak ass et ze verdanken, datt rechtzäiteg déi politesch Bewegung entstanen ass, déi dat Schlëmmst verhënnert huet.
A mir sinn erliichtert, datt d’Regierung den Eescht vun der Situatioun erkannt huet an de Reflex hat, d’Verhandlungsdieren opzestoussen, fir iwwert den Zukunftspak ze diskutéieren an deen op wesentleche Punkten z’entschärfen.
Ech hunn et scho gesot. De Kompromiss, dee fonnt ginn ass, léist keng Euphorie bei eis aus.
An dach. Den Accord engagéiert d’Regierung an de kommende Joere kee weidere Sozialofbau ze bedreiwen an e limitéiert d’Kafkraaftverloschter bei der Bevölkerung.
An e schaaft eng Basis, fir dem sozialen Dialog eng nei Qualitéit ze ginn.
Ofgemaach ass ginn, eng Rei vu kommende Gesetzesprojetën zesummen ze diskutéieren. Dee wichtegsten ass wéi gesot, deen iwwert d’Steierreform.
Ofgemaach ass awer och ginn, datt sech d’Regierung vun elo u véier mol am Joer mat de Sozialpartner treffe wäert, fir sech gemeisam iwwert d’Orientéierung vun der Haushaltspolitik an der Politik insgesamt ze konzer-téieren. Et sinn och elo schonns zwee Datume fir d’nächst Joer fixéiert ginn: een am Januar an een am März.
Alles dat schaaft Viraussetzunge fir e verbesserte
Sozialdialog hei zu Lëtzebuerg.
An domat mengen ech och d’Diskussiounen an all den eenzelnen Institutiounen a Gremien déi et zu dësem Zweck gëtt, den CPTE, den CES, d’Komitteeë vun der Sozialer Sécherheet asw.
Den OGBL ass bereet säin Deel bäizedroen, fir datt et fonctionnéiert.
Zu kengem Moment hu mir e Regierungswiessel
gefuerdert, mä eng nei Politik, an där mir eis erëmfanne kënnen.
Dat ass a bleift eise Message un déi nei Regierung.
An ech well et haut nach eng Kéier widderhuelen. Den OGBL mecht net d’Spill vun irgendenger Regierung oder Partei, mir maachen d’Spill vun den Interesse vum Salariat a vun hire Familljen.
Dat ass eis gewerkschaftlech Aufgab an dat ass och eis Onofhängegkeet.
Wa mir am Joer 2016 e Statutekongress hunn, da wäert mat Sécherheet ee Passage aus de Statuten esou stoe bleiwen, wéi en haut an de Statute vum OGBL steet.
Nämlech deen, deen eis dozou verpflicht, all Ustrengungen ze maachen, fir d’Salariat an enger eenzeger a staarker Gewerkschaft z’organiséieren, well just eng Eenheetsgewerkschaft, déi wierksamst Interessens-vertriedung verwierkleche kann.
D’Grënnung selwer vum OGBL wor ee ganz wichtegen Impuls an déi Richtung.
A 35 Joer no senger Grënnung kann ee mat Recht behaapten, datt sech den OGBL als de Motor um Wee zur gewerkschaftlecher Eenheet konfirméiert huet.
Et ass zu weidere gewerkschaftleche Fusiounsprozesser an den OGBL erakomm an den OGBL huet seng féierend Roll an der lëtzebuergescher Gewerkschaftsbeweegung permanent ausgebaut.
D’Resultater bei de Sozialwalen schwätzen eng däitlech Sprooch.
D’Salariat hei zu Lëtzebuerg gëtt es ëmmer méi midd Situatiounen z’erliewen, wou et op der Gewerkschaftssäit keng Eenheet gëtt.
D’Salariat wëll keng Schwächung duerch Spaltung, weder am Betrib nach um nationale Plang.
An et huet komplett Recht.
Et huet scho längst gemierkt, an dat net eréischt zënter de leschte Méint, datt d’Ugrëff vu Patronat a Politik op seng Léin an Aarbechtsbedingungen, op de Sozialstaat an op seng Sozialversécherungen nëmmen duerch d’Gewerkschaftseenheet am wierksamste bekämpft kënne ginn.
Mä Gewerkschaftseenheet ass net Eeenheetsgewerkschaft.
D’Gewerkschaftseenheet ass a bleift eng ganz labil Situatioun.
Wat haut ass, ass muer net méi sécher, wéi mer dat beispillsweis Enn 2012 bei der Mobiliséierung géint d’Pensiounsreform oder bei dem ganz schwéiere Kollektivvertragskonflikt am Bau leider erliewen hu missten.
An d’gewerkschaftlech Spaltung ass ee real exis-
téierenden Onsënn géigeniwwer dem eenheetleche Regruppement vum Patronat an der UEL.
An et ass och eng onverantwortlech Verschwendung vu materiellen a personelle Ressourcen an der Gewerkschaftsbewegung selwer.
Um internationale Plang ass mam IGB a mam EGB villes iwwerwonne ginn, wat mer hei zu Lëtzebuerg bis elo nach net fäerdegbruecht hunn.
Mir wäerten op dem Wee weiderfueren a mir wäerten och an de kommende Joeren näischt onversicht loossen, fir aner gewerkschaftlech Organisatiounen ze motivéieren an z’iwwerzeegen, datt d’Eenheetsgewerkschaft hei zu Lëtzebuerg ouni Alternativ ass.
D’Onofhängegkeet vum OGBL a seng gewerkschafts-politesch Autonomie si kee Beweis méi schëlleg.
An den OGBL huet et iwwert den Opbau vu sengen eenzelne Beruffssyndikater och fäerdegbruecht, datt all Kategorie vum Salariat onofhängeg vun hirem Beruff, hirem Statut oder hirer Nationalitéit eis Organisatioun als den Hiewel vun hieren Interesse wertschätzen.
An dat net nëmme fir d’Salariat, dat hei am Land wunnt, mä och fir all eis Aarbechtskolleginnen a -kollegen, déi net bei eis wunnen, mä all Daag iwwert d’Grenz bei eis schaffe kommen. Beim OGBL gëtt net den Ënnerscheed gemaach, ob ee Grenzgänger oder Résident ass, ob ee Mann oder Fra ass, ob ee schwaarz oder wäiss ass, ob ee jonk oder al ass, op een en Handicap huet oder net. Dat ass eis Stäerkt an dat ass eis geliefte Solidaritéit.
Wat eis am OGBL verbënnt ass eise Wëllen, gemeinsam eis Interessen an der Gesellschaft duerchzesetzen. Ob als OGBL um nationale Plang oder als OGBL am EGB an am IGB, den Onofhängege Gewerkschaftsbond vu Lëtzebuerg wäert d’Saach vun de schaffende Leit verdedegen a weiderbréngen.
Mir wëllen an enger Gesellschaft vu sozialer Gerechtegkeet, Fridden an Demokratie liewen. An zwar fir jidderee vun eis. An déi Richtung muss et mat Lëtzebuerg goen, an déi Richtung muss et mat der europäescher Kons-truktioun goen, an déi Richtung muss et mat alle Länner vun der Welt goen.

congres_discours_roeltgen_1

Vive den OGBL a vive déi international Gewerkschaftsbewegung.